Scroll Top

Resumé vun der Etüd «Journalist trëfft Schüler» un

W4bNlO5Q-website-visual.png

Kuckt Iech de Resumé vun der Etüd «Journalist trëfft Schüler» un: A 40 Fäll hu mer eis dës Renconter méi genee ugekuckt. Dat ganzt kënnt Dir op Englesch, Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch liesen. 

Dës Etüd ass d’Resultat vun enger Kollaboratioun am Kader vum Media-Literacy-Programm vum EDMO-BELUX-Projet. Koordinéiert vu Média Animation ginn Workshoppen zu der Mediekompetenz vun den dräi Partner, AJP (Association of Professional Journalists), Lie Detectors, an  RTBF (Radio-Télé Belge Francophone) analyséiert. 

Wat geschitt awer, wa Journaliste bis op eemol viru Schüler stinn? 

An deem se e reflektéierende Réckbléck op dës Initiativ gehäit, luet d’Etüd dozou an, ee Moment nozedenken an ze kucken, wéi eng Méiglechkeeten dës Renconter bitt an ënner wéi enge Konditiounen den Austausch an d’Reflexioun gefërdert ginn. Zil vun der Etüd ass et, hiert d’Potenzial ze weisen an alle Bedeelegten – Journalistinnen a Journalisten, Léierpersonal an Organisatiounen – fundéiert Decisiounen doriwwer z’erméiglechen, wéi engen Ziler si am zwangsleefeg limitéierten Zäitraum vun esou enger Interventioun  nokomme kënne. 

Et ass eng wäertvoll Ressource fir Professioneller, Léierpersonal a Responsabeler vum Programm, déi d’Potential vun de Renconteren tëscht Schülerinnen a Schüler mat Journalistinnen a Journaliste beschtméiglechst notze wëllen. Doriwwer eraus reegt se dozou un, doriwwer nozedenken, wéi kritescht Denken am Ëmgang mat Informatioun bei jonke Mënsche gefërdert ka ginn – souwuel an der Schoul wéi och ausserhalb. 

Fir méi Informatiounen: Lued de Resumé erof.

Fir déi komplett Etüd op Franséisch, klick hei