{"id":92453,"date":"2022-08-08T08:00:50","date_gmt":"2022-08-08T08:00:50","guid":{"rendered":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?p=92453"},"modified":"2022-08-08T08:54:12","modified_gmt":"2022-08-08T08:54:12","slug":"rtl-faktencheck-keng-25-000-impfdoudeger-duerch-covid-impfstoffer-an-der-eu","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-keng-25-000-impfdoudeger-duerch-covid-impfstoffer-an-der-eu\/","title":{"rendered":"RTL-Faktencheck: Keng 25.000 Impfdoudeger duerch Covid-Impfstoffer an der EU"},"content":{"rendered":"<article>\n<div>\n<div>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p>All Impfung kann Niewewierkunge mat sech br\u00e9ngen an a seelene F\u00e4ll och zum Doud f\u00e9ieren. Et sinn awer bei w\u00e4item net esou vill &#8220;Impfdoudeger&#8221;, w\u00e9i dat op eenzelen Internetsitten, zum Beispill op &#8220;Impfnebenwirkungen.net&#8221; duergestallt g\u00ebtt.<\/p>\n<p>Z\u00ebnter Impfstoffer um Maart sinn, d\u00e9i viru schw\u00e9iere Verleef bei enger Infektioun mam Coronavirus proteg\u00e9ieren, ginn et Skeptiker a Verschwierungstheorien. Zemools d&#8217;Vitess, an d\u00e4r d&#8217;Impfstoffer entw\u00e9ckelt goufen, huet fir vill Skepsis gesuergt. Fir och aner Leit ze &#8220;warnen&#8221;, goufen an de soziale Reseauen an och op anere Plattformen Zuele publiz\u00e9iert a verbreet, d\u00e9i weise sollen, w\u00e9i gef\u00e9ierlech Covid-Impfstoffer wieren. \u00cbnnert anerem Zuele vu sougenannten Impfdoudege waren \u00ebmmer r\u00ebm am \u00cbmlaf.<\/p>\n<p>Ma w\u00e4rend d\u00e9i eng Posten, Artikelen oder Internets\u00e4iten direkt op den \u00e9ischte Bl\u00e9ck net seri\u00e9is wierken, ginn et anerer, bei deenen een net esou s\u00e9cher ass, ob d&#8217;Zuelen an d&#8217;Informatiounen dann elo richteg sinn oder net.<\/p>\n<p>Eng vun d\u00ebse S\u00e4iten ass &#8220;Impfnebenwirkungen.net&#8221;. Dat Eenzegt, wat een iwwert d&#8217;Bedreiwer vun d\u00e4r S\u00e4it gewuer g\u00ebtt, ass, dass dohannert en Analysten-Team stieche soll. Hirer Internets\u00e4it no verschaffe si Donn\u00e9e\u00ebn zu Impfniewewierkungen aus offiziellen Datebanken, fir d\u00ebs transparent fir all Interess\u00e9ierten zur Verf\u00fcgung ze stellen. Reegelm\u00e9isseg g\u00ebtt et hei nei Rapporten, d\u00e9i sech op Donn\u00e9e\u00eb vun EudraVigilance bez\u00e9ien. Eudravigilance ass de System vun der Europ\u00e4escher Medikamentenagence, wou Informatiounen iwwer m\u00e9iglech Niewewierkunge vu Medikamenter an Impfstoffer analys\u00e9iert ginn. D&#8217;Donn\u00e9e\u00eb selwer ginn an der <a href=\"https:\/\/www.adrreports.eu\/de\/index.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Europ\u00e4escher Datebank fir gemellte Verdachtsf\u00e4ll vu Medikamenten-Niewewierkunge (adrreports)<\/a> gesammelt .<\/p>\n<p>Den 23. Juli 2022 huet Impfnebenwirkungen.net d\u00e9i neisten Zuelen zu Covid-19-&#8220;Impfdoudege&#8221; publiz\u00e9iert. Deemno st\u00e9ingen an der EU m\u00e9i w\u00e9i 25.800 Doudesf\u00e4ll \u00ebnnert Verdacht, a Verbindung mat enger Covid-19-Impfung ze stoen. D\u00e9i meescht &#8220;Impfdoudeger&#8221; h\u00e4tt et duerch den Impfstoff BioNTech ginn. Och d\u00ebs Analys soll sech op EudraVigilance bez\u00e9ien.<\/p>\n<p>Dat ass awer falsch. Der EMA ass bewosst, dass \u00ebmmer r\u00ebm falsch Zuelen iwwert Niewewierkungen an &#8220;Impfdoudeger&#8221; am \u00cbmlaf sinn. <em>&#8220;D\u00ebs ginn dacks op e falscht Verst\u00e4ndnes vun den Informatiounen an der \u00ebffentlecher Datebank fir Verdachtsmeldunge vun Niewewierkungen (adrreports) zer\u00e9ck&#8221;<\/em>, sou d&#8217;Explikatioun vun der Europ\u00e4escher Medikamentenagence.<\/p>\n<p class=\"article-title\">EMA publiz\u00e9iert all Mount Zuele vu Verdachtsf\u00e4ll an Doudesaffer<\/p>\n<p>D&#8217;Europ\u00e4esch Medikamentenagence <a href=\"https:\/\/www.ema.europa.eu\/en\/documents\/covid-19-vaccine-safety-update\/covid-19-vaccines-safety-update-14-july-2022_en.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">ver\u00ebffentlecht all Mount e Rapport<\/a>, an deem festgehale g\u00ebtt, w\u00e9i vill Verdachtsf\u00e4ll vun Niewewierkunge fir all Covid-19-Impfstoff registr\u00e9iert goufen. Och d\u00ebs Zuele komme vun EudraVigilance, a si kommen op d\u00e4itlech manner Impfdoudeger. Den aktuellsten Zuelen no goufen an der EU knapp \u00ebnner 11.000 verd\u00e4chteg Doudesf\u00e4ll registr\u00e9iert (Stand 4. Juli 2022). Dat sinn der vill, awer a kenger Relatioun zu den iwwer 1,12 Millioune M\u00ebnschen, d\u00e9i un oder mat enger Covid-19-Infektioun gestuerwe sinn.<\/p>\n<p>Hei ges\u00e4it een d&#8217;Chiffere vun der EMA an Impfnebenwirkungen.net am Verglach.<\/p>\n<div class=\"infogram-embed\" data-id=\"0e2aabb1-4aab-4ef4-9ca5-e1f4d031d266\" data-type=\"interactive\" data-title=\"Impfdoudeger Total\"><\/div>\n<p><script>!function(e,i,n,s){var t=\"InfogramEmbeds\",d=e.getElementsByTagName(\"script\")[0];if(window[t]&&window[t].initialized)window[t].process&&window[t].process();else if(!e.getElementById(n)){var o=e.createElement(\"script\");o.async=1,o.id=n,o.src=\"https:\/\/e.infogram.com\/js\/dist\/embed-loader-min.js\",d.parentNode.insertBefore(o,d)}}(document,0,\"infogram-async\");<\/script><\/p>\n<p>Hei ges\u00e4it een d&#8217;Zuel vun de verd\u00e4chtegen &#8220;Impfdoudeger&#8221; fir d\u00e9i \u00ebnnerschiddlech Impfstoffer, d\u00e9i an der EU zougelooss sinn.<\/p>\n<div class=\"infogram-embed\" data-id=\"8e822ae3-077f-4c93-8d8b-f0fce63e3ae5\" data-type=\"interactive\" data-title=\"Untitled slide project\"><\/div>\n<p><script>!function(e,i,n,s){var t=\"InfogramEmbeds\",d=e.getElementsByTagName(\"script\")[0];if(window[t]&&window[t].initialized)window[t].process&&window[t].process();else if(!e.getElementById(n)){var o=e.createElement(\"script\");o.async=1,o.id=n,o.src=\"https:\/\/e.infogram.com\/js\/dist\/embed-loader-min.js\",d.parentNode.insertBefore(o,d)}}(document,0,\"infogram-async\");<\/script><\/p>\n<p>Dass d&#8217;Zuel beim Impfstoff vu BioNtech m\u00e9i h\u00e9ich ass, w\u00e9i bei den aneren Impfstoffer, l\u00e4it dodrun, dass d\u00ebsen Impfstoff an der EU am meeschte genotzt gouf. W\u00e9i vill Dose vu w\u00e9i engem Impfstoff an der EU gespr\u00ebtzt goufen a w\u00e9i vill Niewewierkunge gemellt goufen, <a href=\"https:\/\/www.ema.europa.eu\/en\/human-regulatory\/overview\/public-health-threats\/coronavirus-disease-covid-19\/treatments-vaccines\/vaccines-covid-19\/safety-covid-19-vaccines\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">kann een hei bei der EMA nokucken<\/a>. D&#8217;Zuele gi reegelm\u00e9isseg aktualis\u00e9iert.<\/p>\n<p>An der EU goufe Stand Juni 2022 der EMA no 892 Milliounen Dose vun deenen zougeloossene Covid-19-Impfstoffer gespr\u00ebtzt. D&#8217;Zuel vun den Doudesf\u00e4ll, d\u00e9i eventuell mat der Impfung zesummenh\u00e4nken, l\u00e4it bei knapp 11.000. Dat heescht, dass 0.001% vun den Impfungen en d\u00e9idleche Verlaf k\u00e9inte gehat hunn.<\/p>\n<p class=\"article-title\">D&#8217;Situatioun zu L\u00ebtzebuerg<\/p>\n<p>Zu L\u00ebtzebuerg ginn et leschten Informatiounen no 16 Doudesf\u00e4ll, d\u00e9i m\u00e9iglecherweis mat enger Covid-19-Impfung zesummenh\u00e4nken (16. Mee 2022). D\u00ebs Zuele goufe <a href=\"https:\/\/covid19.public.lu\/dam-assets\/covid-19\/vaccinations\/pharmacovigilance\/rapport-12-suivi-des-effets-indesirables-des-vaccins-22062022.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">vum Gesondheetsminist\u00e8re matgedeelt<\/a>. N\u00ebmme bei engem eenzegen Doudesfall konnt ee confirm\u00e9ieren, dass d\u00ebse mat enger AstraZeneca-Impfung a Relatioun steet. D\u00e9i aner 15 F\u00e4ll konnte bis ewell net ganz am Detail analys\u00e9iert ginn, well zum Beispill d&#8217;Famill\u00a0enger Autopsie net zougest\u00ebmmt huet. Eng direkt Kausalit\u00e9it konnt och no enger w\u00ebssenschaftlecher Evaluatioun net mat S\u00e9cherheet etabl\u00e9iert ginn.<\/p>\n<div class=\"infogram-embed\" data-id=\"e1296fd5-19f5-4eb8-9a57-d55d0024caa2\" data-type=\"interactive\" data-title=\"Untitled slide project\"><\/div>\n<p><script>!function(e,i,n,s){var t=\"InfogramEmbeds\",d=e.getElementsByTagName(\"script\")[0];if(window[t]&&window[t].initialized)window[t].process&&window[t].process();else if(!e.getElementById(n)){var o=e.createElement(\"script\");o.async=1,o.id=n,o.src=\"https:\/\/e.infogram.com\/js\/dist\/embed-loader-min.js\",d.parentNode.insertBefore(o,d)}}(document,0,\"infogram-async\");<\/script><\/p>\n<p><em>&#8220;Doudesf\u00e4ll w\u00e4rend enger Massenimpfcampagne, wou Millioune vu M\u00ebnschen immunis\u00e9iert ginn, k\u00ebnne virkommen&#8221;<\/em>, sou de Gesondheetsminist\u00e8re. Dat g\u00e9if awer net bedeiten, dass et onbed\u00e9ngt en Zesummenhang mat der Impfung g\u00ebtt. <em>&#8220;Eng z\u00e4itlech Verbindung t\u00ebscht der Impfung an engem Doudesfall impliz\u00e9iert keng kausal Relatioun.&#8221;<\/em><\/p>\n<p>Am Ganze goufe bis de 16. Mee 2022 506.344 Leit zu L\u00ebtzebuerg mat engem Covid-19-Impfstoff geimpft. Knapp iwwert 1,3 Milliounen Dose goufe gespr\u00ebtzt. Bal 64 Prozent vun hinne kruten den Impfstoff vu BioNtech-Pfizer, 24,4 Prozent Moderna an 8,4 Prozent AstraZeneca. Nach manner zu L\u00ebtzebuerg verimpft goufe Vaccine vun Johnson&amp;Johnson (Janssen) oder Novavax.<\/p>\n<p>Bis de Mee 2022 goufen dem Gesondheetsminist\u00e8re 2.353 Niewewierkungen no enger Covid-19-Impfung gemellt, d\u00e9i am Verdacht stinn a Relatioun mat der Impfung ze stoen. Dor\u00ebnner waren 1.590 Fraen, 763 M\u00e4nner an eng weider Persoun, wou d&#8217;Geschlecht ze spezifi\u00e9iert gouf.<\/p>\n<p>1.762 Niewewierkunge goufen als &#8220;net schl\u00ebmm&#8221; aklass\u00e9iert. Et goufen awer och bal 600 sougenannt &#8220;schl\u00ebmm&#8221; F\u00e4ll zu L\u00ebtzebuerg. D\u00e9i schl\u00ebmm F\u00e4ll sinn nees a 4 Kategorien \u00ebnnerdeelt ginn, d\u00e9i een an d\u00ebser Tabell ges\u00e4it.<\/p>\n<div class=\"infogram-embed\" data-id=\"4c9daa5a-ac2e-4ab4-a5a2-0e3b9adb881d\" data-type=\"interactive\" data-title=\"Cas Grave apr\u00e8s Vaccin Luxembourg\"><\/div>\n<p><script>!function(e,i,n,s){var t=\"InfogramEmbeds\",d=e.getElementsByTagName(\"script\")[0];if(window[t]&&window[t].initialized)window[t].process&&window[t].process();else if(!e.getElementById(n)){var o=e.createElement(\"script\");o.async=1,o.id=n,o.src=\"https:\/\/e.infogram.com\/js\/dist\/embed-loader-min.js\",d.parentNode.insertBefore(o,d)}}(document,0,\"infogram-async\");<\/script><\/p>\n<p>Ma och wann et 16 verd\u00e4chteg Doudesf\u00e4ll a Verbindung mat enger Covid-19-Impfung g\u00ebtt, steet de Risk bei enger Impfung a kenger Relatioun zum Risk duerch eng Covid-Infektioun. Z\u00ebnter der Pandemie sinn zu L\u00ebtzebuerg schonn 1.112 Persounen (Stand 28\/07\/2022) mat oder u Covid-19 gestuerwen.<\/p>\n<p>De Gesondheetsminist\u00e8re schl\u00e9isst sech, wat d&#8217;Impfungen ubelaangt, dem Avis vun der EMA un. D\u00ebs huet confirm\u00e9iert, dass d&#8217;Virdeeler vun den zougeloossene Vaccine weiderhin am Verglach zu den Niewewierkungen iwwerweien. Zemools wann een de Risk vun enger Covid-19-Infektioun, d\u00e9i domat verbonne Komplikatiounen a m\u00e9iglech Hospitalisatioune virun Aen huet.<\/p>\n<p class=\"article-title\">Doudesf\u00e4ll net confirm\u00e9iert, m\u00e4 vermutt<\/p>\n<p>D&#8217;Iwwerwaachung vun onerw\u00ebnschten Niewewierkungen ass eng vun de Saile vum EU-S\u00e9cherheetsiwwerwaachungsystem. An d\u00ebsen Datebanke ginn net n\u00ebmmen Niewewierkunge vu Covid-19-Impfunge festgehalen, m\u00e4 och Niewewierkunge vun all anere Medikamenter. Duerch d\u00ebs streng Iwwerwaachungen a Kontrolle kann een zum Beispill e Medikament vum March\u00e9 huelen oder d&#8217;Niewewierkungen op der Medikamentebeschreiwung upassen.<\/p>\n<p>Et muss een awer w\u00ebssen, dass d&#8217;Informatiounen aus der EudraVigilance-Datebank sech op verd\u00e4chteg Niewewierkungen, an net op confirm\u00e9iert Niewewierkunge bez\u00e9ien.<em> &#8220;Den Zweck vun der Iwwerwaachung besteet net doran, all eenzel Matdeelung ze bew\u00e4erten, fir ze entscheeden, ob se duerch en Impfstoff oder eppes aneres ausgel\u00e9ist gouf&#8221;<\/em>, erkl\u00e4ert d&#8217;EMA. Et ginn also virop Informatioune gesammelt, net bew\u00e4ert .<\/p>\n<p>Des Weidere muss ee w\u00ebssen, dass d\u00e9i Informatiounen aus der Datebank vun Eenzelpersounen, Familljememberen oder Leit aus dem Gesondheetswiesen no enger Impfung mat engem Covid-19-Impfstoff gemellt goufen. D\u00ebs stinn awer net onbed\u00e9ngt a Relatioun zu der Impfung. Si k\u00ebnnen och op ganz aner Gr\u00ebnn zer\u00e9ckzef\u00e9iere sinn, en direkten Zesummenhang ass do nach net erwisen.<\/p>\n<p>E Fazit iwwert d&#8217;Risiken an den Notze vun engem Medikament, respektiv vun engem Impfstoff, kann ee just no enger detaill\u00e9ierter Analys a w\u00ebssenschaftleche Bew\u00e4ertungen z\u00e9ien. Bei verd\u00e4chtege F\u00e4ll mat d\u00e9idlechem Verlaf ass et awer schw\u00e9ier, d\u00e9i reell Doudesursaach erauszefannen. Souguer, wann all Donn\u00e9e\u00ebn an en Autopsiebericht fir eng Analys zu Verf\u00fcgung stinn, sou d&#8217;EMA.<\/p>\n<p class=\"article-title\">D&#8217;Zuele ginn dacks falsch interpret\u00e9iert<\/p>\n<p>Der Europ\u00e4escher Datebank fir Verdachtsf\u00e4ll no ginn d&#8217;Informatiounen no der Aart vun den Niewewierkunge gesammelt. Bei all eenzelem Fall k\u00ebnne m\u00e9i w\u00e9i eng Niewewierkung festgehale ginn, sou dass den Total vun den Niewewierkungen ni mat der Zuel vun den Eenzelf\u00e4ll w\u00e4ert iwwertenee st\u00ebmmen. M\u00e4 dat g\u00ebtt vu verschiddene Leit bei hirer Interpretatioun vun den Donn\u00e9e\u00ebn awer net respekt\u00e9iert an doduerch k\u00ebnne falsch a vill m\u00e9i h\u00e9ich Chifferen an den \u00cbmlaf kommen, sou w\u00e9i dat um Site\u00a0Impfnebenwirkungen.net de Fall ass. D\u00ebs Weidere kann een aus der Datebank d\u00e9i gemellte F\u00e4ll mat d\u00e9idlechem Ausgang net noliesen. Sou, dass och d\u00ebs Analys, respektiv Interpretatiounen, d\u00e9i am Internet verbreet ginn, dacks falsch sinn.<\/p>\n<p>Am Resum\u00e9 kann ee festhalen, dass een Zuele vu sougenannte Covid-19-Impfdoudegen, d\u00e9i een iergendwou am Internet f\u00ebnnt, net direkt fir boer M\u00ebnz huele soll. D\u00e9idlech Verdachtsf\u00e4ll sinn net all an \u00ebffentlechen an offiziellen Datebanken ze fannen. D\u00e9i reell Zuele kann ee just all Mount an de S\u00e9cherheetsrapporte vun der EMA noliesen.<\/p>\n<p>Bei 0.001% vun allen Covid-19-Impfdosen, d\u00e9i an der EU gespr\u00ebtzt goufen, ass d&#8217;Persoun duerno gestuerwen. Et handelt sech bei de gemellten Doudesf\u00e4ll awer an der Majorit\u00e9it \u00ebm verd\u00e4chteg F\u00e4ll. Dat heescht, dass zwar en Zesummenhang t\u00ebscht dem Doud an der Covid-19-Impfung an deene F\u00e4ll m\u00e9iglech ass, een d\u00ebst awer net absolutt s\u00e9cher noweise kann.<\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/article>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>&nbsp; All Impfung kann Niewewierkunge mat sech br\u00e9ngen an a seelene F\u00e4ll och zum Doud f\u00e9ieren. Et sinn awer bei&#8230;<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":92448,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"_acf_changed":false,"footnotes":""},"categories":[184,190],"tags":[],"class_list":{"0":"post-92453","1":"post","2":"type-post","3":"status-publish","4":"format-standard","5":"has-post-thumbnail","7":"category-covid-19-lb","8":"category-gesondheet"},"acf":{"show_metatags":true,"id":"1944761","authors":"RTL L\u00ebtzebuerg","organization":"RTL","featured_image_copyright":"","text_copyright":"Copyright RTL \/ CLT-UFA S.A.","source":"http:\/\/www.rtl.lu\/news\/faktencheck\/a\/1944761.html","fact_checker":"https:\/\/belux.wpengine.com\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/afp_logo.png","type":"Closed Event","location":"","start_date":"","start_date_event_begins_at":"","start_date_event_ends_at":"","end_date":"","end_date_event_begins_at":"","end_date_event_ends_at":"","organizer":"","fact_checker_logo_image":false},"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v27.0 - https:\/\/yoast.com\/product\/yoast-seo-wordpress\/ -->\n<title>RTL-Faktencheck: Keng 25.000 Impfdoudeger duerch Covid-Impfstoffer an der EU - EDMO Belux<\/title>\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-keng-25-000-impfdoudeger-duerch-covid-impfstoffer-an-der-eu\/\" \/>\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\n<meta property=\"og:title\" content=\"RTL-Faktencheck: Keng 25.000 Impfdoudeger duerch Covid-Impfstoffer an der EU - EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"og:description\" content=\"&nbsp; All Impfung kann Niewewierkunge mat sech br\u00e9ngen an a seelene F\u00e4ll och zum Doud f\u00e9ieren. Et sinn awer bei...\" \/>\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-keng-25-000-impfdoudeger-duerch-covid-impfstoffer-an-der-eu\/\" \/>\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"EDMO Belux\" \/>\n<meta property=\"article:published_time\" content=\"2022-08-08T08:00:50+00:00\" \/>\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2022-08-08T08:54:12+00:00\" \/>\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/eedfe6b5a363a131268e07cda5db00b8.jpeg\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1080\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"608\" \/>\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\n<meta name=\"author\" content=\"master\" \/>\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\n<meta name=\"twitter:creator\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:site\" content=\"@Edmo_Belux\" \/>\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Written by\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"master\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:label2\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data2\" content=\"8 minutes\" \/>\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"Article\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-keng-25-000-impfdoudeger-duerch-covid-impfstoffer-an-der-eu\/#article\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-keng-25-000-impfdoudeger-duerch-covid-impfstoffer-an-der-eu\/\"},\"author\":{\"name\":\"master\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\"},\"headline\":\"RTL-Faktencheck: Keng 25.000 Impfdoudeger duerch Covid-Impfstoffer an der EU\",\"datePublished\":\"2022-08-08T08:00:50+00:00\",\"dateModified\":\"2022-08-08T08:54:12+00:00\",\"mainEntityOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-keng-25-000-impfdoudeger-duerch-covid-impfstoffer-an-der-eu\/\"},\"wordCount\":1573,\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-keng-25-000-impfdoudeger-duerch-covid-impfstoffer-an-der-eu\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/eedfe6b5a363a131268e07cda5db00b8.jpeg\",\"articleSection\":[\"COVID-19\",\"Gesondheet\"],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-keng-25-000-impfdoudeger-duerch-covid-impfstoffer-an-der-eu\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-keng-25-000-impfdoudeger-duerch-covid-impfstoffer-an-der-eu\/\",\"name\":\"RTL-Faktencheck: Keng 25.000 Impfdoudeger duerch Covid-Impfstoffer an der EU - EDMO Belux\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-keng-25-000-impfdoudeger-duerch-covid-impfstoffer-an-der-eu\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-keng-25-000-impfdoudeger-duerch-covid-impfstoffer-an-der-eu\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/eedfe6b5a363a131268e07cda5db00b8.jpeg\",\"datePublished\":\"2022-08-08T08:00:50+00:00\",\"dateModified\":\"2022-08-08T08:54:12+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-keng-25-000-impfdoudeger-duerch-covid-impfstoffer-an-der-eu\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-keng-25-000-impfdoudeger-duerch-covid-impfstoffer-an-der-eu\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-keng-25-000-impfdoudeger-duerch-covid-impfstoffer-an-der-eu\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/eedfe6b5a363a131268e07cda5db00b8.jpeg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/eedfe6b5a363a131268e07cda5db00b8.jpeg\",\"width\":1080,\"height\":608,\"caption\":\"RTL-Faktencheck: Keng 25.000 Impfdoudeger duerch Covid-Impfstoffer an der EU - Featured image\"},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-keng-25-000-impfdoudeger-duerch-covid-impfstoffer-an-der-eu\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"RTL-Faktencheck: Keng 25.000 Impfdoudeger duerch Covid-Impfstoffer an der EU\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"description\":\"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":{\"@type\":\"PropertyValueSpecification\",\"valueRequired\":true,\"valueName\":\"search_term_string\"}}],\"inLanguage\":\"lb-LU\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization\",\"name\":\"EDMO Belux\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"lb-LU\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg\",\"width\":1,\"height\":1,\"caption\":\"EDMO Belux\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/\"},\"sameAs\":[\"https:\/\/x.com\/Edmo_Belux\"]},{\"@type\":\"Person\",\"@id\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342\",\"name\":\"master\",\"sameAs\":[\"https:\/\/belux.wpengine.com\"],\"url\":\"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/\"}]}<\/script>\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"RTL-Faktencheck: Keng 25.000 Impfdoudeger duerch Covid-Impfstoffer an der EU - EDMO Belux","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-keng-25-000-impfdoudeger-duerch-covid-impfstoffer-an-der-eu\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"RTL-Faktencheck: Keng 25.000 Impfdoudeger duerch Covid-Impfstoffer an der EU - EDMO Belux","og_description":"&nbsp; All Impfung kann Niewewierkunge mat sech br\u00e9ngen an a seelene F\u00e4ll och zum Doud f\u00e9ieren. Et sinn awer bei...","og_url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-keng-25-000-impfdoudeger-duerch-covid-impfstoffer-an-der-eu\/","og_site_name":"EDMO Belux","article_published_time":"2022-08-08T08:00:50+00:00","article_modified_time":"2022-08-08T08:54:12+00:00","og_image":[{"width":1080,"height":608,"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/eedfe6b5a363a131268e07cda5db00b8.jpeg","type":"image\/jpeg"}],"author":"master","twitter_card":"summary_large_image","twitter_creator":"@Edmo_Belux","twitter_site":"@Edmo_Belux","twitter_misc":{"Written by":"master","Est. reading time":"8 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"Article","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-keng-25-000-impfdoudeger-duerch-covid-impfstoffer-an-der-eu\/#article","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-keng-25-000-impfdoudeger-duerch-covid-impfstoffer-an-der-eu\/"},"author":{"name":"master","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342"},"headline":"RTL-Faktencheck: Keng 25.000 Impfdoudeger duerch Covid-Impfstoffer an der EU","datePublished":"2022-08-08T08:00:50+00:00","dateModified":"2022-08-08T08:54:12+00:00","mainEntityOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-keng-25-000-impfdoudeger-duerch-covid-impfstoffer-an-der-eu\/"},"wordCount":1573,"publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-keng-25-000-impfdoudeger-duerch-covid-impfstoffer-an-der-eu\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/eedfe6b5a363a131268e07cda5db00b8.jpeg","articleSection":["COVID-19","Gesondheet"],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-keng-25-000-impfdoudeger-duerch-covid-impfstoffer-an-der-eu\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-keng-25-000-impfdoudeger-duerch-covid-impfstoffer-an-der-eu\/","name":"RTL-Faktencheck: Keng 25.000 Impfdoudeger duerch Covid-Impfstoffer an der EU - EDMO Belux","isPartOf":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-keng-25-000-impfdoudeger-duerch-covid-impfstoffer-an-der-eu\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-keng-25-000-impfdoudeger-duerch-covid-impfstoffer-an-der-eu\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/eedfe6b5a363a131268e07cda5db00b8.jpeg","datePublished":"2022-08-08T08:00:50+00:00","dateModified":"2022-08-08T08:54:12+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-keng-25-000-impfdoudeger-duerch-covid-impfstoffer-an-der-eu\/#breadcrumb"},"inLanguage":"lb-LU","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-keng-25-000-impfdoudeger-duerch-covid-impfstoffer-an-der-eu\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-keng-25-000-impfdoudeger-duerch-covid-impfstoffer-an-der-eu\/#primaryimage","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/eedfe6b5a363a131268e07cda5db00b8.jpeg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2022\/08\/eedfe6b5a363a131268e07cda5db00b8.jpeg","width":1080,"height":608,"caption":"RTL-Faktencheck: Keng 25.000 Impfdoudeger duerch Covid-Impfstoffer an der EU - Featured image"},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/rtl-faktencheck-keng-25-000-impfdoudeger-duerch-covid-impfstoffer-an-der-eu\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"RTL-Faktencheck: Keng 25.000 Impfdoudeger duerch Covid-Impfstoffer an der EU"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#website","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","name":"EDMO Belux","description":"Monitoring Disinformation in Belgium and Luxembourg","publisher":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/belux.edmo.eu\/?s={search_term_string}"},"query-input":{"@type":"PropertyValueSpecification","valueRequired":true,"valueName":"search_term_string"}}],"inLanguage":"lb-LU"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#organization","name":"EDMO Belux","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"lb-LU","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","contentUrl":"https:\/\/belux.edmo.eu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/belux-logo-full-color-rgb.svg","width":1,"height":1,"caption":"EDMO Belux"},"image":{"@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/logo\/image\/"},"sameAs":["https:\/\/x.com\/Edmo_Belux"]},{"@type":"Person","@id":"https:\/\/belux.edmo.eu\/#\/schema\/person\/dbe3b252258537fd318f9b5645a30342","name":"master","sameAs":["https:\/\/belux.wpengine.com"],"url":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/author\/master\/"}]}},"menu_order":0,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/92453","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=92453"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/92453\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media\/92448"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=92453"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=92453"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/belux.edmo.eu\/lb\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=92453"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}