Scroll Top

Faktencheck: Netflix huet der Kamala Harris keng 7 Milliounen Dollar gespent

Faktencheck: Netflix huet der Kamala Harris keng 7 Milliounen Dollar gespent - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© RTL-Grafik

Bäiträg a Sozialen Netzwierker ruffen zum Boykott vun Netflix op, nodeem falsch Behaaptunge verbreet goufen, dass d’Entreprise 7 Milliounen Dollar fir de Presidentschaftswalkampf vun der Kamala Harris gespent soll hunn. De Reed Hastings, Matbegrënner a CEO vun Netflix, huet der Harris eppes gespent, awer de Streaming-Déngscht selwer hätt keng Sue fir d’Campagneskeess vun der Vizepresidentin ginn, wéi en der AFP sot.

“Netflix huet grad 7 Milliounen Dollar un d’Kamala gespent, BYE BYE Netflix! Kënnegt Ären Abo nach haut”, ass an engem Facebook-Bäitrag vum 2. August 2024 ze liesen.

D’Behaaptung gouf och op de Plattformen X, TikTok, Instagram an op Spuenesch verbreet, nodeem den US-President Joe Biden e Réckzuch gemaach huet, fir als President erëmgewielt ze ginn, an elo d’Harris ënnerstëtzt.

RTL © AFP

RTL © AFP

D’Harris, déi d’Zil vun Desinformatioun gouf, wéi si hire Walkampf gestart hat, huet sech bannent e puer Deeg d’Nominéierung vun der Demokratescher Partei fir d’Presidentiellen am November geséchert.

Angabe vun der US Federal Election Commission (FEC) (hei archivéiert) no huet si zënter dem 30. Juni 2024 méi wéi 284 Milliounen US-Dollar u Spende kritt, awer d’Gelder koumen net vun Netflilx oder vu sengem politeschen Aktiounscomité (PAC; engl. Political Action Committee) FLIXPAC.

D’FEC erkläert op hirer Internetsäit: “Campagnen ass et verbueden, Spende vun Entreprisen unzehuelen” (hei archivéiert). Allerdéngs kënnen Entreprisë politesch Aktiounscomitéen an d’Liewe ruffen, wéi et Netflix am Joer 2012 gemaach huet.

Angabe vun der FEC no huet de PAC vun der Entreprise am Zäitraum 2023-24, wou Sue fir d’Walcampagne gesammelt dierfe ginn, kee Geld agesäckelt oder ausginn (hei archivéiert).

Individual Spend

Eng Stéchwierdersich féiert zu engem Artikel vun “The Information” vum Juli 2024, wou drasteet, dass den Hastings, deen ee vun de gréisste Finanzéierer vun der Demokratescher Partei wär an de Biden zum Réckzuch vu senger Kandidatur opgefuerdert hätt, perséinlech 7 Milliounen Dollar un e PAC gespent huet, déi d’Harris ënnerstëtzt, fir Presidentin vun de Vereenegte Staaten ze ginn. Den Hastings sot, et wär seng gréisst Spend fir d’Ënnerstëtzung vun engem eenzege Kandidat.

“Dëst ass eng perséinlech Spend vum Reed [Hastings] an huet kee Lien mat Netflix”, sot en Netflix-Spriecher der AFP den 1. August. De Spriecher huet nach bäigefüügt, dass d’Plattform keen Don un d’Harris getätegt huet.

Dem Hastings säi Geld goung net direkt un der Harris hir Walcampagne, mee un e PAC.

Den Andrew Mayersohn (hei archivéiert), e Fuerscher bei der Non-Profit-Gesellschaft OpenSecrets, déi Geld fir d’Politik a Walcampagnen zeréckverfollegt, sot: “Bäiträg fir Presidentschaftskandidate sinn op 3.300 Dollar pro Wal begrenzt, oder 6.600 Dollar fir e Kandidat, fir deen eng Virentscheedung (Primaries) oder Parlamentswal usteet.”

Persounen, déi méi spende wëllen, maachen dat dacks iwwer e PAC. “Ëmmer wann et e Bericht iwwer e siwestellege Betrag op federalem Niveau gëtt, ass et eng extern Grupp u Spenderen, déi onbegrenzt Contributiounen akzeptéiere kann”, sot hien.

De Mayersohn sot, dass, vu dass d’Spend rezent getätegt gouf, OpenSecrets nach keng Opzeechnunge vun dësem Don hätt. Aner Faktencheck-Organisatiounen hu gemellt, dass d’Geld un e Super-PAC mam Numm Republican Accountability PAC goung.

D’Anne Zald (hei archivéiert), eng Expertin fir d’Reguléierung vum Gouvernement, sot, de Wuertgebrauch an de Bäiträg ass falsch, well d’federaalt Walkampfgesetz et eendeiteg “Entreprisen a Gewerkschafte verbitt, Sue fir Walcampagnen direkt aus hiren eegene Recetten ze leeschten”.

Der Zald no gouf d’Reegelung 1972 “matzen am Watergate-Skandal an den domat verbonnene Bedenken hisiichtlech de Walkampfspenden decidéiert an zënterhier e puermol duerch Gesetzer an Entscheedunge vum Supreme Court (Iewescht Geriicht an den USA, Um. v. d. Red.) geännert.”

D’AFP huet weider Behaaptungen iwwer d’US-Presidentschaftswalen 2024 iwwerpréift.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.