{"id":506103,"date":"2026-01-18T14:00:00","date_gmt":"2026-01-18T14:00:00","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=506103"},"modified":"2026-01-23T16:17:47","modified_gmt":"2026-01-23T16:17:47","slug":"faktencheck-ds-fotoe-weisen-net-damerikanerin-rene-good-di-vun-ice-polizist-zu-minneapolis-mbruecht-gouf","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-fotoe-weisen-net-damerikanerin-rene-good-di-vun-ice-polizist-zu-minneapolis-mbruecht-gouf\/","title":{"rendered":"Faktencheck: D\u00ebs Fotoe weisen net d&#8217;Amerikanerin Ren\u00e9e Good, d\u00e9i vun ICE-Polizist zu Minneapolis \u00ebmbruecht gouf"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p><b>Den Doud vun der Ren\u00e9e Nicole Good, enger amerikanescher Fra a Mamm, d\u00e9i de 7. Januar erschoss gouf, w\u00e9i si w\u00e4rend enger Razzia vun der Immigratiounsagence ICE zu Minneapolis an hirem Auto souz, huet an de Vereenegte Staate vill Emotiounen ausgel\u00e9ist. No der Dot hunn Internetnotzer s\u00e9ier Fotoe vum Affer ver\u00ebffentlecht.<\/b><\/p>\n<p>\u00cbnner de Fotoen, d\u00e9i online kurs\u00e9iert sinn, sinn awer och zwou Fotoe vu Fraen, d\u00e9i n\u00e4ischt mat dem Virfall ze dinn hunn: d\u2019Schr\u00ebftstellerin Gabriela Szczepankiewicz an d\u00e9i fr\u00e9ier WWE-Wrestlerin Renee Paquette.<\/p>\n<p>Z\u00ebnter Dezember 2025 f\u00e9iert d\u2019<a href=\"https:\/\/www.ice.gov\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">amerikanesch Immigratiounsagence (ICE)<\/a> an de Vereenegte Staaten grouss ugeluecht Operatiounen duerch. De 6. Januar 2026 goufen zum Beispill <a href=\"https:\/\/www.lesoir.be\/721740\/article\/2026-01-12\/fusillade-minneapolis-des-centaines-dagents-supplementaires-envoyes-sur-place\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">2.000 Polizisten op Minneapolis an an d\u2019Viruerter gesch\u00e9ckt<\/a>, fir eng Abberzuel Verhaftungen duerchzef\u00e9ieren (Links <a href=\"https:\/\/perma.cc\/XZ2B-YFS4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/EU77-N9BV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>Bei enger vun d\u00ebsen Operatiounen, de 7. Januar, gouf d\u00e9i 37 Joer al <a href=\"https:\/\/www.lemonde.fr\/international\/article\/2026\/01\/13\/le-minnesota-poursuit-l-administration-trump-contre-les-methodes-de-la-police-de-l-immigration-apres-la-mort-de-renee-good_6661747_3210.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Ren\u00e9e Good um Steier vun hirem Auto vun engem ICE-Beamten erschoss<\/a> (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/T5Z3-JGSE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">hei<\/a> archiv\u00e9iert). D\u2019Mamm hatt sech un enger Aktioun bedeelegt, fir eng Operatioun vun de federalen Agenten ze st\u00e9ieren.<\/p>\n<p>No d\u00ebsem Doudesfall huet den Donald Trump direkt d\u2019Thees vun Noutwier vum Polizist verdeedegt. Eng Versioun, d\u00e4r besonnesch vun den Demokraten an de Responsabele vun der Stad Minneapolis mat Videoen als Beweismaterial vehement widdersprach g\u00ebtt. Den Doud vun der Ren\u00e9e Good huet eng Well vun Demonstratiounen am ganze Land ausgel\u00e9ist &#8211; besonnesch zu Minneapolis, New York, Los Angeles a Boston &#8211; w\u00e4rend d\u2019amerikanesch Regierung den 11. Januar ugek\u00ebnnegt huet, \u201cHonnerte\u201d vun zous\u00e4tzleche Bundesagenten op Minneapolis ze sch\u00e9cken.<\/p>\n<p>An de Stonnen nom Doud vun der Ren\u00e9e Good koum et an de Sozialen Netzwierker zu beweegten Debatten a Spekulatiounen iwwer hir politesch Usiichten an hiert Privatliewen.<\/p>\n<p>An d\u00ebsem Zesummenhang goufen eng R\u00ebtsch Biller, d\u00e9i als Fotoe vum Affer duergestallt goufen, am Internet verbreet. D\u2019AFP konnt e puer vun d\u00ebse Biller iwwerpr\u00e9iwen.<\/p>\n<p>\u201c<i>D\u2019Renee Nicole Good ass d\u2019US-Biergerin, d\u00e9i haut zu #Minneapolis vun der ICE erschoss gouf, obwuel si zum Z\u00e4itpunkt vum Virfall keng Gefor fir d\u2019Beamte war<\/i>\u201d, heescht et an engem B\u00e4itrag op X, deen z\u00ebnter dem 7. Januar e puer honnert Mol gedeelt gouf. Zum Text geh\u00e9iert eng Foto vun enger Fra mat kuerz geschniddenen, rosa gefierften Hoer, L\u00ebppest\u00ebft an engem olivgr\u00e9nge Pullover.<\/p>\n<p>\u00c4nlech B\u00e4itr\u00e4g, d\u00e9i d\u00e9i selwecht Foto mat dem Numm Ren\u00e9e Good a Verbindung br\u00e9ngen, sinn an enger Rei Sproochen am \u00cbmlaf, dor\u00ebnner <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/doc.afp.com.92829ZQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Englesch<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2FL8-UHAV\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Chineesesch<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/L9MD-3KXF\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Spuenesch<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/Y2E2-ZFSR\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Polnesch<\/a> a <a href=\"https:\/\/checamos.afp.com\/doc.afp.com.92GB7CQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Portugisesch<\/a>.<\/p>\n<p><img style=\"max-width: 100%;\" src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/90_resized-5960.jpg\" \/><\/p>\n<p>Engers\u00e4its notzen e puer Internetnotzer d\u00ebs Foto, fir dem Affer ze gedenken. Dem Faktencheck-Portal \u201cSnopes\u201d no gouf d\u00ebs Foto souguer ausgedr\u00e9ckt an op e <a href=\"https:\/\/www.snopes.com\/fact-check\/photo-renee-nicole-good-minneapolis-ice\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Plakat gepecht, dat bei enger Demonstratioun zu Chicago eropgehale<\/a> gouf, fir \u201c<i>Gerechtegkeet<\/i>\u201d fir den Doud vun der Mamm ze fuerderen (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/BG25-9AAM\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>Anerers\u00e4its hunn engleschsproocheg Internetnotzer, d\u00e9i d\u2019Virgoe vun den ICE-Beamte begr\u00e9issen, d\u00ebst Bild a <a href=\"https:\/\/perma.cc\/HDC6-YBMX\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Memes benotzt, fir mat der Fra de Geck ze maachen<\/a>, oder <a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/doc.afp.com.92FL2WE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">K\u00ebnschtlech Intelligenz (KI) agesat, fir nei Duerstellungen hierzestellen<\/a>, d\u00e9i vun der AFP iwwerpr\u00e9ift goufen. Der Meenung vun Experten no, d\u00e9i <a href=\"https:\/\/www.rfi.fr\/en\/international-news\/20260108-after-minneapolis-shooting-ai-fabrications-of-victim-and-shooter\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">vun der AFP kontakt\u00e9iert<\/a> goufen, droen d\u00ebs Kreatiounen zu enger Entm\u00ebnschlechung an enger <a href=\"https:\/\/perma.cc\/RR22-FDG2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Sexualis\u00e9ierung vum Affer<\/a> b\u00e4i (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/JNB6-RDT3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>Verschidde Publikatioune si <a href=\"https:\/\/perma.cc\/QN3A-BX3K\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Montagen, d\u00e9i d\u2019Fra entbl\u00e9issen<\/a> a mat enger neier Beaarbechtungsfunktioun vum KI-Tool Grok erstallt goufen (Grok ass en Tool, dat vum Elon Musk senger Entreprise entw\u00e9ckelt gouf, Um. v. d. Red.). D\u00ebs Praxis huet <a href=\"https:\/\/www.lemonde.fr\/pixels\/article\/2026\/01\/12\/generation-d-images-denudees-sur-x-l-ia-grok-visee-par-le-regulateur-britannique_6661502_4408996.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">international grouss Besuergnis ausgel\u00e9ist<\/a> (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/L5R6-57PJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>Aner Biller weise si a besonnesch gewaltt\u00e4teger Man\u00e9ier, besonnesch a Form vun engem <a href=\"https:\/\/perma.cc\/RZV7-KZDN?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Sprangbuer<\/a>, aus deem Waasser aus engem Lach an hirem Hals leeft, oder <a href=\"https:\/\/perma.cc\/H2Q2-WHUB?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">w\u00e9i si um Buedem l\u00e4it<\/a>, w\u00e4rend <a href=\"https:\/\/perma.cc\/JD32-9QUR\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">e Polizist hiren Hals mam Kn\u00e9i fix\u00e9iert<\/a>. D\u00ebs Inzen\u00e9ierung er\u00ebnnert un den Doud vum George Floyd am Joer 2020 zu Minneapolis, dee bei senger <a href=\"https:\/\/www.huffingtonpost.fr\/international\/article\/l-autopsie-officielle-de-george-floyd-conclut-a-l-homicide_165021.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Verhaftung duerch e w\u00e4isse Polizist erst\u00e9ckt<\/a> war (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/A5YK-45UD\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p><img style=\"max-width: 100%;\" src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/90_resized-5961.jpg\" \/><\/p>\n<p>Mee <b>d\u2019Fra op d\u00ebse Biller &#8211; ob echt oder mat KI gener\u00e9iert &#8211; ass net d\u2019Ren\u00e9e Good<\/b>. D\u00e9i echt Foto vun hir gouf vun enger Rei amerikanesche Medie ver\u00ebffentlecht, dor\u00ebnner d\u2019<a href=\"https:\/\/www.startribune.com\/she-was-an-amazing-human-being-mother-identifies-woman-shot-killed-by-ice-agent\/601559922\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Minnesota Star Tribune<\/a> (Link <a href=\"https:\/\/archive.is\/SIvgU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p><img style=\"max-width: 100%;\" src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/90_resized-5962.jpg\" \/><\/p>\n<p>Duerch eng <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=WLEvLB5KYNI&amp;t=2s\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">\u00ebmgek\u00e9iert Billersich<\/a> konnt d\u2019AFP d\u2019Persoun identifiz\u00e9ieren, d\u00e4r hiert Bild m\u00ebssbraucht gouf. Et handelt sech \u00ebm d\u2019<b>Schr\u00ebftstellerin<\/b> <b>Gabriela Szczepankiewicz<\/b>.<\/p>\n<p><img style=\"max-width: 100%;\" src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/90_resized-5963.jpg\" \/><\/p>\n<p>D\u2019Konfusioun sch\u00e9ngt op e <a href=\"https:\/\/www.facebook.com\/oduenglishdept\/posts\/pfbid02K9HDDCYMEHxg3oRvkcP3QUTpYKBteTwYvjfG543sye3d8m5WZ8eMMiLZZF5hx3aCl\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Facebook-B\u00e4itrag vum 1. Abr\u00ebll 2020<\/a> zer\u00e9ckzef\u00e9ieren ze sinn, dee vum Englesch-Departement vun der Old Dominion University staamt an an deem d\u2019Gabriela Szczepankiewicz (eng Studentekomerodin vum Affer) an d\u2019Ren\u00e9e Good ernimmt ginn, woub\u00e4i hir Fotoen niefteneen opdauchen (Link <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20260109145725\/https:\/\/www.facebook.com\/plugins\/post.php?href=https%3A%2F%2Fwww.facebook.com%2Foduenglishdept%2Fposts%2Fpfbid02K9HDDCYMEHxg3oRvkcP3QUTpYKBteTwYvjfG543sye3d8m5WZ8eMMiLZZF5hx3aCl\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>An d\u00ebsem B\u00e4itrag goufen d\u2019<a href=\"https:\/\/www.odu.edu\/english\/awards\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Gew\u00ebnner vum Poesiepr\u00e4is vun der Universit\u00e9it fir d\u2019Joer 2020<\/a> bekannt ginn: d\u2019Gabriela Szczepankiewicz krut eng luewend Erw\u00e4nung op Bachelor-Niveau, w\u00e4rend d\u2019<a href=\"https:\/\/poets.org\/2020-on-learning-to-dissect-fetal-pigs\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Wierk vun der Ren\u00e9e Good<\/a> an der selwechter Kategorie gewonnen huet (Links <a href=\"https:\/\/perma.cc\/TAQ6-MAPL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7XZZ-2CLU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p><img style=\"max-width: 100%;\" src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/90_resized-5964.jpg\" \/><\/p>\n<p>An der Publikatioun g\u00ebtt d\u2019Ren\u00e9e Good \u00ebnner dem Numm \u201cRen\u00e9e Nicole Macklin\u201d gef\u00e9iert, well si virdru mam Timmy Ray Macklin Jr. bestuet war, deen der <a href=\"https:\/\/www.startribune.com\/she-was-an-amazing-human-being-mother-identifies-woman-shot-killed-by-ice-agent\/601559922\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Minnesota Star Tribune<\/a> no 2023 verstuerwen ass.<\/p>\n<p>An engem <a href=\"https:\/\/www.odu.edu\/article\/a-statement-president-brian-o-hemphill-phd\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Communiqu\u00e9<\/a> vum 7. Januar 2026 huet de President vun der Old Dominion University matgedeelt, dass d\u2019Ren\u00e9e Good, d\u00e9i hien als \u201c<i>Renee (Macklin) Good<\/i>\u201d bezeechent huet, am Dezember 2020 en Diplom am Englesche kritt hat (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/R2B7-GKAH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p><img style=\"max-width: 100%;\" src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/90_resized-5965.jpg\" \/><\/p>\n<p>Doriwwer eraus k\u00ebnnt an engem <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=LuEMenZ7ePg\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Videogespr\u00e9ich vun 2024 op YouTube<\/a> t\u00ebscht der Gabriela Szczepankiewicz an dem <a href=\"https:\/\/www.odu.edu\/directory\/anders-nolan\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Anders Nolan<\/a>, Dozent op der Old Dominion University, zur Sprooch, dass si hiren Ofschloss 2021 a Kreativem Schreiwen an Englesch gemaach h\u00e4tt (Links <a href=\"https:\/\/perma.cc\/M7Z4-77UU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">hei<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/27JH-9HMN\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>Schlussendlech huet och eng Internets\u00e4it, op d\u00e4r e Gedicht vun der Gabriela Szczepankiewicz ver\u00ebffentlecht gouf, si deemools <a href=\"https:\/\/bluemarblereview.com\/it-happened-while-i-was-admiring-her-feathers\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">als Studentin vun d\u00ebser Institutioun virgestallt<\/a> (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/XZF8-PQRF\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>Aner B\u00e4itr\u00e4g a Sozialen Netzwierker behaapten, Fotoe vun der Ren\u00e9e Good mat hire Kanner ze weisen.<\/p>\n<p>\u201c<i>Si housch Good. Si gouf vun ICE-Mataarbechter \u00ebmbruecht. Fir d\u2019Trump-Regierung, d\u00e9i d\u00ebse Mord leegent, war d\u00ebs Fra, d\u00ebs Mamm, eng \u2018gef\u00e9ierlech Terroristin\u2019. Awer wie kann esou en Ons\u00ebnn gleewen? #minneapolis Deelt d\u00ebs Foto, well d\u2019Komplizen haassen dat!<\/i>\u201d Dat behaapt en Internetnotzer op <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20260114114221\/https:\/\/www.facebook.com\/100003285333589\/posts\/25344610798565083\/?rdid=YziA4yDmPAN46dpJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Facebook<\/a> an engem B\u00e4itrag, deen z\u00ebnter dem 9. Januar e puer honnert Mol gedeelt gouf.<\/p>\n<p>\u00c4nlech Norichte sinn op <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20260114112520\/https:\/\/www.facebook.com\/pregnault\/photos\/assassinat-aux-%C3%A9tats-unis-trump-parle-de-l%C3%A9gitime-d%C3%A9fense-face-%C3%A0-cette-m%C3%A8re-de-f\/10237509689233315\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Facebook<\/a> a <a href=\"https:\/\/perma.cc\/47XZ-BWG7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Threads<\/a> an enger Rei Sproochen am \u00cbmlaf, dor\u00ebnner <a href=\"https:\/\/perma.cc\/84JK-KXMZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Englesch<\/a>, <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20260114113809\/https:\/\/www.facebook.com\/temoris\/photos\/ren%C3%A9e-ten%C3%ADa-37-a%C3%B1os-cuando-fue-asesinada-por-un-agente-del-ice-ayer-en-minneapol\/10162225689928017\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Spuenesch<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6T65-6CG2\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Polnesch<\/a> a <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8H2T-SCDU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Portugisesch<\/a>.<\/p>\n<p><img style=\"max-width: 100%;\" src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/90_resized-5966.jpg\" \/><\/p>\n<p>Mee <b>d\u2019Fra op d\u00ebse Biller ass iwwerhaapt net d\u2019Ren\u00e9e Good, mee d\u2019Renee Paquette<\/b>, eng <a href=\"https:\/\/www.wwe.com\/superstars\/renee-young\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">fr\u00e9ier WWE-Wrestlerin<\/a> &#8211; der wichtegster Wrestling-Liga an de Vereenegte Staaten -, d\u00e9i der \u00cbffentlechkeet \u00ebnner dem Numm \u201cRenee Young\u201d bekannt ass (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/AX2C-VDPG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>D\u2019Renee Paquette huet iwwregens direkt \u00ebnner engem vun de falsche B\u00e4itr\u00e4g op Englesch <a href=\"https:\/\/x.com\/ReneePaquette\/status\/2009285364842688823?s=20\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">reag\u00e9iert<\/a>, fir d\u2019Fakte richtegzestellen: \u201c<i>Falscht Renee. M\u00e4i B\u00e4ileed un d\u2019Famill<\/i>\u201d, huet si den 8. Januar op X geschriwwen (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/ACZ6-4N2P?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p><img style=\"max-width: 100%;\" src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/90_resized-5967.jpg\" \/><\/p>\n<p>D\u2019Foto, d\u00e9i d\u2019AFP iwwerpr\u00e9ift huet, op deem d\u2019Renee Paquette op de Kn\u00e9ien ze gesinn ass, w\u00e4rend si hir Duechter \u00ebm\u00e4ermelt, gouf urspr\u00e9nglech am M\u00e4erz 2023 fir den Internationalen Dag fir Fraerechter op hirem <a href=\"https:\/\/www.instagram.com\/p\/CpjC6XLPgsN\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Instagram-Kont<\/a> ver\u00ebffentlecht (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/JM7S-YU7E\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p><img style=\"max-width: 100%;\" src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/90_resized-5968.jpg\" \/><\/p>\n<p>Dat zweet Bild, op deem d\u2019Renee Paquette hir Duechter op de Bak k\u00ebsst, gouf 2024 am <a href=\"https:\/\/www.instagram.com\/p\/C6PEFRaRMmE\/?img_index=1\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">selwechte Sozialen Netzwierk<\/a> gedeelt (Link <a href=\"https:\/\/perma.cc\/JM7S-YU7E\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">hei<\/a> archiv\u00e9iert).<\/p>\n<p>D\u2019AFP huet schonn e KI-gener\u00e9ierte Video iwwerpr\u00e9ift, dee f\u00e4lschlecherweis der Ren\u00e9e Nicole Good zougeschriwwe gouf. Dat an engem <a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/doc.afp.com.92FL2WE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">aneren Artikel<\/a>.<\/p>\n<p><i>D\u00ebse Faktencheck gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/i><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Den Doud vun der Ren\u00e9e Nicole Good, enger amerikanescher Fra a Mamm, d\u00e9i de 7. Januar erschoss gouf, w\u00e9i si w\u00e4rend enger Razzia vun der Immigratiounsagence ICE zu Minneapolis an hirem Auto souz, huet an de Vereenegte Staate vill Emotiounen ausgel\u00e9ist. No der Dot hunn Internetnotzer s\u00e9ier Fotoe vum Affer ver\u00ebffentlecht.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":506053,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[470,183,193,191],"tags":[],"class_list":{"0":"post-506103","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-editors-choice-lu","8":"category-fact-check-lb","9":"category-gesellschaft","10":"category-politik"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"0000019b-c664-d1a6-a7bf-d777b6920000","authors":"AFP","organization":"FAKTENCHECK","featured_image_copyright":"","text_copyright":"RTL L\u00ebtzebuerg","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/international\/des-fotoe-weisen-net-damerikanerin-renee-good-dei-vun-ice-polizist-zu-minneapolis-embruecht-gouf-683079862","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","share_this_post_to_edmo_website":false,"affiliation":"BELUX","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: D\u00ebs Fotoe weisen net d&#039;Amerikanerin Ren\u00e9e Good, d\u00e9i vun ICE-Polizist zu Minneapolis \u00ebmbruecht gouf - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-fotoe-weisen-net-damerikanerin-rene-good-di-vun-ice-polizist-zu-minneapolis-mbruecht-gouf\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: D\u00ebs Fotoe weisen net d&#039;Amerikanerin Ren\u00e9e Good, d\u00e9i vun ICE-Polizist zu Minneapolis \u00ebmbruecht gouf - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Den Doud vun der Ren\u00e9e Nicole Good, enger amerikanescher Fra a Mamm, d\u00e9i de 7. Januar erschoss gouf, w\u00e9i si w\u00e4rend enger Razzia vun der Immigratiounsagence ICE zu Minneapolis an hirem Auto souz, huet an de Vereenegte Staate vill Emotiounen ausgel\u00e9ist. No der Dot hunn Internetnotzer s\u00e9ier Fotoe vum Affer ver\u00ebffentlecht.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-fotoe-weisen-net-damerikanerin-rene-good-di-vun-ice-polizist-zu-minneapolis-mbruecht-gouf\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2026-01-18T14:00:00+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2026-01-23T16:17:47+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/ad0b0f61227c6318f5640b3902561c92_resized.jpg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"768\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"384\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"7 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-fotoe-weisen-net-damerikanerin-rene-good-di-vun-ice-polizist-zu-minneapolis-mbruecht-gouf\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-fotoe-weisen-net-damerikanerin-rene-good-di-vun-ice-polizist-zu-minneapolis-mbruecht-gouf\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: D\u00ebs Fotoe weisen net d&#8217;Amerikanerin Ren\u00e9e Good, d\u00e9i vun ICE-Polizist zu Minneapolis \u00ebmbruecht gouf\",\"datePublished\":\"2026-01-18T14:00:00+00:00\",\"dateModified\":\"2026-01-23T16:17:47+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-fotoe-weisen-net-damerikanerin-rene-good-di-vun-ice-polizist-zu-minneapolis-mbruecht-gouf\/\"},\"wordCount\":1350,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-fotoe-weisen-net-damerikanerin-rene-good-di-vun-ice-polizist-zu-minneapolis-mbruecht-gouf\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/ad0b0f61227c6318f5640b3902561c92_resized.jpg\",\"articleSection\":[\"Editor's Choice Slider LU\",\"Fact Check\",\"Gesellschaft\",\"Politik\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-fotoe-weisen-net-damerikanerin-rene-good-di-vun-ice-polizist-zu-minneapolis-mbruecht-gouf\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-fotoe-weisen-net-damerikanerin-rene-good-di-vun-ice-polizist-zu-minneapolis-mbruecht-gouf\/\",\"name\":\"Faktencheck: D\u00ebs Fotoe weisen net d'Amerikanerin Ren\u00e9e Good, d\u00e9i vun ICE-Polizist zu Minneapolis \u00ebmbruecht gouf - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-fotoe-weisen-net-damerikanerin-rene-good-di-vun-ice-polizist-zu-minneapolis-mbruecht-gouf\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-fotoe-weisen-net-damerikanerin-rene-good-di-vun-ice-polizist-zu-minneapolis-mbruecht-gouf\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/ad0b0f61227c6318f5640b3902561c92_resized.jpg\",\"datePublished\":\"2026-01-18T14:00:00+00:00\",\"dateModified\":\"2026-01-23T16:17:47+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-fotoe-weisen-net-damerikanerin-rene-good-di-vun-ice-polizist-zu-minneapolis-mbruecht-gouf\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-fotoe-weisen-net-damerikanerin-rene-good-di-vun-ice-polizist-zu-minneapolis-mbruecht-gouf\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-fotoe-weisen-net-damerikanerin-rene-good-di-vun-ice-polizist-zu-minneapolis-mbruecht-gouf\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/ad0b0f61227c6318f5640b3902561c92_resized.jpg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/ad0b0f61227c6318f5640b3902561c92_resized.jpg\",\"width\":768,\"height\":384,\"caption\":\"Faktencheck: D\u00ebs Fotoe weisen net d'Amerikanerin Ren\u00e9e Good, d\u00e9i vun ICE-Polizist zu Minneapolis \u00ebmbruecht gouf - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-fotoe-weisen-net-damerikanerin-rene-good-di-vun-ice-polizist-zu-minneapolis-mbruecht-gouf\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: D\u00ebs Fotoe weisen net d&#8217;Amerikanerin Ren\u00e9e Good, d\u00e9i vun ICE-Polizist zu Minneapolis \u00ebmbruecht gouf\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: D\u00ebs Fotoe weisen net d'Amerikanerin Ren\u00e9e Good, d\u00e9i vun ICE-Polizist zu Minneapolis \u00ebmbruecht gouf - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-fotoe-weisen-net-damerikanerin-rene-good-di-vun-ice-polizist-zu-minneapolis-mbruecht-gouf\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: D\u00ebs Fotoe weisen net d'Amerikanerin Ren\u00e9e Good, d\u00e9i vun ICE-Polizist zu Minneapolis \u00ebmbruecht gouf - EDMO Belux","og_description":"Den Doud vun der Ren\u00e9e Nicole Good, enger amerikanescher Fra a Mamm, d\u00e9i de 7. Januar erschoss gouf, w\u00e9i si w\u00e4rend enger Razzia vun der Immigratiounsagence ICE zu Minneapolis an hirem Auto souz, huet an de Vereenegte Staate vill Emotiounen ausgel\u00e9ist. No der Dot hunn Internetnotzer s\u00e9ier Fotoe vum Affer ver\u00ebffentlecht.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-fotoe-weisen-net-damerikanerin-rene-good-di-vun-ice-polizist-zu-minneapolis-mbruecht-gouf\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2026-01-18T14:00:00+00:00","article_modified_time":"2026-01-23T16:17:47+00:00","og_image":[{"width":768,"height":384,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/ad0b0f61227c6318f5640b3902561c92_resized.jpg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"7 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-fotoe-weisen-net-damerikanerin-rene-good-di-vun-ice-polizist-zu-minneapolis-mbruecht-gouf\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-fotoe-weisen-net-damerikanerin-rene-good-di-vun-ice-polizist-zu-minneapolis-mbruecht-gouf\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: D\u00ebs Fotoe weisen net d&#8217;Amerikanerin Ren\u00e9e Good, d\u00e9i vun ICE-Polizist zu Minneapolis \u00ebmbruecht gouf","datePublished":"2026-01-18T14:00:00+00:00","dateModified":"2026-01-23T16:17:47+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-fotoe-weisen-net-damerikanerin-rene-good-di-vun-ice-polizist-zu-minneapolis-mbruecht-gouf\/"},"wordCount":1350,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-fotoe-weisen-net-damerikanerin-rene-good-di-vun-ice-polizist-zu-minneapolis-mbruecht-gouf\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/ad0b0f61227c6318f5640b3902561c92_resized.jpg","articleSection":["Editor's Choice Slider LU","Fact Check","Gesellschaft","Politik"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-fotoe-weisen-net-damerikanerin-rene-good-di-vun-ice-polizist-zu-minneapolis-mbruecht-gouf\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-fotoe-weisen-net-damerikanerin-rene-good-di-vun-ice-polizist-zu-minneapolis-mbruecht-gouf\/","name":"Faktencheck: D\u00ebs Fotoe weisen net d'Amerikanerin Ren\u00e9e Good, d\u00e9i vun ICE-Polizist zu Minneapolis \u00ebmbruecht gouf - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-fotoe-weisen-net-damerikanerin-rene-good-di-vun-ice-polizist-zu-minneapolis-mbruecht-gouf\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-fotoe-weisen-net-damerikanerin-rene-good-di-vun-ice-polizist-zu-minneapolis-mbruecht-gouf\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/ad0b0f61227c6318f5640b3902561c92_resized.jpg","datePublished":"2026-01-18T14:00:00+00:00","dateModified":"2026-01-23T16:17:47+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-fotoe-weisen-net-damerikanerin-rene-good-di-vun-ice-polizist-zu-minneapolis-mbruecht-gouf\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-fotoe-weisen-net-damerikanerin-rene-good-di-vun-ice-polizist-zu-minneapolis-mbruecht-gouf\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-fotoe-weisen-net-damerikanerin-rene-good-di-vun-ice-polizist-zu-minneapolis-mbruecht-gouf\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/ad0b0f61227c6318f5640b3902561c92_resized.jpg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/ad0b0f61227c6318f5640b3902561c92_resized.jpg","width":768,"height":384,"caption":"Faktencheck: D\u00ebs Fotoe weisen net d'Amerikanerin Ren\u00e9e Good, d\u00e9i vun ICE-Polizist zu Minneapolis \u00ebmbruecht gouf - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-ds-fotoe-weisen-net-damerikanerin-rene-good-di-vun-ice-polizist-zu-minneapolis-mbruecht-gouf\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: D\u00ebs Fotoe weisen net d&#8217;Amerikanerin Ren\u00e9e Good, d\u00e9i vun ICE-Polizist zu Minneapolis \u00ebmbruecht gouf"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/506103","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=506103"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/506103\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/506053"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=506103"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=506103"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=506103"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}