Mir gi mat Informatiounen iwwerschwemmt. An dësem Kontext ass net ëmmer einfach, tëschent wouer a falsch ze ënnerscheeden. Faktenchecker probéieren, potenziell ierféierend Informatiounen ze analyséieren an ze verifizéieren. Mee opgrond vum konstante Stroum u Falschinformatioune geet Fact-Checking eleng net duer.
Fir Desinformatioun ze bekämpfen, musse mir d’Mediekompetenz promovéieren, d.h. d’Fäegkeet, op Informatiounen zouzegräifen, se ze evaluéieren a kritesch Denken ze entwéckelen. Mediekompetenz bedeit, Informatioune kritesch ze hannerfroen an dat geet mam Virwëtz un, sech mat Medien ze beschäftegen. Zur Mediekompetenz gehéiere Fäegkeete wéi d’Verständnis an d’Produktioun vu Mediecontenuen an awer och eng Paus ze maachen an nozedenken, éier dass een op Informatiounen, déi ee kritt huet, reagéiert. Mediekompetenz hëlleft beispillsweis Eenzelpersounen, polariséierend Contenuen ze widderstoen, an encouragéiert se, virwëtzeg op d’Interaktioun mat enger grousser Zuel vu Mënschen a Perspektiven ze sinn. Op dës Aart a Weis promovéiert Mediekompetenz eng Approche souwuel fir jonk Leit wéi och fir Erwuessener.
Aus dësem Grond ass EDMO BELUX 2.0 dorop ausgeriicht, déijéineg, déi an der Educatioun schaffen, souwéi Informatiounsexperten (Journalisten) dobäi ze ënnerstëtzen, eng Approche zur Mediekompetenz an de Mëttelpunkt vun hire Beruffer ze stellen.
Konkret proposéiert EDMO BELUX 2.0:
- D’Sensibiliséierung an d’Formatioun vu Multiplicateuren: Enseignanten, Jugendaarbechter, Bibliothecairen, Enseignanten an der Erwuessenebildung, Medienexperten asw. Duerch kontinuéierlech Formatiounen an der Mediebildung kënnen dës Fachleit dës Methoden an Theeme kenneléieren an hiert Wëssen iwwer Desinformatioun op den neiste Stand brénge.
- De Kampf géint Desinformatioun an eng zivil Dynamik ze integréieren, déi e kriteschen an etheschen Ëmgang mat der Kritik un Informatiounen am wäitste Sënn promovéiert. D’Medieproduktioun mat Gruppe vun Erwuessenen, inklusiv vulnerabele Gruppen, ass eng Method, déi D’Resilienz géintiwwer Desinformatioun stäerkt.
- Zäitgeméiss Educatiounsressourcen zu de konstant evoluéierenden Theemen a Methode vun der Desinformatioun ze offréieren. Et ass essenziell, d’Educatiounsressource reegelméisseg ze aktualiséieren an aktuell Beispiller anzebezéien, fir eng zäitgeméiss Educatiounspolitik ze ënnerstëtzen. E besonnesche Schwéierpunkt ass dobäi d’Zesummenhäng tëschent kënschtlecher Intelligenz an Desinformatioun.
- Eng enk Abannung vun Informatiounsexperten (Journalisten) a Medieninstitutiounen duerch eng Bildungsapproche, déi hir Beruffer populariséiert. Renconteren tëschent Journalisten a Schüler oder tëschent Medienentreprisen a jonke Leit sollten ënnerstëtzt ginn, fir duerch eng Methodik, déi kritesch Denke bei jonke Leit promovéiert, Vertrauen tëschent hinnen opzebauen.
- Eng Evaluatiounsmethod fir Initiativen anzeféieren, déi Renconteren tëschent Medienexperten a jonke Leit virgesinn. Dës Methodik ass net dorop ausgeriicht, d’Auswierkungen ze analyséieren, mee éischter, wéi jonk Leit de Journalismus an den Ëmgang mat Informatiounen am Kontext vun Desinformatioun wouerhuelen. Dës Initiativ gëtt a Form vun Aktiounsfuerschung duerchgefouert.
- Synergien tëschent den ëffentleche Medie bei der Erstellung vu redaktionelle Contenuen an der Entwécklung vu Campagnen, déi sech u jidderee riichten, ze promovéieren.