Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

RTL-Faktencheck: Keng 25.000 Impfdoudeger duerch Covid-Impfstoffer an der EU

RTL-Faktencheck: Keng 25.000 Impfdoudeger duerch Covid-Impfstoffer an der EU - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

All Impfung kann Niewewierkunge mat sech bréngen an a seelene Fäll och zum Doud féieren. Et sinn awer bei wäitem net esou vill “Impfdoudeger”, wéi dat op eenzelen Internetsitten, zum Beispill op “Impfnebenwirkungen.net” duergestallt gëtt.

Zënter Impfstoffer um Maart sinn, déi viru schwéiere Verleef bei enger Infektioun mam Coronavirus protegéieren, ginn et Skeptiker a Verschwierungstheorien. Zemools d’Vitess, an där d’Impfstoffer entwéckelt goufen, huet fir vill Skepsis gesuergt. Fir och aner Leit ze “warnen”, goufen an de soziale Reseauen an och op anere Plattformen Zuele publizéiert a verbreet, déi weise sollen, wéi geféierlech Covid-Impfstoffer wieren. Ënnert anerem Zuele vu sougenannten Impfdoudege waren ëmmer rëm am Ëmlaf.

Ma wärend déi eng Posten, Artikelen oder Internetsäiten direkt op den éischte Bléck net seriéis wierken, ginn et anerer, bei deenen een net esou sécher ass, ob d’Zuelen an d’Informatiounen dann elo richteg sinn oder net.

Eng vun dëse Säiten ass “Impfnebenwirkungen.net”. Dat Eenzegt, wat een iwwert d’Bedreiwer vun där Säit gewuer gëtt, ass, dass dohannert en Analysten-Team stieche soll. Hirer Internetsäit no verschaffe si Donnéeën zu Impfniewewierkungen aus offiziellen Datebanken, fir dës transparent fir all Interesséierten zur Verfügung ze stellen. Reegelméisseg gëtt et hei nei Rapporten, déi sech op Donnéeë vun EudraVigilance bezéien. Eudravigilance ass de System vun der Europäescher Medikamentenagence, wou Informatiounen iwwer méiglech Niewewierkunge vu Medikamenter an Impfstoffer analyséiert ginn. D’Donnéeë selwer ginn an der Europäescher Datebank fir gemellte Verdachtsfäll vu Medikamenten-Niewewierkunge (adrreports) gesammelt .

Den 23. Juli 2022 huet Impfnebenwirkungen.net déi neisten Zuelen zu Covid-19-“Impfdoudege” publizéiert. Deemno stéingen an der EU méi wéi 25.800 Doudesfäll ënnert Verdacht, a Verbindung mat enger Covid-19-Impfung ze stoen. Déi meescht “Impfdoudeger” hätt et duerch den Impfstoff BioNTech ginn. Och dës Analys soll sech op EudraVigilance bezéien.

Dat ass awer falsch. Der EMA ass bewosst, dass ëmmer rëm falsch Zuelen iwwert Niewewierkungen an “Impfdoudeger” am Ëmlaf sinn. “Dës ginn dacks op e falscht Verständnes vun den Informatiounen an der ëffentlecher Datebank fir Verdachtsmeldunge vun Niewewierkungen (adrreports) zeréck”, sou d’Explikatioun vun der Europäescher Medikamentenagence.

EMA publizéiert all Mount Zuele vu Verdachtsfäll an Doudesaffer

D’Europäesch Medikamentenagence verëffentlecht all Mount e Rapport, an deem festgehale gëtt, wéi vill Verdachtsfäll vun Niewewierkunge fir all Covid-19-Impfstoff registréiert goufen. Och dës Zuele komme vun EudraVigilance, a si kommen op däitlech manner Impfdoudeger. Den aktuellsten Zuelen no goufen an der EU knapp ënner 11.000 verdächteg Doudesfäll registréiert (Stand 4. Juli 2022). Dat sinn der vill, awer a kenger Relatioun zu den iwwer 1,12 Millioune Mënschen, déi un oder mat enger Covid-19-Infektioun gestuerwe sinn.

Hei gesäit een d’Chiffere vun der EMA an Impfnebenwirkungen.net am Verglach.

Hei gesäit een d’Zuel vun de verdächtegen “Impfdoudeger” fir déi ënnerschiddlech Impfstoffer, déi an der EU zougelooss sinn.

Dass d’Zuel beim Impfstoff vu BioNtech méi héich ass, wéi bei den aneren Impfstoffer, läit dodrun, dass dësen Impfstoff an der EU am meeschte genotzt gouf. Wéi vill Dose vu wéi engem Impfstoff an der EU gesprëtzt goufen a wéi vill Niewewierkunge gemellt goufen, kann een hei bei der EMA nokucken. D’Zuele gi reegelméisseg aktualiséiert.

An der EU goufe Stand Juni 2022 der EMA no 892 Milliounen Dose vun deenen zougeloossene Covid-19-Impfstoffer gesprëtzt. D’Zuel vun den Doudesfäll, déi eventuell mat der Impfung zesummenhänken, läit bei knapp 11.000. Dat heescht, dass 0.001% vun den Impfungen en déidleche Verlaf kéinte gehat hunn.

D’Situatioun zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg ginn et leschten Informatiounen no 16 Doudesfäll, déi méiglecherweis mat enger Covid-19-Impfung zesummenhänken (16. Mee 2022). Dës Zuele goufe vum Gesondheetsministère matgedeelt. Nëmme bei engem eenzegen Doudesfall konnt ee confirméieren, dass dëse mat enger AstraZeneca-Impfung a Relatioun steet. Déi aner 15 Fäll konnte bis ewell net ganz am Detail analyséiert ginn, well zum Beispill d’Famill enger Autopsie net zougestëmmt huet. Eng direkt Kausalitéit konnt och no enger wëssenschaftlecher Evaluatioun net mat Sécherheet etabléiert ginn.

“Doudesfäll wärend enger Massenimpfcampagne, wou Millioune vu Mënschen immuniséiert ginn, kënne virkommen”, sou de Gesondheetsministère. Dat géif awer net bedeiten, dass et onbedéngt en Zesummenhang mat der Impfung gëtt. “Eng zäitlech Verbindung tëscht der Impfung an engem Doudesfall implizéiert keng kausal Relatioun.”

Am Ganze goufe bis de 16. Mee 2022 506.344 Leit zu Lëtzebuerg mat engem Covid-19-Impfstoff geimpft. Knapp iwwert 1,3 Milliounen Dose goufe gesprëtzt. Bal 64 Prozent vun hinne kruten den Impfstoff vu BioNtech-Pfizer, 24,4 Prozent Moderna an 8,4 Prozent AstraZeneca. Nach manner zu Lëtzebuerg verimpft goufe Vaccine vun Johnson&Johnson (Janssen) oder Novavax.

Bis de Mee 2022 goufen dem Gesondheetsministère 2.353 Niewewierkungen no enger Covid-19-Impfung gemellt, déi am Verdacht stinn a Relatioun mat der Impfung ze stoen. Dorënner waren 1.590 Fraen, 763 Männer an eng weider Persoun, wou d’Geschlecht ze spezifiéiert gouf.

1.762 Niewewierkunge goufen als “net schlëmm” aklasséiert. Et goufen awer och bal 600 sougenannt “schlëmm” Fäll zu Lëtzebuerg. Déi schlëmm Fäll sinn nees a 4 Kategorien ënnerdeelt ginn, déi een an dëser Tabell gesäit.

Ma och wann et 16 verdächteg Doudesfäll a Verbindung mat enger Covid-19-Impfung gëtt, steet de Risk bei enger Impfung a kenger Relatioun zum Risk duerch eng Covid-Infektioun. Zënter der Pandemie sinn zu Lëtzebuerg schonn 1.112 Persounen (Stand 28/07/2022) mat oder u Covid-19 gestuerwen.

De Gesondheetsministère schléisst sech, wat d’Impfungen ubelaangt, dem Avis vun der EMA un. Dës huet confirméiert, dass d’Virdeeler vun den zougeloossene Vaccine weiderhin am Verglach zu den Niewewierkungen iwwerweien. Zemools wann een de Risk vun enger Covid-19-Infektioun, déi domat verbonne Komplikatiounen a méiglech Hospitalisatioune virun Aen huet.

Doudesfäll net confirméiert, mä vermutt

D’Iwwerwaachung vun onerwënschten Niewewierkungen ass eng vun de Saile vum EU-Sécherheetsiwwerwaachungsystem. An dësen Datebanke ginn net nëmmen Niewewierkunge vu Covid-19-Impfunge festgehalen, mä och Niewewierkunge vun all anere Medikamenter. Duerch dës streng Iwwerwaachungen a Kontrolle kann een zum Beispill e Medikament vum Marché huelen oder d’Niewewierkungen op der Medikamentebeschreiwung upassen.

Et muss een awer wëssen, dass d’Informatiounen aus der EudraVigilance-Datebank sech op verdächteg Niewewierkungen, an net op confirméiert Niewewierkunge bezéien. “Den Zweck vun der Iwwerwaachung besteet net doran, all eenzel Matdeelung ze bewäerten, fir ze entscheeden, ob se duerch en Impfstoff oder eppes aneres ausgeléist gouf”, erkläert d’EMA. Et ginn also virop Informatioune gesammelt, net bewäert .

Des Weidere muss ee wëssen, dass déi Informatiounen aus der Datebank vun Eenzelpersounen, Familljememberen oder Leit aus dem Gesondheetswiesen no enger Impfung mat engem Covid-19-Impfstoff gemellt goufen. Dës stinn awer net onbedéngt a Relatioun zu der Impfung. Si kënnen och op ganz aner Grënn zeréckzeféiere sinn, en direkten Zesummenhang ass do nach net erwisen.

E Fazit iwwert d’Risiken an den Notze vun engem Medikament, respektiv vun engem Impfstoff, kann ee just no enger detailléierter Analys a wëssenschaftleche Bewäertungen zéien. Bei verdächtege Fäll mat déidlechem Verlaf ass et awer schwéier, déi reell Doudesursaach erauszefannen. Souguer, wann all Donnéeën an en Autopsiebericht fir eng Analys zu Verfügung stinn, sou d’EMA.

D’Zuele ginn dacks falsch interpretéiert

Der Europäescher Datebank fir Verdachtsfäll no ginn d’Informatiounen no der Aart vun den Niewewierkunge gesammelt. Bei all eenzelem Fall kënne méi wéi eng Niewewierkung festgehale ginn, sou dass den Total vun den Niewewierkungen ni mat der Zuel vun den Eenzelfäll wäert iwwertenee stëmmen. Mä dat gëtt vu verschiddene Leit bei hirer Interpretatioun vun den Donnéeën awer net respektéiert an doduerch kënne falsch a vill méi héich Chifferen an den Ëmlaf kommen, sou wéi dat um Site Impfnebenwirkungen.net de Fall ass. Dës Weidere kann een aus der Datebank déi gemellte Fäll mat déidlechem Ausgang net noliesen. Sou, dass och dës Analys, respektiv Interpretatiounen, déi am Internet verbreet ginn, dacks falsch sinn.

Am Resumé kann ee festhalen, dass een Zuele vu sougenannte Covid-19-Impfdoudegen, déi een iergendwou am Internet fënnt, net direkt fir boer Mënz huele soll. Déidlech Verdachtsfäll sinn net all an ëffentlechen an offiziellen Datebanken ze fannen. Déi reell Zuele kann ee just all Mount an de Sécherheetsrapporte vun der EMA noliesen.

Bei 0.001% vun allen Covid-19-Impfdosen, déi an der EU gesprëtzt goufen, ass d’Persoun duerno gestuerwen. Et handelt sech bei de gemellten Doudesfäll awer an der Majoritéit ëm verdächteg Fäll. Dat heescht, dass zwar en Zesummenhang tëscht dem Doud an der Covid-19-Impfung an deene Fäll méiglech ass, een dëst awer net absolutt sécher noweise kann.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.