Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

RTL-Faktencheck: “Profitéiert” Lëtzebuerg vum europäesche Budget?

RTL-Faktencheck: "Profitéiert" Lëtzebuerg vum europäesche Budget? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© ENVATO

Kritt Lëtzebuerg vill méi Sue vum europäesche Budget, wéi et derzou bäidréit?

Et ass eng Kritik, déi et scho laang gëtt: Dat räicht Lëtzebuerg soll ze vill Suen aus dem EU-Budget kréien; vill méi, wéi et dozou bäidréit. Kuerz gesot: Lëtzebuerg wär e “grousse Profiteur”. Och wann d’Zuelen dat op den éischte Bléck ze confirméiere schéngen, stécht Lëtzebuerg dës europäesch Suen net onbedéngt an d’Täsch.

Lëtzebuerg ass e räicht Land. Souguer immens räich, wann een eng Rei Facteure kuckt: Weltmeeschter am PIB pro Awunner (131.300 $), Champion a Saache Kafkraaft an Europa, 7 % vun den Awunner sinn (op d’mannst) Millionären an déi gutt Finanze vum Land gi vun de Rating-Agencë reegelméisseg mat engem Triple A belount.

An dësem Kontext kann ee sech virstellen, dass dat räicht Groussherzogtum keng Ënnerstëtzung vun der Europäescher Unioun bräicht, fir seng Pläng ëmzesetzen.

An awer fléissen all Joer EU-Suen op Lëtzebuerg, wat net jidderengem gefält an d’Virstellung opkomme léisst, Lëtzebuerg wär ee vun de gréisste Profiteure vum EU-Budget. Firwat sollt Europa, wa Länner wéinst der aktueller Kris de Rimm méi enk zéie mussen, weiderhi Projeten a Länner ënnerstëtzen, déi sech largement selwer finanzéiere kéinten?

Fir ze kucken, ob dës Kritik berechtegt ass, geheie mir e Bléck op déi lescht Zuele vun der Europäescher Kommissioun.

Am Joer 2020 huet Lëtzebuerg e Bäitrag vu 407,4 Milliounen Euro zum EU-Budget geleescht. Am selwechte Joer huet Lëtzebuerg méi wéi 2,4 Milliarden Eurovun der EU kritt. Dës Sue goufe follgendermoossen opgedeelt:

1,696 Milliarden Euro fir administrativ Käschten
614,7 Milliounen Euro fir déi ekonomesch Croissance an Integratioun
68,7 Milliounen Euro fir nohalteg Croissance
65,2 Milliounen Euro fir Sécherheet a Citoyennetéit

Dat mécht e “Gewënn” vu bal 2 Milliarden Euro. Beandrockend Zuelen, zemools d’Suen, déi vu Bréissel kommen, all Joer méi héich ginn, wéi déi nächst Grafik weist:

RTL © EU-Kommissioun

Gewënner a Verléierer

Kuerz gesot, wann ee sech just op dës Zuele baséiert, kéint ee soen, dass Lëtzebuerg vum EU-Budget profitéiert. Well op der Säit “Toute l’Europe” heescht et:

  • Länner wéi Däitschland, Italien, Holland, Schweden, Dänemark an Éisträich sinn traditionell “Netto-Contributeuren”, well si méi ginn, wéi si vun der EU kréien.
  • Dogéint sinn eng Rei Länner aus dem Süden an Osten (Polen, Ungarn, Tschechien, Rumänien, Griicheland, asw.) “Netto-Beneficiairen”, well si méi kréien, wéi si der EU ginn.

Wéi een op der Grafik gesäit, wär Lëtzebuerg domat en “Netto-Beneficiaire”. Jo, awer et ass esou: “Dës Manéier fir just d’Comptabilitéit ze kucken huet eng Rei Limitten”, warnt och “Toute l’Europe”.

Zu Gonschte vun … den europäeschen Institutiounen

Dës Manéier vu Berechnung ass virun allem dowéinst ierféierend, well se déi besonnesch Situatioun vu bestëmmte Länner wéi Lëtzebuerg an d’Belsch net consideréiert.

Effektiv geet de gréissten Deel vun den EU-Suen an de Fonctionement vun den EU-Verwaltungen an hirem Land investéiert. Sou gi vun den 2,4 Milliarden Euro, déi d’EU am Joer 2020 u Lëtzebuerg bezuelt huet, net manner wéi 1,696 Milliarden Euro (déi uewe genannte “Verwaltungskäschten”) fir d’Finanzéierung vun den EU-Institutiounen, déi hire Sëtz zu Lëtzebuerg hunn, wéi den Europäesche Geriichtshaff, den Europäesche Rechnungshaff, den Iwwersetzungszenter, asw., genotzt.

D’Claire Joawn, Pressespriecherin fir Budget an Administratioun bei der Europäescher Kommissioun, huet erkläert: “Den Impakt vun der Administratioun op den EU-Haushalt zu Lëtzebuerg ass immens grouss, well Lëtzebuerg ee vun den zwee Haaptsëtzer vun den EU-Institutiounen* ass an e groussen Deel vum Personal vun der Kommissioun – virun allem an den Domainë Finanzen an Informatik – an och vun aneren Institutiounen do schafft.”

*Nott vun der Redaktioun: D’EU-Institutioune sinn op véier Stied opgedeelt, datt op Bréissel, Lëtzebuerg, Stroossbuerg a Frankfurt

Aus dësem Grond huet déi Europäesch Kommissioun eng aner Berechnungsmethod gewielt, bei där besonnesch Administratiounskäschten an Zollrechter** net consideréiert ginn. An op eemol steet Lëtzebuerg net méi op der Säit vun de Contributeuren, wéi dës Kaart (fir den Zäitraum 2016-2018) weist:

“D’Exklusioun vun de Verwaltungskäschte verännert de Solde net vun de Länner, an deenen et EU-Institutioune gëtt, virun allem an der Belsch an zu Lëtzebuerg: Et gesäit sou aus, wéi wann dës Staaten Netto-Contributeure fir den EU-Budget wären“, confirméiert de Stéphane Saurel a sengem Buch “Le budget de l’Union européenne“.

De Max Dörner, Attaché am Generalsekretariat vum Lëtzebuerger Finanzministère, huet eis op Nofro hi confirméiert: “Jo, Lëtzebuerg ass en Netto-Contributeur fir den Haushalt vun der Europäescher Unioun. Et gëtt Schwankunge vu Joer zu Joer, mee de systemateschen Trend weist éischter, dass de Bäitrag vu Lëtzebuerg méi héich ass wéi déi operationell Depensë vum EU-Fonds am Land”.

Et gëtt och eng aner Berechnungsmethod, déi d’Resultat net méi a Milliarden Euro, mee a Prozenter vum PIB duerstellt. Och hei gëtt Lëtzebuerg (am Joer 2018) zu engem Netto-Contributeur:

Um Enn ass nach ze bemierken, dass och méiglech Regulariséierunge a Consideratioun musse ginn. Sou huet Lëtzebuerg am Februar 2022 247,7 Milliounen Euro un den EU-Budget fir den Zäitraum 2010-2020 missen zeréckbezuelen, well “d’Performance vun der Lëtzebuerger Ekonomie an de leschten zéng Joer” eng Hausse vun der Contributioun gerechtfäerdegt huet.

Den neie Berechnungen no ka Lëtzebuerg just schwéier virgeheit ginn, den EU-Budget als Mëllechkou ze notzen.

Virdeeler, déi net ze chiffréiere sinn

E weidere Grond, firwat een net just d’Berechnunge vu “Contributeuren” a “Beneficiairë” kucke sollt, ass, dass “déi lescht genannt de falschen Androck vermëttele kéinten, dass den EU-Budget just aus ‘Donneur’ a ‘Receveur’ besteet, wat awer net de Fall war”, sou d’Joawn.

“Insgesamt kann an däerf den EU-Budget net just op een einfacht Geschäftsjoer reduzéiert ginn. D’Virdeeler vun der EU-Memberschaft si bei wäitem méi grouss wéi d’Bäiträg zum EU-Budget. Alleguer d’Memberstaate profitéiere vun der Participatioun vum Bannemaart, engem gemeinsamen Usaz fir d’Bewältegung vun de gemeinsamen Defien ewéi Migratioun, Terrorismus a Klimawandel souwéi vu konkreete Virdeeler, wéi enger besserer Verkéiersinfrastruktur, modernen an digitalen ëffentlechen Servicer an enger fortschrëttlecher medezinescher Behandlung”, erkläert si weider.

Fir op d’EU-Institutiounen zeréckzekommen: Hir Presenz zu Lëtzebuerg huet och e Virdeel, deen net ze ignoréieren ass. D’Europäesch Kommissioun erënnert dorun, dass Lëtzebuerg “indirekt an a groussem Ëmfang vun de Verwaltungskäschte vun der EU profitéiert.” Virun allem dowéinst, well “ronn 13.000 EU-Beamten zu Lëtzebuerg schaffen an e bedeitende Bäitrag zur nationaler a lokaler Wirtschaft vu Lëtzebuerg a senger Groussregioun leeschten.”

Zum Schluss nach de Punkt, wat konkreet mat de Milliounen Euro geschitt, déi aus dem EU-Budget op Lëtzebuerg fléissen.

Wat geschitt mat de Suen, déi Lëtzebuerg kritt?

Zu Lëtzebuerg gëtt de Groussdeel vun der EU-Finanzéierung an d’Verwaltungskäschte vun den EU-Institutiounen, déi zu Lëtzebuerg ugesidelt sinn, investéiert ginn.

Wat de Rescht vun dëse Mëttele betrëfft, ass et schwéier ze soen, wat domat geschitt. Well déi finanziell Echangen esou komplex sinn, ass et fir d’Ëffentlechkeet net einfach, konkreet ze wëssen, wou hin dës Millioune fléissen. Mir hu beispillsweis weder eng Internetsäit nach e Rapport fonnt, an deem d’Zukunft vum EU-Budget am Grand-Duché op den Cent genee beschriwwe gëtt.

Déi Europäesch Kommissioun erkläert awer, dass den anere wichtegen Deel vun der EU-Finanzéierung zu Lëtzebuerg fir d’Fërderung vu Wuesstem a Beschäftegung ass. Suen aus dem EU-Budget ginn och fir “déi finanziell Ënnerstëtzung vu Studenten, Wëssenschaftler, Baueren, ONGen, PMEen, Gemengen a villen anere Begënschtegen zu Lëtzebuerg” genotzt.

RTL © EU-Kommissioun

Millioune vun Euroe gi fir Projete wéi d’Erweiderung vum Reseau vun Opluetstatioune fir Elektrogefierer (Grafik uewen), digital Moyene fir de medezinesche Suivi, wéi Telemedezin, en “Naturpakt” mat de Gemenge fir d’Erhale vun der Aartevillfalt, d’Ënnerstëtzung vun der Weltall-Firma OHB LuxSpace oder d’Produktioun vu Solarenergie um Site NeiSchmelz zu Diddeleng bereetgestallt.

Op en Neits kann een net sécher sinn, dass d’Bierger iwwer dës europäesch Hëllefsleeschtungen informéiert sinn, och wann dës hiert Liewen am Alldag verbesseren.

**Wéi de Stéphane Saurel a sengem Buch “Le budget de l’Union européenne” schreift, “ginn déi traditionell Eegeressourcen am Bäitrag vun den eenzele Memberstaate consideréiert, obwuel se net den tatsächleche Bäitrag vun de Memberstaaten erëmspigelen. Dat féiert zu enger kënschtlecher Hausse vun der Belaaschtung fir d’Staate mat groussen Häfen (virun allem d’Belsch an Holland), déi esou am Numm vun der Europäescher Unioun als Kollekter vun den Douanesrechter fungéieren.”

Liest zu dësem Sujet och:  D’où vient le budget de l’Union européenne ? Comment est-il dépensé ?

Links

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.