{"id":56467,"date":"2022-07-03T09:01:47","date_gmt":"2022-07-03T09:01:47","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=56467"},"modified":"2022-10-06T13:41:17","modified_gmt":"2022-10-06T13:41:17","slug":"faktencheck-list-eng-covid-impfung-an-10-vun-de-fll-eng-herzmuskelentzndung-aus","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-list-eng-covid-impfung-an-10-vun-de-fll-eng-herzmuskelentzndung-aus\/","title":{"rendered":"Faktencheck: L\u00e9ist eng Covid-Impfung an 10% vun de F\u00e4ll eng H\u00e4erzmuskelentz\u00fcndung aus?"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Am Juni 2022 gouf an der medezinescher Fachz\u00e4itschr\u00ebft The Lancet eng nei Et\u00fcd iwwer Myokarditis publiz\u00e9iert, d\u00e9i e puer Deeg duerno an de sozialen Netzwierker viral goung. Awer just, well se falsch interpret\u00e9iert gouf.<\/p>\n<p>&#8220;De Lancet k\u00ebnnt zur Konklusioun, dass d&#8217;Injektioun Myokarditis provoz\u00e9iert (&#8230;) 900 vun 9.000 Persounen, d.h. eng Persoun vun 10, oder 10 %, ass rar&#8221;, <a href=\"https:\/\/archive.ph\/CU80g\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">vers\u00e9chert en Tweet<\/a>, deen z\u00ebnter dem 14. Juni iwwer 3.500 Mol gedeelt gouf a vun Internetuser op Facebook an <a href=\"https:\/\/archive.ph\/9AGZG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Twitter<\/a> weider propag\u00e9iert gouf.<\/p>\n<p>E bas\u00e9iert sech op en Artikel, deen z\u00ebnter M\u00ebtt Juni an <a href=\"https:\/\/archive.ph\/5p2WU\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">diverse Blogge<\/a> publiz\u00e9iert gouf an den Titel dr\u00e9it: &#8220;Paukenschlag: D&#8217;Fachz\u00e4itschr\u00ebft The Lancet confirm\u00e9iert h\u00e9ije Myokarditis-Risiko duerch d&#8217;Impfung mam Pfizer- a Moderna-Vaccin.&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/4c5ea72f227f32fbb9a4a11538f81892.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Capture d&amp;#039;\u00e9cran prise sur Twitter, le 22\/06\/2022<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/47116e20edf302370bc4a219c51f301c.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Capture d&amp;#039;\u00e9cran prise sur Twitter, le 22\/06\/2022<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/cd9ec1f2d42b03fc3f769d2236713138.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Capture d&#8217;\u00e9cran prise sur Twitter, le 22\/06\/2022<\/p>\n<p>Leschtere verweist op eng <a href=\"https:\/\/archive.ph\/glDsA\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Et\u00fcd<\/a>, d\u00e9i den 11. Juni 2022 an der <a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/selon-une-etude-comment-faire-pour-sy-retrouver\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">renomm\u00e9ierter medezinescher Fachz\u00e4itschr\u00ebft<\/a> The Lancet publiz\u00e9iert gouf an den Titel dr\u00e9it: &#8220;Risiko vu Myokarditis a Perikarditis no mRNA-Impfung g\u00e9int Covid-19 an den USA: Kohortenet\u00fcd mat Datebanke fir Signalementer.&#8221;<\/p>\n<p>Myokarditis, eng Entz\u00fcndung vum H\u00e4erzmuskel, a Perikarditis, eng Entz\u00fcndung vun der Membran, d\u00e9i d&#8217;H\u00e4erz \u00ebmschl\u00e9isst, gi meeschtens duerch eng Virusinfektioun (w\u00e9i Covid-19) ausgel\u00e9ist an triede bei jonke M\u00e4nner op. An de meeschte F\u00e4ll verbessert sech de Gesondheetszoustand vun de Patiente vu selwen oder duerch en Traitement, w\u00e9i et op der <a href=\"https:\/\/www.inserm.fr\/dossier\/coronavirus-sars-cov-et-mers-cov\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Internets\u00e4it<\/a> vun der frans\u00e9ischer Agence nationale de s\u00e9curit\u00e9 du m\u00e9dicament et des produits de sant\u00e9 (ANSM) heescht.<\/p>\n<p>&#8220;D&#8217;Myokarditis ass eng seelen H\u00e4erzkrankheet mat enger ganz heterogeener, ganz vills\u00e4iteger Presentatioun, d\u00e9i vu Symptom-aarme (w\u00e9ineg symptomatesch, Um. v. d. Red.) Formen geet, d\u00e9i gl\u00e9cklecherweis d\u00e9i meescht F\u00e4ll ausmaachen, bis zu ganz schw\u00e9iere Formen, d\u00e9i zur Reanimatioun f\u00e9iere k\u00ebnnen&#8221;, huet de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/8EUV-BPES\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Mathieu Kerneis<\/a>, Kardiolog am H\u00f4pital de la Piti\u00e9-Salp\u00eatri\u00e8re a responsabele Fuerscher fir de Ber\u00e4ich &#8220;Myokarditis&#8221; an der Grupp &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/MYD4-A559\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Action coeur<\/a>&#8220;, den 23. Juni g\u00e9intiwwer der AFP erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>&#8220;D&#8217;Myokarditis betr\u00ebfft virun allem M\u00e4nner a jonk M\u00e4nner, aus Gr\u00ebnn, d\u00e9i nach net ganz verstane sinn&#8221;, f\u00fc\u00fcgt de Fuerscher b\u00e4i a weist dorop hin, dass Myokarditis a Perikarditis &#8220;s\u00e9cherlech entz\u00fcndlech Erkrankunge vum H\u00e4erz sinn, awer Myokarditis potentiell grav ass, w\u00e4rend Perikarditis an der Reegel eng m\u00e9i harmlos Erkrankung ass, bei d\u00e4r een net forcement hospitalis\u00e9iert gi muss.&#8221;<\/p>\n<p>Wat seet d&#8217;Et\u00fcd aus dem Lancet?<\/p>\n<p>D&#8217;Fuerscher, d\u00e9i hir Aarbecht am The Lancet publiz\u00e9iert hunn, hu F\u00e4ll vu Myokarditis a Perikarditis bei Persounen \u00ebnnersicht, d\u00e9i mat mRNA-Impfstoffer vu Pfizer-BioNTech a Moderna geimpft goufen.<\/p>\n<p>Si hunn eng &#8220;retrospektiv <a href=\"https:\/\/perma.cc\/7JYS-WGUH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Kohortenet\u00fcd<\/a>&#8221; duerchgef\u00e9iert, an d\u00e4r d&#8217;Optriede vu best\u00ebmmten Evenementer (hei Myokarditis a Perikarditis, d\u00e9i no Injektioune vun mRNA bei verschiddenen Altersgruppen opgetruede sinn) \u00ebnnersicht gouf, fir d\u00ebs mat dem duerchschn\u00ebttlechen Optriede vu Myokarditis a Perkarditis an d\u00ebse Populatiounen ze vergl\u00e4ichen. D&#8217;Basisberechnunge koume vu Patienten aus fr\u00e9iere Kohortenet\u00fcden.<\/p>\n<p>&#8220;Insgesamt goufe 411 F\u00e4ll vu Myokarditis an\/oder Perikarditis bei 15.148.369 Persounen am Alter vun 18 bis 64 Joer observ\u00e9iert, d\u00e9i 16.912.716 Dosisse BNT162b2 (Pfizer-BioNTech-Impfstoff, Um. v. d. Red.) an 10.631.554 Dosissen m-1273-RNA (Moderna-Impfstoff, Um. v. d. Red.) gespr\u00ebtzt kruten&#8221;, schreiwen d&#8217;Auteure vun der Et\u00fcd.<\/p>\n<p>Konkreet bedeit dat, dass <strong>411 F\u00e4ll vu Myokarditis a Perikarditis bei 15.148.369 geimpften Erwuessenen a bei 27.544.270 gespr\u00ebtzte Vaccinsdosisse registr\u00e9iert goufen, wat enger Myokarditis oder Perikarditis bei ongef\u00e9ier 67.000 gespr\u00ebtzten Dosissen an engem Fall bei 36.857 geimpfte Persounen entspr\u00e9cht. D\u00ebs Zuele leien also w\u00e4it fort vun den 10 % H\u00e4erzmuskelentz\u00fcndungen, d\u00e9i den Aussoe vum Artikel an de sozialen Netzwierker no bei Geimpfte festgestallt goufen.<\/strong><\/p>\n<p>&#8220;No der Impfung mat engem mRNA-Vaccin g\u00e9int Covid-19 gouf e m\u00e9i h\u00e9ije Risiko fir Myokarditis oder Perikarditis observ\u00e9iert an zwar bei M\u00e4nner am Alter vun 18 bis 25 Joer no der zweeter Impfdosis. <strong>D&#8217;Inzidenz war awer seelen<\/strong>. D\u00ebs Resultater deiten net op e statistesch signifikanten \u00cbnnerscheed am Risiko mat mRNA-1273 oder BNT162b2 hin, mee esou een \u00cbnnerscheed kann net ausgeschloss ginn. <strong>D&#8217;Resultater vun eiser Et\u00fcd souw\u00e9i d&#8217;Notz-Risiko-Verh\u00e4ltnis schw\u00e4tze weiderhi fir d&#8217;Impfung mat engem vu b\u00e9iden mRNA-Impfstoffer<\/strong>&#8220;, resum\u00e9ieren d&#8217;Auteure vun der Et\u00fcd.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/da2355ade1a885600d3847fee37dc270.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Capture d&amp;#039;\u00e9cran de l&amp;#039;\u00e9tude du Lancet, prise le 22\/06\/2022 sur le site de la revue<\/p>\n<p>&#8220;De Pabeier aus dem Lancet weist, dass <strong>d&#8217;Prevalenz vun d\u00ebse F\u00e4ll nach \u00ebmmer ganz rar ass<\/strong>: Vun honnertdausende M\u00ebnsche gi just e puer Dose F\u00e4ll gemellt. Et muss een och festhalen, dass Myokarditis a Perikardits verm\u00ebscht ginn, obwuel et zwou verschidde Krankheete sinn&#8221;, resum\u00e9iert de Kardiolog a Fuerscher Mathieu Karneis.<\/p>\n<p>Vu wou kommen d\u00e9i 10 %?<\/p>\n<p>D\u00e9i &#8220;900&#8221; F\u00e4ll vun &#8220;9.000&#8221; Patienten, d\u00e9i an de sozialen Netzwierker genannt goufen an d\u00e9i &#8220;10 %&#8221; vun de registr\u00e9ierte Myokdarditis-F\u00e4ll entspriechen, sinn an der Et\u00fcd vum Lancet net enthalen. Eng <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=-HdgPykVWps\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">erweidert Google-Recherche<\/a> mat d\u00ebsen Zuelen an de Begr\u00ebffer &#8220;Impfstoffer&#8221;, &#8220;Et\u00fcd&#8221; a &#8220;Myokarditis&#8221; f\u00e9iert zu anere Recherchen, d\u00e9i am November 2021 op der Webs\u00e4it vum frans\u00e9ische Fuerschungsverband <a href=\"https:\/\/www.epi-phare.fr\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">EPI-PHARE<\/a>, \u00ebnnert dem Titel &#8220;&#8221;<em>Myocardite et p\u00e9ricardite apr\u00e8s la vaccination Covid-19<\/em>&#8220;, ver\u00ebffentlecht goufen.<\/p>\n<p>EPI-PHARE ass eng w\u00ebssenschaftlech Interessevertriedung, d\u00e9i Enn 2018 vun der frans\u00e9ischer Agence nationale de s\u00e9curit\u00e9 du m\u00e9dicament et des produits de sant\u00e9 et la Caisse nationale d&#8217;assurance maladie (CNAM) gegr\u00ebnnt gouf a pharmakoepidemiologesch Et\u00fcden op Basis vun den Donn\u00e9e\u00eb vum <a href=\"https:\/\/www.snds.gouv.fr\/SNDS\/Accueil\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Syst\u00e8me National des Donn\u00e9es de Sant\u00e9<\/a> (SNDS) duerchf\u00e9iert, &#8220;fir den Agencen an Administratiounen bei hiren Decisiounen ze h\u00ebllefen.&#8221;<\/p>\n<p>D\u00e9i am November 2021 publiz\u00e9iert Et\u00fcd ziilt dorop of, &#8220;den Zesummenhang t\u00ebscht den Impfstoffer vu Pfizer-BioNTech a Moderna an dem Myokarditis- a Perikarditis-Risiko bei all de Persounen t\u00ebscht 12 a 50 Joer a Frankr\u00e4ich ze moossen.&#8221;<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/d8a1f18d81427e6bb8893cad1373aa22.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> (FILES) In this file photo taken on January 07, 2022, the Moderna Covid-19 vaccine is prepared for administration at Union Station in Los Angeles. The US Food and Drug Administration granted emergency authorization Friday for the use of Pfizer and Moderna Covid-19 vaccines in the youngest children, the final age group awaiting immunization in most countries. ( AFP \/ Frederic J. BROWN)<\/p>\n<p>Z\u00ebnter dem Summer 2021 g\u00eblle Myokarditis a Perikarditis a Frankr\u00e4ich als Niewewierkungen, d\u00e9i no enger Impfung g\u00e9int Covid-19 mat engem mRNA-Impfstoff (Pfizer-BioNTech oder Moderna) optriede k\u00ebnnen, w\u00e9i d&#8217;Fuerscher vun EPI-PHARE festgestallt hunn.<\/p>\n<p>Hirer Et\u00fcd no sinn a Frankr\u00e4ich w\u00e4rend dem \u00ebnnersichten Z\u00e4itraum insgesamt <strong>919 F\u00e4ll vu Myokarditis<\/strong> (medianen Alter 26 Joer, 21 % Fraen) an <strong>917 F\u00e4ll vu Perikarditis<\/strong> (medianen Alter 34 Joer, 38 % Fraen) bei Persounen am Alter vun 12 bis 50 Joer opgetrueden. <strong>D\u00ebs F\u00e4ll goufe mat 9.190 F\u00e4ll (bei Myokarditis) an 9.170 F\u00e4ll (bei Perikarditis) verglach.<\/strong>&#8221;<\/p>\n<p>W\u00e9i de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/R5VF-F58L\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Mahmoud Zureik<\/a>, Professer fir Epidemiologie an Direkter vum EPI-PHARE, den 20. Juni der AFP g\u00e9intiwwer erkl\u00e4ert huet, <strong>l\u00e9isst sech bei engem Verglach vun d\u00ebsen Zesummenh\u00e4ng net soen, dass 900 F\u00e4ll vun H\u00e4erzentz\u00fcndunge bei 9.000 Patiente festgestallt goufen.<\/strong><\/p>\n<p>Onverst\u00e4ndnis vun der Methodik<\/p>\n<p>&#8220;D\u00ebs 10-Prozent-Geschicht ass komplett falsch&#8221;, vers\u00e9chert de Fuerscher. &#8220;Fir eng Relatioun t\u00ebscht Ursaach a Wierkung ze \u00ebnnersichen (hei schw\u00e4tze mir vu Myokarditis a Relatioun mat enger Impfung), kann et m\u00e9i <a href=\"https:\/\/presse.inserm.fr\/wp-content\/uploads\/2012\/07\/repere_epidemiologie.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">epidemiologesch Gestaltunge<\/a> fir Et\u00fcde ginn. En \u00e9ischten Usaz ass, vun der Expositioun auszegoen, d.h. dass et M\u00ebnsche g\u00ebtt, d\u00e9i geimpft sinn, a M\u00ebnschen, d\u00e9i net geimpft sinn, a mir suiv\u00e9iere b\u00e9id Gruppen, fir d&#8217;Unzuel vun der Myokarditis t\u00ebscht Geimpften an Net-Geimpften ze vergl\u00e4ichen. Dat g\u00ebtt am Allgemengen als Kohortenet\u00fcd bezeechent&#8221;, erkl\u00e4ert hien.<\/p>\n<p>Dog\u00e9int gouf bei der EPI-PHARE-Et\u00fcd eng aner, klassesch Method benotzt, n\u00e4mlech d\u00e9i vun der Fallobservatioun. &#8220;Hei f\u00e4nke mir net mat der Expositioun, mee mat der Wierkung un. Bei de F\u00e4ll handelt et sech \u00ebm Myokarditis, an d&#8217;Kontrollpersoune si Leit, d\u00e9i keng Myokarditis haten an d\u00e9i aus der Populatioun ausgewielt goufen, aus d\u00e4r d&#8217;F\u00e4ll stamen. D\u00ebs K\u00e9ier kucke mir eis un, wie geimpft a wien net geimpft gouf, a mir vergl\u00e4ichen den Undeel vu geimpfte Leit mat de F\u00e4ll an den Observatiounen. Dat ass e Spigelbild vun der Kohortenet\u00fcd&#8221;, seet de Mahmoud Zureik a weist dorop hin, dass esou Fallobservatiounen heefeg favoris\u00e9iert ginn, &#8220;wann den \u00ebnnersichten Effekt rar ass.&#8221;<\/p>\n<p>Konkreet bedeit dat, dass d&#8217;Fuerscher, wa si eng Rei vu F\u00e4ll vun enger best\u00ebmmter Wierkung (hei Myokarditis a Perikarditis) observ\u00e9iert, eng Rei vun &#8220;Observatiounen&#8221; auswielen, deenen hir Profiller (besonnesch a Bezuch op Alter a Geschlecht) mat deene vu Persounen, d\u00e9i eng Wierkung gewisen hunn, fir b\u00e9id Gruppe matenee vergl\u00e4ichen ze k\u00ebnnen. D&#8217;Unzuel vun den ausgewielten Observatioune g\u00ebtt vun de Fuerscher \u00ebnner Consideratioun vu verschiddene Kritt\u00e4ren, besonnesch der Heefegkeet vun der \u00ebnnersichter Wierkung, festgeluecht.<\/p>\n<p>An d\u00ebsem Fall &#8220;goufen 10 Kontrollpersounen ausgewielt, well d&#8217;Wierkung rar ass a fir d&#8217;Relatioun t\u00ebscht Impfstoffer a Myokarditis genee ofsch\u00e4tzen ze k\u00ebnnen. Huele mir un, mir hunn eis decid\u00e9iert, eng Observatioun fir e Fall ze huelen, dat bedeit net, dass et 50 % vun de Myokarditis-F\u00e4ll duerch eng Impfung ausgel\u00e9ist ginn&#8230; Dorun ze denke bedeit, dass een d&#8217;Methodik iwwerhaapt net beherrscht. Wichteg ass, w\u00e9i vill F\u00e4ll bei w\u00e9i vill Injektiounen optrieden&#8221;, resum\u00e9iert den Direkter vun EPI-PHARE.<\/p>\n<p>D\u00e9i an der Et\u00fcd genannten Zuele weisen awer op eng Myokarditis vun h\u00e9chstens 130 F\u00e4ll pro 1 Millioun Injektiounen hin, wat bei den am st\u00e4erkste betraffene Gruppen (M\u00e4nner \u00ebnner 30 Joer, d\u00e9i mat Moderna geimpft goufen) w\u00e4it fort vun den 10 % leit, d\u00e9i an de Publikatioune genannt ginn.<\/p>\n<p>En net exist\u00e9ierende &#8220;Paukenschlag&#8221;<\/p>\n<p>An d\u00ebsem Fall war d&#8217;EPI-PHARE-Et\u00fcd schonn am November 2021 zur Konklusioun komm, dass &#8220;de Risiko vun enger Myokarditis a Perikarditis bannent siwen Deeg no der Impfung g\u00e9int Covid-19 mat engem mRNA-Impfstoff (Pfizer-BioNTech a Moderna) bei Persounen am Alter vun 12 bis 50 Joer, besonnesch bei jonke M\u00ebnschen \u00ebnner 50 Joer, besonnesch bei de Jonken \u00ebnner 30 Joer, confirm\u00e9iert gouf.&#8221; Se huet och festgestallt, dass &#8220;d\u00ebse Risiko mam Moderna-Impfstoff m\u00e9i h\u00e9ich ass. D&#8217;Zuel vum mam Impfstoff associ\u00e9ierte F\u00e4ll sch\u00e9ngt awer am Verglach zur Zuel vun de gespr\u00ebtzten Dosisse rar ze sinn&#8221; a &#8220;confirm\u00e9iert och d\u00e9i positiv klinesch Entw\u00e9cklung vun de Myokarditis- a Perikarditis-F\u00e4ll no der Impfung.&#8221;<\/p>\n<p>D\u00ebs Fuerschunge goufen iwwregens vun de frans\u00e9ische Gesondheetsagenc\u00eb ber\u00e9cksiichtegt, w\u00e9i de Mahmoud Zureik betount huet. Ufank November 2021 hat d\u00e9i frans\u00e9isch Haute Autorit\u00e9 de Sant\u00e9 e <a href=\"https:\/\/perma.cc\/N645-PYUF\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Communiqu\u00e9<\/a> publiz\u00e9iert, an deem et housch: &#8220;An Erwaardung vu weideren Donn\u00e9e\u00ebn iwwer de Myokarditis-Risiko an (&#8230;) ugesiichts vun der Insuffisance vun der Risikoreduktioun vu Myokarditis mam Impfstoff Spikevax [dee vu Moderna, Um. v. d. Red.] recommand\u00e9iert d&#8217;HAS, fir Persounen \u00ebnner 30 Joer, bei Disponibilit\u00e9it, den Impfstoff Comirnaty [vu Pfizer-BioNTech, Um. v. d. Red.].&#8221;<\/p>\n<p><strong>Myokarditis a Perikarditis, d\u00e9i no der Impfung opgetruede sinn, gi vun de Gesondheetsagencen iwwerwaacht, s\u00e4it d&#8217;Impfcampagne g\u00e9int Covid fir d\u00e9i gesamt Bev\u00eblkerung a Frankr\u00e4ich ugelaf ass.<\/strong><\/p>\n<p>&#8220;Et ass eppes, dat ganz bekannt ass, an dat gouf souguer scho viru Covid iwwerwaacht. Myokarditis g\u00ebtt an \u00e9ischter Linn duerch Viren ausgel\u00e9ist: An n\u00e9ng vun z\u00e9ng F\u00e4ll, g\u00ebtt Myokarditis duerch e Virus ausgel\u00e9ist. An deenen anere m\u00e9igleche F\u00e4ll kann et Medikamenter ginn, et g\u00ebtt f\u00ebnnef Haaptklasse vu Medikamenter, d\u00e9i Myokarditis ausl\u00e9ise k\u00ebnnen, Impfstoffer inclus&#8221;, erkl\u00e4ert de Mathieu Kerneis.<\/p>\n<p>Hie weist och dorop hin, dass schonn am Fr\u00e9ijoer 2021 \u00e9ischt Fuerschungsresultater fir d&#8217;Iwwerwaachung vu Myokarditis a Perikarditis no enger Impfung g\u00e9int Covid publiz\u00e9iert goufen. Sou haten d\u00e9i <a href=\"https:\/\/perma.cc\/CVX4-PDSG\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">amerikanesch Gesondheetsagenc\u00eb<\/a> schonn am Abr\u00ebll 2021 matgedeelt, dass si Meldungen iwwer Myokarditis-F\u00e4ll, d\u00e9i iwwer de Pharmacovigilance-System gemellt goufen, opmierksam suiv\u00e9ieren.<\/p>\n<p>Z\u00ebnterhier gi weider Donn\u00e9e\u00eb vu Fuerscher aus der ganzer Welt kontinu\u00e9ierlech iwwerwaacht. EPI-PHARE huet beispillsweis am <a href=\"https:\/\/archive.ph\/xARFJ\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Abr\u00ebll 2021<\/a> eng zweet Et\u00fcd zu d\u00ebsem Theema publiz\u00e9iert a prepar\u00e9iert den Aussoe vum Direkter no eng dr\u00ebtt Et\u00fcd vir.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/1f716b4e664621bc6f580a8f6eb27601.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Des fioles de vaccin anti-Covid au centre de vaccination de Sonthofen, dans le sud de l&amp;#039;Allemagne, le 30 novembre 2021 ( AFP \/ Christof STACHE)<\/p>\n<p><strong>Et ass dohier ierf\u00e9ierend, d&#8217;Publikatioune vun der Et\u00fcd vum Juni 2022 am Lancet als &#8220;Paukenschlag&#8221; duerzestellen, <\/strong>w\u00e9i et d\u00e9i vun der AFP befrote Fachleit ausdr\u00e9cken. &#8220;D\u00e9i j\u00e9ngst Et\u00fcd confirm\u00e9iert um Enn just Saachen, d\u00e9i mir schonn z\u00ebnter enger gew\u00ebsser Z\u00e4it w\u00ebssen. Alles ass public, alles ass transparent: Et ass scho bekannt, dass et en Zesummenhang t\u00ebscht Myokarditis an der Impfung g\u00ebtt, de G\u00e9igendeel gouf ni behaapt, an de Risiko ass ger\u00e9ng&#8221;, seet de Mahmoud Zureik.<\/p>\n<p>&#8220;Dat ass absolut n\u00e4ischt Neies. Et gouf quasi vun Ufank un iwwerwaacht, well et eng bekannt Niewewierkung vun Impfstoffer ass, d\u00e9i deemools nach net entdeckt war. Et gouf s\u00e9ier Fortschr\u00ebtter, d\u00e9i zur Ariichtung vun engem Pharmacovigilance-System gef\u00e9iert hunn, an deem F\u00e4ll gemellt ginn&#8221;, confirm\u00e9iert de Mathieu Kerneis.<\/p>\n<p>B\u00e9id Fuerscher hunn dorop higewisen, dass Myokarditis, d\u00e9i no der Impfung festgestallt gouf, net als &#8220;grav&#8221; ugesi g\u00ebtt, well Patienten an der Reegel nees e puer Deeg no hirer Hospitalis\u00e9ierung aus der Klnick entlooss ginn.<\/p>\n<p>Doriwwer eraus weist de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/THZ5-4KSH\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Mathieu Kerneis<\/a> dorop hin, dass F\u00e4ll vu Myokarditis, d\u00e9i no enger Covid-Impfung gemellt goufen, &#8220;\u00ebnnert d&#8217;Lupp geholl&#8221; sollte ginn, a verweist dob\u00e4i besonnesch op eng Et\u00fcd vun israeelesche W\u00ebssenschaftler, d\u00e9i am September 2021 am <a href=\"https:\/\/archive.ph\/M3BS8\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">New England Journal of Medicine<\/a> publiz\u00e9iert gouf. An der leschtgenannter Et\u00fcd hunn d&#8217;Fuerscher d&#8217;Unzuel vun de F\u00e4ll vu Myokarditis no enger Impfung mam Pfizer-Impfstoff op 3 pro 100.000 geschat, no enger Covid-19-Infektioun op 11 pro 100.000. &#8220;Dat alles d\u00e4erf d&#8217;Impfung net bremsen, ganz am G\u00e9igendeel&#8221;, mengt hien.<\/p>\n<p>Z\u00ebnter dem Ufank vun der Covid-19-Pandemie goufe vill Et\u00fcden a w\u00ebssenschaftlech Publikatiounen an de <a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/http%253A%252F%252Fdoc.afp.com%252F9LM7L9-1\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">sozialen Netzwierker falsch interpret\u00e9iert<\/a>. Am Mee 2020 hat d&#8217;AFP verschidde Repairen dozou <a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/selon-une-etude-comment-faire-pour-sy-retrouver\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">an engem Artikel<\/a> genannt. D&#8217;AFP huet z\u00ebnter dem Ufank vun der Pandemie &#8211; a bis den 23. Juni 2022 &#8211; <a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/le-coronavirus-les-verifications-faites-par-lafp\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">m\u00e9i w\u00e9i 770 Verifiz\u00e9ierungsartikelen zu Covid-19<\/a> op Frans\u00e9isch verfaasst.<\/p>\n<\/div>\n<p><em>D\u00ebsen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>&nbsp; Am Juni 2022 gouf an der medezinescher Fachz\u00e4itschr\u00ebft The Lancet eng nei Et\u00fcd iwwer Myokarditis publiz\u00e9iert, d\u00e9i e puer&#8230;<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":56462,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[184,190,192],"tags":[],"class_list":{"0":"post-56467","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-covid-19-lb","8":"category-gesondheet","9":"category-wessenschaft"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"1933398","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"http:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/1933398.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: L\u00e9ist eng Covid-Impfung an 10% vun de F\u00e4ll eng H\u00e4erzmuskelentz\u00fcndung aus? - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-list-eng-covid-impfung-an-10-vun-de-fll-eng-herzmuskelentzndung-aus\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: L\u00e9ist eng Covid-Impfung an 10% vun de F\u00e4ll eng H\u00e4erzmuskelentz\u00fcndung aus? - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"&nbsp; Am Juni 2022 gouf an der medezinescher Fachz\u00e4itschr\u00ebft The Lancet eng nei Et\u00fcd iwwer Myokarditis publiz\u00e9iert, d\u00e9i e puer...\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-list-eng-covid-impfung-an-10-vun-de-fll-eng-herzmuskelentzndung-aus\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2022-07-03T09:01:47+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2022-10-06T13:41:17+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/3a742a63296edf025a24807176f1c240.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"620\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"348\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"12 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-list-eng-covid-impfung-an-10-vun-de-fll-eng-herzmuskelentzndung-aus\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-list-eng-covid-impfung-an-10-vun-de-fll-eng-herzmuskelentzndung-aus\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: L\u00e9ist eng Covid-Impfung an 10% vun de F\u00e4ll eng H\u00e4erzmuskelentz\u00fcndung aus?\",\"datePublished\":\"2022-07-03T09:01:47+00:00\",\"dateModified\":\"2022-10-06T13:41:17+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-list-eng-covid-impfung-an-10-vun-de-fll-eng-herzmuskelentzndung-aus\/\"},\"wordCount\":2498,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-list-eng-covid-impfung-an-10-vun-de-fll-eng-herzmuskelentzndung-aus\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/3a742a63296edf025a24807176f1c240.jpeg\",\"articleSection\":[\"COVID-19\",\"Gesondheet\",\"W\u00ebssenschaft\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-list-eng-covid-impfung-an-10-vun-de-fll-eng-herzmuskelentzndung-aus\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-list-eng-covid-impfung-an-10-vun-de-fll-eng-herzmuskelentzndung-aus\/\",\"name\":\"Faktencheck: L\u00e9ist eng Covid-Impfung an 10% vun de F\u00e4ll eng H\u00e4erzmuskelentz\u00fcndung aus? - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-list-eng-covid-impfung-an-10-vun-de-fll-eng-herzmuskelentzndung-aus\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-list-eng-covid-impfung-an-10-vun-de-fll-eng-herzmuskelentzndung-aus\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/3a742a63296edf025a24807176f1c240.jpeg\",\"datePublished\":\"2022-07-03T09:01:47+00:00\",\"dateModified\":\"2022-10-06T13:41:17+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-list-eng-covid-impfung-an-10-vun-de-fll-eng-herzmuskelentzndung-aus\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-list-eng-covid-impfung-an-10-vun-de-fll-eng-herzmuskelentzndung-aus\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-list-eng-covid-impfung-an-10-vun-de-fll-eng-herzmuskelentzndung-aus\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/3a742a63296edf025a24807176f1c240.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/3a742a63296edf025a24807176f1c240.jpeg\",\"width\":620,\"height\":348,\"caption\":\"Faktencheck: L\u00e9ist eng Covid-Impfung an 10% vun de F\u00e4ll eng H\u00e4erzmuskelentz\u00fcndung aus? - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-list-eng-covid-impfung-an-10-vun-de-fll-eng-herzmuskelentzndung-aus\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: L\u00e9ist eng Covid-Impfung an 10% vun de F\u00e4ll eng H\u00e4erzmuskelentz\u00fcndung aus?\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: L\u00e9ist eng Covid-Impfung an 10% vun de F\u00e4ll eng H\u00e4erzmuskelentz\u00fcndung aus? - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-list-eng-covid-impfung-an-10-vun-de-fll-eng-herzmuskelentzndung-aus\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: L\u00e9ist eng Covid-Impfung an 10% vun de F\u00e4ll eng H\u00e4erzmuskelentz\u00fcndung aus? - EDMO Belux","og_description":"&nbsp; Am Juni 2022 gouf an der medezinescher Fachz\u00e4itschr\u00ebft The Lancet eng nei Et\u00fcd iwwer Myokarditis publiz\u00e9iert, d\u00e9i e puer...","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-list-eng-covid-impfung-an-10-vun-de-fll-eng-herzmuskelentzndung-aus\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2022-07-03T09:01:47+00:00","article_modified_time":"2022-10-06T13:41:17+00:00","og_image":[{"width":620,"height":348,"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/3a742a63296edf025a24807176f1c240.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"12 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-list-eng-covid-impfung-an-10-vun-de-fll-eng-herzmuskelentzndung-aus\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-list-eng-covid-impfung-an-10-vun-de-fll-eng-herzmuskelentzndung-aus\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: L\u00e9ist eng Covid-Impfung an 10% vun de F\u00e4ll eng H\u00e4erzmuskelentz\u00fcndung aus?","datePublished":"2022-07-03T09:01:47+00:00","dateModified":"2022-10-06T13:41:17+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-list-eng-covid-impfung-an-10-vun-de-fll-eng-herzmuskelentzndung-aus\/"},"wordCount":2498,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-list-eng-covid-impfung-an-10-vun-de-fll-eng-herzmuskelentzndung-aus\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/3a742a63296edf025a24807176f1c240.jpeg","articleSection":["COVID-19","Gesondheet","W\u00ebssenschaft"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-list-eng-covid-impfung-an-10-vun-de-fll-eng-herzmuskelentzndung-aus\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-list-eng-covid-impfung-an-10-vun-de-fll-eng-herzmuskelentzndung-aus\/","name":"Faktencheck: L\u00e9ist eng Covid-Impfung an 10% vun de F\u00e4ll eng H\u00e4erzmuskelentz\u00fcndung aus? - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-list-eng-covid-impfung-an-10-vun-de-fll-eng-herzmuskelentzndung-aus\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-list-eng-covid-impfung-an-10-vun-de-fll-eng-herzmuskelentzndung-aus\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/3a742a63296edf025a24807176f1c240.jpeg","datePublished":"2022-07-03T09:01:47+00:00","dateModified":"2022-10-06T13:41:17+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-list-eng-covid-impfung-an-10-vun-de-fll-eng-herzmuskelentzndung-aus\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-list-eng-covid-impfung-an-10-vun-de-fll-eng-herzmuskelentzndung-aus\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-list-eng-covid-impfung-an-10-vun-de-fll-eng-herzmuskelentzndung-aus\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/3a742a63296edf025a24807176f1c240.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/3a742a63296edf025a24807176f1c240.jpeg","width":620,"height":348,"caption":"Faktencheck: L\u00e9ist eng Covid-Impfung an 10% vun de F\u00e4ll eng H\u00e4erzmuskelentz\u00fcndung aus? - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-list-eng-covid-impfung-an-10-vun-de-fll-eng-herzmuskelentzndung-aus\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: L\u00e9ist eng Covid-Impfung an 10% vun de F\u00e4ll eng H\u00e4erzmuskelentz\u00fcndung aus?"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/56467","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=56467"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/56467\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/56462"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=56467"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=56467"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=56467"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}