
D’amerikanesch Regierung huet am Mee 2025 e Bericht iwwer chronesch Krankheete bei Kanner a Jugendleche virgeluecht. Op d’mannst véier vun den doran zitéierten Etüden existéieren awer net, wéi Autorinnen an Auteuren, déi um Dokument geschafft hunn, souwéi och Editiounshaiser der AFP matgedeelt hunn.
Dat wërft Zweiwel um Pabeier op, an deem den amerikanesche Gesondheetsminister Robert F. Kennedy Jr. säi Programm duerleet.
De mat Spannung erwaarte Bericht “Make America Healthy Again” (op Lëtzebuergesch: “Maach Amerika nees gesond”) gouf den 22. Mee 2025 vum amerikanesche Gesondheetsminister Robert F. Kennedy Jr. virgeluecht. De “MAHA”-Raport vun 72 Säite geheit e kritesche Bléck op d’Liewensmëttelversuergung an den USA souwéi op d’Auswierkunge vu Pestiziden a verschreiwungsflichtege Medikamenter. E stäipt sech dobäi op iwwer honnert Etüden. Am Bericht ginn amerikanesch Kanner als iwwerméisseg medikamentéis a gläichzäiteg mangelhaft erniert beschriwwen. Ausserdeem schwätzt ee sech fir eng weider Préiwung vum Impfplang fir Kanner aus. Mä am Bericht sinn och vill falsch Zitater a Links dran, an e schreift Autorinnen an Auteure wëssenschaftlech Aarbechten zou, déi bestreiden, dës verfaasst ze hunn.
D’Pressespriecherin vum Wäissen Haus Karoline Leavitt huet d’Feeler wärend engem Point-presse den 29. Mee 2025 als “Formatéierungsproblemer” erofgespillt. “Dat mécht d’inhaltlech Substanz vum Bericht net méi schlecht”, sot d’Leavitt. Si huet dem Gesondheetsminister Kennedy a senger Ekipp ausserdeem d’Vertrauen ausgeschwat a betount, hir Aarbecht géif op “zolitter Wëssenschaft” berouen.
© AFP
“Notus”, en amerikaneschen Noriichteportal, hat den 29. Mee 2025 als éischte Medium vun dëse Problemer geschwat. De Portal huet Verbindunge mam gemengnëtzegen Allbritton Journalism Institute.
Den Noah Kreski, e Fuerscher vun der Columbia University, deen am Bericht als Auteur vun enger Etüd iwwer Angschtzoustänn an Depressioune bei Jugendleche wärend der Covid-19-Pandemie opgefouert ass, sot géintiwwer der AFP, de Pabeier wär “keng vu sengen Etüden” a “schéngt iwwerhaapt keng existéierend Etüd ze sinn”. Am originalen Zitat war och e Link dran, deen angeeblech bei en Artikel an der wëssenschaftlech gepréifter medezinescher Fachzäitschrëft “Jama Pediatrics” féiere sollt, mee de Link huet net funktionéiert. Den Jim Michalski, e Spriecher vum Jama Network, sot, den Artikel wär “net bei ‘Jama Pediatrics’ oder an enger anerer Zäitschrëft vum Jama Network verëffentlecht ginn.”
D’Epidemiologin Katherine Keyes vun der Columbia Universtity, déi och als Autorin vun der angeeblecher Jama-Etüd opgeféiert gouf, sot géintiwwer der AFP, dass si zwar zu deem Sujet fuersche géif, awer net wësse géif, vu wou déi hir zougeschriwwe Statistike stame géifen. Weider sot si, dass si “dës Aarbecht net verfaasst” hätt. Si huet sech iwwer de Feeler besuergt gewisen a sot: “Zitatiounspraktike sinn e weesentleche Bestanddeel vu wëssenschaftlecher Rigurositéit a Berichterstattung.” Si huet bäigefüügt, dass si der Kommissioun gär hir tatsächlech Fuerschung iwwer depressiv Symptomer bei Jugendlechen a jonken Erwuessenen zoukomme loosse géif, “fir de Bericht ze korrigéieren, obwuel ech bis elo keng Informatiounen doriwwer krut, wéi ech si erreeche kann”.
De Guohua Li, e weidere Professer vun der Columbia University, deen am Bericht zitéiert gëtt, sot, de Verweis wär “vollstänneg erfonnt” an hie géif de Kreski net emol kennen.
D’AFP huet och mam Harold Farber, Professer fir Pediatrie um Baylor College of Medicine, geschwat, deen erkläert huet, d’Etüd am Rapport, déi him zougeschriwwe gëtt, “existéiert net” an hien hätt ni mat den am Bericht ernimmte Co-Auteuren zesummegeschafft.
Genee sou huet de Brian McNeill, Spriecher vun der Virginia Commonwealth University, confirméiert, dass de Robert Findling, Professer fir Psychiatrie, net den Auteur vun engem Pabeier wär, deen him am Bericht zougeschriwwe gëtt an dee sech mat Reklamm fir Psychopharmaka bei Jugendleche befaasse soll.
Eng véiert Aarbecht iwwer Medikamenter bei Opmierksamkeetsdefizit-/Hyperaktivitéitsstéierungen (ADHS) gouf och net wéi behaapt an der Zäitschrëft “Pediatrics” am Joer 2008 verëffentlecht, sou den Editeur, d’American Academy of Pediatrics. Eng Stéchwierdersich huet e Bloggartikel mam selwechten Titel wéi den angeebleche Pabeier fonnt. Allerdéngs staamt dëse vun engem aneren Auteur an ass keng fachlech iwwerpréift Publikatioun.
Den Democratic National Committee (DNC), dat nationaalt Gremium vun der Demokratescher Partei an den USA, huet de Bericht an engem Pressecommuniqué vum 29. Mee 2025 mat de Wierder “voller Feelinformatiounen” schaarf kritiséiert. Den DNC huet erkläert, dem Kennedy säi Ministère “rechtfäerdegt seng politesch Prioritéite mat Etüden a Quellen, déi net existéieren.”
Zitater goufen iwwerschafft
Den amerikanesche Gesondheetsministère (Department of Health and Human Services, HHS) huet eng Stellungnam ofgeleent an huet d’AFP un d’Wäisst Haus verwisen. Wärend hirem Briefing huet d’Spriecherin Leavitt et ofgeleent, Froen iwwer d’Entstoe vum Bericht ze beäntweren oder dozou, ob méiglecherweis Kënschtlech Intelligenz (KI) bei der Erstellung vum Bericht benotzt gouf. Si huet nees un d’HHS verwisen.
D'”Washington Post” huet gemellt, hir Analys vun de Quellenangaben hätt erginn, dass “oaicite” an den URLen drastéing. Dat wär en Hiweis dorop, dass KI-Tools vun der amerikanescher Entreprise OpenAI benotzt goufen.
© AFP
Nëmmen e puer Stonnen nom Briefing gouf op der Internetsäit vum Wäissen Haus eng iwwerschafft Versioun vum Bericht verëffentlecht, déi dat ursprénglecht Dokument ersat huet. D’Ännerunge goufe weeder ervirgehuewen nach als Korrekture gekennzeechent, mee déi véier Quellenangaben, déi vun der AFP ënnersicht goufen, goufen duerch aner Links ersat.
De Pabeier, deen angeeblech vun der Ekipp vun der Columbia University stame géif, gouf duerch e Verweis op e Briefing iwwer National Health Interview Survey iwwer Jugendlecher ersat, dee vun der gemengnëtzeger amerikanescher Organisatioun KFF verëffentlecht gouf. D’Etüden, déi net existéieren, déi dem Farber zougeschriwwe gëtt, gouf duerch eng Aarbecht iwwer d’Verschreiwung vun orale Steroidhormoner bei Asthma ersat, déi hien 2017 an der Zäitschrëft “Pediatrics” verëffentlecht hat. En Artikel, deen 2006 an der Fachzäitschrëft “Psychiatric Services” erschéngen ass, huet den urspréngleche Pabeier ersat, deen dem Findling zougeschriwwe gouf. De Verweis op eng angeeblech Etüd iwwer Reklamm fir ADHS-Medikamenter gouf duerch en Artikel vun der “New York Times” aus dem Joer 2013 ersat.
Bedenke géintiwwer Kennedy
D’Enthüllungen iwwer d’Etüd koume just een Dag, nodeem de Kennedy grouss medezinesch Fachzäitschrëften attackéiert hat, se der Zesummenaarbecht mat der Pharmaindustrie beschëllegt an domat geréit hat, Wëssenschaftler, déi der Regierung ënnerstinn, vun der Verëffentlechung an dësen Zäitschrëften auszeschléissen.
De Kennedy gouf Ufank 2025 als amerikanesche Gesondheetsminister confirméiert, obwuel d’medezinesch Fachwelt wéinst senger Virgeschicht, Feelinformatiouneniwwer Vaccinen ze verbreeden a wëssenschaftlech Fakten ze leegnen, breet Besuergnes geäussert hat.
Zënter sengem Amtsuntrëtt huet hien d’amerikanesch Gesondheetsautoritéiten ugewisen, d’Ursaache vun Autismus ze ënnersichen – eng ugebuer Entwécklungsstéierung, déi hie laang fälschlecherweis mat dem Vaccin fir Riedelen, Mumps a Riselen (MMR) a Verbindung bruecht hat. D’Hiweiser op chronesch Krankheeten, déi am Bericht ze fanne sinn, schénge genee dorop unzespillen, obwuel déi zënterhier diskreditéiert Thees, déi op falschen Donnéeë berout huet, zënter hirer éischter Verëffentlechung Enn den 1990er-Jore widderluecht gouf. De Bericht kritiséiert ausserdeem “d’Iwwermedizinéierung” vu Kanner, verweist op staark geklomme Verschreiwunge vu Psychopharmaka an Antibiotika a mécht “d’Absorptioun duerch Konzerner” fir d’Verzerrung vun der wëssenschaftlecher Fuerschung verantwortlech.
Weider Artikelen iwwer Falschinformatiounen iwwer Gesondheetssujete fannt Dir op der Internetsäit vun der AFP.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.