{"id":402986,"date":"2025-10-09T14:49:32","date_gmt":"2025-10-09T14:49:32","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=402986"},"modified":"2025-10-17T10:29:13","modified_gmt":"2025-10-17T10:29:13","slug":"faktencheck-den-emmanuel-macron-huet-sech-kee-luxusbunker-bestallt-fir-sech-op-den-3-weltkrich-ze-preparieren","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-emmanuel-macron-huet-sech-kee-luxusbunker-bestallt-fir-sech-op-den-3-weltkrich-ze-preparieren\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Den Emmanuel Macron huet sech kee Luxusbunker bestallt, fir sech op den 3. Weltkrich ze prepar\u00e9ieren"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p><strong>M\u00e9i w\u00e9i dr\u00e4i Joer nom Ausbroch vum Krich an der Ukrain huet den Emmanuel Macron de 24. September deklar\u00e9iert, dass d&#8217;NATO-Staaten hir G\u00e9igemoossnamen am Fall vun &#8220;neie Provokatiounen&#8221; s\u00e4itens Russland &#8220;versch\u00e4erfe&#8221; missten. Eng Woch m\u00e9i sp\u00e9it war a Sozialen Netzwierker eng angeeblech Reportage am \u00cbmlaf, an d\u00e4r behaapt gouf, dass de frans\u00e9ische Staatschef de Bau vun engem \u00ebnnerierdesche Luxusbunker an Optrag ginn h\u00e4tt. De W\u00e4ert dovu gouf op 148 Milliounen Euro geschat.<\/strong><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<p class=\"article-body__summary\">D\u00ebs Behaaptunge st\u00e4ipe sech op eng falsch Reportage, gef\u00e4lscht Dokumenter an net exist\u00e9ierend Quellen. Et g\u00ebtt keng Beweiser fir d\u00ebs Behaaptungen, an hir Verbreedung weist typesch Mierkmoler vun enger prorussescher Desinformatiounscampagne op.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">Z\u00ebnter dem Ufank vun der russescher Invasioun an der Ukrain am Februar 2022 iwwerschwemmt prorussesch Propaganda d&#8217;Sozial Netzwierker an huet d&#8217;europ\u00e4esch L\u00e4nner als Zil, virun allem fir d\u00e9i westlech \u00cbnnerst\u00ebtzung fir d&#8217;Ukrain ze schw\u00e4chen.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">No de kierzlechen Deklaratioune vum Emmanuel Macron, deen de 24. September sot, dass d&#8217;NATO-L\u00e4nner hir <a href=\"https:\/\/www.france24.com\/fr\/%C3%A9missions\/on-va-plus-loin\/20250926-macron-quelle-riposte-%C3%A0-la-russie\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Reaktioun op m\u00e9iglech russesch &#8220;Provokatioune verst\u00e4erke&#8221;<\/a> missten, an eng Woch m\u00e9i sp\u00e9it d&#8217;Europ\u00e4er opgefuerdert huet, sech an &#8220;<a href=\"https:\/\/www.huffingtonpost.fr\/international\/video\/macron-veut-tuer-le-business-model-de-la-flotte-fantome-russe-qui-finance-la-guerre-en-ukraine_255506.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">enker Ofst\u00ebmmung&#8221; mat der NATO<\/a> ze organis\u00e9ieren, fir den Drock op d&#8217;Flott vun illegale Sch\u00ebffer, d\u00e9i Russland fir d&#8217;\u00cbmgoe vun de westleche Sanktiounen asetzt, ze erh\u00e9ijen <span data-olk-copy-source=\"MailCompose\">(archiv\u00e9iert Links:\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/4CX4-6DD2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/FAJ9-CAD6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>)<\/span>, koum et zu enger neier Well vun Desinformatiounen.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">E <a href=\"https:\/\/archive.is\/ZQk90\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Video<\/a> goung an de Sozialen Netzwierker viral: An dem e b\u00ebsse m\u00e9i w\u00e9i zwou Minutte laange Clip g\u00ebtt behaapt, dass &#8220;de frans\u00e9ische President sech op den Dr\u00ebtte Weltkrich virbereet&#8221;, andeem hien e &#8220;Luxusbunker&#8221; mat enger Fl\u00e4ch vu &#8220;m\u00e9i w\u00e9i 1.500 <span data-olk-copy-source=\"MailCompose\">m\u00b2&#8221; fir &#8220;148 Milliounen Euro&#8221; baue g\u00e9if. Als Quell nennt de Video en angeebleche Rapport vun Tracfin, dem Organismus fir d&#8217;Bek\u00e4mpfe vu Finanzkriminalit\u00e9it a Frankr\u00e4ich.<\/span><\/p>\n<p class=\"article-body__summary\"><span data-olk-copy-source=\"MailCompose\">&#8220;Tracfin, e Geheimd\u00e9ngscht, dee gegr\u00ebnnt gouf, fir verd\u00e4chteg Finanztransaktiounen ze suiv\u00e9ieren, huet e Rapport ver\u00ebffentlecht, an deem vun engem d\u00e9cke Montant rieds ass, d\u00e9i vum Macron sengem Vertrauten Alexis Kohler un d&#8217;Oppidum Bunkers GmbH iwwerwise gouf&#8221;, behaapt en <a href=\"https:\/\/perma.cc\/G82V-TDRB\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Notzer<\/a>. D\u00ebsen ass der AFP bekannt, well hie g\u00e4r russlandfr\u00ebndlech Falschmeldunge verbreet. S\u00e4i Message, dee m\u00e9i w\u00e9i 2.000 Mol gedeelt gouf, gouf vu m\u00e9i w\u00e9i enger Millioun Leit gesinn.<\/span><\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/10\/2c0dcbd58de978d099d1b0fc48f42834_resized.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p><span data-olk-copy-source=\"MailCompose\">De Video weist Illustr\u00e9ierunge vun engem Bunker souw\u00e9i vun engem angeeblechen Iwwerweisungsoptrag vun der Bank Soci\u00e9t\u00e9 G\u00e9n\u00e9rale vum 4. September 2025 iwwer 50 Milliounen Euro am Numm vum Alexis Kohler, dem fr\u00e9iere Generalsekret\u00e4r am Elys\u00e9e, un d&#8217;Firma Oppidum, d\u00e9i op de Bau vun h\u00e9ichw\u00e4ertege Bunkere spezialis\u00e9iert ass.<\/span><\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/10\/75e8fd6010f16f91510473ccfd69c74e_resized.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;Publikatioun gouf op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/JZV6-R2PM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X<\/a>, <a href=\"https:\/\/archive.is\/dN9c4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook <\/a>an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2XEU-EBLX\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Instagram<\/a> verbreet. De Video a seng Behaaptunge sinn awer komplett aus der Loft gegraff.<\/p>\n<p>Eng Societ\u00e9it, d\u00e9i net m\u00e9i exist\u00e9iert<\/p>\n<p><span data-olk-copy-source=\"MailCompose\">Z\u00ebnter der Covid-19-Pandemie si <a href=\"https:\/\/www.radiofrance.fr\/franceinter\/quand-le-coronavirus-booste-le-business-des-bunkers-aux-etats-unis-1601975\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Luxusbunker<\/a> bei de Superr\u00e4ichen \u00ebmmer m\u00e9i bel\u00e9ift ginn. Pers\u00e9inlechkeete w\u00e9i de <a href=\"https:\/\/www.bfmtv.com\/immobilier\/international-etranger\/c-est-comme-un-petit-abri-mark-zuckerberg-clarifie-les-rumeurs-sur-son-bunker-geant-a-hawai_AN-202412220300.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Mark Zuckerberg<\/a> invest\u00e9iere grouss Zommen an autonom, staark ges\u00e9chert Residenzen (Links\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/67EJ-KDGF\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei <\/a>an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/UZN8-NFG7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/span><\/p>\n<p><span data-olk-copy-source=\"MailCompose\"><a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20220923023604\/https:\/\/oppidum.ch\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Oppidum<\/a>, eng Societ\u00e9it, d\u00e9i 2020 vum tschecheschen Entrepreneur Jakub Zamrazil gegr\u00ebnnt gouf, huet sech op d\u00ebsem Nischemaart etabl\u00e9iert. D&#8217;Entreprise verspr\u00e9cht h\u00e9ichw\u00e4erteg Refugen am W\u00e4ert vu bis zu 100 Milliounen US-Dollar an huet hire Bekanntheetsgrad duerch sophistiqu\u00e9iert Visualis\u00e9ierungen an digital Renderingen opgebaut.<\/span><\/p>\n<p><span data-olk-copy-source=\"MailCompose\">Trotzdeem gouf ni e reellt Bild vun esou engem Komplex ver\u00ebffentlecht. D\u00e9i eenzeg Biller, d\u00e9i ver\u00ebffentlecht goufen, si Computergrafiken, dor\u00ebnner och d\u00e9i, d\u00e9i an de virale Fake-Videoe benotzt goufen:<\/span><\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/10\/48a8752d9a06ee130c4ff8a999b78eab_resized.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/10\/4e41ea986da451a5f9074e39c9d877c2_resized.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;Schw\u00e4izer Entreprise gouf m\u00ebttlerweil am Fr\u00e9ijoer 2025 opgel\u00e9ist, laang virun der angeeblecher Transaktioun, d\u00e9i an de Publikatiounen ernimmt g\u00ebtt. D\u00ebs Informatioun g\u00ebtt vun enger Rei offizielle Reg\u00ebstere confirm\u00e9iert, dor\u00ebnner de <a href=\"https:\/\/www.shab.ch\/#!\/search\/publications\/detail\/2159b3fa-347d-4128-a56d-a90c7bc7f892\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Schw\u00e4izer Handelsreg\u00ebster<\/a><span data-olk-copy-source=\"MailCompose\">(Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/ZE9D-S2EG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert)<\/span>, w\u00e9i de Fact-Checking-D\u00e9ngscht vu franceinfo\u00a0<span data-olk-copy-source=\"MailCompose\"><a href=\"https:\/\/www.franceinfo.fr\/replay-radio\/le-vrai-du-faux\/vrai-ou-faux-emmanuel-macron-s-est-il-fait-construire-un-bunker-de-luxe-d-un-montant-de-148-millions-d-euros_7500841.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Vrai ou Faux<\/a><\/span>\u00a0gemellt huet.<\/p>\n<p>Den <a href=\"http:\/\/oppidumbunker.com\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internetsite<\/a> an den <a href=\"https:\/\/x.com\/oppidumofficial\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">X-Kont<\/a> vun der Entreprise goufen och deaktiv\u00e9iert <span data-olk-copy-source=\"MailCompose\">(Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7FL7-2RYQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert)<\/span>. De Site Wayback Machine, deen Zougang zu fr\u00e9iere Versioune vun Internetsitten erm\u00e9iglecht, weist e\u00a0<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250422070629\/https:\/\/www.oppidumbunkers.com\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Message vun der Societ\u00e9it<\/a> vum 22. Abr\u00ebll 2025, an d\u00e4r et housch: &#8220;Eis Entreprise ass zou&#8221;.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/10\/f84656d62a9821fb7b4f49b354286bb6_resized.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p><span data-olk-copy-source=\"MailCompose\">Och an de ville Rapporte vun <a href=\"https:\/\/www.economie.gouv.fr\/tracfin\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Tracfin<\/a>, d\u00e9i online disponibel sinn, ass keen Hiweis op d\u00ebs Transaktioun ze fannen.<\/span><\/p>\n<p><span data-olk-copy-source=\"MailCompose\">D&#8217;St\u00ebmmen, d\u00e9i an d\u00ebser Reportage ze h\u00e9iere sinn, weise schw\u00e9ier identifiz\u00e9ierbar Akzenter op. Eng Analys vum Audiomaterial vum Video duerch d&#8217;AFP math\u00ebllef vum <a href=\"https:\/\/www.invid-project.eu\/tools-and-services\/invid-verification-plugin\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Verifiz\u00e9ierungstool InVID-WeVerifiy<\/a>, deen um Site fir Deepfake-Detektor Hiya.com disponibel ass, ergouf, dass en &#8220;<a href=\"https:\/\/www.invid-project.eu\/tools-and-services\/invid-verification-plugin\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">h\u00e9chstwarscheinlech mat KI gener\u00e9iert<\/a>&#8221; gouf.<\/span><\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/10\/99132e2e3c4af6d77f810b2a19a3bab9_resized.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>M\u00ebssbraucht Identit\u00e9iten<\/p>\n<p><span data-olk-copy-source=\"MailCompose\">Um Enn vum virale Video tr\u00ebtt e Mann op, dee sech als fr\u00e9ieren Ingenieur vun Oppidum ausg\u00ebtt an op den Numm Jos\u00e9 Meier lauschtert, fir d&#8217;Erzielung ze \u00ebnnermaueren. Et g\u00ebtt awer keng Hiweiser fir d&#8217;Existenz vun d\u00ebser Persoun oder hir Verbindung mat der Schw\u00e4izer Entreprise. S\u00e4i staarken Akzent a s\u00e4i komescht famili\u00e4ert Ausgesi geheie Froen op.<\/span><\/p>\n<p><span data-olk-copy-source=\"MailCompose\">Laut Membere vum Kollektiv <a href=\"https:\/\/x.com\/gnidaproject\/status\/1940145971536503203\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">GNIDA<\/a>, deen op d&#8217;Opdeckung vun digitalen Am\u00ebschungsoperatioune spezialis\u00e9iert ass, soll de Mann schonn an enger viregter Desinformatiounscampagne g\u00e9int de frans\u00e9ische President opgedaucht sinn. An deem Fall h\u00e4tt hie sech als &#8220;Fran\u00e7ois Faivre&#8221;, en 58 Joer alen Dokter, ausginn (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9MB5-QCHD\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/span><\/p>\n<p><span data-olk-copy-source=\"MailCompose\">Am Juli 2025 hat den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8ZAX-ZK2S\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">\u00c9ric Archambault<\/a> &#8211; de selwechten Internetnotzer, deen de gef\u00e4lschte Bunkervideo verbreet huet &#8211; behaapt, dass d\u00ebsen angeebleche Chirurg zu Par\u00e4is dout opfonnt gi w\u00e4r. Dat gouf mat Rumeuren iwwer d&#8217;Brigitte Macron a Verbindung bruecht. D&#8217;AFP hat doropshin en <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.64NY7T3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikel<\/a> iwwer d\u00ebs komplett erfonnt Desinformatioun geschriwwen.<\/span><\/p>\n<p><span data-olk-copy-source=\"MailCompose\">Beim Versuch, de &#8220;Fran\u00e7ois Faivre&#8221; oder de &#8220;Jos\u00e9 Meier&#8221; unhand vun der Videosequenz a sengem Portrait ze identifiz\u00e9ieren, huet d&#8217;AFP de Gesiichtserkennungstool <a href=\"https:\/\/pimeyes.com\/en\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" data-sk=\"tooltip_parent\" data-stringify-link=\"https:\/\/pimeyes.com\/en\">PimEyes<\/a> benotzt. Resultat: Eng Persoun mat \u00e4nleche Gesiichtszich ass op der Internets\u00e4it vun der Billerdatebank <a href=\"https:\/\/www.istockphoto.com\/fr\/photo\/souriant-homme-d%C3%A2ge-m%C3%BBr-gm689435274-126976311?searchscope=image%2Cfilm\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" data-sk=\"tooltip_parent\" data-stringify-link=\"https:\/\/www.istockphoto.com\/fr\/photo\/souriant-homme-d%C3%A2ge-m%C3%BBr-gm689435274-126976311?searchscope=image%2Cfilm\">iStock<\/a> vun der Agence Getty Images ze fannen. Laut den Informatiounen, d\u00e9i mat d\u00ebsem Bild verkn\u00ebppt sinn, gouf et do den 28. Mee 2017 ver\u00ebffentlecht (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/L9K2-K3BP\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" data-sk=\"tooltip_parent\" data-stringify-link=\"https:\/\/perma.cc\/L9K2-K3BP\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/span><\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/10\/5f7ab4fb33cb051c946adf669ec26101_resized.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Doriwwer eraus daucht dat selwecht Gesiicht a verschiddene kommerzielle Contenuen op, ouni erkennbaren Zesummenhang (<a href=\"https:\/\/thebutly.com\/valet-parking-2\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" data-sk=\"tooltip_parent\" data-stringify-link=\"https:\/\/thebutly.com\/valet-parking-2\/\">1<\/a>,\u00a0<a href=\"https:\/\/organizingforoutreach.org\/photo-library?itemId=7pb7um1tn9mvsjyl4013hc4eq2lsqr\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" data-sk=\"tooltip_parent\" data-stringify-link=\"https:\/\/organizingforoutreach.org\/photo-library?itemId=7pb7um1tn9mvsjyl4013hc4eq2lsqr\">2<\/a>,\u00a0<a href=\"https:\/\/www.evrmemories.com\/rectangle-sterling-silver-picture-pendant-with-lazuline-ashes\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" data-sk=\"tooltip_parent\" data-stringify-link=\"https:\/\/www.evrmemories.com\/rectangle-sterling-silver-picture-pendant-with-lazuline-ashes\/\">3<\/a>,\u00a0<a href=\"https:\/\/wellnessdestinationindia.com\/success-stories.php?page=716\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" data-sk=\"tooltip_parent\" data-stringify-link=\"https:\/\/wellnessdestinationindia.com\/success-stories.php?page=716\">4<\/a>,\u00a0<a href=\"https:\/\/eclipse3sixty.com\/portfolio\/wcg-services\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\" data-sk=\"tooltip_parent\" data-stringify-link=\"https:\/\/eclipse3sixty.com\/portfolio\/wcg-services\/\">5<\/a>).<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/10\/8c6c3a3e645d0dc4a9d48272db255b4c_resized.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>Dat k\u00e9int dorop hiweisen, dass et sech \u00ebm e Schauspiller oder e Model handelt, deem s\u00e4i Bild iwwer eng K\u00ebnschtlech Intelligenz (KI) an engem ierf\u00e9ierende Kontext benotzt gouf &#8211; eng Method, d\u00e9i <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.38H63T6\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">vun der AFP schonn an aneren \u00e4nleche F\u00e4ll dokument\u00e9iert<\/a> gouf. Et k\u00e9int sech awer och \u00ebm e Bild handelen, dat einfach math\u00ebllef vu KI hiergestallt gouf, ouni reell Grondlag.<\/p>\n<p>Falsch Norichtes\u00e4iten<\/p>\n<p><span data-olk-copy-source=\"MailCompose\">D&#8217;viral Ver\u00ebffentlechungen iwwer d&#8217;Geschicht mam Bunker verweisen op eng gef\u00e4lscht Internets\u00e4it mam Titel <a href=\"https:\/\/archive.ph\/qNwLS#selection-555.3-557.14\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">&#8220;brutinfo.fr&#8221;<\/a>, d\u00e9i den Numm vum unerkannte Medium &#8220;Brut&#8221; m\u00ebssbraucht. D\u00ebs fraudul\u00e9is Plattform g\u00ebtt vir, dass hir Artikele vu renomm\u00e9ierte Journaliste stamen, deenen hir Identit\u00e9it si a Wierklechkeet awer m\u00ebssbraucht. D&#8217;angeeblech Untersuchung w\u00e9inst dem &#8220;Luxusbunker&#8221; vum Emmanuel Macron g\u00ebtt do beispillsweis dem Beno\u00eet Vitkine, engem Journalist vu &#8220;Le Monde&#8221;, zougeschriwwen.<\/span><\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/10\/aacd0333cbfae3faed5f0c8b7021df78_resized.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p><span data-olk-copy-source=\"MailCompose\">D&#8217;Dageszeitung huet en <a href=\"https:\/\/www.lemonde.fr\/pixels\/article\/2025\/10\/03\/un-faux-site-d-information-usurpe-l-identite-du-monde-et-de-brut_6644294_4408996.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Artikel ver\u00ebffentlecht<\/a>, an deem si d\u00ebsen Identit\u00e9itsm\u00ebssbrauch denonc\u00e9iert an dorop verwisen huet, dass d&#8217;Internets\u00e4it brutinfo.fr den 28. September beim litaueschen Hosting-Bedreiwer Hostinger registr\u00e9iert gi war, dee m\u00ebttlerweil offline ass (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/36SQ-MZDW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/span><\/p>\n<p><span data-olk-copy-source=\"MailCompose\">Laut enger Rei spezialis\u00e9ierte Quellen, d\u00e9i vu Le Monde kontakt\u00e9iert goufen, lafen all Hiweiser bei Storm-1516 zesummen, en Netzwierk, dat bei Experte scho fir seng prorussesch Desinformatiounscampagn\u00eb bekannt ass. D&#8217;Netzwierk, dat mat Acteuren am Kreml a Verbindung steet, verbreet massiv falsch Contenuen a westleche L\u00e4nner, besonnesch a Frankr\u00e4ich an an den USA.<\/span><\/p>\n<p><span data-olk-copy-source=\"MailCompose\">Dob\u00e4i ginn Artikelen gedeelt, d\u00e9i aus echte Medie kop\u00e9iert oder math\u00ebllef vu K\u00ebnschtlecher Intelligenz gener\u00e9iert goufen, fir glafwierdeg ze ersch\u00e9ngen. A Wierklechkeet handelt et sech \u00ebm Desinformatiounen, fir d&#8217;Ukrain an hir Alli\u00e9iert ze diskredit\u00e9ieren.<\/span><\/p>\n<p><span data-olk-copy-source=\"MailCompose\">D&#8217;AFP huet iwwer d\u00ebs Desinformatiounscampagne schonn dacks bericht (<a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.74PL863\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">1<\/a>, <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.74BD6NQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">2<\/a>, <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/FR\/doc.afp.com.76MJ3KE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">3<\/a>).<\/span><\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p><em><span data-olk-copy-source=\"MailCompose\">D\u00ebse Faktencheck gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/span><\/em><\/p>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>M\u00e9i w\u00e9i dr\u00e4i Joer nom Ausbroch vum Krich an der Ukrain huet den Emmanuel Macron de 24. September deklar\u00e9iert, dass d&#8217;NATO-Staaten hir G\u00e9igemoossnamen am Fall vun &#8220;neie Provokatiounen&#8221; s\u00e4itens Russland &#8220;versch\u00e4erfe&#8221; missten. Eng Woch m\u00e9i sp\u00e9it war a Sozialen Netzwierker eng angeeblech Reportage am \u00cbmlaf, an d\u00e4r behaapt gouf, dass de frans\u00e9ische Staatschef de Bau vun engem \u00ebnnerierdesche Luxusbunker an Optrag ginn h\u00e4tt. De W\u00e4ert dovu gouf op 148 Milliounen Euro geschat.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":402936,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[183,193,191],"tags":[],"class_list":{"0":"post-402986","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-fact-check-lb","8":"category-gesellschaft","9":"category-politik"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2344781","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2344781.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","share_this_post_to_edmo_website":false,"affiliation":"BELUX","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Den Emmanuel Macron huet sech kee Luxusbunker bestallt, fir sech op den 3. Weltkrich ze prepar\u00e9ieren - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-emmanuel-macron-huet-sech-kee-luxusbunker-bestallt-fir-sech-op-den-3-weltkrich-ze-preparieren\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Den Emmanuel Macron huet sech kee Luxusbunker bestallt, fir sech op den 3. Weltkrich ze prepar\u00e9ieren - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"M\u00e9i w\u00e9i dr\u00e4i Joer nom Ausbroch vum Krich an der Ukrain huet den Emmanuel Macron de 24. September deklar\u00e9iert, dass d&#039;NATO-Staaten hir G\u00e9igemoossnamen am Fall vun &quot;neie Provokatiounen&quot; s\u00e4itens Russland &quot;versch\u00e4erfe&quot; missten. Eng Woch m\u00e9i sp\u00e9it war a Sozialen Netzwierker eng angeeblech Reportage am \u00cbmlaf, an d\u00e4r behaapt gouf, dass de frans\u00e9ische Staatschef de Bau vun engem \u00ebnnerierdesche Luxusbunker an Optrag ginn h\u00e4tt. De W\u00e4ert dovu gouf op 148 Milliounen Euro geschat.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-emmanuel-macron-huet-sech-kee-luxusbunker-bestallt-fir-sech-op-den-3-weltkrich-ze-preparieren\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2025-10-09T14:49:32+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2025-10-17T10:29:13+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/10\/83c69f2f5bf137bccedebccf1a91e38b_resized.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"8 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-emmanuel-macron-huet-sech-kee-luxusbunker-bestallt-fir-sech-op-den-3-weltkrich-ze-preparieren\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-emmanuel-macron-huet-sech-kee-luxusbunker-bestallt-fir-sech-op-den-3-weltkrich-ze-preparieren\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Den Emmanuel Macron huet sech kee Luxusbunker bestallt, fir sech op den 3. Weltkrich ze prepar\u00e9ieren\",\"datePublished\":\"2025-10-09T14:49:32+00:00\",\"dateModified\":\"2025-10-17T10:29:13+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-emmanuel-macron-huet-sech-kee-luxusbunker-bestallt-fir-sech-op-den-3-weltkrich-ze-preparieren\/\"},\"wordCount\":1423,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-emmanuel-macron-huet-sech-kee-luxusbunker-bestallt-fir-sech-op-den-3-weltkrich-ze-preparieren\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/10\/83c69f2f5bf137bccedebccf1a91e38b_resized.jpeg\",\"articleSection\":[\"Fact Check\",\"Gesellschaft\",\"Politik\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-emmanuel-macron-huet-sech-kee-luxusbunker-bestallt-fir-sech-op-den-3-weltkrich-ze-preparieren\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-emmanuel-macron-huet-sech-kee-luxusbunker-bestallt-fir-sech-op-den-3-weltkrich-ze-preparieren\/\",\"name\":\"Faktencheck: Den Emmanuel Macron huet sech kee Luxusbunker bestallt, fir sech op den 3. Weltkrich ze prepar\u00e9ieren - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-emmanuel-macron-huet-sech-kee-luxusbunker-bestallt-fir-sech-op-den-3-weltkrich-ze-preparieren\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-emmanuel-macron-huet-sech-kee-luxusbunker-bestallt-fir-sech-op-den-3-weltkrich-ze-preparieren\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/10\/83c69f2f5bf137bccedebccf1a91e38b_resized.jpeg\",\"datePublished\":\"2025-10-09T14:49:32+00:00\",\"dateModified\":\"2025-10-17T10:29:13+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-emmanuel-macron-huet-sech-kee-luxusbunker-bestallt-fir-sech-op-den-3-weltkrich-ze-preparieren\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-emmanuel-macron-huet-sech-kee-luxusbunker-bestallt-fir-sech-op-den-3-weltkrich-ze-preparieren\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-emmanuel-macron-huet-sech-kee-luxusbunker-bestallt-fir-sech-op-den-3-weltkrich-ze-preparieren\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/10\/83c69f2f5bf137bccedebccf1a91e38b_resized.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/10\/83c69f2f5bf137bccedebccf1a91e38b_resized.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: Den Emmanuel Macron huet sech kee Luxusbunker bestallt, fir sech op den 3. Weltkrich ze prepar\u00e9ieren - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-emmanuel-macron-huet-sech-kee-luxusbunker-bestallt-fir-sech-op-den-3-weltkrich-ze-preparieren\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Den Emmanuel Macron huet sech kee Luxusbunker bestallt, fir sech op den 3. Weltkrich ze prepar\u00e9ieren\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Den Emmanuel Macron huet sech kee Luxusbunker bestallt, fir sech op den 3. Weltkrich ze prepar\u00e9ieren - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-emmanuel-macron-huet-sech-kee-luxusbunker-bestallt-fir-sech-op-den-3-weltkrich-ze-preparieren\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Den Emmanuel Macron huet sech kee Luxusbunker bestallt, fir sech op den 3. Weltkrich ze prepar\u00e9ieren - EDMO Belux","og_description":"M\u00e9i w\u00e9i dr\u00e4i Joer nom Ausbroch vum Krich an der Ukrain huet den Emmanuel Macron de 24. September deklar\u00e9iert, dass d'NATO-Staaten hir G\u00e9igemoossnamen am Fall vun \"neie Provokatiounen\" s\u00e4itens Russland \"versch\u00e4erfe\" missten. Eng Woch m\u00e9i sp\u00e9it war a Sozialen Netzwierker eng angeeblech Reportage am \u00cbmlaf, an d\u00e4r behaapt gouf, dass de frans\u00e9ische Staatschef de Bau vun engem \u00ebnnerierdesche Luxusbunker an Optrag ginn h\u00e4tt. De W\u00e4ert dovu gouf op 148 Milliounen Euro geschat.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-emmanuel-macron-huet-sech-kee-luxusbunker-bestallt-fir-sech-op-den-3-weltkrich-ze-preparieren\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2025-10-09T14:49:32+00:00","article_modified_time":"2025-10-17T10:29:13+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/10\/83c69f2f5bf137bccedebccf1a91e38b_resized.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"8 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-emmanuel-macron-huet-sech-kee-luxusbunker-bestallt-fir-sech-op-den-3-weltkrich-ze-preparieren\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-emmanuel-macron-huet-sech-kee-luxusbunker-bestallt-fir-sech-op-den-3-weltkrich-ze-preparieren\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Den Emmanuel Macron huet sech kee Luxusbunker bestallt, fir sech op den 3. Weltkrich ze prepar\u00e9ieren","datePublished":"2025-10-09T14:49:32+00:00","dateModified":"2025-10-17T10:29:13+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-emmanuel-macron-huet-sech-kee-luxusbunker-bestallt-fir-sech-op-den-3-weltkrich-ze-preparieren\/"},"wordCount":1423,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-emmanuel-macron-huet-sech-kee-luxusbunker-bestallt-fir-sech-op-den-3-weltkrich-ze-preparieren\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/10\/83c69f2f5bf137bccedebccf1a91e38b_resized.jpeg","articleSection":["Fact Check","Gesellschaft","Politik"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-emmanuel-macron-huet-sech-kee-luxusbunker-bestallt-fir-sech-op-den-3-weltkrich-ze-preparieren\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-emmanuel-macron-huet-sech-kee-luxusbunker-bestallt-fir-sech-op-den-3-weltkrich-ze-preparieren\/","name":"Faktencheck: Den Emmanuel Macron huet sech kee Luxusbunker bestallt, fir sech op den 3. Weltkrich ze prepar\u00e9ieren - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-emmanuel-macron-huet-sech-kee-luxusbunker-bestallt-fir-sech-op-den-3-weltkrich-ze-preparieren\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-emmanuel-macron-huet-sech-kee-luxusbunker-bestallt-fir-sech-op-den-3-weltkrich-ze-preparieren\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/10\/83c69f2f5bf137bccedebccf1a91e38b_resized.jpeg","datePublished":"2025-10-09T14:49:32+00:00","dateModified":"2025-10-17T10:29:13+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-emmanuel-macron-huet-sech-kee-luxusbunker-bestallt-fir-sech-op-den-3-weltkrich-ze-preparieren\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-emmanuel-macron-huet-sech-kee-luxusbunker-bestallt-fir-sech-op-den-3-weltkrich-ze-preparieren\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-emmanuel-macron-huet-sech-kee-luxusbunker-bestallt-fir-sech-op-den-3-weltkrich-ze-preparieren\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/10\/83c69f2f5bf137bccedebccf1a91e38b_resized.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/10\/83c69f2f5bf137bccedebccf1a91e38b_resized.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: Den Emmanuel Macron huet sech kee Luxusbunker bestallt, fir sech op den 3. Weltkrich ze prepar\u00e9ieren - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-den-emmanuel-macron-huet-sech-kee-luxusbunker-bestallt-fir-sech-op-den-3-weltkrich-ze-preparieren\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Den Emmanuel Macron huet sech kee Luxusbunker bestallt, fir sech op den 3. Weltkrich ze prepar\u00e9ieren"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/402986","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=402986"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/402986\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/402936"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=402986"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=402986"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=402986"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}