{"id":42284,"date":"2022-05-25T05:19:26","date_gmt":"2022-05-25T05:19:26","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.wpengine.com\/?p=42284"},"modified":"2022-10-06T13:55:10","modified_gmt":"2022-10-06T13:55:10","slug":"faktencheck-keng-beweiser-dofir-dass-biontech-dwierksamkeet-vum-covid-19-impfstoff-net-noweise-kint","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beweiser-dofir-dass-biontech-dwierksamkeet-vum-covid-19-impfstoff-net-noweise-kint\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Keng Beweiser dofir, dass BioNTech d&#8217;Wierksamkeet vum Covid-19-Impfstoff net noweise k\u00e9int"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Z\u00ebnter e puer Woche si Behaaptungen am \u00cbmlaf, dass d&#8217;Firma BioNTech zouginn h\u00e4tt, dass hire Covid-19-Impfstoff net wierke g\u00e9if. D\u00ebs Behaaptunge berouen awer op falschen Usiichten an Interpretatiounen, w\u00e9i d&#8217;AFP erausfonnt huet.<\/p>\n<p>&#8220;Opgepasst: BioNTech huet grad erkl\u00e4ert, dass si net capabel sinn, d&#8217;Wierksamkeet an d&#8217;Onbedenklechkeet vum Impfstoff COVID-19 nozeweisen&#8221;, huet en Internetnotzer de <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20220517132917\/https:\/\/twitter.com\/Ilan16ans\/status\/1519370716516433922\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">27. Abr\u00ebll<\/a> getwittert, \u00e9ier d&#8217;Publikatioun iwwer 3.000 Mol gedeelt gouf. \u00c4nlech Publikatiounen zilen och op d\u00e9i d\u00e4itsch Pharmaentreprise of, an zwar souwuel op Facebook (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/ZXU6-98UY?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">1<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/76S5-YYTC?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">2<\/a>) w\u00e9i och op <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20220517134727\/https:\/\/twitter.com\/ChrisCottonStat\/status\/1518871103657099264\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Twitter<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7HNT-MY32\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Telegram<\/a> oder aneren Internets\u00e4iten (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/3JS2-BREC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">1<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/3M7U-DHHV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">2<\/a>).<\/p>\n<p>&#8220;Offensichtlech hu si grad erkannt, dass hiren Impfstoff net wierkt&#8221;, huet eng Internetnotzerin de <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20220517134727\/https:\/\/twitter.com\/ChrisCottonStat\/status\/1518871103657099264\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">26. Abr\u00ebll<\/a> an engem Tweet geschriwwen, dee m\u00e9i w\u00e9i 1.200 Mol gedeelt gouf, w\u00e9i si en Extrait aus engem engleschsproochegen Dokument iwwer &#8220;Risikofacteuren&#8221; vun engem &#8220;Covid-19-Impfstoff&#8221; publiz\u00e9iert huet. &#8220;Boom! D&#8217;Kaartenhaus f\u00e4lt zesummen&#8221;, faasst den <a href=\"https:\/\/developers.facebook.com\/docs\/plugins\/embedded-posts\/?prefill_href=https%3A%2F%2Fwww.facebook.com%2Fyohan.debacker%2Fposts%2F2516565918473371\">28. Abr\u00ebll<\/a> en aneren Notzer zesummen. D\u00ebs viral Behaaptungen zirkul\u00e9ieren och op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8W28-Y93M?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">D\u00e4itsch<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/T8JM-YMQK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Italieenesch<\/a> an <a href=\"https:\/\/archive.ph\/8xECx\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Holl\u00e4nnesch<\/a>.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2022\/05\/89c78f728029de588d83f22d9bd1c083.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Capture d&amp;#039;\u00e9cran Twitter prise le 19 mai 2022<\/p>\n<p>D\u00ebs Publikatioune bas\u00e9iere sech op en <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7BW4-B6LM\">Dokument vu BioNTech vum 30. M\u00e4erz 2022<\/a>. De 700 S\u00e4iten d\u00e9cke Rapport gouf fir d&#8217;<a href=\"https:\/\/www.sec.gov\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Securities and Exchange Commission (SEC)<\/a>, d&#8217;US-amerikanesch Reglementatiounsagence fir Finanzm\u00e4ert, erstallt.<\/p>\n<p>Erwaarte Resultater, Finanzsituatioun vun der Entreprise, Kapital, Risikofacteuren &#8230; D\u00ebse &#8220;<a href=\"https:\/\/sec.report\/Form\/20-F\">Formulaire 20-F<\/a>&#8221; ass e <a href=\"https:\/\/perma.cc\/N26L-Y45N\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Standarddokument<\/a>, dat <a href=\"https:\/\/www.investopedia.com\/terms\/s\/sec-form-20-f.asp\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ausl\u00e4nnesch Societ\u00e9iten, d\u00e9i op der amerikanescher Bourse kot\u00e9iert sinn<\/a>, der SEC virlee\u00eb mussen. Zum engen, fir den Exigenze vum US-Maart gerecht ze ginn, zum aneren, fir potentiell Investisseuren de Verglach vun ausl\u00e4nneschen Entrepris\u00eb mat US-Firmen ze erliichteren. D\u00ebs Rapporte mussen der SEC dem <a href=\"https:\/\/www.law.cornell.edu\/wex\/securities_exchange_act_of_1934\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Securities Exchange Act<\/a> all Joer virgeluecht ginn. Dat huet BioNTech am M\u00e4erz 2022 fir dat ofgelafent Gesch\u00e4ftsjoer gemaach.<\/p>\n<p>En \u00e4nlecht Dokument g\u00ebtt och vun amerikanesche Firme verlaangt, n\u00e4mlech de <a href=\"https:\/\/www.investopedia.com\/terms\/1\/10-k.asp\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Formulaire 10-K<\/a>: D&#8217;Entreprise Moderna, d\u00e9i och en mRNA-Impfstoff entw\u00e9ckelt huet, huet d\u00ebse beispillsweis de <a href=\"https:\/\/d18rn0p25nwr6d.cloudfront.net\/CIK-0001682852\/ffa50947-bd8a-4758-890d-cccbbfee7648.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">25. Februar 2022<\/a> agereecht.<\/p>\n<p>Den Extrait, deen an de B\u00e4itr\u00e4g vun den Internetnotzer ze gesinn ass, ass op der S\u00e4it 12 vum BioNTech-Rapport ze fannen. BioNTech schreift: &#8220;Mir k\u00ebnne m\u00e9iglecherweis net noweisen, dass eise Covid-19-Impfstoff effikass oder s\u00e9cher genuch ass, fir eng reegelm\u00e9isseg a permanent Maartzouloossung an de Juridiktiounen ze kr\u00e9ien, an deenen den Impfstoff eng befrist oder eng Noutfallzouloossung krut.&#8221;<\/p>\n<p>D\u00e9i d\u00e4itsch Entreprise f\u00e9iert weider aus, dass hiren Impfstoff &#8220;an den USA eng regul\u00e4r Maartzouloossung fir Persounen iwwer 16 Joer, an an enger Rei anere L\u00e4nner eng befrist oder Noutfallzouloossung krut.&#8221; Allerd\u00e9ngs &#8220;ass et m\u00e9iglech, dass d&#8217;Donn\u00e9e\u00ebn aus d\u00ebse klineschen Et\u00fcden net esou favorabel sinn ew\u00e9i d&#8217;Donn\u00e9e\u00ebn&#8221;, d\u00e9i den Agenc\u00eb vun deene L\u00e4nner fir d&#8217;Autorisatioun virgeluecht goufen, fir eng befrist Autorisatioun ze kr\u00e9ien, erkl\u00e4ert d&#8217;Entreprise. &#8220;Eise Covid-19-Impfstoff kritt m\u00e9iglecherweis keng regul\u00e4r Zouloossung (&#8230;), wat d&#8217;Perspektive fir eise Commerce beantr\u00e4chtege k\u00e9int&#8221;, ass d&#8217;Konklusioun vu BioNTech.<\/p>\n<p>Et war d\u00ebsen Extrait, dee bei den Internetnotzer Froen opgeworf huet, well d&#8217;Firma ze erkl\u00e4re sch\u00e9ngt, dass se Zweiwel un de Resultater vun hirem Impfstoff huet. D\u00ebsen Extrait ass awer aus dem Kontext gerappt. <strong>Well an selwechten Dokument hieft BioNTech d\u00e9i positiv Resultater vu sengem mRNA-Impfstoff ervir, souwuel wat d&#8217;Wierksamkeet w\u00e9i och d&#8217;Onbedenklechkeet betr\u00ebfft. An d\u00ebse Konklusioune sinn och d\u00e9i sech aktuell am \u00cbmlaf befannend Varianten abegraff.<\/strong><\/p>\n<p>Experten erkl\u00e4ren, dass d\u00ebs Formul\u00e9ierung g\u00e4ngeg Praxis vun de Pharmaentreprisen ass, fir sech juristesch virun Investisseuren ze sch\u00fctzen. Dat weist sech an der ganz heterogeener Aart vun der opgel\u00ebschten &#8220;Risikofacteuren&#8221;, vun deene just eng Minorit\u00e9it d&#8217;Haaptprodukt vu BioNTech betr\u00ebfft.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">BioNTech verdeedegt Wierksamkeet an Onbedenklechkeet vu sengem Impfstoff<\/p>\n<p>D\u00ebs Behaaptunge w\u00e4ren &#8220;ierf\u00e9ierend&#8221;, argument\u00e9iert de Labo g\u00e9intiwwer der AFP.<\/p>\n<p>Op de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7BW4-B6LM#ic5e06a05a31d4c4491031d3208cef8c2_2822\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">S\u00e4iten 88 an 90 vum Dokument<\/a> erkl\u00e4ert BioNTech, dass &#8220;an de finale Wierksamkeetsanalyse vun de globale klinesche Phas-3-Et\u00fcden, den [Impfstoff] BNT162b2 all d\u00e9i wichteg Wierksamkeetskrit\u00e4ren erf\u00ebllt huet (&#8230;) D&#8217;Resultater g\u00e9ife weisen, dass BNT162b2 d&#8217;Symptomer vu Covid-19 minimis\u00e9iert an e S\u00e9cherheetsprofil opweist, dat gutt ze verdroen ass.&#8221;<\/p>\n<p>An d\u00ebsem klinesche Versuch, erkl\u00e4ert BioNTech, huet de Vaccin &#8220;eng <a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/doc.afp.com.329L398#:~:text=%2212%25%2C%201%25%20d'efficacite%22\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Wierksamkeet vu 95 %<\/a> bei Persounen iwwer 16 Joer a vu 94 % bei Probanden iwwer 65 Joer gewisen. D&#8217;S\u00e9cherheetsprofil war favorabel, mat enger ger\u00e9nger Inzidenz vun <a href=\"https:\/\/ctep.cancer.gov\/protocoldevelopment\/electronic_applications\/docs\/ctcae_v5_quick_reference_8.5x11.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Niewewierkunge vum Grad 3<\/a> (grav, Um. v. d. Red.) an onerw\u00ebnschten Evenementer, d\u00e9i haapts\u00e4chlech w\u00e4rend enger Impfung \u00fcblech waren.&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2022\/05\/59b1eb187309ff063647a2f4d47817d7.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Capture d&amp;#039;\u00e9cran du site de BioNTech effectu\u00e9e le 16 mai 2022<\/p>\n<p>An d\u00ebs Resultater aus de klineschen Et\u00fcde goufen dann a reelle Versich confirm\u00e9iert, erkl\u00e4ert d\u00e9i d\u00e4itsch Entreprise. Se weist an hirem Dokument dorop hin, dass d&#8217;Pr\u00e4parat no d\u00ebse Versich e verbesserte Schutz g\u00e9int &#8220;symptomatesch Infektiounen, asymptomatesch Infektiounen, schw\u00e9ier Infektiounen, Spidolsopenthalter an Doudesf\u00e4ll&#8221; bitt. Dat &#8220;spigelt d\u00e9i h\u00e9ich Effikassit\u00e9it&#8221; er\u00ebm a &#8220;confirm\u00e9iert d&#8217;S\u00e9cherheet&#8221; vum Impfstoff, sou BioNTech weider. Dohier kann net behaapt ginn, dass BioNTech un der Wierksamkeet vu sengem Produit zweiwele g\u00e9if.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2022\/05\/a4beb21e5e0c90ca10e8ba73db7a4cbd.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Capture d&amp;#039;\u00e9cran du formulaire remis par BioNTech aux autorit\u00e9s am\u00e9ricaines effectu\u00e9e le 17 mai 2022<\/p>\n<p>Par rapport zur Omikron-Variant huet d&#8217;Wierksamkeet vum Impfstoff &#8211; genee esou w\u00e9i dee vu Moderna &#8211; ofgeholl, obwuel en \u00ebmmer nach viru schw\u00e9iere Symptomer, Spidolsopenthalter an dem Doud sch\u00fctzt.<\/p>\n<p>&#8220;Den Impfstoff, besonnesch d\u00e9i (dr\u00ebtt) Opfr\u00ebschungsimpfung, bleift wierksam g\u00e9int konventionell Spidolsopenthalter a station\u00e4r Hospitalisatiounen no enger Infektioun mat der Omikron-Variant (iwwer 70 % Impfwierksamkeet bei 20-J\u00e4regen oder m\u00e9i al). Den Impfstoff an d&#8217;Opfr\u00ebschungsimpfung sinn och besonnesch g\u00e9int Doudesf\u00e4ll (90 % Impfeffikassit\u00e9it bei iwwer 40-J\u00e4regen) wierksam, och wann d&#8217;Wierksamkeet am Verglach zur Delta-Variant m\u00e9i ger\u00e9ng ass&#8221;, huet beispillsweis d&#8217;Dress (Direction de la recherche, des \u00e9tudes, de l&#8217;\u00e9valuation et des statistiques) <a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/doc.afp.com.323B3ZV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">am Februar vun d\u00ebsem Joer an enger Note<\/a> erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>Doriwwer eraus ass de Pfizer-BioNTech-Impfstoff a ville L\u00e4nner am Asaz &#8211; der Impfstoffiwwerwaachungsplattform <a href=\"https:\/\/covid19.trackvaccines.org\/vaccines\/6\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Covid-19 Vaccine Tracker<\/a> no ass en a bal 146 L\u00e4nner zougelooss. D\u00e9i <a href=\"https:\/\/www.cdc.gov\/coronavirus\/2019-ncov\/vaccines\/different-vaccines\/Pfizer-BioNTech.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">amerikanesch Gesondheetsagence<\/a>, d&#8217;<a href=\"https:\/\/www.who.int\/news-room\/feature-stories\/detail\/who-can-take-the-pfizer-biontech-covid-19--vaccine-what-you-need-to-know\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Weltgesondheetsorganisatioun<\/a>, d\u00e9i <a href=\"https:\/\/www.ema.europa.eu\/en\/medicines\/human\/EPAR\/comirnaty\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Europ\u00e4esch Medikamentenagence<\/a>, den <a href=\"https:\/\/www.zusammengegencorona.de\/impfen\/so-sicher-ist-die-corona-schutzimpfung\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">d\u00e4itsche Gesondheetsminist\u00e8re<\/a> an d\u00e9i frans\u00e9isch\u00a0<a href=\"https:\/\/ansm.sante.fr\/tableau-vaccin\/comirnaty-adulte-pret-a-lemploi-pfizer-biontech\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Agence nationale de s\u00e9curit\u00e9 du m\u00e9dicament et des produits de sant\u00e9<\/a> (ANSM) setze sech \u00ebnner anerem fir d&#8217;S\u00e9cherheet an d&#8217;<a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/les-vaccins-sont-bien-efficaces-contre-les-formes-graves-du-covid\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Wierksamkeet vum Impfstoff<\/a> an.<\/p>\n<p>Firwat huet dann den d\u00e4itsche Labo geschriwwen, dass en an Zukunft m\u00e9iglecherweis net m\u00e9i capabel w\u00e4r, &#8220;eng gen\u00fcgend S\u00e9cherheet oder Wierksamkeet nozeweisen&#8221;? BioNTech g\u00ebtt et puer Erkl\u00e4rungen.<\/p>\n<p>\u00c9ischtens k\u00e9int d&#8217;Opdauche vun neie Varianten d&#8217;Wierksamkeet vum Impfstoff reduz\u00e9ieren: &#8220;Eisen Impfstoff ass m\u00e9iglecherweis net esou wierksam&#8221; g\u00e9int zuk\u00fcnfteg Variante vum Virus, &#8220;w\u00e9i g\u00e9int den [urspr\u00e9ngleche Stamm vum Virus, aus deem den Impfstoff entw\u00e9ckelt gouf], erkl\u00e4ert BioNTech op der S\u00e4it 10. D&#8217;Entreprise seet weider, dass se modifiz\u00e9iert Versioune vun hirem Impfstoff entw\u00e9ckelt, awer dass eng &#8220;Incapacit\u00e9it , sech neie Varianten unzepassen&#8221;, enges Daags &#8220;seng finanziell Resultater beantr\u00e4chtege k\u00e9int.&#8221;<\/p>\n<p>Zweetens gouf d&#8217;Injektioun a ville L\u00e4nner, z.B. a Frankr\u00e4ich, \u00ebnner Oplagen zougelooss. Et handelt sech \u00ebm e System, deen &#8220;de Regulateure eng s\u00e9ier a <a href=\"https:\/\/ansm.sante.fr\/dossiers-thematiques\/covid-19-vaccins\/covid-19-vaccins-autorises\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">befrist Zouloossung vun engem Medikament<\/a> erm\u00e9iglecht, wann dr\u00e9ngende Bedarf besteet&#8221;, sou d\u00e9i <a href=\"https:\/\/www.ema.europa.eu\/en\/human-regulatory\/overview\/public-health-threats\/coronavirus-disease-covid-19\/treatments-vaccines\/vaccines-covid-19\/covid-19-vaccines-development-evaluation-approval-monitoring#scientific-evaluation-and-approval-section\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Europ\u00e4esch Medikamentenagence<\/a>. F\u00e9ier oder sp\u00e9ider k\u00e9int se duerch eng Standardzouloossung ersat ginn, w\u00e9i an den USA, wou den Impfstoff vu Pfizer a BioNTech am August 2021 d\u00ebs Zouloossung krut.<\/p>\n<p>Awer &#8220;d\u00ebs b\u00fcrokratesch Prozedur kann zu zwee Resultater f\u00e9ieren (Zouloossung oder Netzouloossung, Um. v. d. Red.), dohier besteet e Risiko&#8221; fir d\u00e9i ekonomesch Gesondheet vun der Entreprise, erkl\u00e4ert de Gunther Friedl, Proff fir Ekonomie a Controlling op der Technischen Universit\u00e4t M\u00fcnchen. Op der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7BW4-B6LM#ic5e06a05a31d4c4491031d3208cef8c2_2822\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">S\u00e4it 33 vum Rapport<\/a> f\u00e9iert BioNTech weider aus, dass d&#8217;Gesondheetsagenc\u00eb vun de L\u00e4nner &#8220;d&#8217;Konditiounen \u00e4nnere k\u00e9inten, d\u00e9i n\u00e9ideg sinn, fir eng Geneemegung [vun der Maartaf\u00e9ierung] ze kr\u00e9ien&#8221;, sou dass sech d\u00e9i exig\u00e9iert Wierksamkeets- oder Onbedenklechkeetsniveauen oder d&#8217;Testkonditiounen theoretesch \u00e4nnere k\u00e9inten.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Eng \u00fcblech Praxis<\/p>\n<p>Esou eng L\u00ebscht w\u00e4r eng g\u00e4ngeg Praxis vu Pharmaentreprisen, fir sech selwer ze sch\u00fctzen.<\/p>\n<p>An enger E-Mail vum 6. Mee huet d&#8217;Entreprise erkl\u00e4ert: &#8220;[D\u00ebse Passage iwwer] Risikofacteure [muss] \u00ebmfaassend iwwer d\u00e9i potenziell Risiken inform\u00e9ieren, d\u00e9i Investisseure fir hiren Investissement oder hir St\u00ebmmrechtsentscheedungen als fundamental betruechte g\u00e9ifen. [E] beschreift net d&#8217;Resultater, d\u00e9i effektiv agetruede sinn oder antriede w\u00e4erten.&#8221;<\/p>\n<p>An d\u00ebsem 69 S\u00e4iten d\u00e9cke <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7BW4-B6LM#ic5e06a05a31d4c4491031d3208cef8c2_2822\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Passage<\/a> g\u00ebtt och d&#8217;Konkurrenz mat aneren Hiersteller vu Covid-19-Impfstoffer als Risikofacteur genannt, genee w\u00e9i d&#8217;Konditioune fir de Stockage an d&#8217;Liwwerung vum Impfstoff oder m\u00e9iglech Naturkatastrophen, d\u00e9i d&#8217;Gesch\u00e4ftst\u00e4tegkeet beantr\u00e4chtege k\u00e9inten. Theoretesch ganz \u00ebnnerschiddlech Risiken, d\u00e9i sech op kee Fall op d&#8217;Wierksamkeet vum Impfstoff beschr\u00e4nken.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2022\/05\/1588f13fb813b1e2b28e95e542f5214f.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Capture d&amp;#039;\u00e9cran du formulaire remis par BioNTech aux autorit\u00e9s am\u00e9ricaines effectu\u00e9e le 17 mai 2022<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2022\/05\/283e644d4e2c33f3859d5c9afe5cd1f5.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Capture d&amp;#039;\u00e9cran du formulaire remis par BioNTech aux autorit\u00e9s am\u00e9ricaines effectu\u00e9e le 17 mai 2022<\/p>\n<p>Den Zweck vum Formulaire besteet \u00e9ischter doran, d\u00e9i finanziell Risiken opzeweisen, d\u00e9i bei extremen Zenarien entstoe k\u00e9inten. Dohier sinn Entrepris\u00eb w\u00e9i BioNTech, d\u00e9i op der Bourse kot\u00e9iert sinn, gesetzlech verflicht, an hire Joresrapporten d\u00e9i <a href=\"https:\/\/www.sec.gov\/files\/form20-f.pdf#page=11\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">wichtegst Gesch\u00e4ftsrisiken opzel\u00ebschten<\/a>, fir <a href=\"https:\/\/www.dfinsolutions.com\/knowledge-hub\/thought-leadership\/knowledge-resources\/what-form-20-f-sec-filing\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">potenziell Investisseuren ze inform\u00e9ieren<\/a>.<\/p>\n<p>Dem <a href=\"https:\/\/www.professoren.tum.de\/friedl-gunther\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Gunter Friedl<\/a> no ass BioNTech verflicht, all d\u00ebs Risiken opzel\u00ebschten an op eng prospektiv Man\u00e9ier virzelee\u00ebn, och d\u00e9i, d\u00e9i ganz onwarscheinlech sinn. &#8220;E Risiko, deen net genannt g\u00ebtt, g\u00e9if den Investisseuren d&#8217;M\u00e9iglechkeet ginn, d&#8217;Entreprise viru Geriicht ze verkloen&#8221;, huet de Professer de 5. Mee g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert. D\u00ebse Rapport stellt soumat eng Aart juristesch Garantie fir BioNTech g\u00e9intiwwer den Investisseuren duer.<\/p>\n<p>D&#8217;Fro vun der Autorisatioun vum Vaccin ass vun zentraler Bedeitung, w\u00e9i de <a href=\"https:\/\/www.bwl.uni-mannheim.de\/bischof\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Jannis Bischof<\/a>, Professer fir Gestioun a Comptabilit\u00e9it op der Universit\u00e9it Mannheim, g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert huet. &#8220;Och wann d\u00ebs Pr\u00e9iwung, w\u00e9i am Fall vu BioNTech, fir d&#8217;Zouloossung vum Impfstoff schw\u00e4tzt, bedeit dat net, dass de finanzielle Risiko, dee mam Verkaf vum Impfstoff an der domat verbonnener Responsabilit\u00e9it verbonnen ass, ewechf\u00e4lt.&#8221;<\/p>\n<p>&#8220;Form a Contenu vum Rapport entspriechen an all Hisiicht der Praxis vu villen europ\u00e4eschen Entreprisen, d\u00e9i um amerikanesche Kapitalmaart aktiv sinn&#8221;, sou de Bischof.<\/p>\n<p>D&#8217;Entreprisen aus dem Gesondheetswiese beriichten heefeg iwwer d&#8217;Risiken an esou Formulairen. Dem Jannis Bischof no handelt et sech dob\u00e4i \u00ebm eng \u00fcblech Form vu juristescher Protektioun fir Firmen, d\u00e9i un der Bourse kot\u00e9iert sinn: D&#8217;Zouloossung vu Medikamenter oder Impfstoffer, d\u00e9i m\u00e9iglecherweis Niewewierkungen hunn, ass \u00ebmmer mat finanzielle Risike verbonnen, d\u00e9i als &#8220;<a href=\"https:\/\/www.investopedia.com\/terms\/t\/tailrisk.asp\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">tail risks<\/a>&#8221; bezeechent ginn. D\u00ebs Risike triede ganz ger\u00e9ng an, k\u00ebnnen awer erhieflech finanziell Konsequenzen hunn.<\/p>\n<p>Fir de Jannis Bischof g\u00ebtt et an d\u00ebsem Dokument och keen Indice dorop, dass d\u00e9i sougenannt Tail-Risk-Facteure vum Impfstoff vu Pfizer a BioNTech &#8220;ongew\u00e9inlech h\u00e9ich oder tats\u00e4chlech geplangt&#8221; w\u00e4ren, weder inhaltlech nach formell.<\/p>\n<p>Wann ee sech beispillsweis d&#8217;Formulair\u00eb vun anere Pharmaentreprisen ukuckt, ginn d\u00e9i selwecht virsiichteg Formul\u00e9ierunge benotzt. Gilead, eng f\u00e9ierend Firma um Gebitt vun HIV-Medikamenter, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8N5K-3NU4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">erkl\u00e4ert<\/a> beispillsweis, dass bei grave S\u00e9cherheetsprobleemer de Verkaf vu Medikamenter duerch d&#8217;Gesondheetsagencen ageschr\u00e4nkt oder gestoppt k\u00e9int ginn, wat sech automatesch op d&#8217;Aktivit\u00e9it vun der Entreprise auswierke g\u00e9if.<\/p>\n<p>&#8220;Dat deit dorop hin, dass d\u00ebs Risikoaussoen \u00e9ischter dem juristesche Schutz (g\u00e9int Investisseuren, Um. v. d. Red.) d\u00e9ngen, w\u00e9i dass se wierklech nei Informatiounen iwwer d&#8217;Risiken am Zesummenhang mat Impfstoffer liwweren&#8221;, sou de Bischof ofschl\u00e9issend.<\/p>\n<p style=\"text-align: justify;\">Gesondheetsagenc\u00eb weise sech trotz neie Varianten zouversiichtlech<\/p>\n<p>A Frankr\u00e4ich huet d&#8217;Struktur <a href=\"https:\/\/www.epi-phare.fr\/qui-sommes-nous\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Epi-Phare<\/a>, an d\u00e4r d&#8217;Krankevers\u00e9cherung an d&#8217;ANSM associ\u00e9iert sinn, zwee <a href=\"https:\/\/www.epi-phare.fr\/rapports-detudes-et-publications\/impact-vaccination-covid-octobre-2021\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Real-Life-Et\u00fcden <\/a>iwwer d&#8217;Impfung g\u00e9int Covid-19 bei iwwer 50-J\u00e4regen duerchgefouert. &#8220;D&#8217;Resultater vu b\u00e9iden Et\u00fcde st\u00ebmmen zimmlech iwwereneen&#8221;, erkl\u00e4ert Epi-Phare. &#8220;Se belee\u00ebn d\u00e9i h\u00e9ich Wierksamkeet vun den dr\u00e4i Impfstoffer Pfizer, Moderna an AstraZeneca g\u00e9int schw\u00e9ier Forme vu Covid-19 (Hospitalis\u00e9ierungen an Doud w\u00e4rend der Hospitalis\u00e9ierung) mat enger Reduz\u00e9ierung vum Risiko fir eng Hospitalis\u00e9ierung ab dem 14. Dag no der Injektioun vun der zweeter Dosis \u00ebm m\u00e9i w\u00e9i 90 % a b\u00e9ide Kohorten a fir all Impfstoff.&#8221;<\/p>\n<p>An Epi-Phare k\u00ebnnt zur Konklusioun, dass &#8220;alleguer d&#8217;Covid-19-Impfstoffer <a href=\"https:\/\/ansm.sante.fr\/dossiers-thematiques\/les-vaccins-contre-la-covid-19-sont-efficaces\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">h\u00e9ich wierksam sinn<\/a> an eng gr\u00e9isser Wierkung op d&#8217;Reduz\u00e9ierung vum Risiko vu schw\u00e9iere Forme vu Covid-19 bei Persounen am Alter vu 50 Joer oder m\u00e9i al a Frankr\u00e4ich am reelle Liewen hunn.&#8221;<\/p>\n<p>&#8220;An der ugepasster pediatrescher Formul\u00e9ierung weist den Impfstoff eng ganz gutt Wierksamkeet g\u00e9int d\u00e9i g\u00e4ngegst Varianten, d\u00e9i aktuell am \u00cbmlaf sinn, a seng F\u00e4egkeet, schw\u00e9ier Formen ze verh\u00ebnneren, ass exzellent&#8221;, huet d\u00e9i frans\u00e9isch Haute autorit\u00e9 de sant\u00e9 (HAS) am <a href=\"https:\/\/www.has-sante.fr\/jcms\/p_3306504\/fr\/strategie-de-vaccination-contre-la-covid-19-place-du-vaccin-a-arnm-comirnaty-chez-les-5-11-ans\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Dezember 2021<\/a> erkl\u00e4ert. Se schl\u00e9it vir, dass Elteren, d\u00e9i dat w\u00ebnschen, hir Kanner am Alter vu 5 bis 11 Joer impfe loosse k\u00ebnnen.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2022\/05\/e7f455220f08c5b4c27fd23876d2750f.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Tableau montrant les cinq vaccins contre le Covid-19 autoris\u00e9s en France ( AFP \/ Emmanuelle MICHEL, Valentina BRESCHI)<\/p>\n<p>Dem d\u00e4itsche <a href=\"https:\/\/www.rki.de\/SharedDocs\/FAQ\/COVID-Impfen\/FAQ_Impfstoff_Mutation.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Robert Koch-Institut<\/a> no k\u00ebnne SARS-CoV-2-Mutatiounen awer d&#8217;Wierksamkeet vum Impfschutz beaflossen. De <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9TNJ-AJYT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">27. Abr\u00ebll<\/a> huet d&#8217;Institut geschriwwen, dass \u00e9ischt Et\u00fcden eng m\u00e9i reduz\u00e9iert Wierksamkeet vun den Impfstoffer g\u00e9int d&#8217;Omikron-Variant gewisen hunn. &#8220;D&#8217;Donn\u00e9e\u00ebn aus den \u00e9ischten Et\u00fcde weisen awer och, dass e gudde Schutz g\u00e9int d&#8217;Omikron-Variant duerch eng Opfr\u00ebschungsimpfung erreecht ka ginn.&#8221;<\/p>\n<p>Am Hibl\u00e9ck op d&#8217;S\u00e9cherheet vum mRNA-Impfstoff huet d&#8217;<a href=\"https:\/\/ansm.sante.fr\/actualites\/point-de-situation-sur-la-surveillance-des-vaccins-contre-la-covid-19-periode-du-22-04-2022-au-05-05-2022\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ANSM<\/a> den 13. Mee erkl\u00e4ert, dass &#8220;d&#8217;Majorit\u00e9it vun den Niewewierkunge [vum Vaccin vu Pfizer a BioNTech] ofzegesinn an net grav sinn&#8221;, w\u00e9i etwa Kappw\u00e9i oder P\u00e9ng op der Injektiounsplaz, w\u00e9i d&#8217;<a href=\"https:\/\/ansm.sante.fr\/dossiers-thematiques\/covid-19-suivi-hebdomadaire-des-cas-deffets-indesirables-des-vaccins\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Agence an hire Pharmakovigilanz-Enqu\u00eaten ausgef\u00e9iert huet<\/a>.<\/p>\n<p>An awer erh\u00e9ijen d&#8217;Impfstoffer vu Pfizer\/BioNTech a virun allem vu Moderna minimal de Risiko, bannent 7 Deeg no der Impfung eng Myokarditis a Perkarditis (H\u00e4erzentz\u00fcndungen) bei jonke M\u00ebnschen ze entw\u00e9ckelen, w\u00e9i eng Et\u00fcd vun Epi-Phare am <a href=\"https:\/\/ansm.sante.fr\/uploads\/2021\/11\/08\/20211108-covid-19-vaccins-rapport-epiphare-myocardite-pericardite.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">November 2021<\/a> erm\u00ebttelt huet, d\u00e9i am <a href=\"https:\/\/www.epi-phare.fr\/rapports-detudes-et-publications\/myocardite-pericardite-vaccination-covid19-12-50ans\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Abr\u00ebll 2022<\/a> confirm\u00e9iert gouf. Eng Observatioun, d\u00e9i d&#8217;HAS dozou beweegt huet, vum <a href=\"https:\/\/www.has-sante.fr\/jcms\/p_3297260\/fr\/covid-19-la-has-precise-la-place-de-spikevax-dans-la-strategie-vaccinale\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Moderna-Impfstoff fir Persounen \u00ebnner 30 Joer ofzeroden<\/a>, wat vu Virdeel fir de Produit vu BioNTech war, well de leschtgenannten e &#8220;m\u00e9i klenge Myokarditis-Risiko, besonnesch fir Persounen \u00ebnner 30 Joer&#8221; duerstelle g\u00e9if.<\/p>\n<p>Doriwwer eraus weisen d\u00e9i vun der AFP befrot Kardiologen dorop hin, dass F\u00e4ll Myokarditis no enger Impfung, besonnesch bei Eruwuessenden a jonken Erwuessenen, virun allem M\u00e4nner, ganz seele sinn.<\/p>\n<p>Dat d\u00e4itscht <a href=\"https:\/\/www.pei.de\/DE\/service\/faq\/faq-coronavirus-inhalt2.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Paul-Ehrlich-Institut<\/a>, dat d\u00e9i d\u00e4itsch Regierung ber\u00e9it, ges\u00e4it sengers\u00e4its kee Grond fir eng Beonrouegung a mengt, et dierft een net mat &#8220;Niewewierkungen, d\u00e9i er\u00e9ischt Joren no der Impfung optriede g\u00e9ifen&#8221;, rechnen. &#8220;D\u00ebst Phenomen ass bei Impfstoffer net bekannt&#8221;, sou d&#8217;Institut.<\/p>\n<\/div>\n<p><em>D\u00ebsen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>&nbsp; Z\u00ebnter e puer Woche si Behaaptungen am \u00cbmlaf, dass d&#8217;Firma BioNTech zouginn h\u00e4tt, dass hire Covid-19-Impfstoff net wierke g\u00e9if&#8230;.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":51716,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[184,190],"tags":[],"class_list":{"0":"post-42284","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-covid-19-lb","8":"category-gesondheet"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"1915656","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"http:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/1915656.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","fact_checker_logo_image":false,"type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":""},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Keng Beweiser dofir, dass BioNTech d&#039;Wierksamkeet vum Covid-19-Impfstoff net noweise k\u00e9int - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beweiser-dofir-dass-biontech-dwierksamkeet-vum-covid-19-impfstoff-net-noweise-kint\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Keng Beweiser dofir, dass BioNTech d&#039;Wierksamkeet vum Covid-19-Impfstoff net noweise k\u00e9int - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"&nbsp; Z\u00ebnter e puer Woche si Behaaptungen am \u00cbmlaf, dass d&#8217;Firma BioNTech zouginn h\u00e4tt, dass hire Covid-19-Impfstoff net wierke g\u00e9if....\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beweiser-dofir-dass-biontech-dwierksamkeet-vum-covid-19-impfstoff-net-noweise-kint\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2022-05-25T05:19:26+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2022-10-06T13:55:10+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/05\/5c56a4e2f1fe998593c73046754650b7.jpg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"800\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"533\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"13 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beweiser-dofir-dass-biontech-dwierksamkeet-vum-covid-19-impfstoff-net-noweise-kint\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beweiser-dofir-dass-biontech-dwierksamkeet-vum-covid-19-impfstoff-net-noweise-kint\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Keng Beweiser dofir, dass BioNTech d&#8217;Wierksamkeet vum Covid-19-Impfstoff net noweise k\u00e9int\",\"datePublished\":\"2022-05-25T05:19:26+00:00\",\"dateModified\":\"2022-10-06T13:55:10+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beweiser-dofir-dass-biontech-dwierksamkeet-vum-covid-19-impfstoff-net-noweise-kint\/\"},\"wordCount\":2624,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beweiser-dofir-dass-biontech-dwierksamkeet-vum-covid-19-impfstoff-net-noweise-kint\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/05\/5c56a4e2f1fe998593c73046754650b7.jpg\",\"articleSection\":[\"COVID-19\",\"Gesondheet\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beweiser-dofir-dass-biontech-dwierksamkeet-vum-covid-19-impfstoff-net-noweise-kint\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beweiser-dofir-dass-biontech-dwierksamkeet-vum-covid-19-impfstoff-net-noweise-kint\/\",\"name\":\"Faktencheck: Keng Beweiser dofir, dass BioNTech d'Wierksamkeet vum Covid-19-Impfstoff net noweise k\u00e9int - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beweiser-dofir-dass-biontech-dwierksamkeet-vum-covid-19-impfstoff-net-noweise-kint\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beweiser-dofir-dass-biontech-dwierksamkeet-vum-covid-19-impfstoff-net-noweise-kint\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/05\/5c56a4e2f1fe998593c73046754650b7.jpg\",\"datePublished\":\"2022-05-25T05:19:26+00:00\",\"dateModified\":\"2022-10-06T13:55:10+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beweiser-dofir-dass-biontech-dwierksamkeet-vum-covid-19-impfstoff-net-noweise-kint\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beweiser-dofir-dass-biontech-dwierksamkeet-vum-covid-19-impfstoff-net-noweise-kint\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beweiser-dofir-dass-biontech-dwierksamkeet-vum-covid-19-impfstoff-net-noweise-kint\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/05\/5c56a4e2f1fe998593c73046754650b7.jpg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/05\/5c56a4e2f1fe998593c73046754650b7.jpg\",\"width\":800,\"height\":533},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beweiser-dofir-dass-biontech-dwierksamkeet-vum-covid-19-impfstoff-net-noweise-kint\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Keng Beweiser dofir, dass BioNTech d&#8217;Wierksamkeet vum Covid-19-Impfstoff net noweise k\u00e9int\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Keng Beweiser dofir, dass BioNTech d'Wierksamkeet vum Covid-19-Impfstoff net noweise k\u00e9int - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beweiser-dofir-dass-biontech-dwierksamkeet-vum-covid-19-impfstoff-net-noweise-kint\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Keng Beweiser dofir, dass BioNTech d'Wierksamkeet vum Covid-19-Impfstoff net noweise k\u00e9int - EDMO Belux","og_description":"&nbsp; Z\u00ebnter e puer Woche si Behaaptungen am \u00cbmlaf, dass d&#8217;Firma BioNTech zouginn h\u00e4tt, dass hire Covid-19-Impfstoff net wierke g\u00e9if....","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beweiser-dofir-dass-biontech-dwierksamkeet-vum-covid-19-impfstoff-net-noweise-kint\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2022-05-25T05:19:26+00:00","article_modified_time":"2022-10-06T13:55:10+00:00","og_image":[{"width":800,"height":533,"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/05\/5c56a4e2f1fe998593c73046754650b7.jpg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"13 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beweiser-dofir-dass-biontech-dwierksamkeet-vum-covid-19-impfstoff-net-noweise-kint\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beweiser-dofir-dass-biontech-dwierksamkeet-vum-covid-19-impfstoff-net-noweise-kint\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Keng Beweiser dofir, dass BioNTech d&#8217;Wierksamkeet vum Covid-19-Impfstoff net noweise k\u00e9int","datePublished":"2022-05-25T05:19:26+00:00","dateModified":"2022-10-06T13:55:10+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beweiser-dofir-dass-biontech-dwierksamkeet-vum-covid-19-impfstoff-net-noweise-kint\/"},"wordCount":2624,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beweiser-dofir-dass-biontech-dwierksamkeet-vum-covid-19-impfstoff-net-noweise-kint\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/05\/5c56a4e2f1fe998593c73046754650b7.jpg","articleSection":["COVID-19","Gesondheet"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beweiser-dofir-dass-biontech-dwierksamkeet-vum-covid-19-impfstoff-net-noweise-kint\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beweiser-dofir-dass-biontech-dwierksamkeet-vum-covid-19-impfstoff-net-noweise-kint\/","name":"Faktencheck: Keng Beweiser dofir, dass BioNTech d'Wierksamkeet vum Covid-19-Impfstoff net noweise k\u00e9int - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beweiser-dofir-dass-biontech-dwierksamkeet-vum-covid-19-impfstoff-net-noweise-kint\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beweiser-dofir-dass-biontech-dwierksamkeet-vum-covid-19-impfstoff-net-noweise-kint\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/05\/5c56a4e2f1fe998593c73046754650b7.jpg","datePublished":"2022-05-25T05:19:26+00:00","dateModified":"2022-10-06T13:55:10+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beweiser-dofir-dass-biontech-dwierksamkeet-vum-covid-19-impfstoff-net-noweise-kint\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beweiser-dofir-dass-biontech-dwierksamkeet-vum-covid-19-impfstoff-net-noweise-kint\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beweiser-dofir-dass-biontech-dwierksamkeet-vum-covid-19-impfstoff-net-noweise-kint\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/05\/5c56a4e2f1fe998593c73046754650b7.jpg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/05\/5c56a4e2f1fe998593c73046754650b7.jpg","width":800,"height":533},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-keng-beweiser-dofir-dass-biontech-dwierksamkeet-vum-covid-19-impfstoff-net-noweise-kint\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Keng Beweiser dofir, dass BioNTech d&#8217;Wierksamkeet vum Covid-19-Impfstoff net noweise k\u00e9int"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/42284","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=42284"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/42284\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/51716"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=42284"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=42284"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=42284"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}