{"id":67809,"date":"2022-07-18T04:01:09","date_gmt":"2022-07-18T04:01:09","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=67809"},"modified":"2022-10-06T13:34:11","modified_gmt":"2022-10-06T13:34:11","slug":"faktencheck-stnterlechen-herzdoud-steet-net-a-relatioun-mat-covid-impfungen","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-stnterlechen-herzdoud-steet-net-a-relatioun-mat-covid-impfungen\/","title":{"rendered":"Faktencheck: St\u00ebnterlechen H\u00e4erzdoud steet net a Relatioun mat Covid-Impfungen"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>Den SADS oder &#8220;st\u00ebnterlechen Erwuessenendoud-Syndrom&#8221; soll kre\u00e9iert gi sinn, fir Doudesf\u00e4ll am Zesummenhang mat Covid-19-Impfstoffer ze rechtf\u00e4erdegen, heescht et a verschiddene Blogartikelen, d\u00e9i z\u00ebnter M\u00ebtt Juni publiz\u00e9iert goufen.<\/p>\n<p>&#8220;St\u00ebnterlech Doudesf\u00e4ll, d\u00e9i duerch den Impfstoff ausgel\u00e9ist ginn, sinn an der T\u00ebschenz\u00e4it sou w\u00e4it verbreet, dass se him den Numm Syndrom ginn hunn: de st\u00ebnterlechen Erwuessenendoud-Syndrom (SADS)&#8221;, heescht et a Blogartikelen (<a href=\"https:\/\/perma.cc\/3Q79-JMCY\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/BB8K-5FUR\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/TJC5-F35Z\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">hei<\/a>), d\u00e9i z\u00ebnter M\u00ebtt Juni e puer honnert Mol gedeelt goufen.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/8fd163db9abfc51017079f551b9378a5.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Capture d&amp;#039;\u00e9cran, prise le 08\/07\/2022<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/1cdaa11df8eeda87955949f3e93b5d39.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Capture d&amp;#039;\u00e9cran, prise le 08\/07\/2022<\/p>\n<p>Internetnotzer hunn och vers\u00e9chert, dass nieft dem &#8220;st\u00ebnterlechen Erwuessenendoud-Syndrom&#8221;, deen als Equivalent zum &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/S58K-2J3T\">st\u00ebnterleche Kandsdoud<\/a>&#8221; (SIDS &#8211; Akronym fir &#8220;<em>Sudden Infant Death Syndrome<\/em>&#8220;) bezeechent g\u00ebtt. Och de Kandsdoud g\u00e9if mat der Vaccinatioun a Verbindung stoen.<\/p>\n<p>\u00c4nlech Behaaptunge goufen z\u00ebnter M\u00ebtt Juni an engleschsproochege B\u00e4itr\u00e4g op <a href=\"https:\/\/perma.cc\/S2YF-ATAJ?view-mode=server-side&amp;type=image\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Facebook<\/a>, <a href=\"https:\/\/archive.ph\/WbQcr\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Twitter<\/a> an <a href=\"https:\/\/perma.cc\/K2BU-WQ9L\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Instagram<\/a> verbreet.<\/p>\n<p>Zwee W\u00ebssenschaftler, d\u00e9i vun der AFP befrot goufen, hunn awer erkl\u00e4ert, dass weder SIDS nach SADS, d\u00e9i z\u00ebnter ville Jore bekannt sinn, zu m\u00e9iglechen Niewewierkunge vun enger Impfung g\u00e9int Covid-19 zielen, Stand Enn Juni 2022.<\/p>\n<p>De st\u00ebnterleche Kandsdoud a s\u00e4in engleschen Akronym SIDS<\/p>\n<p>SIDS steet fir &#8220;<em>Sudden infant death syndrome<\/em>&#8220;, op deen an de sozialen Netzwierker verwise g\u00ebtt, a korrespond\u00e9iert mam &#8220;st\u00ebnterlechen Doud vun engem Puppelchen aus dem N\u00e4ischt, deen net unhand vun de Virerkrankunge vum Puppelche virausgesot ka ginn&#8221;, erkl\u00e4ert den Observatoire national fran\u00e7ais des MIN (OMIN), deen \u00ebnner anerem fir de Recensement vun Donn\u00e9e\u00ebn iwwer st\u00ebnterlech Doudesf\u00e4ll bei Kanner (frans\u00e9isch Mort inattendue du nourrisson, kuerz MIN) zoust\u00e4nneg ass, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/BY6L-CTXR\">op sengem Site<\/a>.<\/p>\n<p>D\u00ebs onerwaart Doudesf\u00e4ll ereegene sech &#8220;meeschtens am Schlof&#8221; vu Puppelcher a k\u00ebnnen &#8220;e Puppelchen am Alter vun 0 bis 24 M\u00e9int betreffen, awer an 8 vun 10 F\u00e4ll triede se virum sechste Liewensmount op&#8221;, heescht et op der <a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/C%27est%20le%20d%C3%A9c%C3%A8s%20incompr%C3%A9hensible%20%C3%A0%20premi%C3%A8re%20vue%20et%20impr%C3%A9visible%2C%20le%20plus%20souvent%20pendant%20le%20sommeil%2C%20d%E2%80%99un%20tout-petit%20qui%20semblait%20jusqu%E2%80%99ici%20en%20bonne%20sant%C3%A9%20apparente.%20%20La%20mort%20inattendue%20du%20nourrisson%20peut%20toucher%20un%20b%C3%A9b%C3%A9%20de%200%20%C3%A0%2024%20mois%2C%20mais%20dans%208%20cas%20sur%2010%2C%20elle%20survient%20avant%20l%E2%80%99%C3%A2ge%20de%206%20mois.\">Webs\u00e4it vun den Hopitaux Civils de Lyon<\/a>.<\/p>\n<p>Am Laf vun de Joren haten d\u00ebs onerwaart Doudesf\u00e4ll bei Puppelcher divers Nimm, w\u00e9i aus enger <a href=\"https:\/\/perma.cc\/X6LJ-546Q\">nationaler Enqu\u00eate<\/a> ervirgoung, d\u00e9i op der Webs\u00e4it vu Sant\u00e9 Publique France iwwer st\u00ebnterlech Doudesf\u00e4ll bei Puppelcher t\u00ebscht 2007 an 2009 publiz\u00e9iert gouf. &#8220;D&#8217;Konzept vum st\u00ebnterleche Kandsdoud (SIDS) daucht am angels\u00e4chsege Raum schonn am 19. Joerhonnert \u00ebnnert dem Begr\u00ebff &#8220;Sudden Infant Death Syndrome&#8221; op: Et handelt sech \u00ebm gesond Kanner, d\u00e9i ouni erkennbar Explikatioun dout an der W\u00e9i leiend opfonnt goufen&#8221;, heescht et an der Enqu\u00eate.<\/p>\n<p>Sou g\u00ebtt SIDS vun de nordamerikanesche Gesondheetsagencen \u00ebmfaassend dokument\u00e9iert. De kanadesche Gesondheetsminist\u00e8re weist <a href=\"https:\/\/perma.cc\/789R-FWVQ\">op enger S\u00e4it zu d\u00ebsem Syndrom<\/a> dorop hin, dass et sech \u00ebm de &#8220;st\u00ebnterlechen Doud vun engem Puppelchen am Alter vun \u00ebnner engem Joer w\u00e4rend dem Schlof handelt, deen och no ausf\u00e9ierlechen Examen, zum Beispill dem Examin\u00e9iere vun der Plaz vum Doud, enger Anamnees an enger vollst\u00e4nneger Autopsie, onerkl\u00e4rlech bleift.&#8221;<\/p>\n<p>D\u00e9i genee Ursaach fir de st\u00ebnterlechen Doud vu Puppelcher ass dohier nach \u00ebmmer onbekannt. Hir Zuel ass a Kanada allgemeng r\u00e9ckleefeg, zemools d&#8217;Land ugefaangen huet, Elteren ze <a href=\"https:\/\/perma.cc\/SL4F-HW7G\">roden<\/a>, hir <a href=\"https:\/\/perma.cc\/993M-DAFA\">Puppelcher op de R\u00e9ck ze lee\u00ebn<\/a>, fir hinnen d&#8217;Ootmung net ze erschw\u00e9ieren. An Et\u00fcde konnten och aner Facteuren, w\u00e9i d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/G6HD-5VNZ\">Nieren<\/a>, mat engem manner ger\u00e9nge Risiko fir de st\u00ebnterleche Kandsdoud associ\u00e9iert ginn.<\/p>\n<p><img src=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/cb98c25821583e15d4e14c2c0c98dd02.jpeg\" alt=\"RTL\" \/> Une femme porte un nouveau-n\u00e9 \u00e0 l&amp;#039;h\u00f4pital &#8220;Communautaire de R\u00e9f\u00e9rence&#8221; \u00e0 Port-Salut, \u00e0 Haiti, le 18 ao\u00fbt 2021 ( AFP \/ Reginald LOUISSAINT JR)<\/p>\n<p>Z\u00ebnter 1975 ass d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/YWT5-3ZQQ\">Zuel vun st\u00ebnterlechen Doudesf\u00e4ll bei Kanner a Frankr\u00e4ich allgemeng zer\u00e9ckgaangen<\/a>, w\u00e9i aus Recherch\u00eb vun der Agence Sant\u00e9 Publique France aus dem 2008 ervirgeet. An awer stellt den OMIN fest, dass &#8220;Frankr\u00e4ich mat 250-350 Doudesf\u00e4ll pro Joer weiderhin eent vun de L\u00e4nner mat engem h\u00e9ijen Taux u MIN an Europa ass&#8221;, a f\u00fc\u00fcgt dob\u00e4i, dass &#8220;trotz dem R\u00e9ckgang vum Taux duerch Preventiounscampagnen an de fr\u00e9ien 90er Joren, de st\u00ebnterlechen Doud an industrialis\u00e9ierte L\u00e4nner, besonnesch a Frankr\u00e4ich, weiderhin d&#8217;Haaptursaach fir Doudesf\u00e4ll bei Puppelcher am Alter vun engem Mount bis engem Joer ass.&#8221;<\/p>\n<p>Nieft de Behaaptungen, d\u00e9i an de sozialen Netzwierker verbreet ginn, dass SIDS (an SADS) mat der Covid-Impfung a Relatioun stinn, g\u00ebtt et och aner viral Behaaptungen, virun allem an Nordamerika, d\u00e9i z\u00ebnter e puer Joer am \u00cbmlaf sinn a sech besonnesch un Eltere vu Klengkanner riichten. An d\u00ebse Behaaptungen heescht et, dass de Syndrom generell mat der Impfung a Relatioun steet.<\/p>\n<p>De Gesondheetsagenc\u00eb vu Kanada an den USA no g\u00ebtt et bis elo awer keng Donn\u00e9e\u00ebn, d\u00e9i belee\u00ebn, dass d&#8217;Impfung de Risiko fir onerwaart Doudesf\u00e4ll bei Puppelcher vergr\u00e9issere g\u00e9if. Am G\u00e9igendeel, Impfungen &#8220;erh\u00e9ijen net de Risiko vun SIDS, m\u00e4 k\u00ebnnen e souguer verr\u00e9ngeren&#8221;, sou de kanadesche Gesondheetsminist\u00e8re.<\/p>\n<p>D&#8217;CDC (Centers for Disease Control and Prevention), d\u00e9i f\u00e9ierend Gesondheetsagence an den USA, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/GZ3X-35PV\">schreiwen op hirer Webs\u00e4it<\/a>, dass &#8220;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/YPK9-7QA4\">Et\u00fcden zur Konklusioun kommen<\/a>, dass Impfstoffer weder SIDS ausl\u00e9isen nach mat SIDS a Relatioun stinn.&#8221;<\/p>\n<p>D&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/V57L-9A83?type=image\">Rachel Moon<\/a>, Presidentin vun der SIDS-Fuerschungsgrupp vun der amerikanescher Vereenegung fir Pediatrie, hat schonn am <a href=\"https:\/\/factcheck.afp.com\/vaccination-does-not-cause-babies-die-their-sleep\">Juli 2021 g\u00e9intiwwer der AFP-Faktencheck-Ekipp an den USA<\/a> erkl\u00e4ert, dass zwar den Z\u00e4itraum, an deem den SIDS-Risiko bei Puppelcher h\u00e9ich ass, an den Z\u00e4itraum, an deem Puppelcher geimpft ginn, zesummenh\u00e4nken. &#8220;Et\u00fcden hunn d\u00ebs Fro \u00ebnnersicht a festgestallt, dass kee kausalen Zesummenhang besteet, wat bedeit, dass et sech \u00ebm en temporalen Zoufall handelt.&#8221;<\/p>\n<p>De st\u00ebnterlechen H\u00e4erzdoud-Syndrom, oder SADS<\/p>\n<p>An de sozialen Netzwierker g\u00ebtt och behaapt, dass d&#8217;Doudesf\u00e4ll, d\u00e9i duerch d&#8217;Impfunge verursaacht goufen, \u00ebnnert der Bezeechnung SADS regrupp\u00e9iert goufen, wat op Englesch och als &#8220;Sudden Arrythmia Death Syndrome&#8221; bezeechent g\u00ebtt an an de Publikatiounen als &#8220;Sudden Adult Death Syndrome&#8221; iwwersat gouf.<\/p>\n<p>Et handelt sech dob\u00e4i \u00ebm &#8220;eng Villzuel vun <a href=\"https:\/\/www.vidal.fr\/maladies\/coeur-circulation-veines\/troubles-rythme-cardiaque\/causes.html\">H\u00e4erzrhythmusst\u00e9ierungen<\/a>, d\u00e9i oft geneetesch bed\u00e9ngt sinn a bei scheinbar gesonde jonke M\u00ebnschen zum st\u00ebnterlechen Doud f\u00e9iere k\u00ebnnen&#8221;, heescht et op der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/2Q79-6XVL\">Webs\u00e4it vun der kanadescher Fondatioun fir de st\u00ebnterlechen H\u00e4erzdoud-Syndrom<\/a>.<\/p>\n<p>Zu den H\u00e4erzrhythmusst\u00e9ierungen, d\u00e9i esou bezeechent k\u00ebnne ginn, geh\u00e9ieren de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/ZA7V-5MTU\">Long-QT-Syndrom<\/a>, d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/58CW-85Q7\">Tachycardie ventriculaire polymorphe cat\u00e9cholaminergique<\/a> (TVPC), de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/VC2F-C9KF\">Brugada-Syndrom<\/a>, d&#8217;<a href=\"https:\/\/perma.cc\/H25L-5FKN\">Cardiomyopathie ventriculaire droite arythmog\u00e8ne<\/a> (CVDA), de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/PVW4-QF9N\">Short-QT-Syndrom<\/a> an den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/EA9W-C7TY\">Timothy-Syndrom<\/a>. D\u00ebs f\u00e9ieren zu engem anormalen H\u00e4erzrhythmus (Arrhythmie), deen zum H\u00e4erzst\u00ebllstand an zum Doud f\u00e9iere kann, wann en net behandelt g\u00ebtt.<\/p>\n<p><strong>SADS-Krankheete sinn awer net nei, w\u00e9i an de Behaaptungen an de sozialen Netzwierker ugeholl g\u00ebtt<\/strong>, seet de <a href=\"https:\/\/perma.cc\/R2XM-3XP9\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Cyrus Hadadi<\/a>, stellvertriedenden Direkter fir H\u00e4erzrhythmusfuerschung um <a href=\"https:\/\/www.medstarhealth.org\/services\/heart-and-vascular\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">MedStar Heart &amp; Vascular Institute<\/a> zu Washington. Senger Meenung no gouf den \u00e9ischte Fall an D\u00e4itschland am nonz\u00e9ngte Joerhonnert dokument\u00e9iert.<\/p>\n<p>&#8220;<strong>Als Kardiologe behandele mir SADS z\u00ebnter Joren<\/strong>&#8220;, huet hien de 24. Juni 2022 g\u00e9intiwwer der AFP vers\u00e9chert. Hien huet dob\u00e4igef\u00fc\u00fcgt, dass SADS-St\u00e9ierungen, obwuel all Fall eenzegaarteg ass, geneetesch bed\u00e9ngt sinn, well d&#8217;Warscheinlechkeet, dass Kanner d&#8217;Krankheet vun hiren Elteren ierwen, bei 50 % l\u00e4it. Doriwwer eraus huet de Cyrus Hadadi vers\u00e9chert, dass et keen Zesummenhang t\u00ebscht Impfstoffer an H\u00e4erzrhythmusst\u00e9ierunge g\u00ebtt. &#8220;Et g\u00ebtt keng Hiweiser dorop, dass SADS duerch d&#8217;Impfung g\u00e9int Covid-19 verursaacht gouf&#8221;, sot hien an huet dob\u00e4igef\u00fc\u00fcgt, dass hien a leschter Z\u00e4it keng Hausse vun SADS-F\u00e4ll observ\u00e9iert h\u00e4tt.<\/p>\n<p>De kanadesche Gesondheetsminst\u00e8re huet der AFP den 23. Juni matgedeelt, dass em z\u00ebnter dem Ufank vun der Impfcampagne g\u00e9int Covid-19 keng Augmentatioun vun SADS-F\u00e4ll bekannt w\u00e4r. &#8220;Bis elo goufen no enger Impfung g\u00e9int Covid-19 weder bei der Gesondheetsagence nach bei Sant\u00e9 Canada [de kanadesche Gesondheetsminist\u00e8re, Um. v. d. Red.] F\u00e4ll vun SADS signalis\u00e9iert&#8221;, deelt de kanadesche Gesondheetsminist\u00e8re mat. &#8220;D&#8217;Virdeeler vun den a Kanada zougeloossenen Impfstoffer iwwerweie weiderhin&#8221;, huet Sant\u00e9 Canada weider matgedeelt.<\/p>\n<p>D'&#8221;<a href=\"https:\/\/www.sads.org\/\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Fondation SADS<\/a>&#8221; an de Vereenegte Staaten, d\u00e9i hirer Webs\u00e4it no aus Familljen a Professionellen aus dem Gesondheetsber\u00e4ich besteet, d\u00e9i &#8220;d&#8217;Versuergung vu M\u00ebnsche mat H\u00e4erzrhythmusst\u00e9ierungen, d\u00e9i zum st\u00ebnterlechen Doud f\u00e9iere k\u00ebnnen, virundreiwen&#8221;, <a href=\"https:\/\/perma.cc\/68YZ-BRDB\">recommand\u00e9iert<\/a> och, dass SADS-Patienten den Impfstoff g\u00e9int Covid-19 gespr\u00ebtzt sollte kr\u00e9ien. &#8220;Et g\u00ebtt keng Hiweiser dorop, dass d\u00e9i disponibel Impfstoffer g\u00e9int Covid-19 d&#8217;Optriede vun SADS ausl\u00e9isen oder et verschl\u00ebmmeren&#8221;, huet d&#8217;Fondatioun den 21. Juni an engem Communiqu\u00e9 erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>A Frankr\u00e4ich geh\u00e9iert SADS net zu den iwwerwaachten Niewewierkunge vu Covid-Impfstoffer, w\u00e9i an den FAQ vun der <a href=\"https:\/\/perma.cc\/G983-2433\">Webs\u00e4it &#8220;vaccination info-service&#8221;<\/a>, Stand vum 7. Juli, steet.<\/p>\n<p>Eng <a href=\"https:\/\/archive.ph\/YRTw0\">Et\u00fcd<\/a>, d\u00e9i den 23. Juni an der Fachz\u00e4itschr\u00ebft The Lancet Infectious Diseases publiz\u00e9iert gouf, huet Donn\u00e9e\u00ebn aus 185 L\u00e4nner a Gebidder ausgew\u00e4ert a koum zur Konklusioun, dass Covid-19-Impfstoffer bannent engem Joer no hirer Af\u00e9ierung bal 20 Milliounen Doudesf\u00e4ll verh\u00ebnnert hunn.<\/p>\n<p>Myokarditis ass keen SADS<\/p>\n<p>Doriwwer eraus goufen no der Impfung g\u00e9int Covid-19 seele F\u00e4ll vu Myokarditis, also H\u00e4erzmuskelentz\u00fcndungen, an Perikarditis, eng Entz\u00fcndung vun der H\u00e4erzmembran, bekannt a gi vun de Gesondheetsagencen z\u00ebnter dem Ufank vun der Impfcampagne g\u00e9int Covid fir d\u00e9i ganz Populatioun a Frankr\u00e4ich iwwerwaacht, <a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/doc.afp.com.32CY927\">w\u00e9i an d\u00ebsem Artikel beschriwwen<\/a>.<\/p>\n<p>D\u00ebs H\u00e4erzentz\u00fcndungen \u00ebnnerscheede sech awer vun SADS, d\u00e9i den <a href=\"https:\/\/perma.cc\/43JW-KC9X\">Jeffrey Hsu<\/a>, Kardiolog vum Gesondheetsdepartement vun der University of California zu Los Angeles (UCLA), den 23. Juni der AFP matgedeelt huet. &#8220;Myokarditis ass en Zoustand, bei deem et eng Entz\u00fcndung vum H\u00e4erzgeweebe g\u00ebtt, w\u00e4rend SADS e st\u00ebnterlechen Doud ass, deen duerch Zoust\u00e4nn ausgel\u00e9ist g\u00ebtt, bei deenen d&#8217;H\u00e4erzgeweebe normal ze si sch\u00e9ngt&#8221;, huet hien erkl\u00e4ert. &#8220;Et g\u00ebtt kee Beweis dofir, dass Covid-19-Impfstoffer eng vun de Krankheeten ausl\u00e9isen, d\u00e9i zu SADS f\u00e9iere k\u00ebnnen&#8221;, huet den Jeffrey Hsu resum\u00e9iert.<\/p>\n<p>Z\u00ebnter dem Ufank vun der Covid-19-Pandemie goufe vill <a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/http%253A%252F%252Fdoc.afp.com%252F9LM7L9-1\">Et\u00fcden a w\u00ebssenschaftlech Publikatiounen an de sozialen Netzwierker falsch oder ierf\u00e9ierend interpret\u00e9iert<\/a>. Am Mee 2020 hat d&#8217;AFP <a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/selon-une-etude-comment-faire-pour-sy-retrouver\">verschidden Unhaltspunkten an engem Artikel genannt<\/a>. D&#8217;AFP huet z\u00ebnter dem Ufank vun der Pandemie, Stand vum 23. Juni 2022, <a href=\"https:\/\/factuel.afp.com\/le-coronavirus-les-verifications-faites-par-lafp\">m\u00e9i w\u00e9i 770 Verifiz\u00e9ierungsartikelen<\/a> a frans\u00e9ischer Sprooch am Zesummenhang mat Covid-19 realis\u00e9iert.<\/p>\n<\/div>\n<p><em>D\u00ebsen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op L\u00ebtzebuergesch iwwersat.<\/em><\/p>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>&nbsp; Den SADS oder &#8220;st\u00ebnterlechen Erwuessenendoud-Syndrom&#8221; soll kre\u00e9iert gi sinn, fir Doudesf\u00e4ll am Zesummenhang mat Covid-19-Impfstoffer ze rechtf\u00e4erdegen, heescht et&#8230;<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":67804,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[184,190],"tags":[],"class_list":{"0":"post-67809","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-covid-19-lb","8":"category-gesondheet"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"1940258","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"http:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/1940258.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/rtl_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>Faktencheck: St\u00ebnterlechen H\u00e4erzdoud steet net a Relatioun mat Covid-Impfungen - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-stnterlechen-herzdoud-steet-net-a-relatioun-mat-covid-impfungen\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"Faktencheck: St\u00ebnterlechen H\u00e4erzdoud steet net a Relatioun mat Covid-Impfungen - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"&nbsp; Den SADS oder &#8220;st\u00ebnterlechen Erwuessenendoud-Syndrom&#8221; soll kre\u00e9iert gi sinn, fir Doudesf\u00e4ll am Zesummenhang mat Covid-19-Impfstoffer ze rechtf\u00e4erdegen, heescht et...\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-stnterlechen-herzdoud-steet-net-a-relatioun-mat-covid-impfungen\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2022-07-18T04:01:09+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2022-10-06T13:34:11+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/21fa5d754f62d76d8800739647f366f5.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"9 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-stnterlechen-herzdoud-steet-net-a-relatioun-mat-covid-impfungen\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-stnterlechen-herzdoud-steet-net-a-relatioun-mat-covid-impfungen\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"Faktencheck: St\u00ebnterlechen H\u00e4erzdoud steet net a Relatioun mat Covid-Impfungen\",\"datePublished\":\"2022-07-18T04:01:09+00:00\",\"dateModified\":\"2022-10-06T13:34:11+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-stnterlechen-herzdoud-steet-net-a-relatioun-mat-covid-impfungen\/\"},\"wordCount\":1804,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-stnterlechen-herzdoud-steet-net-a-relatioun-mat-covid-impfungen\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/21fa5d754f62d76d8800739647f366f5.jpeg\",\"articleSection\":[\"COVID-19\",\"Gesondheet\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-stnterlechen-herzdoud-steet-net-a-relatioun-mat-covid-impfungen\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-stnterlechen-herzdoud-steet-net-a-relatioun-mat-covid-impfungen\/\",\"name\":\"Faktencheck: St\u00ebnterlechen H\u00e4erzdoud steet net a Relatioun mat Covid-Impfungen - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-stnterlechen-herzdoud-steet-net-a-relatioun-mat-covid-impfungen\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-stnterlechen-herzdoud-steet-net-a-relatioun-mat-covid-impfungen\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/21fa5d754f62d76d8800739647f366f5.jpeg\",\"datePublished\":\"2022-07-18T04:01:09+00:00\",\"dateModified\":\"2022-10-06T13:34:11+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-stnterlechen-herzdoud-steet-net-a-relatioun-mat-covid-impfungen\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-stnterlechen-herzdoud-steet-net-a-relatioun-mat-covid-impfungen\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-stnterlechen-herzdoud-steet-net-a-relatioun-mat-covid-impfungen\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/21fa5d754f62d76d8800739647f366f5.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/21fa5d754f62d76d8800739647f366f5.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"Faktencheck: St\u00ebnterlechen H\u00e4erzdoud steet net a Relatioun mat Covid-Impfungen - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-stnterlechen-herzdoud-steet-net-a-relatioun-mat-covid-impfungen\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Faktencheck: St\u00ebnterlechen H\u00e4erzdoud steet net a Relatioun mat Covid-Impfungen\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"Faktencheck: St\u00ebnterlechen H\u00e4erzdoud steet net a Relatioun mat Covid-Impfungen - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-stnterlechen-herzdoud-steet-net-a-relatioun-mat-covid-impfungen\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"Faktencheck: St\u00ebnterlechen H\u00e4erzdoud steet net a Relatioun mat Covid-Impfungen - EDMO Belux","og_description":"&nbsp; Den SADS oder &#8220;st\u00ebnterlechen Erwuessenendoud-Syndrom&#8221; soll kre\u00e9iert gi sinn, fir Doudesf\u00e4ll am Zesummenhang mat Covid-19-Impfstoffer ze rechtf\u00e4erdegen, heescht et...","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-stnterlechen-herzdoud-steet-net-a-relatioun-mat-covid-impfungen\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2022-07-18T04:01:09+00:00","article_modified_time":"2022-10-06T13:34:11+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/21fa5d754f62d76d8800739647f366f5.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"9 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-stnterlechen-herzdoud-steet-net-a-relatioun-mat-covid-impfungen\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-stnterlechen-herzdoud-steet-net-a-relatioun-mat-covid-impfungen\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"Faktencheck: St\u00ebnterlechen H\u00e4erzdoud steet net a Relatioun mat Covid-Impfungen","datePublished":"2022-07-18T04:01:09+00:00","dateModified":"2022-10-06T13:34:11+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-stnterlechen-herzdoud-steet-net-a-relatioun-mat-covid-impfungen\/"},"wordCount":1804,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-stnterlechen-herzdoud-steet-net-a-relatioun-mat-covid-impfungen\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/21fa5d754f62d76d8800739647f366f5.jpeg","articleSection":["COVID-19","Gesondheet"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-stnterlechen-herzdoud-steet-net-a-relatioun-mat-covid-impfungen\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-stnterlechen-herzdoud-steet-net-a-relatioun-mat-covid-impfungen\/","name":"Faktencheck: St\u00ebnterlechen H\u00e4erzdoud steet net a Relatioun mat Covid-Impfungen - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-stnterlechen-herzdoud-steet-net-a-relatioun-mat-covid-impfungen\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-stnterlechen-herzdoud-steet-net-a-relatioun-mat-covid-impfungen\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/21fa5d754f62d76d8800739647f366f5.jpeg","datePublished":"2022-07-18T04:01:09+00:00","dateModified":"2022-10-06T13:34:11+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-stnterlechen-herzdoud-steet-net-a-relatioun-mat-covid-impfungen\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-stnterlechen-herzdoud-steet-net-a-relatioun-mat-covid-impfungen\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-stnterlechen-herzdoud-steet-net-a-relatioun-mat-covid-impfungen\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/21fa5d754f62d76d8800739647f366f5.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/07\/21fa5d754f62d76d8800739647f366f5.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"Faktencheck: St\u00ebnterlechen H\u00e4erzdoud steet net a Relatioun mat Covid-Impfungen - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/faktencheck-stnterlechen-herzdoud-steet-net-a-relatioun-mat-covid-impfungen\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Faktencheck: St\u00ebnterlechen H\u00e4erzdoud steet net a Relatioun mat Covid-Impfungen"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/67809","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=67809"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/67809\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/67804"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=67809"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=67809"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=67809"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}