Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Belsche Professer stellt d’Fro: Existéiert Lëtzebuerg wierklech?

Belsche Professer stellt d'Fro: Existéiert Lëtzebuerg wierklech? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Am Kader vun eiser Serie iwwert Verschwörungstheorien, geet et dës Kéier ëm e Professer, dee sech fir säi Cours eng Afale gelooss huet.

Am Joer 2018 huet de Matthieu Peltier senge Studente vun enger Bréisseler Wirtschaftsschoul d’Fro opgeworf, ob Lëtzebuerg als Land tatsächlech existéiert. Fir seng Theorie ze ënnermaueren, dass et eist klengt Ländche guer net gëtt, erkläert de Philosoph, Journalist a Professer:

“Lëtzebuerg ass nëmmen e Konstrukt fir international Finanzgeschäfter ofzewéckelen am Interessi vun engem klengen elitäre Grupp.”

Wärend dem ganze Cours weist de Matthieu Peltier senge Studente vill kleng Argumenter. Dorënner Aussoe vu Politiker a Feeler vun auslännesche Medien, déi ee falsch interpretéiere kann.

Sënn heivunner war et senge Studenten ze weisen, wéi esou Theorië funktionéieren, an dass dëst ganz real Konsequenze kann hunn. Engem Lëtzebuerger esou eng Theorie ze presentéieren, ass warscheinlech net esou einfach. Ma um Enn vu sengem Cours hunn tatsächlech 50 Prozent vun de Studenten d’Existenz vu Lëtzebuerg a Fro gestallt.

Mä wisou eng eege Verschwörungstheorie erfannen?

Natierlech hätt de Matthieu Peltier sech einfach un der Mass u Verschwörungetheorie bedénge kënnen, déi an der Welt schonn am Ëmlaf sinn. Dem Professer war et awer wichteg, iwwer Verschwörungstheorien ze schwätzen, ouni iwwert eng ze schwätzen, wou de Student eventuell sensibel drop ass. Genee dofir huet hien de Choix getraff, seng eege Verschwörungstheorie ze erfannen.

Domat wier d’Experiment nämlech nach méi interessant. Et huet nämlech erméiglecht, eng Theorie, déi nach ni do war, auszeprobéieren an de Studenten ze weisen, wéi einfach et ass, Fake News an d’Welt ze setzen. Natierlech sollt et si awer och dorop opmierksam maachen, wéi liicht ee sech heiansdo vun eppes iwwerzeege léisst.

An dësem Video huet de Matthieu Peltier all seng “Argumenter” zesummegefaasst a gewisen, wéi hie sech déi Theorie zesummegebaut huet.

Wat maache fir seng Verschwörungstheorie ze vermëttelen?

Et ginn eng Partie Methode fir eng Verschwörungstheorie glafwierdeg schéngen ze loossen. Eng Verschwörungstheorie dierf net komplett aus der Loft gegraff sinn. Sou mussen et an der Theorie och e puer reelle Unhaltspunkte ginn. Duerno sollen dës mat Behaaptunge vermëscht ginn. Dës weidere gi just déi Fakte presentéiert, déi d’Theorie ënnerstëtzen an net déi, déi de Géigendeel vermudde loossen.

Eng weider Method erkläert eis de Matthieu Peltier:

“On va inonder les gens d’informations pour essayer de créer une espèce de surcharge cognitive. Ceci va d’un moment permettre aux gens de se libérer quand je vais leur annoncer la thèse. Ça c’est un procédé qui fonctionne bien.”

Dës Weideren dierft een d’These net ze séier als Fakt verkafen, mee et soll ee soen, dass ee sech Froe stellt, Zweiwelen huet an ee sech fir d’Debatt interesséiert. Et misst een d’Zweiwelen als kritesche Geescht vermëttelen an esou hiert Vertraue gewannen. Esou kéint ee Fake News verbreeden a glafwierdeg schénge loossen.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.