
Net wierklech am Stoen, mee och net komplett am Sëtzen… wärend d’Summervakanz méi no kënnt, behaapte viral Bäiträg a Sozialen Netzwierker an op Noriichtesäiten, dass Bëllegfluchlinnen ab dem Joer 2026 “Stéiplazen” an hire Fligeren abaue wëllen. Mee kann een deene Rumeure gleewen?
Nee! Dës Rumeure si falsch. Et gouf keng Stéiplaz vun enger zoustänneger Autoritéit zougelooss. Et gëtt zwar e Prototyp, deen awer nach net op de Maart bruecht gouf. Souwuel d’italieenesch Entreprise, déi de SkyRider-Sëtz entwéckelt huet, wéi och d’Europäesch Agence fir Fluchsécherheet (EASA) hunn dës Behaaptunge vehement zeréckgewisen.
“Eng Rëtsch Bëllegfluchlinnen hu grad ugekënnegt, dass si e Stéiberäich an hire Kabinnen aféiere wäerten”, huet Enn Mee 2025 en Internetnotzer an engem TikTok-Video behaapt. Hie war fir d’éischt schockéiert, huet seng Meenung awer séier geännert, wéi hien déi genannt Präisser entdeckt huet: “tëscht 1 a 5 Euro”. Weider sot hien: “Denkt driwwer no: Et gëtt eng Welt, an där Dir fir eng Fläsch Waasser um Fluchhafe méi bezuelt wéi fir Ären eegene Fluch. Dat ass Wansinn, Fluchhäfe wäerten zu (Zuch)Garë ginn!”
Säi Video, dee bal 30.000 Mol gedeelt gouf, ass alles anescht wéi en Eenzelfall. Op Instagram (1, 2), Facebook (1,2) an X (1, 2) hunn Dausende Leit dës Rumeur verbreet. E puer hu behaapt, dass dës Sëtzer d’Capacitéit vu Fligeren “ëm op d’mannst 20 Prozent” erhéije géifen. E virale Bäitrag op X, deen iwwer 3 Millioune Mol gekuckt gouf, huet souguer behaapt, dass dës Sëtzer schonn 2026 a Betrib geholl gi sollen.
“Mir si fir déi just Béischten”, huet sech en aneren Notzer doriwwer opgereegt.
An dëse Bäiträg gëtt fälschlecherweis behaapt, d’Europäesch Agence fir Fluchsécherheet (EASA) hätt dës Sëtz zougelooss. Eng Abberzuel hu souguer vu Bestellunge säitens Ryanair oder Vueling geschwat, fir hir Fligeren domat ze ekipéieren.
D’Behaaptung gouf och vun Online-Medien opgegraff, woubäi e puer behaapt hunn, dass eng Mise en service “schonn am nächste Joer” kéint sinn. Dës Behaaptunge sinn awer net fondéiert.
© AFP
Tatsächlech gëtt et e Prototyp: De “SkyRider”-Sëtz, deen aus enger schréier Sëtzfläch an engem dënne Réck besteet, zwéngt de Passagéier an eng bal oprecht Positioun, wouduerch e puer Zentimeter tëscht de Sëtzreie gespuert gi kéinten. Wärend den duerchschnëttlechen Ofstand tëscht zwee Sëtzer an der Economy Class haut bei ongeféier 70 Zentimeter läit, verséchert den Hiersteller fir Fluchmaschinnenekipement Aviointeriors, deen d’Konzept entwéckelt huet, dass esou e Sëtz dësen Ofstand op 58 Zentimeter verréngere kéint.
Ale Prototyp falsch interpretéiert
Den Ursprong vun dëser Rumeur geet op en Artikel zeréck, deen den 21. Mee 2025 an der brittescher Boulevardzeitung “Daily Mail” publizéiert gouf. An deem Artikel gëtt den Instagram-Kont “@entrepreneurshipquote” mat 2 Milliounen Abonnenten zitéiert, deen op Englesch behaapt, dass “gepolstert, vëlosänlech Sëtzer”, op deene sech d’Passagéier ofstäipe kéinten, ouni ze sëtzen, schonn 2026 agebaut gi kéinten. En huet dorop higewisen, dass Aviointeriors, d’italieenesch Entreprise hannert dem Konzept, dës Innovatioun virugedriwwen huet. Mä wéi den Artikel selwer araumt, “huet keng Fluchgesellschaft confirméiert, dass se dës Sëtzer abaue wëll”.
Wéinst de Rumeuren huet d’Entreprise Aviointeriors den 23. Mee 2025 an engem Instagram-Bäitrag matgedeelt: “De SkyRider ass e konzeptuelle Prototyp aus dem Joer 2012. E war ni dofir geduecht, fir boer Mënz geholl ze ginn.”
© AFP
De Modell gouf ni zertifiéiert oder op de Maart bruecht an ass och net am aktuelle Katalog vun der Entreprise ze fannen.
Op AFP-Ufro huet d’EASA confirméiert, dass si weeder eng Demande fir eng Zouloossung vun esou engem Stéisëtz kritt nach e prakteschen Notzungsfall observéiert hätt: “Esou en Abau géif erhieflech technesch Erausfuerderunge matsechbréngen, besonnesch am Hibléck op d’Noutfallevakuéierung”.
D’Agence preziséiert ausserdeem, dass den Design vun de Fligerkarkassen et net zouléisst, dass Passagéier bis bei d’Fënstere stoe kënnen. “All Organisatioun, déi esou eng Ariichtung abaue wéilt, stéing viru groussen Erausfuerderungen, souwuel bei der Ëmgestaltung vun de Fligere wéi och beim Noweis, dass se déi streng Sécherheets- an Evakuéierungsufuerderungen erfëllt”, heescht et weider.
Et ass net fir d’éischt, dass dëst Konzept opdaucht. Am Joer 2009 hat de Michael O’Leary, de Chef vun der irescher Bëllegfluchlinn Ryanair, erkläert, dass hien näischt dogéint hätt, Stéiplazen a Fligeren anzeféieren, hat awer virdru gewarnt, dass d’Entscheedung warscheinlech vun der Europäescher Unioun aus Sécherheetsgrënn zeréckgewise géif.
D’Fluchgesellschaft Ryanair huet den 2. Mee 2025 op AFP-Ufro matgedeelt, dass si d’Aféierung vu Stéiplazen net envisagéiere géif.
Den O’Leary huet an der Vergaangenheet scho fir Kontroverse gesuergt, andeem hien ëmstridde Mesurë fir d’Erhéije vun der Capacitéit vun de Fligeren virgeschloen huet, wéi zum Beispill eng Tax fir iwwergewiichteg Persounen oder d’Bezuele fir den Zougang zu Toiletten a senge Fligeren.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.