{"id":411681,"date":"2025-11-24T12:00:57","date_gmt":"2025-11-24T12:00:57","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=411681"},"modified":"2025-11-24T14:03:46","modified_gmt":"2025-11-24T14:03:46","slug":"faktencheck-italieenescht-dokument-beweist-net-dass-mrna-impfstoffer-gefierlech-sinn","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-italieenescht-dokument-beweist-net-dass-mrna-impfstoffer-gefierlech-sinn\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Italieenescht Dokument beweist net, dass mRNA-Impfstoffer gef\u00e9ierlech sinn"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<p><strong>Ierf\u00e9ierend Behaaptungen iwwer mRNA-Impfstoffer verbreede sech Joren no der Corona-Pandemie nach \u00ebmmer. Am j\u00e9ngste Fall gouf en italieenescht Dokument aus dem Joer 2020 f\u00e4lschlecherweis als Beweis dofir gedeelt, dass mRNA-Impfstoffer &#8220;gef\u00e9ierlech&#8221; w\u00e4ren, well d&#8217;Personal ugewise gouf, verschotten Impfstoff mat Bleechm\u00ebttel an a kompletter Schutzkleedung ewechzemaachen.<\/strong><\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p class=\"article-body__summary\">E Virolog huet erkl\u00e4ert, dass d&#8217;Dokument net dorop hindeit, dass den Impfstoff gef\u00e9ierlech w\u00e4r. D&#8217;lokal Gesondheetsagence an Italien huet matgedeelt, dass et sech bei der Notiz \u00ebm eng &#8220;intern Kommunikatioun&#8221; gehandelt a se &#8220;kengesfalls en aussergew\u00e9inleche Protokoll&#8221; duergestallt h\u00e4tt.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">&#8220;Wann eng Ampull zerbr\u00e9cht an op de Buedem f\u00e4lt, muss en Dekontamin\u00e9ierungsprotokoll fir g\u00ebfteg Substanzen duerchgef\u00e9iert ginn&#8230; Awer wann ee sech domat impfe gelooss huet, war dat absolut s\u00e9cher?&#8221;, huet en Notzer den 3. November an engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/3R52-CM3J?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">B\u00e4itrag<\/a> op der Plattform X gefrot, an deem hien eng Foto vun engem italieenesche Gesondheetsdokument mat Uweisunge fir den \u00cbmgang mat verschottem Impfstoff deelt.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">D&#8217;Behaaptung gouf ausserdeem op <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20251113105135\/https:\/\/www.facebook.com\/Joker.Nyce\/posts\/pfbid0j9ExGzKMhJ2Xk8t4o384u1pyesgDiFUXvqNopF9ny3pmbvRW86MpVna26Vd85xxvl\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a> souw\u00e9i an de Sprooche <a href=\"https:\/\/perma.cc\/SEV7-WTXJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Frans\u00e9isch<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/T7B7-ZYCA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Italieenesch<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/HLC6-L7TB\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Polnesch<\/a> oder och <a href=\"https:\/\/perma.cc\/LW56-ZQU9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Rum\u00e4nesch<\/a> gedeelt.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">An de B\u00e4itr\u00e4g ass e Bild vun engem Dokument vum 31. Dezember 2020 mam Logo vun &#8220;Asl4 Liguria&#8221; dran. Dob\u00e4i handelt et sech \u00ebm eng lokal Gesondheetsagence vun der Regioun Ligurien an Norditalien.<\/p>\n<p class=\"article-body__summary\">D&#8217;Dokument, dat op Italieenesch verfaasst gouf, huet den Titel &#8220;Betriblechen \u00cbmgang beim aus Versi Versch\u00ebdden opgrond vun engem Bruch vun der Impf-Ampull&#8221;. Ernimmt g\u00ebtt dann den Impfstoff Comirnaty, en mRNA-Impfstoff g\u00e9int Covid-19 vu BioNTech\/Pfizer. Uschl\u00e9issend ginn eng Rei Moossnamen opgel\u00ebscht, d\u00e9i am Fall vun engem Accident befollegt gi mussen.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/11\/df033dda161a01b576ffc3f270cd72c8_resized.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;Dokument enth\u00e4lt awer just Standardmesur\u00eb fir d&#8217;biologesch S\u00e9cherheet, d\u00e9i d&#8217;medezinescht Personal sch\u00fctze sollen, wann Impfstoffer aus Versi verschott ginn. Et ass kee Beweis dofir, dass d&#8217;Impfstoffer g\u00ebfteg sinn, w\u00e9i an de B\u00e4itr\u00e4g behaapt g\u00ebtt.<\/p>\n<p>Dokument ass interne S\u00e9cherheetshiweis<\/p>\n<p>D&#8217;AFP huet erausfonnt, dass d&#8217;Dokument vum 31. Dezember 2020 vun &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/H499-LWYA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Asl4 Liguria<\/a>&#8220;, enger lokaler Gesondheetsagence mat S\u00ebtz zu Chiavari an Norditalien, ausgestallt a vum Ingenieur <a href=\"https:\/\/perma.cc\/G7JX-V2V3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Gianfranco Venturino<\/a> vum Preventiouns- a Schutzd\u00e9ngscht vun der Agence \u00ebnnerschriwwe gouf.<\/p>\n<p>&#8220;Sollt et w\u00e4rend dem Benotzen oder dem Spr\u00ebtze vum Comirnaty-Impfstoff zu engem Versch\u00ebdden aus Versi kommen, nodeem d&#8217;Ampull mat dem Impfstoff zerbrach ass&#8221;, huet d&#8217;Dokument d&#8217;Personal ugewisen, missten de Ber\u00e4ich ofgegrenzt an de Raum gel\u00ebft souw\u00e9i Schutzausr\u00fcstung mat waasserdichtem Kittel, Iwwerschong, enger FFP2-Mask, Gesiichtsschutz oder Schutzbr\u00ebll souw\u00e9i H\u00e4ndschen ugedoe ginn.<\/p>\n<p>Ausserdeem goufen d&#8217;Mataarbechterinnen a Mataarbechter ugewisen, &#8220;d&#8217;Brochst\u00e9cker vun der Ampull ewechzemaachen an an engem Eemer fir schaarf G\u00e9igest\u00e4nn ze entsuergen&#8221; an uschl\u00e9issend &#8220;d&#8217;Fl\u00ebssegkeet mat saugf\u00e4egem Material opzehuelen, woub\u00e4i vu baussen no banne virgaange gi sollt&#8221;. Schliisslech heescht et am Dokument, dass de Ber\u00e4ich &#8220;mat <a href=\"https:\/\/perma.cc\/RTX6-RP2T\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Natriumhypochlorit<\/a> dekontamin\u00e9iert&#8221; gi sollt, woub\u00e4i all Eeweeapparater am biologeschen Offall ze entsuerge w\u00e4ren, w\u00e4rend er\u00ebm benotzbar G\u00e9igest\u00e4nn &#8220;gem\u00e9iss de Standardmesuren desinfiz\u00e9iert&#8221; gi mussen. Natriumhypochlorit ass a verd\u00ebnnter Form och als Bleechm\u00ebttel oder Javel (Chlorbleiche) bekannt.<\/p>\n<p>An enger E-Mail vum 8. November 2025 un d&#8217;AFP huet Asl4 Liguria d&#8217;Echtheet vum Dokument confirm\u00e9iert. D&#8217;Gesondheetsagence huet awer erkl\u00e4ert, dass et eng intern Kommunikatioun w\u00e4r, d\u00e9i Handlungsuweisunge fir d&#8217;Gesondheetspersonal um Ufank vun der Impfcampagne enthale g\u00e9if.<\/p>\n<p>D&#8217;Dokument h\u00e4tt &#8220;keen externe regulatoresche W\u00e4ert a kee pharmakologesche Bew\u00e4ertungscharakter&#8221;, mee w\u00e4r &#8220;en internt Dokument, dat als Zil huet, d&#8217;S\u00e9cherheet vun den Employ\u00e9en am Gesondheetswiesen an der Ufanksphas vun der Af\u00e9ierung vum Impfstoff ze garant\u00e9ieren&#8221;, sou d&#8217;Agence. Et w\u00e4r als Virsiichtsmoossnam ze gesinn, w\u00e9i et an der italieenescher Gesetzgeebung fir S\u00e9cherheet op der Aarbechtsplaz,\u00a0<a href=\"https:\/\/perma.cc\/T78X-5AAE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Gesetzesdekreet 81\/2008 (Artikel 15 und 18)<\/a>, erausgi gouf.<\/p>\n<p>&#8220;Et gouf als adequat ugesinn, maximal Schutzmesur\u00eb fir de Fall, wa Fl\u00e4schelcher aus Versi briechen, ze ergr\u00e4ifen&#8221;, huet Asl4 erkl\u00e4ert, fir &#8220;potenziell Risike bei Haut- oder Aekontakt, Anootme vun Aerosolen a Versch\u00ebdde vum Preparat op Aarbechtsfl\u00e4chen ze vermeiden&#8221;.<\/p>\n<p>Den Aussoe vun der Gesondheetsagence no hunn d&#8217;Uweisungen duergestallt, w\u00e9i d\u00e9i richteg Praktiken am Labo unzewende sinn, wa biologesch oder pharmazeutesch Produkter verschott goufen. Ausserdeem g\u00e9if doran d&#8217;Standardausr\u00fcstung vum Gesondheetspersonal genannt, dat w\u00e4rend dem H\u00e9ichpunkt vun der Pandemie all Dag a Kontakt mat Utilisateure gewiescht w\u00e4r. Asl4 huet g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert: &#8220;D&#8217;Verfaren, d\u00e9i an d\u00ebsem Dokument beschriwwe ginn, waren op kee Fall en Ausnameprotokoll.&#8221;<\/p>\n<p>Erw\u00e4\u00e4nte Moossname si Standard<\/p>\n<p>D&#8217;Uweisungen \u00ebmfaasse Standard-S\u00e9cherheetsmoossname fir de Fall, dass injectabel Medikamenter oder biologesch Fl\u00ebssegkeete verschott goufen, fir den \u00cbmgang mat pharmazeutesche Produkter, wa M\u00ebnschen domat a Ber\u00e9ierung komme k\u00e9inten, an &#8220;d&#8217;Botzen an d&#8217;Desinfektioun vu kontamin\u00e9ierten Uewerfl\u00e4chen&#8221;, huet d&#8217;Asl4 b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt an huet dorop higewisen, dass den italieenesche Gesondheetsminist\u00e8re an dat medezinescht Fuerschungsinstitut <a href=\"https:\/\/perma.cc\/ENF3-JZPB\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Istituto Superiore di Sanit\u00e0<\/a> (ISS) fir esou Verfaren eng Javelkonzentratioun t\u00ebscht 0,1 an 0,5 Prozent recommand\u00e9ieren.<\/p>\n<p>De Virolog <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20211021204319\/https:\/\/www.unimi.it\/en\/ugov\/person\/fabrizio-pregliasco\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Fabrizio Pregliasco<\/a>, Direkter vun der Fachschoul fir Hygi\u00e8ne a Preventivmedezin op der Universit\u00e9it Mailand, huet de 5. November 2025 g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert, dass d&#8217;Dokument &#8220;net dorop hindeit, dass den Impfstoff gef\u00e9ierlech ass&#8221;.<\/p>\n<p>Hie sot, dass &#8220;gutt Bios\u00e9cherheetspraktike vum <a href=\"http:\/\/perma.cc\/E39A-KS5Y\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Niveau BSL-1+<\/a> benotzt ginn, dat heescht Standard-Virsiichtsmoossname fir den \u00cbmgang mat biologesche Produkter mat klengem Risiko&#8221;. Esou Moossname w\u00e4ren &#8220;noutwendeg an verh\u00e4ltnism\u00e9isseg, fir d&#8217;S\u00e9cherheet vum Gesondheetspersonal an d&#8217;Anhale vum italieeneschen Aarbechtsschutzgesetz ze garant\u00e9ieren&#8221;.<\/p>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/AU7W-5RLA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Standardrichtlinne<\/a> vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) <a href=\"https:\/\/iris.who.int\/server\/api\/core\/bitstreams\/cfb8a5aa-d5c7-4113-91fe-31c1b2246845\/content\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">recommand\u00e9ieren<\/a> och, Bleechm\u00ebttel oder \u00e4nlech Desinfektiounsm\u00ebttel ze benotzen, fir biologescht Material ewechzemaachen an esou eng Kontaminatioun ze verh\u00ebnneren.<\/p>\n<p>W\u00e4rend der Pandemie hat d&#8217;WHO Desinfektiounsm\u00ebttel mat 0,1 Prozent Natriumhypochlorit och fir d&#8217;Botze vu gew\u00e9inlechen Uewerfl\u00e4chen am Stot <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6P4K-6WJ9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">recommand\u00e9iert<\/a>, fir de Risiko vun enger Virusiwwerdroung m\u00e9i kleng ze halen. W\u00e9i <a href=\"https:\/\/perma.cc\/3VHT-GMKY\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Untersuchunge<\/a> gewisen hunn, gouf festgestallt, dass Natriumhypochlorit de SARS-CoV-2-Virus bannent e puer Minutte effikass inaktiv\u00e9iert.<\/p>\n<p>Impfungen hunn Doudesf\u00e4ll \u00ebm 57 Prozent reduz\u00e9iert<\/p>\n<p>Italien hat seng national <a href=\"https:\/\/perma.cc\/B9YA-S4F4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Impfcampagne g\u00e9int Covid-19 de 27. Dezember 2020 gestart<\/a>. Z\u00ebnterhier huet d&#8217;EU-Land <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Y8YV-UQYQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">m\u00e9i w\u00e9i 150 Milliounen Impfdosisse gespr\u00ebtzt<\/a> an eng Impfquot vu bal 85 Prozent bei der Bev\u00eblkerung erreecht.<\/p>\n<p>Eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/TSN6-JG7N\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">italieenesch Et\u00fcd aus dem Joer 2022<\/a> huet gewisen, dass de Risiko, sech mat SARS-CoV-2 ze infiz\u00e9ieren, an d&#8217;Klinick ageliwwert ze ginn, op d&#8217;Intensivstatioun ze kommen oder souguer ze stierwen, fir net geimpft Leit vill m\u00e9i h\u00e9ich war w\u00e9i fir vollst\u00e4nneg Geimpfter, &#8220;wouduerch d&#8217;Bedeitung vun der Prioris\u00e9ierung vun der Covid-19-Impfung d\u00e4itlech g\u00ebtt&#8221;.<\/p>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20250913185636\/https:\/\/www.who.int\/europe\/news\/item\/16-01-2024-covid-19-vaccinations-have-saved-more-than-1.4-million-lives-in-the-who-european-region--a-new-study-finds\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">WHO hat am Joer 2024 erkl\u00e4ert<\/a>, dass d&#8217;Covid-19-Vaccinen z\u00ebnter der Af\u00e9ierung am Dezember 2020 d&#8217;Zuel vun den Doudesf\u00e4ll duerch d&#8217;Pandemie \u00ebm op d&#8217;mannst 57 Prozent reduz\u00e9iert an domat m\u00e9i w\u00e9i 1,4 Millioune M\u00ebnscheliewen an Europa gerett hunn. &#8220;D\u00e9i meescht vun de Leit, d\u00e9i gerett goufen, ware 60 Joer oder m\u00e9i al, also d&#8217;Grupp mat dem h\u00e9chste Risiko fir schw\u00e9ier Erkrankungen an Doudesf\u00e4ll duerch de SARS-CoV-2-Virus&#8221;, housch et.<\/p>\n<p>Eng weider <a href=\"https:\/\/perma.cc\/UHP7-VASM?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Et\u00fcd, d\u00e9i 2025 am amerikanesche Fachmagasinn &#8220;Journal of the American Medical Association&#8221; ver\u00ebffentlecht<\/a> gouf, ergouf, dass Covid-19-Impfungen t\u00ebschent 2020 an 2024 2,5 Milliounen Doudesf\u00e4ll verh\u00ebnnert huet.<\/p>\n<p>Obwuel d&#8217;S\u00e9cherheet vu Vaccine gr\u00e9isstendeels confirm\u00e9iert gouf, hunn Untersuchungen och e puer seelen Niewewierkungen opgewisen. <a href=\"https:\/\/perma.cc\/YZQ3-UJTK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">D\u00e9i weltw\u00e4it gr\u00e9isst Et\u00fcd iwwer mRNA-Vaccine vu BioNTech\/Pfizer a Moderna souw\u00e9i dem Vektor-Impfstoff vun Astrazeneca g\u00e9int Covid-19<\/a>, un d\u00e4r Millioune vu Leit deelgeholl an d\u00e4r hir <a href=\"https:\/\/perma.cc\/V47C-ZLB9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Resultater<\/a> am Februar 2024 virgestallt goufen, huet d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/ZK74-UHNN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Seltenheet vun den no der Impfung g\u00e9int Covid-19 festgestallten Niewewierkunge confirm\u00e9iert<\/a>, dor\u00ebnner Myokardits, Perikarditis, Guillain-Barr\u00e9-Syndrom an zerebral Venenthrombosen.<\/p>\n<p>Fuerscher vun d\u00ebser Et\u00fcd vum <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7PJV-JWAX\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Global Vaccine Data Network<\/a> (GVDN), un d\u00e4r m\u00e9i w\u00e9i 99 Millioune M\u00ebnschen, d\u00e9i mat engem Covid-19-Vaccin geimpft goufen, aus Australien, Argentinien, Kanada, D\u00e4nemark, Finnland, Frankr\u00e4ich, Neis\u00e9iland a Schottland deelgeholl haten, hunn awer betount, dass d&#8217;Virdeeler vun de Covid-19-Vaccinen \u00ebmmer nach &#8220;d&#8217;Risike bei W\u00e4item iwwerweien&#8221;. Si hu beispillsweis drop higewisen, dass &#8220;d&#8217;Warscheinlechkeet vun engem neurologesche Fall no enger akuter SARS-CoV-2-Infektioun bis zu 617-mol m\u00e9i h\u00e9ich war w\u00e9i no enger Covid-Impfung&#8221;.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/11\/1532876b0705ebf0abdc711aee2093dc_resized.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> \u00a9 AFP<\/p>\n<p>D&#8217;italieenesch Gesondheetsagencen hunn den mRNA-Impfstoff vu BioNTech\/Pfizer net als gef\u00e9ierlech agestuuft. Souwuel d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/B95C-5GRX\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Agenzia Italiana del Farmaco<\/a> w\u00e9i och den ISS hunn <a href=\"https:\/\/perma.cc\/479Z-MXRL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">erkl\u00e4ert<\/a>, dass e s\u00e9cher ass an als Virbeugung g\u00e9int Covid-19 recommand\u00e9iert g\u00ebtt.<\/p>\n<p>Am September 2025 huet den italieenesche Gesondheetsminist\u00e8re eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4624-5LT5\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">nei Covid-19-Impfcampagne fir d&#8217;Hierscht- a Wantersaison gestart<\/a> an huet en neie Vaccin agef\u00e9iert, deen aktualis\u00e9iert gouf, fir d\u00e9i am st\u00e4erkst vulnerabel Gruppe virun enger neier Variant ze sch\u00fctzen.<\/p>\n<p>Weider Faktenchecken iwwer <a href=\"..\/..\/storage\/data\/afp\/factcheck_v2\/DE\/list\/Impfungen\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Impfungen<\/a> a <a href=\"http:\/\/faktencheck.afp.com\/list\/Covid-19\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Covid-19<\/a> sammelt d&#8217;AFP op hirer Internets\u00e4it.<\/p>\n<p><strong>Fazit:<\/strong> En italieenescht Dokument enth\u00e4lt S\u00e9cherheetshiweiser fir d&#8217;Entsuerge vun zerbrachen Ampulle vum Covid-19-Impfstoff Comirnaty. Dat Dokument aus dem Joer 2020 beleet awer net, dass den mRNA-Vaccin toxesch ass, w\u00e9i e Virolog an d&#8217;Agence, d\u00e9i d\u00ebs Virg\u00e4ng erausginn haten, confirm\u00e9iert hunn.<\/p>\n<p><em>D\u00ebse Faktencheck gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<br \/>\n<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Ierf\u00e9ierend Behaaptungen iwwer mRNA-Impfstoffer verbreede sech Joren no der Corona-Pandemie nach \u00ebmmer. Am j\u00e9ngste Fall gouf en italieenescht Dokument aus dem Joer 2020 f\u00e4lschlecherweis als Beweis dofir gedeelt, dass mRNA-Impfstoffer &#8220;gef\u00e9ierlech&#8221; w\u00e4ren, well d&#8217;Personal ugewise gouf, verschotten Impfstoff mat Bleechm\u00ebttel an a kompletter Schutzkleedung ewechzemaachen.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":411666,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[184,470,183,190,192],"tags":[],"class_list":{"0":"post-411681","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-covid-19-lb","8":"category-editors-choice-lu","9":"category-fact-check-lb","10":"category-gesondheet","11":"category-wessenschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"2355331","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/2355331.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","share_this_post_to_edmo_website":false,"affiliation":"BELUX","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Italieenescht Dokument beweist net, dass mRNA-Impfstoffer gef\u00e9ierlech sinn - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-italieenescht-dokument-beweist-net-dass-mrna-impfstoffer-gefierlech-sinn\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Italieenescht Dokument beweist net, dass mRNA-Impfstoffer gef\u00e9ierlech sinn - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Ierf\u00e9ierend Behaaptungen iwwer mRNA-Impfstoffer verbreede sech Joren no der Corona-Pandemie nach \u00ebmmer. Am j\u00e9ngste Fall gouf en italieenescht Dokument aus dem Joer 2020 f\u00e4lschlecherweis als Beweis dofir gedeelt, dass mRNA-Impfstoffer &quot;gef\u00e9ierlech&quot; w\u00e4ren, well d&#039;Personal ugewise gouf, verschotten Impfstoff mat Bleechm\u00ebttel an a kompletter Schutzkleedung ewechzemaachen.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-italieenescht-dokument-beweist-net-dass-mrna-impfstoffer-gefierlech-sinn\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2025-11-24T12:00:57+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2025-11-24T14:03:46+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/11\/3d71309c5495d6321d95ee242026e4ae_resized.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"7 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-italieenescht-dokument-beweist-net-dass-mrna-impfstoffer-gefierlech-sinn\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-italieenescht-dokument-beweist-net-dass-mrna-impfstoffer-gefierlech-sinn\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Italieenescht Dokument beweist net, dass mRNA-Impfstoffer gef\u00e9ierlech sinn\",\"datePublished\":\"2025-11-24T12:00:57+00:00\",\"dateModified\":\"2025-11-24T14:03:46+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-italieenescht-dokument-beweist-net-dass-mrna-impfstoffer-gefierlech-sinn\/\"},\"wordCount\":1590,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-italieenescht-dokument-beweist-net-dass-mrna-impfstoffer-gefierlech-sinn\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/11\/3d71309c5495d6321d95ee242026e4ae_resized.jpeg\",\"articleSection\":[\"COVID-19\",\"Editor's Choice Slider LU\",\"Fact Check\",\"Gesondheet\",\"W\u00ebssenschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-italieenescht-dokument-beweist-net-dass-mrna-impfstoffer-gefierlech-sinn\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-italieenescht-dokument-beweist-net-dass-mrna-impfstoffer-gefierlech-sinn\/\",\"name\":\"Faktencheck: Italieenescht Dokument beweist net, dass mRNA-Impfstoffer gef\u00e9ierlech sinn - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-italieenescht-dokument-beweist-net-dass-mrna-impfstoffer-gefierlech-sinn\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-italieenescht-dokument-beweist-net-dass-mrna-impfstoffer-gefierlech-sinn\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/11\/3d71309c5495d6321d95ee242026e4ae_resized.jpeg\",\"datePublished\":\"2025-11-24T12:00:57+00:00\",\"dateModified\":\"2025-11-24T14:03:46+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-italieenescht-dokument-beweist-net-dass-mrna-impfstoffer-gefierlech-sinn\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-italieenescht-dokument-beweist-net-dass-mrna-impfstoffer-gefierlech-sinn\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-italieenescht-dokument-beweist-net-dass-mrna-impfstoffer-gefierlech-sinn\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/11\/3d71309c5495d6321d95ee242026e4ae_resized.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/11\/3d71309c5495d6321d95ee242026e4ae_resized.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: Italieenescht Dokument beweist net, dass mRNA-Impfstoffer gef\u00e9ierlech sinn - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-italieenescht-dokument-beweist-net-dass-mrna-impfstoffer-gefierlech-sinn\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Italieenescht Dokument beweist net, dass mRNA-Impfstoffer gef\u00e9ierlech sinn\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Italieenescht Dokument beweist net, dass mRNA-Impfstoffer gef\u00e9ierlech sinn - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-italieenescht-dokument-beweist-net-dass-mrna-impfstoffer-gefierlech-sinn\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Italieenescht Dokument beweist net, dass mRNA-Impfstoffer gef\u00e9ierlech sinn - EDMO Belux","og_description":"Ierf\u00e9ierend Behaaptungen iwwer mRNA-Impfstoffer verbreede sech Joren no der Corona-Pandemie nach \u00ebmmer. Am j\u00e9ngste Fall gouf en italieenescht Dokument aus dem Joer 2020 f\u00e4lschlecherweis als Beweis dofir gedeelt, dass mRNA-Impfstoffer \"gef\u00e9ierlech\" w\u00e4ren, well d'Personal ugewise gouf, verschotten Impfstoff mat Bleechm\u00ebttel an a kompletter Schutzkleedung ewechzemaachen.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-italieenescht-dokument-beweist-net-dass-mrna-impfstoffer-gefierlech-sinn\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2025-11-24T12:00:57+00:00","article_modified_time":"2025-11-24T14:03:46+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/11\/3d71309c5495d6321d95ee242026e4ae_resized.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"7 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-italieenescht-dokument-beweist-net-dass-mrna-impfstoffer-gefierlech-sinn\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-italieenescht-dokument-beweist-net-dass-mrna-impfstoffer-gefierlech-sinn\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Italieenescht Dokument beweist net, dass mRNA-Impfstoffer gef\u00e9ierlech sinn","datePublished":"2025-11-24T12:00:57+00:00","dateModified":"2025-11-24T14:03:46+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-italieenescht-dokument-beweist-net-dass-mrna-impfstoffer-gefierlech-sinn\/"},"wordCount":1590,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-italieenescht-dokument-beweist-net-dass-mrna-impfstoffer-gefierlech-sinn\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/11\/3d71309c5495d6321d95ee242026e4ae_resized.jpeg","articleSection":["COVID-19","Editor's Choice Slider LU","Fact Check","Gesondheet","W\u00ebssenschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-italieenescht-dokument-beweist-net-dass-mrna-impfstoffer-gefierlech-sinn\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-italieenescht-dokument-beweist-net-dass-mrna-impfstoffer-gefierlech-sinn\/","name":"Faktencheck: Italieenescht Dokument beweist net, dass mRNA-Impfstoffer gef\u00e9ierlech sinn - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-italieenescht-dokument-beweist-net-dass-mrna-impfstoffer-gefierlech-sinn\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-italieenescht-dokument-beweist-net-dass-mrna-impfstoffer-gefierlech-sinn\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/11\/3d71309c5495d6321d95ee242026e4ae_resized.jpeg","datePublished":"2025-11-24T12:00:57+00:00","dateModified":"2025-11-24T14:03:46+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-italieenescht-dokument-beweist-net-dass-mrna-impfstoffer-gefierlech-sinn\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-italieenescht-dokument-beweist-net-dass-mrna-impfstoffer-gefierlech-sinn\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-italieenescht-dokument-beweist-net-dass-mrna-impfstoffer-gefierlech-sinn\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/11\/3d71309c5495d6321d95ee242026e4ae_resized.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2025\/11\/3d71309c5495d6321d95ee242026e4ae_resized.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: Italieenescht Dokument beweist net, dass mRNA-Impfstoffer gef\u00e9ierlech sinn - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-italieenescht-dokument-beweist-net-dass-mrna-impfstoffer-gefierlech-sinn\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Italieenescht Dokument beweist net, dass mRNA-Impfstoffer gef\u00e9ierlech sinn"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/411681","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=411681"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/411681\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/411666"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=411681"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=411681"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=411681"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}