{"id":506713,"date":"2026-01-24T14:00:00","date_gmt":"2026-01-24T14:00:00","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=506713"},"modified":"2026-01-29T00:12:05","modified_gmt":"2026-01-29T00:12:05","slug":"faktencheck-video-vun-trakteren-di-paris-lmen-ass-ki-generiert","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vun-trakteren-di-paris-lmen-ass-ki-generiert\/","title":{"rendered":"Faktencheck: Video vun Trakteren, d\u00e9i Par\u00e4is &#8220;l\u00e4men&#8221;, ass KI-gener\u00e9iert"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p><b>Z\u00ebnter Ufank Januar 2026 protest\u00e9iere frans\u00e9isch Baueren g\u00e9int d&#8217;Fr\u00e4ihandelsofkommes t\u00ebscht der EU an de s\u00fcdamerikanesche Mercosur-Staaten. An d\u00ebsem Zesummenhang gouf am Internet e Video gedeelt, deen angeeblech Trakteren op enger Autobunn an der G\u00e9igend vu Par\u00e4is weist.<\/b><\/p>\n<p>De Video gouf awer mat K\u00ebnschtlecher Intelligenz erstallt, w\u00e9i Analyse vu KI-Erkennungstoole weisen. Ausserdeem weist de Clip visuell Onst\u00ebmmegkeeten op an d\u2019AFP huet keng zouverl\u00e4sseg Medieberichter iwwer esou en Evenement fonnt.<\/p>\n<p>\u201cPAR\u00c4IS ASS GEL\u00c4\u00c4MT\u201d, steet an der Beschreiwung vum <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20260116143909\/https:\/\/www.facebook.com\/reel\/1274856791136158\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Facebook-Video<\/a> vum 8. Januar 2026. \u201cALL d\u2019Stroossen, d\u00e9i a Richtung Par\u00e4is f\u00e9ieren, gi BLOCK\u00c9IERT\u201d. Am Video sinn eng Abberzuel Trakteren ze gesinn, d\u00e9i op enger Autobunn stinn an esou d\u2019Fuerbunne versp\u00e4ren. Am Hannergrond vum Video ass den Eiffeltuerm ze gesinn. Eng weiblech St\u00ebmm seet op Frans\u00e9isch, dass ee vun engem Helikopter aus d\u00e9i laang Reien u Camione gesi k\u00e9int.<\/p>\n<p>De Video gouf och op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/L6FZ-TQZW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">X<\/a>, <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20260116143901\/https:\/\/www.instagram.com\/p\/DTQgcOADSxj\/?hl=en\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Instagram<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4CHP-T32X\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Telegram<\/a> verbreet souw\u00e9i op Sproochen w\u00e9i <a href=\"https:\/\/perma.cc\/L6ZK-8MBZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Frans\u00e9isch<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/6SF7-6WB9?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Griichesch<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/B7VT-R24Q\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Holl\u00e4nnesch<\/a> a <a href=\"https:\/\/perma.cc\/RL35-FVJP\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Spuenesch<\/a>.<\/p>\n<p><img style=\"max-width: 100%;\" src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/90_resized-5981.jpg\" \/><\/p>\n<p>De Video ass awer net authentesch. D\u2019AFP huet erausfonnt, dass e mat K\u00ebnschtlecher Intelligenz (KI) erstallt gouf.<\/p>\n<p>Am Dezember 2025 ware Baueren a Bauerinnen a Frankr\u00e4ich <a href=\"https:\/\/perma.cc\/5JRR-DZW7\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">op d\u2019Strooss gaangen<\/a> an hunn d\u00ebs \u00ebnner anerem block\u00e9iert. Den Ausl\u00e9iser war d\u2019Virgoensweis vun der Regierung beim Ausbroch vun der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2XQU-P3U9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Lumpy-Skin-Krankheet<\/a>, d\u00e9i bei B\u00e9ischten duerch Viren ausgel\u00e9ist g\u00ebtt, an d\u00e9i allgemeng Onzefriddenheet mat der frans\u00e9ischer Agrarpolitik, d\u00e9i wirtschaftlech Ons\u00e9cherheeten an \u00cbmweltvirschr\u00ebften abegraff.<\/p>\n<p>Weider <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4FEQ-4R3K\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Demonstratioune<\/a> gouf et e b\u00ebsse m\u00e9i sp\u00e9it g\u00e9int d\u2019Fr\u00e4ihandelsofkommes vun der EU mat de s\u00fcdamerikanesche Mercosur-Staaten &#8211; Brasilien, Paraguay, Argentinien an Uruguay. Et soll der EU-Kommissioun no d\u00e9i weltw\u00e4it gr\u00e9isst <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9ZGX-8ES4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Fr\u00e4ihandelszon<\/a> schafen an den Handel t\u00ebscht de 27 EU-Memberstaaten an de Mercosur-L\u00e4nner ukierpen.<\/p>\n<p>D\u2019Ofkommes st\u00e9isst awer op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/CT37-TJZE\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">breede Widderstand<\/a> bei Baueren a Bauerinnen. Si f\u00e4erten, dass zous\u00e4tzlech 99.000 Tonne vu b\u00ebllegem R\u00ebndfleesch aus dem Agrarland Brasilien a sengen Nopeschl\u00e4nner d\u2019europ\u00e4esch Landwirtschaft destabilis\u00e9iere k\u00e9inten. An <a href=\"https:\/\/perma.cc\/59Q7-LPEK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">D\u00e4itschland<\/a> waren d\u2019Protester m\u00e9i kleng ausgefall w\u00e9i an aneren EU-Staaten. <b><i>(Zu L\u00ebtzebuerg hunn d\u2019Baueren hiert <\/i><\/b><a href=\"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/international\/baueren-an-emweltschutzer-warnen-virun-de-konsequenzen-1591072643\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\"><b><i>Onverst\u00e4ndnis mat Communiqu\u00e9en an Interviewen zum Ausdrock bruecht<\/i><\/b><\/a><b><i>.)<\/i><\/b><\/p>\n<p>Den 21. Januar 2026 hat d\u2019<a href=\"https:\/\/perma.cc\/H6RR-CEK4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Europ\u00e4escht Parlament awer decid\u00e9iert<\/a>, d\u2019Ofkommes un den Europ\u00e4esche Geriichtshaff (EuGH) ze verweisen. E muss elo pr\u00e9iwen, ob d\u2019Fr\u00e4ihandelsofkommes mam EU-Recht am Aklang ass &#8211; eng Prozedur, d\u00e9i ongef\u00e9ier 18 M\u00e9int dauert. D\u2019Europ\u00e4esch Kommissioun k\u00e9int de Vertrag <a href=\"https:\/\/perma.cc\/PP2Q-QLBW\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">provisoresch unzewenden<\/a>, w\u00e4rend d\u2019EU op d\u2019Entscheedung vum EuGH waart. \u00cbnner anerem den d\u00e4itsche Bundeskanzler Friedrich Merz (CDU) huet d\u00ebs Fuerderunge ge\u00e4ussert.<\/p>\n<p>Aus Protest g\u00e9int d\u2019Ofkommes ware frans\u00e9isch Baueren a Bauerinnen den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/X8RH-4W8J\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">8. Januar 2026<\/a> mat hiren Trakteren op Stroossen, d\u00e9i Richtung Par\u00e4is f\u00e9ieren, \u00ebnnerwee a stoungen och bei enger Rei Monumenter an der frans\u00e9ischer Haaptstad. E puer Deeg m\u00e9i sp\u00e9it, den <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20260115105342\/https:\/\/www.courthousenews.com\/furious-farmers-roll-hundreds-of-tractors-into-paris-in-fresh-protests\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">13. Januar 2026<\/a>, hu m\u00e9i w\u00e9i 350 Trakteren an der G\u00e9igend vum frans\u00e9ische Parlamentsgebai geparkt.<\/p>\n<p>Eng <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=Ez5o69CeXUw\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">\u00ebmgek\u00e9iert Billersich<\/a> mat Standbiller vum Video huet zu engem frans\u00e9ischsproochegen <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9XCH-U9P4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">X-B\u00e4itrag<\/a> vum 6. Januar 2026 gef\u00e9iert. Dob\u00e4i handelt et sech \u00ebm d\u00e9i fr\u00e9ist Versioun vum Video, d\u00e9i d\u2019AFP fanne konnt.<\/p>\n<p>En Notzer huet <a href=\"https:\/\/perma.cc\/3DRR-E4MZ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">komment\u00e9iert<\/a>, dass d\u2019Opnam mat KI erstallt gi w\u00e4r, wouropshin d\u2019Autorin vum urspr\u00e9ngleche B\u00e4itrag d\u00ebs Suppositioun <a href=\"https:\/\/perma.cc\/K46T-6954\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">confirm\u00e9iert<\/a> huet. \u201cDofir gouf KI entw\u00e9ckelt\u201d, huet si geschriwwen an huet b\u00e4igef\u00fc\u00fcgt, dass et sech an d\u00ebsem Fall \u00ebm e \u201cProdrom vun enger sech ofzeechnender Realit\u00e9it\u201d handele g\u00e9if. D\u2019AFP konnt net erm\u00ebttelen, ob et sech bei d\u00ebsem X-B\u00e4itrag \u00ebm d\u00e9i urspr\u00e9nglech Quell vum Video handelt.<\/p>\n<p>Am Video sinn eng Rei visuell Onst\u00ebmmegkeeten erkennbar, d\u00e9i <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/doc.afp.com.36U734D\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">charakteristesch<\/a> fir KI-gener\u00e9iert Contenue sinn.<\/p>\n<p>Sou f\u00e4lt beim Ofspille vum Video op, dass \u00ebnnert engem vun de Camionen, deen op der Autobunn fiert, am Verlaf vum Clip w\u00e4iss Stroossemark\u00e9ierungen opdauchen, d\u00e9i urspr\u00e9nglech net do waren.<\/p>\n<p><img style=\"max-width: 100%;\" src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/90_resized-5982.jpg\" \/><\/p>\n<p>Doriwwer eraus sch\u00e9ngt d\u2019Autobunn am Video aacht Spuere mat der selwechter Fuerrichtung ze hunn. <a href=\"https:\/\/perma.cc\/R8M6-W7DQ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Frans\u00e9isch Autobunnen<\/a> hunn awer an der Reegel zwou bis dr\u00e4i Fuerbunne pro Richtung. Ausserdeem sch\u00e9ngt e Camion matzen op der rietser Fuerspuer ugehalen ze hunn oder ganz lues ze fueren, w\u00e4rend d\u00e9i aner Gefierer mat h\u00e9ijer Vitess weiderfueren.<\/p>\n<p>Den 8. Januar 2026 hate frans\u00e9isch Baueren a Bauerinne <a href=\"https:\/\/perma.cc\/DJY2-RXMT\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Medieberichter<\/a> no eng Hickecht u <a href=\"https:\/\/perma.cc\/L663-J7B4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Stroosse Richtung Par\u00e4is block\u00e9iert<\/a>, dor\u00ebnner d\u2019A13, d\u00e9i vun de westleche Banlieuen an der Normandie op Par\u00e4is f\u00e9iert.<\/p>\n<p>E Verglach t\u00ebscht der tats\u00e4chlecher <a href=\"https:\/\/perma.cc\/LB4Z-AJGZ?type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">A13<\/a> an der am Video gewisener Autobunn weist och keng \u00c4nlechkeeten op.<\/p>\n<p><img style=\"max-width: 100%;\" src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/90_resized-5983.jpg\" \/><\/p>\n<p>Et g\u00ebtt d\u00e4itlech, dass d\u2019A13 keng ronn aacht Fuerbunnen an d\u00e9i selwecht Richtung huet an d\u2019Autobunn duerch e gr\u00e9ngen Terre-plein (M\u00ebttelstr\u00e4ifen) gedeelt ass.<\/p>\n<p><img style=\"max-width: 100%;\" src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/90_resized-5984.jpg\" \/><\/p>\n<p>Frans\u00e9isch Baueren a Bauerinnen hate bei Protester op verschiddenen Deeg am Januar 2026 och <a href=\"https:\/\/perma.cc\/65FP-PNUC\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">aner Autobunnen a Frankr\u00e4ich block\u00e9iert<\/a>, dor\u00ebnner d\u2019A31 an d\u2019A63. Si \u00e4nelen awer net d\u00e4rj\u00e9ineger, d\u00e9i an d\u00ebsem am Internet gedeelte Video ze gesinn ass.<\/p>\n<p>D\u2019AFP huet keng seri\u00f6 Medieberichter doriwwer fonnt, dass Par\u00e4is t\u00ebscht dem 6. an dem 8. Januar 2026 duerch d\u2019Protester vun de Bauere \u201cgel\u00e4\u00e4mt\u201d gi w\u00e4r. Dat ass den Z\u00e4itraum, an deem <a href=\"https:\/\/web.archive.org\/web\/20260116143909\/https:\/\/www.facebook.com\/reel\/1274856791136158\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">B\u00e4itr\u00e4g<\/a> mam Video a <a href=\"https:\/\/perma.cc\/9XCH-U9P4\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">verschiddene Sproochen<\/a> ugefaangen hunn, gedeelt ze ginn.<\/p>\n<p>D\u2019<a href=\"https:\/\/perma.cc\/4KWZ-B69F\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">AFP hat op Frans\u00e9isch gemellt<\/a>, dass den 9. Januar 2026 e puer Dose Membere vum frans\u00e9ische Landwirtschafsverband Conf\u00e9d\u00e9ration Paysanne mat sechs Trakteren op de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/L57L-5PHL\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Par\u00e4isser Boulevard P\u00e9riph\u00e9rique<\/a> gefuer waren, dee ronder\u00ebm d\u2019Stad f\u00e9iert. Do hate si an de fr\u00e9ie Moiesstonnen de Verk\u00e9ier block\u00e9iert.<\/p>\n<p>D\u2019AFP huet de frans\u00e9ischsproochegen Audio vum Video, deen och an den d\u00e4itschsproochege B\u00e4itr\u00e4g ze h\u00e9ieren ass, mat dem KI-Erkennungstool Hiya vun <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8XPQ-EDHA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">InVID WeVerify<\/a>, un deem senger Entw\u00e9cklung d\u2019AFP bedeelegt ass, analys\u00e9iert. Den Tool koum zum Resultat, dass den Toun mat enger Warscheinlechkeet vun 98 Prozent KI-gener\u00e9iert ass.<\/p>\n<p><img style=\"max-width: 100%;\" src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/90_resized-5985.jpg\" \/><\/p>\n<p>Eng weider \u00cbnnersichung mam Audio-Analystool <a href=\"https:\/\/perma.cc\/24U8-DR6K\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Deepfake Total<\/a> vum <a href=\"https:\/\/perma.cc\/U6KV-W2ZK\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Fraunhofer-Institut f\u00fcr Angewandte und Integrierte Sicherheit<\/a> ergouf eng Warscheinlechkeet vun 99,5 Prozent, dass den Toun mat KI erstallt gouf.<\/p>\n<p><img style=\"max-width: 100%;\" src=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/90_resized-5986.jpg\" \/><\/p>\n<p>All Versioune vum Video, d\u00e9i d\u2019AFP fanne konnt, sinn h\u00e9chstens 15 Sekonne laang. Dat ass eng <a href=\"https:\/\/perma.cc\/4672-SJ6H\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">typesch L\u00e4ngt<\/a> fir KI-gener\u00e9iert Videoen, well gratis KI-Tools dacks net f\u00e4eg sinn, m\u00e9i laang zesummenh\u00e4nkend Sequenzen ze produz\u00e9ieren.<\/p>\n<p>D\u2019AFP huet an der Vergaangenheet scho Falschinformatiounen iwwer <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/doc.afp.com.92777T3\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">Bauereprotester<\/a> a <a href=\"https:\/\/faktencheck.afp.com\/list\/Kuenstliche-Intelligenz\" target=\"_blank\" rel=\"noopener noreferrer\">K\u00ebnschtlech Intelligenz<\/a> widderluecht.<\/p>\n<p><b>Fazit:<\/b> E Video, deen angeeblech weist, w\u00e9i eng Abberzuel Trakteren eng Par\u00e4isser Autobunn Ufank Januar 2026 block\u00e9iert hunn, ass KI-gener\u00e9iert. Dorop weise visuell Onst\u00ebmmegkeeten hin. Och KI-Toole fir eng Analys ergoufen, dass e mat K\u00ebnschtlecher Intelligenz gener\u00e9iert gouf.<\/p>\n<p><i>D\u00ebse Faktencheck gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/i><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Z\u00ebnter Ufank Januar 2026 protest\u00e9iere frans\u00e9isch Baueren g\u00e9int d&#8217;Fr\u00e4ihandelsofkommes t\u00ebscht der EU an de s\u00fcdamerikanesche Mercosur-Staaten. An d\u00ebsem Zesummenhang gouf am Internet e Video gedeelt, deen angeeblech Trakteren op enger Autobunn an der G\u00e9igend vu Par\u00e4is weist.<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":506678,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[470,425,187,183],"tags":[],"class_list":["post-506713","post","type-post","status-publish","format-standard","has-post-thumbnail","category-editors-choice-lu","category-eu-lb-fact-check-lb","category-evenementer","category-fact-check-lb"],"acf":{"show_metatags":true,"id":"0000019b-eadf-d6c1-af9b-fbdf07e70000","authors":"AFP","organization":"FAKTENCHECK","featured_image_copyright":"","text_copyright":"RTL L\u00ebtzebuerg","source":"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/international\/video-von-traktoren-die-paris-lahmlegen-ist-ki-generiert-1117990021","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","share_this_post_to_edmo_website":false,"affiliation":"BELUX","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: Video vun Trakteren, d\u00e9i Par\u00e4is &quot;l\u00e4men&quot;, ass KI-gener\u00e9iert - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vun-trakteren-di-paris-lmen-ass-ki-generiert\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: Video vun Trakteren, d\u00e9i Par\u00e4is &quot;l\u00e4men&quot;, ass KI-gener\u00e9iert - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"Z\u00ebnter Ufank Januar 2026 protest\u00e9iere frans\u00e9isch Baueren g\u00e9int d&#039;Fr\u00e4ihandelsofkommes t\u00ebscht der EU an de s\u00fcdamerikanesche Mercosur-Staaten. An d\u00ebsem Zesummenhang gouf am Internet e Video gedeelt, deen angeeblech Trakteren op enger Autobunn an der G\u00e9igend vu Par\u00e4is weist.\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vun-trakteren-di-paris-lmen-ass-ki-generiert\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2026-01-24T14:00:00+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2026-01-29T00:12:05+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/afp-faktencheck-trakteren-stroosse-parais_resized.jpg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"6 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vun-trakteren-di-paris-lmen-ass-ki-generiert\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vun-trakteren-di-paris-lmen-ass-ki-generiert\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: Video vun Trakteren, d\u00e9i Par\u00e4is &#8220;l\u00e4men&#8221;, ass KI-gener\u00e9iert\",\"datePublished\":\"2026-01-24T14:00:00+00:00\",\"dateModified\":\"2026-01-29T00:12:05+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vun-trakteren-di-paris-lmen-ass-ki-generiert\/\"},\"wordCount\":1216,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vun-trakteren-di-paris-lmen-ass-ki-generiert\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/afp-faktencheck-trakteren-stroosse-parais_resized.jpg\",\"articleSection\":[\"Editor's Choice Slider LU\",\"EU\",\"Evenementer\",\"Fact Check\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vun-trakteren-di-paris-lmen-ass-ki-generiert\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vun-trakteren-di-paris-lmen-ass-ki-generiert\/\",\"name\":\"Faktencheck: Video vun Trakteren, d\u00e9i Par\u00e4is \\\"l\u00e4men\\\", ass KI-gener\u00e9iert - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vun-trakteren-di-paris-lmen-ass-ki-generiert\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vun-trakteren-di-paris-lmen-ass-ki-generiert\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/afp-faktencheck-trakteren-stroosse-parais_resized.jpg\",\"datePublished\":\"2026-01-24T14:00:00+00:00\",\"dateModified\":\"2026-01-29T00:12:05+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vun-trakteren-di-paris-lmen-ass-ki-generiert\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vun-trakteren-di-paris-lmen-ass-ki-generiert\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vun-trakteren-di-paris-lmen-ass-ki-generiert\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/afp-faktencheck-trakteren-stroosse-parais_resized.jpg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/afp-faktencheck-trakteren-stroosse-parais_resized.jpg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: Video vun Trakteren, d\u00e9i Par\u00e4is \\\"l\u00e4men\\\", ass KI-gener\u00e9iert - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vun-trakteren-di-paris-lmen-ass-ki-generiert\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: Video vun Trakteren, d\u00e9i Par\u00e4is &#8220;l\u00e4men&#8221;, ass KI-gener\u00e9iert\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: Video vun Trakteren, d\u00e9i Par\u00e4is \"l\u00e4men\", ass KI-gener\u00e9iert - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vun-trakteren-di-paris-lmen-ass-ki-generiert\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: Video vun Trakteren, d\u00e9i Par\u00e4is \"l\u00e4men\", ass KI-gener\u00e9iert - EDMO Belux","og_description":"Z\u00ebnter Ufank Januar 2026 protest\u00e9iere frans\u00e9isch Baueren g\u00e9int d'Fr\u00e4ihandelsofkommes t\u00ebscht der EU an de s\u00fcdamerikanesche Mercosur-Staaten. An d\u00ebsem Zesummenhang gouf am Internet e Video gedeelt, deen angeeblech Trakteren op enger Autobunn an der G\u00e9igend vu Par\u00e4is weist.","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vun-trakteren-di-paris-lmen-ass-ki-generiert\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2026-01-24T14:00:00+00:00","article_modified_time":"2026-01-29T00:12:05+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/afp-faktencheck-trakteren-stroosse-parais_resized.jpg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"6 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vun-trakteren-di-paris-lmen-ass-ki-generiert\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vun-trakteren-di-paris-lmen-ass-ki-generiert\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: Video vun Trakteren, d\u00e9i Par\u00e4is &#8220;l\u00e4men&#8221;, ass KI-gener\u00e9iert","datePublished":"2026-01-24T14:00:00+00:00","dateModified":"2026-01-29T00:12:05+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vun-trakteren-di-paris-lmen-ass-ki-generiert\/"},"wordCount":1216,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vun-trakteren-di-paris-lmen-ass-ki-generiert\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/afp-faktencheck-trakteren-stroosse-parais_resized.jpg","articleSection":["Editor's Choice Slider LU","EU","Evenementer","Fact Check"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vun-trakteren-di-paris-lmen-ass-ki-generiert\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vun-trakteren-di-paris-lmen-ass-ki-generiert\/","name":"Faktencheck: Video vun Trakteren, d\u00e9i Par\u00e4is \"l\u00e4men\", ass KI-gener\u00e9iert - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vun-trakteren-di-paris-lmen-ass-ki-generiert\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vun-trakteren-di-paris-lmen-ass-ki-generiert\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/afp-faktencheck-trakteren-stroosse-parais_resized.jpg","datePublished":"2026-01-24T14:00:00+00:00","dateModified":"2026-01-29T00:12:05+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vun-trakteren-di-paris-lmen-ass-ki-generiert\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vun-trakteren-di-paris-lmen-ass-ki-generiert\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vun-trakteren-di-paris-lmen-ass-ki-generiert\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/afp-faktencheck-trakteren-stroosse-parais_resized.jpg","contentUrl":"https:\/\/belux-edmo.s3-accelerate.amazonaws.com\/wp-content\/uploads\/2026\/01\/afp-faktencheck-trakteren-stroosse-parais_resized.jpg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: Video vun Trakteren, d\u00e9i Par\u00e4is \"l\u00e4men\", ass KI-gener\u00e9iert - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-video-vun-trakteren-di-paris-lmen-ass-ki-generiert\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: Video vun Trakteren, d\u00e9i Par\u00e4is &#8220;l\u00e4men&#8221;, ass KI-gener\u00e9iert"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/506713","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=506713"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/506713\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/506678"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=506713"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=506713"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=506713"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}