{"id":400898,"date":"2025-09-04T08:00:20","date_gmt":"2025-09-04T08:00:20","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=400898"},"modified":"2025-09-09T08:31:48","modified_gmt":"2025-09-09T08:31:48","slug":"rtl-faktencheck-ass-dparticipatioun-bei-enqut-vum-statec-obligatoresch","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-dparticipatioun-bei-enqut-vum-statec-obligatoresch\/","title":{"rendered":"RTL-Faktencheck: Ass d&#8217;Participatioun bei Enqu\u00eat\u00eb vum Statec obligatoresch?"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<p>Wie vum Statec zouf\u00e4lleg ausgewielt g\u00ebtt, fir bei enger \u00cbmfro deelzehuelen, muss engem Ziedel no, dee beim Br\u00e9if dob\u00e4i l\u00e4it, d\u00ebst och maachen.<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Den Institut national de la statistique et des \u00e9tudes \u00e9conomiques m\u00e9cht zu L\u00ebtzebuerg verschiddenst \u00cbmfroen. D&#8217;Leit, d\u00e9i an den Echantillon falen, gi <a href=\"https:\/\/statistiques.public.lu\/fr.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">vum Statec<\/a> ugeschriwwen an opgefuerdert, un der \u00cbmfro\u00a0deelzehuelen. Wien dat net m\u00e9cht, muss domadder rechnen, datt e Rappell w\u00e4ert an der Br\u00e9ifbo\u00eete leien. Well nieft de Logindaten, fir un d&#8217;\u00cbmfro ze kommen, respektiv de Kontaktdaten, w\u00e9i ee sech soss beim Statec ka mellen, l\u00e4it och en Ziedel dob\u00e4i, wou et \u00ebm d&#8217;S\u00e9cherheet vun de pers\u00e9inlechen Donn\u00e9e\u00eb geet.<\/p>\n<p>Deen Ziedel ass a verschidden \u00cbnnerkategorien opgedeelt. Eng dovunner huet den Titel &#8220;Obligatoresch Participatioun&#8221;. M\u00e4 ass et wierklech obligatoresch, bei esou enger \u00cbmfro matzemaachen? Wat kann engem pass\u00e9ieren, wann ee refus\u00e9iert?<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/download.rtl.lu\/2025\/09\/01\/31fac10561f3672e07f21eb4d523b3bb.pdf\" target=\"_self\"> <img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/09\/0768660f3040b85b52a6ccdf1dbc191c_resized.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> <\/a> Klickt op d&#8217;Foto, fir de Br\u00e9if als PDF opzemaachen. \/ \u00a9 Statec<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">Geet op e Gesetz vun 2011 zer\u00e9ck<\/p>\n<p>D&#8217;Gesetz vum\u00a0<a href=\"https:\/\/legilux.public.lu\/eli\/etat\/leg\/loi\/2011\/07\/10\/n5\/jo\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">10. Juli 2011<\/a> besch\u00e4ftegt sech mat der Organisatioun vum Statec. Am Artikel 13 ass festgehalen, datt all d&#8217;Administratiounen, d&#8217;Gemengen, staatlech Etablissementer an all d&#8217;Persounen, egal op physesch oder moralesch, Informatiounen, d\u00e9i vum Statec gefrot ginn, an dem festgesaten Delai musse liwweren.<\/p>\n<p><em>&#8220;Les administrations publiques, les communes et les \u00e9tablissements publics ainsi que toutes les personnes physiques ou morales sont tenues de fournir les renseignements statistiques demand\u00e9s par le STATEC dans les d\u00e9lais fix\u00e9s dans sa requ\u00eate.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>W\u00e9i de Statec pr\u00e4zis\u00e9iert, muss een un all \u00cbmfro vun hinnen deelhuelen, ausser d\u00ebs si kloer als &#8220;fakultativ&#8221; gekennzeechent. Ee Beispill fir esou eng fakultativ \u00cbmfro war d&#8217;Enqu\u00eate &#8220;<em>Technologies de l\u2019information et de la communication \u2013 TIC<\/em>\u201c, d\u00e9i sech u Jugendlecher adress\u00e9iert.<\/p>\n<p>&#8220;<em>A moins d\u2019une mention expresse du caract\u00e8re facultatif, l\u2019obligation de r\u00e9pondre s\u2019attache \u00e0 toute demande d\u2019information du STATEC se fondant sur le programme statistique national ou sur des programmes statistiques europ\u00e9ens et internationaux<\/em>.&#8221;<\/p>\n<p>Wann een net un der \u00cbmfro deelh\u00eblt oder bewosst Falschinformatiounen erausg\u00ebtt, muss ee mat enger Strof vun 251 bis zu 2.500 Euro rechnen. Och wann een d&#8217;Strof bezuelt huet, muss een d&#8217;Froe vum Statistiksb\u00fcro trotzdeem be\u00e4ntweren, heescht et am Artikel 15 vum Gesetz vum 10. Juli 2011.<\/p>\n<p>&#8220;<em>Le refus de fournir les renseignements demand\u00e9s, le refus de les fournir dans le d\u00e9lai prescrit ainsi que le fait de fournir intentionnellement des renseignements inexacts ou incomplets est passible d\u2019une amende de 251 euros \u00e0 2.500 euros. Le paiement de l\u2019amende ne dispense pas de la fourniture de l\u2019information demand\u00e9e.<\/em><strong>&#8220;<\/strong><\/p>\n<p>Aus dem <a href=\"https:\/\/meco.gouvernement.lu\/fr.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Ekonomiesminist\u00e8re<\/a>, d\u00e4r hire fr\u00e9iere Minister Jeannot Kreck\u00e9 d&#8217;Gesetz 2011 mat \u00ebnnerschriwwen hat, heescht et: &#8220;<em>D&#8217;Missioune vum STATEC sinn et, \u00ebffentlechen a privaten Entscheedungsdr\u00e9ier souw\u00e9i de Bierger h\u00e9ichw\u00e4erteg \u00ebffentleche statistesch Informatiounen ze bidden. Fir e representatiivt an treit Bild vun der Gesellschaft k\u00ebnnen duerzestellen, ass et wichteg, dat d\u2019Bev\u00eblkerung bei den \u00cbmfroe vum STATEC matm\u00ebscht. N\u00ebmmen esou ka garant\u00e9iert ginn, datt d\u00e9i publiz\u00e9iert Donn\u00e9e\u00eb representativ a relevant sinn.<\/em>&#8221;<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">Eng 15 obligatoresch \u00cbmfroe pro Joer<\/p>\n<p>De Statec m\u00e9cht en \u00cbnnerscheed t\u00ebscht Enqu\u00eaten, d\u00e9i un Eenzelpersoune ginn, an deene fir Entreprisen. Fir Privatst\u00e9it sinn dat der ongef\u00e9ier 15 am Joer: &#8220;<em>D&#8217;Frequenz vari\u00e9iert vun trimesteriell (zum Beispill Enqu\u00eate Tourismus), j\u00e4rlech (zum Beispill Budget vun de M\u00e9nagen, Revenues et conditions de vie des m\u00e9nages, Utilisation de l\u2019internet) bis zu dem 10-Jores-Rhythmus bei der Vollekszielung.<\/em>&#8221;\u00a0 Fir d&#8217;Entrepris\u00eb ginn et der eng 33 am Joer.<\/p>\n<p>D&#8217;St\u00e9chprouwe-Gr\u00e9isst g\u00ebtt dacks um\u00a0<a href=\"https:\/\/ec.europa.eu\/eurostat\/web\/quality\/european-quality-standards\/european-statistics-code-of-practice\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">europ\u00e4eschen Niveau<\/a> festgeluecht, &#8220;<em>fir en akzeptabelen Niveau vun der statistescher Prezisioun ze garant\u00e9ieren. D\u2018Gr\u00e9isst vari\u00e9iert dofir vun enger \u00cbmfro zu der anerer.<\/em>&#8221; D\u00e9i Klengst riicht sech un \u00ebm 1.000 Persounen oder St\u00e9it, d\u00e9i Gr\u00e9isst ka bis op 5.000 eropgoen.<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">Wie muss matmaachen? Rengen Zoufallsprinzip!<\/p>\n<p>All d&#8217;Persounen, d\u00e9i am &#8220;Registre national des personnes physiques&#8221; drastinn, k\u00ebnnen zouf\u00e4lleg ausgewielt ginn, fir un enger Enqu\u00eate deelzehuelen. Et ass hei och m\u00e9iglech, datt eng Persoun m\u00e9i w\u00e9i eng K\u00e9ier ausgewielt g\u00ebtt. &#8220;<em>W\u00e9inst der klenger Gr\u00e9isst vun eisem Land ass d&#8217;Warscheinlechkeet, ausgewielt ze ginn, m\u00e9i h\u00e9ich w\u00e9i an engem gr\u00e9issere Land<\/em>,&#8221; heescht et vum Statec.<\/p>\n<p>E spezielle Recours, fir net mussen un Enqu\u00eat\u00eb vum Statec deelzehuelen, ass net virgesinn. Och net wann een d&#8217;Froen ze pers\u00e9inlech f\u00ebnnt. &#8220;<em>An deem Fall spillt den droit commun an d\u00e9i betraffe Persoun kann e Recours bei der zoust\u00e4nneger Verwaltung areechen<\/em>,&#8221; heescht et vum Minist\u00e8re, deen awer och pr\u00e4zis\u00e9iert, datt de Statec hir Enqu\u00eaten op Froe limit\u00e9iert, d\u00e9i als Informatioune fir fiabel Statistike gebraucht ginn. &#8220;<em>De Froekatalog ass och oft duerch europ\u00e4esch Reglementer virginn, sou datt an deene F\u00e4ll an der ganzer EU identesch Froe vun de statisteschen \u00c4mter gestallt ginn, fir datt och d\u2019\u00c4ntwerte vergl\u00e4ichbar sinn.<\/em>&#8221;<\/p>\n<p>\u00c4nlech ges\u00e4it dat den zoust\u00e4nnege Minister bei enger <a href=\"https:\/\/download.rtl.lu\/2025\/09\/01\/a66af7298ef6393b0c3bb776abe0b36c.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">parlamentarescher Fro vum Sven Clement<\/a> aus dem Joer 2021. De Piratendeput\u00e9ierte wollt w\u00ebssen, ob d&#8217;Gesetz vum 10. Juli 2011 net am Konflikt mat dem &#8220;<em>Droit \u00e0 la vie priv\u00e9e<\/em>&#8221; g\u00e9if stoen. D\u00ebst Gesetz, esou de Minist\u00e8re deemools, steet der Obligatioun, fir bei den \u00cbmfroe vum Statec musse matzemaachen, g\u00e9intiwwer. &#8220;<em>Dat kuerzt Gesetz vum 11. August 1982 ass virun allem dorop aus, fir \u00c9couten, Enregistrementer, Iwwerwaachungen a Verletzunge vun der Korrespondenz ze \u00ebnnerbannen an ze bestrofen. D\u00ebs Aktivit\u00e9iten hunn n\u00e4ischt mat der Aarbecht vun engem statisteschen Amt ze dinn<\/em>&#8220;.<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">Vu Rappellen iwwer Uriff bis zu enger Plainte<\/p>\n<p>De Statec pr\u00e4zis\u00e9iert op Nofro, datt juristesch Suitte just d\u00e9i lescht m\u00e9iglech Schr\u00ebtt vun engem laange Prozess sinn, fir Persounen oder Entreprisen dozou ze br\u00e9ngen, un der \u00cbmfro deelzehuelen. &#8220;<em>Dozou geh\u00e9iere mindestens zwee schr\u00ebftlech Rappellen, ageschriwwe Br\u00e9iwer, Telefonsuriff, Passag\u00eb bei de Persounen doheem am Fall vun enger pers\u00e9inlecher \u00cbmfro esou w\u00e9i Virschl\u00e9i fir de Leit an de Betriber ze h\u00ebllefen.<\/em>&#8221;<\/p>\n<p>Den Ekonomiesministere pr\u00e4zis\u00e9iert, datt am Fall vun enger Net-Kooperatioun, d&#8217;Police e Proc\u00e8s verbal m\u00e9cht, deen da bei de Parquet geet. &#8220;<em>De Statec huet nach keng Plainte g\u00e9int eng Privatpersoun gemaach, d\u00e9i hirer Flicht un enger \u00cbmfro deelzehuelen, net nokomm ass. Et ass awer scho virkomm, datt de Statec eng Plainte g\u00e9int e Betrib agereecht huet, dee refus\u00e9iert huet, op eng vun den Enqu\u00eaten ze \u00e4ntweren.<\/em>&#8221; Dat geet och aus enger <a href=\"https:\/\/download.rtl.lu\/2025\/09\/01\/a66af7298ef6393b0c3bb776abe0b36c.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">parlamentarescher Fro vum Marc Goergen<\/a> vum Februar 2025 ervir, d\u00e9i vum Ekonomiesminister Lex Delles be\u00e4ntwert gouf.<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">Zil vun den obligatoreschen Enqu\u00eaten: qualitativ h\u00e9ichw\u00e4erteg Statistiken ze produz\u00e9ieren<\/p>\n<p>Et mussen esou vill Leit w\u00e9i m\u00e9iglech bei den \u00cbmfroe vum Statec matmaachen, fir datt de Statec qualitativ h\u00e9ichw\u00e4erteg Statistike ka produz\u00e9ieren. &#8220;<em>N\u00ebmmen esou ka garant\u00e9iert ginn, datt d\u00e9i publiz\u00e9iert Donn\u00e9e\u00eb representativ a fiabel sinn. D\u2019Deelhuelen un den \u00cbmfroe vum STATEC ass dohier obligatoresch<\/em>&#8220;, heescht et vum Statistiksb\u00fcro.<\/p>\n<p class=\"article-subtitle\">Fazit: D\u00e9i meescht \u00cbmfroe vum Statec sinn obligatoresch<\/p>\n<p>Fir h\u00e9ichw\u00e4erteg statistescht Informatiounen opbereeden ze k\u00ebnnen, ass den nationale Statistiksb\u00fcro drop ugewisen, datt esou vill w\u00e9i m\u00e9iglech Leit bei hiren Enqu\u00eat\u00eb matmaachen. Dow\u00e9inst ass am Gesetz vum 10. Juli 2011 festgehale ginn, datt d&#8217;Participatioun fir d&#8217;Bierger, d&#8217;Verwaltungen an d&#8217;Entreprisen obligatoresch ass. Wien net matm\u00e9cht, ka mat enger Plainte an enger Geldstrof rechnen, och wann dat fir de Statec just de leschten Auswee ass.<\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Wie vum Statec zouf\u00e4lleg ausgewielt g\u00ebtt, fir bei enger \u00cbmfro deelzehuelen, muss engem Ziedel no, dee beim Br\u00e9if dob\u00e4i l\u00e4it, d\u00ebst och maachen.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":400888,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[188,470,183,194,193],"tags":[],"class_list":{"0":"post-400898","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-de-choix-vun-der-redaktioun","8":"category-editors-choice-lu","9":"category-fact-check-lb","10":"category-fact-checks-of-the-day","11":"category-gesellschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2332853","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"\u00a9 ORION_production on Envato","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2332853.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","share_this_post_to_edmo_website":false,"affiliation":"BELUX","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>RTL-Faktencheck: Ass d&#039;Participatioun bei Enqu\u00eat\u00eb vum Statec obligatoresch? - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-dparticipatioun-bei-enqut-vum-statec-obligatoresch\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"RTL-Faktencheck: Ass d&#039;Participatioun bei Enqu\u00eat\u00eb vum Statec obligatoresch? - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Wie vum Statec zouf\u00e4lleg ausgewielt g\u00ebtt, fir bei enger \u00cbmfro deelzehuelen, muss engem Ziedel no, dee beim Br\u00e9if dob\u00e4i l\u00e4it, d\u00ebst och maachen.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-dparticipatioun-bei-enqut-vum-statec-obligatoresch\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2025-09-04T08:00:20+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2025-09-09T08:31:48+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/09\/c88d182aaa4caee09cba4ce7c8420180_resized.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"6 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-dparticipatioun-bei-enqut-vum-statec-obligatoresch\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-dparticipatioun-bei-enqut-vum-statec-obligatoresch\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"RTL-Faktencheck: Ass d&#8217;Participatioun bei Enqu\u00eat\u00eb vum Statec obligatoresch?\",\"datePublished\":\"2025-09-04T08:00:20+00:00\",\"dateModified\":\"2025-09-09T08:31:48+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-dparticipatioun-bei-enqut-vum-statec-obligatoresch\/\"},\"wordCount\":1315,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-dparticipatioun-bei-enqut-vum-statec-obligatoresch\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/09\/c88d182aaa4caee09cba4ce7c8420180_resized.jpeg\",\"articleSection\":[\"De Choix vun der Redaktioun\",\"Editor's Choice Slider LU\",\"Fact Check\",\"Fact Checks of the day\",\"Gesellschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-dparticipatioun-bei-enqut-vum-statec-obligatoresch\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-dparticipatioun-bei-enqut-vum-statec-obligatoresch\/\",\"name\":\"RTL-Faktencheck: Ass d'Participatioun bei Enqu\u00eat\u00eb vum Statec obligatoresch? - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-dparticipatioun-bei-enqut-vum-statec-obligatoresch\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-dparticipatioun-bei-enqut-vum-statec-obligatoresch\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/09\/c88d182aaa4caee09cba4ce7c8420180_resized.jpeg\",\"datePublished\":\"2025-09-04T08:00:20+00:00\",\"dateModified\":\"2025-09-09T08:31:48+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-dparticipatioun-bei-enqut-vum-statec-obligatoresch\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-dparticipatioun-bei-enqut-vum-statec-obligatoresch\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-dparticipatioun-bei-enqut-vum-statec-obligatoresch\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/09\/c88d182aaa4caee09cba4ce7c8420180_resized.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/09\/c88d182aaa4caee09cba4ce7c8420180_resized.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"RTL-Faktencheck: Ass d'Participatioun bei Enqu\u00eat\u00eb vum Statec obligatoresch? - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-dparticipatioun-bei-enqut-vum-statec-obligatoresch\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"RTL-Faktencheck: Ass d&#8217;Participatioun bei Enqu\u00eat\u00eb vum Statec obligatoresch?\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"RTL-Faktencheck: Ass d'Participatioun bei Enqu\u00eat\u00eb vum Statec obligatoresch? - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-dparticipatioun-bei-enqut-vum-statec-obligatoresch\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"RTL-Faktencheck: Ass d'Participatioun bei Enqu\u00eat\u00eb vum Statec obligatoresch? - EDMO Belux","og_description":"Wie vum Statec zouf\u00e4lleg ausgewielt g\u00ebtt, fir bei enger \u00cbmfro deelzehuelen, muss engem Ziedel no, dee beim Br\u00e9if dob\u00e4i l\u00e4it, d\u00ebst och maachen.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-dparticipatioun-bei-enqut-vum-statec-obligatoresch\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2025-09-04T08:00:20+00:00","article_modified_time":"2025-09-09T08:31:48+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/09\/c88d182aaa4caee09cba4ce7c8420180_resized.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"6 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-dparticipatioun-bei-enqut-vum-statec-obligatoresch\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-dparticipatioun-bei-enqut-vum-statec-obligatoresch\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"RTL-Faktencheck: Ass d&#8217;Participatioun bei Enqu\u00eat\u00eb vum Statec obligatoresch?","datePublished":"2025-09-04T08:00:20+00:00","dateModified":"2025-09-09T08:31:48+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-dparticipatioun-bei-enqut-vum-statec-obligatoresch\/"},"wordCount":1315,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-dparticipatioun-bei-enqut-vum-statec-obligatoresch\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/09\/c88d182aaa4caee09cba4ce7c8420180_resized.jpeg","articleSection":["De Choix vun der Redaktioun","Editor's Choice Slider LU","Fact Check","Fact Checks of the day","Gesellschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-dparticipatioun-bei-enqut-vum-statec-obligatoresch\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-dparticipatioun-bei-enqut-vum-statec-obligatoresch\/","name":"RTL-Faktencheck: Ass d'Participatioun bei Enqu\u00eat\u00eb vum Statec obligatoresch? - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-dparticipatioun-bei-enqut-vum-statec-obligatoresch\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-dparticipatioun-bei-enqut-vum-statec-obligatoresch\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/09\/c88d182aaa4caee09cba4ce7c8420180_resized.jpeg","datePublished":"2025-09-04T08:00:20+00:00","dateModified":"2025-09-09T08:31:48+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-dparticipatioun-bei-enqut-vum-statec-obligatoresch\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-dparticipatioun-bei-enqut-vum-statec-obligatoresch\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-dparticipatioun-bei-enqut-vum-statec-obligatoresch\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/09\/c88d182aaa4caee09cba4ce7c8420180_resized.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/09\/c88d182aaa4caee09cba4ce7c8420180_resized.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"RTL-Faktencheck: Ass d'Participatioun bei Enqu\u00eat\u00eb vum Statec obligatoresch? - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-ass-dparticipatioun-bei-enqut-vum-statec-obligatoresch\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"RTL-Faktencheck: Ass d&#8217;Participatioun bei Enqu\u00eat\u00eb vum Statec obligatoresch?"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/400898","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=400898"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/400898\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/400888"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=400898"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=400898"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=400898"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}