Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

RTL-Faktencheck: Kéint d’Stroumnetz zu Lëtzebuerg duerch elektresch Heizungen iwwerlaascht ginn?

RTL-Faktencheck: Kéint d'Stroumnetz zu Lëtzebuerg duerch elektresch Heizungen iwwerlaascht ginn? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© RTL-Grafik

Et ass dat grousst Thema dëse Wanter: D’Energie. Nieft de klammende Präisser gëtt sech och ëmmer nees gefrot, wéi sécher eis Energieversuergung iwwerhaapt ass.

En vue vun där grousser Onsécherheet, speziell wat d’Gasversuergung ugeet, sichen d’Leit no Alternativen, aus Angscht am Wanter am Kale mussen ze sëtzen. Elektresch Heizungen, déi einfach an d’Steckdous gestach kënne ginn an direkt Hëtzt liwweren, ginn do gären als supposéiert Léisung zu deem Problem gesinn. Deementspriechend beléift waren Heizlëfter, Heizstraler a Co. an de leschte Méint dann och an de Baumäert – do ware se plazeweis souguer ausverkaaft. Enger Ëmfro vum däitsche Vergläichsportal Verivox no hunn tëscht Februar an August ronn 10 Prozent vun den iwwer 1.000 befrote Leit eng mobil elektresch Heizung ugeschaaft. Eng weider 11 Prozent géife plangen, sech eng ze kafen, an zousätzlech 19 Prozent hunn driwwer nogeduecht, sech eng zouzeleeën. D’Keef wiere virun allem doduerch motivéiert, datt d’Clienten d’Angscht hunn, hiren Heizungsbedarf anescht net méi decken ze kënnen (41%).

Vergläichbar Situatioun och zu Lëtzebuerg

Op Nofro vun RTL hunn och eng Rei Baumäert, déi där Geräter zu Lëtzebuerg verkafen, dës Tendenz confirméiert. Wärend ee Betrib just vun enger “erhéichter Nofro” schwätzt, geet een aneren do méi an den Detail. An hire Mäert an Däitschland hätt sech d’Nofro un elektreschen Heizungen tëscht Januar an Enn Juni am Verglach zum Joer virdru verduebelt, d’Situatioun wier zu Lëtzebuerg vergläichbar. Aus de Gespréicher mat Clientë géif ervirgoen, datt si sech wënschen, doduerch méi autark an op Noutfäll preparéiert ze sinn. Mä net just bei den elektreschen Heizungen, mee och bei Holz, Gas, Pellets a Kuele wier d’Nofro geklommen – an dat och iwwert de Summer, deen normalerweis als Niewesaison fir dës Produite gëllt.

RTL Elektresch Heizungen waren dëst Joer iwwerduerchschnëttlech vill gefrot. / © John MACDOUGALL / AFP

Wéinst den héije Verkafszuele vun elektreschen Heizungen hunn déi däitsch Brancheverbänn DVGW a VDE schonn am Juli gewarnt, datt et duerch eng Iwwerlaaschtung vum Netz zu Stroumausfäll kéint kommen, wann ze vill där Geräter gläichzäiteg a Betrib wieren: “Mir gesinn déi aktuell Entwécklung mat Suerg, well eis Stroumversuergung fir esou eng gläichzäiteg Zousazbelaaschtung net ausgeluecht ass”, esou den Dr. Martin Kleimaier, Chef vum Fachberäich “Produktioun a Späicherung vun elektrescher Energie” bei der VDE. Well d’Heizgeräter einfach un d’Steckdous ugeschloss kéinte ginn, kéinte si – am Géigesaz zu elektresche Wäermepompelen oder sougenannten “Nachtspeicherheizungen” – am Fall vun enger bevirstoender Netziwwerlaaschtung net vum Netzbedreiwer ausgeschalt ginn.

Mä gëllt dës Warnung och fir Lëtzebuerg? Wéi realistesch ass e gréissere Stroumausfall duerch eng Iwwerfuerderung vum Netz, zum Beispill duerch d’Zousazbelaaschtung vun ze villen Elektroheizungen?

An der Kommunikatioun vum DVGW a VDE rechnen déi däitsch Verbänn vir, wéi et sech op déi däitsch Versuergungssécherheet géif auswierken, wann d’Hallschent vun de Stéit, déi an der Bundesrepublik den Ament mat Gas heizen, gläichzäiteg och nach eng elektresch Heizung géifen notzen. Den Zousazverbrauch géif doduerch bei ronn 20 Gigawatt leien – eng Hausse vun der aktueller Joreshéchstlaascht an Däitschland ëm ronn ee Véierel. D’Conclusioun: Dëst kéinten “weder d’Stroumnetzer nach déi bestoend Kraaftwierker” leeschten.

Op Lëtzebuerg iwwerdroe géif dës Rechnung esou ausgesinn: Am Grand-Duché hëtze ronn 81.000 Stéit hiert Doheem mat Gas. Géifen heivunner elo d’Hallschent (also 40.500) dobäi nach eng mobil elektresch Heizung uschléissen, déi mat enger duerchschnëttlecher Leeschtung vun 2.000 Watt a Betrib wier, da wier dat een zousätzleche Verbrauch vu ronn 81 Megawatt.

Fir dat lëtzebuergescht Netz sollt dës Zousazbelaaschtung allerdéngs kee Problem sinn, heescht et vum Institut Luxembourgeois de Régulation (ILR), dat zu Lëtzebuerg ënnert anerem de Stroum- a Gasmarché iwwerwaacht. Bei enger Spëtzelaascht vun ongeféier 800 Megawatt am Netz vu Creos wier dat deen Ament eng Hausse vun 10 Prozent. Zwar kéint eng Iwwerlaaschtung an Däitschland och ee Problem fir Lëtzebuerg duerstellen, allerdéngs missten dofir wierklech vill Leit gläichzäiteg hir Geräter un d’Netz uschléissen.

RTL De Simeon Hagspiel, Regierungskommissär fir Energie. / © RTL-Archiv

 

De Simeon Hagspiel, Regierungskommissär fir Energie, warnt derfir, elektresch Heizungen als realistesch Heizalternativ ze gesinn – virun allem wéinst de Käschten an dem héijen Energieverbrauch, déi dës Geräter hunn. Gläichzäiteg betount hien awer och, datt d’Versuergungssécherheet zu Lëtzebuerg nach ëmmer héich ass. Fir d’Stroumnetz wier de Risiko vun enger Iwwerlaaschtung duerch dës Geräter “iwwerschaubar” an och allgemeng wier de Risk vun engem groussflächege Stroumausfall duerch Iwwerlaaschtung den Ament “net méi héich wéi sos”, och wann een dëst natierlech ni ganz ausschléisse kéint.

Deem stëmmt och de Camille Hierzig, Deputy Director vum Institut Luxembourgeois de Régulation (ILR), zou. Doriwwer eraus géif et awer och einfach kee Sënn erginn, seng Gasheizung doheem duerch eng mobil elektresch Heizung ze ersetzen. Stroum gëtt net nëmmen iwwer Wand-, Sonnen- a Atomenergie produzéiert, mee a ville Fäll och mat Gas. Dës Zort Stroum wier duerch den aktuelle geopolitesche Kontext den Ament am deiersten an der Produktioun. Wann ee seng Wunneng wéilt mat engem Heizlëfter wiermen, misst fir d’éischt emol aus dem Gas Stroum gemaach ginn, fir d’Maschinn ze alimentéieren. Do wieren esou vill Perten dertëscht, datt et vill méi effizient wier, direkt iwwer d’Gasheizung ze fueren. Bei Wäermepompele gëllen nach emol aner Iwwerleeungen wéi beispillsweis bei Heizlëfter, wëll dës Heizsystemer ronn zwee- bis fënnefmol manner Energie verbrauchen.

RTL De Camille Hierzig vum ILR. / © RTL-Archiv

Dëse Gedanke kann een awer och ëmdréien. Wann ee bis am Fall wier, datt de Gas an de Privatstéit duerch ee Manktem géif ausfalen, da wier dem Camille Hierzig no d’Situatioun um Marché och esou, datt Gaskraaftwierker kee Stroum méi géife produzéieren. An deem Fall wier eng elektresch Heizung dann och keng Alternativ méi.

Och wat d’Neeseropfuere vun der Stroumversuergung ugeet, gesinn de Simeon Hagspiel an de Camille Hierzig kee gréissere Problem duerch d’Presenz vun elektreschen Heizkierper. Wann elo all Haushalt esou Geräter gläichzäiteg um Netz hätt, kéint et scho lokal zu enger Iwwerlaaschtung kommen an duerch eng punktuell Iwwerhëtzung am System kéint en Deel vum Netz nom Neeseropfueren theoretesch erëm zesummebriechen. Dës Situatioun wier awer “extreem onwarscheinlech”, esou de Camille Hierzig, well dat deen Ament da wierklech all Mënsch gläichzäiteg maache misst. Et wier dann och héchstens ee lokale Problem.

Wéi heefeg si Stroumausfäll zu Lëtzebuerg a wat sinn d’Grënn derfir?

“An de Stroumnetzer, wéi an all techneschem System, kann emol eppes schifgoen, eppes futtigoen an da kënnt et zum Stroumausfall, wéi mir dee kennen”, erkläert de Camille Hierzig vum ILR. Esou wier dat zum Beispill och Mëtt September zu Diddeleng gewiescht, wou de Stroum duerch eng Kabelpann zweemol bannent just dräi Deeg ausgefall war. Wéi aus enger parlamentarescher Äntwert vum Energieminister un den CSV-Deputéierte Marc Spautz ervirgeet, war den Ersatz vum Kabel aus den 80er Joren u sech fir 2023 programméiert, gëtt elo awer virgezunn.

Groussflächeg Stroumausfäll kommen éischter seele vir. Meeschtens wieren et lokal Ausfäll, entweder duerch ee futtist Element oder duerch eng lokal Iwwerlaaschtung ausgeléist géife ginn, erkläert de Camille Hierzig. En ale Kabel – wéi deen zu Diddeleng – kéint duerch eng héich Belaaschtung séier ze waarm ginn, wat em dann de leschte Coup géif ginn. Dat hätt et schonn ëmmer ginn a géif och an Zukunft nach virkommen. Heizlëfter hätten hei allgemeng awer just e “marginalen Effekt”. Ëmmerhi géifen et zu Lëtzebuerg jo och eng 10.000 Elektroautoe ginn – trotzdeem wier et doduerch nach ni zu enger Iwwerlaaschtung vum Netz komm. [Umierkung vun der Redaktioun: Op den 1. November 2022 waren dem STATEC no zu Lëtzebuerg souguer schonn eng 13.000 elektresch Autoen immatrikuléiert]

Tatsächlech sinn Ënnerbriechunge vun der Energieversuergung duerch eng Surcharge vum Netz, déi esou och kloer identifizéiert ka ginn, verhältnesméisseg seelen. Op Nofro erkläert Creos, datt am Joer 2020 just 13 Pannen eendeiteg op eng Iwwerlaaschtung konnten zeréckgefouert ginn. Am Joer 2021 ware 15 Pannen duerch eng Surchage bedéngt.

Kuckt ee sech déi méi detailléiert Joresiwwersiicht am Rapport iwwer d’Versuergungssécherheet am Stroumberäich zu Lëtzebuerg un, stécht bei den ongeplangte Stroumënnerbriechunge virun allem d’Joer 2021 an d’An. Goufen et am Joer 2020 nach 541 ongeplangte Stroumënnerbriechungen, waren et der 2021 am ganzen 888.

Eng Erklärung fir de Peak am vergaangene Joer liwwert de Rapport allerdéngs och direkt mat. Duerch déi schwéier Iwwerschwemmungen am Joer 2021 sinn – trotz preventive Mesuren, wéi zum Beispill der kontrolléierter Ënnerbriechung vun der Stroumversuergung – eng Rei Statiounen um Niveau vum Mëttelspaanungsnetz ausgefall. Tatsächlech louch den Taux vun den ongeplangten Ënnerbriechungen duerch d’Wiederverhältnësser oder Force Majeure am Joer 2021 bei 15,5 Prozent, vis-à-vis vu just 4 Prozent am Joer 2020 (2019 2,2%, 2018 5,2%).

Kuckt ee sech den Zäitraum tëscht Januar an August 2022 am Netz vu Creos un, goufen et nees wéineger Stroumausfäll, wéi an deenen nämmlechte Méint am Joer virdrun. Waren et an den éischten aacht Méint vum Joer 2021, an déi och d’Iwwerschwemmunge vum 15. Juli falen, insgesamt 446 Stroumpannen am Creos-Netz zu Lëtzebuerg, déi am Schnëtt 167,33 Minutte gedauert hunn, esou waren et der 2022 just 416, déi am Schnëtt no 153,76 Minutten nees behuewe waren.

Suergen net virun Iwwerlaaschtung, mee viru Penurie an der Stroumproduktioun

Souwuel de Camille Hierzig um ILR, wéi och de Regierungskommissär fir Energie, Simeon Hagspiel, maache sech wéineger Gedanken iwwert iwwer eng Iwwerlaaschtung vum Netz duerch en ze héije Stroumverbrauch, wéi ëm eng ze niddreg Stroumproduktioun. De Grand-Duché produzéiert just eng 20 Prozent vum eegene Bedarf. Lëtzebuerg kann een a Saache Stroumnetz net isoléiert betruechten: “Europa insgesamt ass u sech ee grousst Stroumnetz, obwuel et regional organiséiert ass. Lëtzebuerg ass mat Däitschland ee Marchésgebitt”, erkläert de Camille Hierzig.

Op der Produktioussäit feelt et den Ament engersäits u Gas, mat deem Stroum gemaach ka ginn. Op der anerer Säit gëtt den Ament awer och wéineger Stroum duerch Atomenergie produzéiert. Wéinst Maintenanceaarbechten an Inspektioune sinn aktuell ronn d’Hallschent vun den 56 franséische Reakteren ausser Betrib a liwwere kee Stroum. Frankräich ass domat vum Stroum-Export-Land zum Stroumimporteur ginn, an dat zu engem denkbar schlechten Zäitpunkt. Dëse Manktem dréckt da sengersäits nees de Präis vum Gas an d’Luucht.

Allgemeng wier d’Situatioun an deem Beräich méi ugespaant, mee och net esou, datt ee se misst dramatiséieren, betount de Camille Hierzig. “Vum Prinzip hier ass de Marché esou organiséiert, datt sech ëmmer een Equiliber bitt. Entweder doduerch, datt méi Produktioun ass oder méi Gas importéiert gëtt, a wann do iergendwann d’Limitt erreecht ass, geet de Präis virun an d’Luucht, bis et de Clienten ze deier gëtt.”

Dëst gëllt ënner anerem fir Produktiounsbetriber, déi besonnesch energieintensiv schaffen: “Fir e Betrib, deen Aluminium schmëlzt, ass et da villäicht méi gënschteg, den Aluminium sossanzwousch aus der Welt ze importéieren, wéi datt en an Europa mam deieren europäesche Stroum geschmolt gëtt”, erkläert de Camille Hierzig.

Hutt Dir Froen oder Ureegunge fir aner Themen? Da mellt Iech ënnert dëser E-Mail-Adress bei der RTL-Faktencheckredaktioun: [email protected]

Links

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.