Scroll Top

Be Election Smart

Be Election Smart

EDMO lancéiert d’Campagne ‘Be Election Smart’ am Virfeld vun den Europawalen 2024 

Bei den Europawalen 2024 wäerte Millioune vun Europäer eng entscheedend Roll spille fir d’Zukunft vun der europäescher Demokratie duerch hir Stëmmen ze gestalten. Am Virfeld vun de Wale goufe wäit verbreet Desinformatiounscampagnen an der EU entdeckt, déi de Walprozess ënnergruewen. 

 Als Äntwert op dës dréngend Erausfuerderung lancéieren EDMO an d’EDMO Hubs eng Online Campagne mam Titel ‘Be Election Smart’, um Méindeg, den 29. Abrëll. Dës Campagne dauert sechs Woche laang a soll den europäeschen Bierger hëllefen d’Informatiounslandschaft ronderëm d’Europawalen ze navigéieren. All Méindeg gëtt en neie ‘Be Election Smart’-Message verëffentlecht, zesumme mat prakteschen Tipps. D’Bierger sollen encouragéiert gi fir ze erkennen op d’Informatiounen, déi se fannen, korrekt an zouverlässeg sinn. Dës Messagen an Tipps ginn iwwer d’EDMO-Netzwierker verbreet an an déi verschidden EU Sprooche vun de lokalen EDMO Hub Experten iwwersat. Sou ginn Accessibilitéit a Relevanz fir lokal Kontexter, sou wéi Nuancen a kulturell Referenze garantéiert. 

’Be Election Smart’ Campagne hofft als Guide vun der Selbstbestëmmung den europäesche Bierger ze erlaben, informéiert Entscheedungen ze treffen an d’Integritéit vum demokratesche Prozess ze schützen.  

Be Election Smart: Lies méi wéi den Titel

D’Liewen ass komplizéiert an sou ass d’Politik. Titele sinn dofir gemaach datt se engem an d’A sprangen, mee se kënnen der net déi ganz Story ginn, genau sou wéi e Post op de Soziale Medien dat och net kann. Wann ee mengt dat kéint net sinn, ass et warscheinlech och net wouer. Liest dofir déi ganz Story, net just den Titel. #BeElectionSmart

Be Election Smart: Lies méi wéi den Titel

Clickbait-style Titelen a Posts kënne mat Absicht ierféierend si well se dofir gemaach goufe staark Gefiller an engem opzebréngen, déi een dozou dreiwen de Post ze deelen.

Be Election Smart: Betruecht dat Ganzt

E puer Klicks ginn duer fir e Contenu ze changéieren oder ze erweidere fir deem Ganzen eng komplett nei Meenung an en neien Narrativ ze ginn. Wann Dir ee Video gesitt oder eng Opnam héiert vun enger ëffentlecher Persoun déi eppes Räisseresches seet, Sidd opmierksam, well et kéint ee Fake sinn. #BeElectionSmart

Be Election Smart: Betruecht dat Ganzt

Kënschtlech Intelligenz (KI) Technologië kënne Biller oder Videoe kreéieren, déi wéi richteg Leit ausgesinn, mee komplett Fake sinn. Dëst beinhalt Deep Fake Videoen. Opname mat just Audio si virun allem schwéier ze verifiéieren. Kuckt Fotoen a lauschtert Opnamen online ëmmer mat engem kriteschen A – virun allem wann se eng staark emotional Reaktioun provozéieren.

Be Election Smart: Just well et viral ass, heescht net datt et wouer ass

Desinformatioune provozéieren oft eng staark emotional Reaktioun an droen dozou bäi datt Contenu gedeelt gëtt a Momenter wou ee rosen ass, sech freet oder eppes net gleeft – mee gleeft net alles wat online viral geet. Bots oder Fake Konten kënnen den Algorithmus ausnotze fir d’Präsenz vum Contenu online ze verstäerken.#BeElectionSmart

Be Election Smart: Just well et viral ass, heescht net datt et wouer ass

Sozial Medien an Noriichten-Apps maachen et immense einfach fir Informatiounen op séiere Wee mat enger grousser Grupp u Leit ze deelen. Ausserdeem ginn KI-assistéiert Technologië genotzt fir Fake-Profiller ze kreéieren an falschen an net akkurate Contenu ze fërderen, deen da viral geet ouni dass en authentesch gedeelt gouf.

Be Election Smart: Kuckt datt Dir Är Informatiounen vu méi wéi enger Source kritt

Wann eng Informatioun just vun enger Source a vun engem ‘Medientyp’ gemellt gëtt, wäert et warscheinlech net déi ganz Story sinn. Frot Iech wien déi Informatioun produzéiert huet, wisou a wéi et dir dru komm sidd? #BeElectionSmart

Be Election Smart: Kuckt datt Dir Är Informatiounen vu méi wéi enger Source kritt

Et gi verschidde redaktionell Reegelen tëschent de verschidde Medientypen. Am generelle kann een dovunner ausgoen, dass Saachen déi diffuséiert oder geprint gi mei oft kontrolléiert gi wei Informatiounen online.

Be Election Smart: Liest/ Kritt är Informatiounen bei ‘reliable’ Sourcen

Sicht zouverlässeg Informatioune vun offizielle Sourcen doriwwer wéi, wéini a wou een un de Walen deelhuele kann. Kuckt hei 👉 https://loom.ly/T1NG9yk a sidd virsiichteg bei all Contenu dee suggeréiert, datt Bedruch kéint geschéien. #BeElectionSmart

Be Election Smart: Liest/ Kritt är Informatiounen bei ‘reliable’ Sourcen

Desinformatiounen ëm den Ofstëmmungsprozess ginn oft virun mee och no de Walen diffuséiert. Sou gëtt probéiert de Prozess ze delegitimiséieren duerch onbegrënnt Behaaptungen iwwert Walbedruch, auslänneschen Afloss an onfaire Mëttelen. 💡https://loom.ly/3FgML1E

Be Election Smart: Wann der Iech net sëcher sidd, frot een Expert

Wann Dir Iech net sécher sidd iwwer eng Story oder ee Post deen dir gesitt hutt, da kënnt Dir ëmmer een Expert froen, an d’Informatioun melle wann se net authentesch ass. [Zeréck linken zu den lokalen EDMO Hub fact-checkers – EDMO kéint zeréck linken bei d’Kaart zu den fact-checking Organisatiounen an der EU: https://edmo.eu/resources/repositories/fact-checking-organisations-in-the-eu/ ].Onofhängeg Fact-Checkers kucke Contenu, deen online publizéiert ass, a beurteelen d’Genauegkeet.

Be Election Smart: Wann der Iech net sëcher sidd, frot een Expert

D’EDMO Elections Task Force publizéiert deeglech Updates iwwer Desinformatioun iwwert d’Walen 🛎️ https://loom.ly/pyUTNU4 an d’European Fact-Checking Standards Network huet eng Datebank vu verifiéierten Wal-Informatiounen. https://loom.ly/XuXODcQ