Scroll Top

Faktencheck: Behaaptung, de Musk hätt CNN opkaaft, staamt vu Satir-Websäit

Faktencheck: Behaaptung, de Musk hätt CNN opkaaft, staamt vu Satir-Websäit - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Direkt a senger éischter Ried no senger Walvictoire de 6. November 2024 war den US-President Donald Trump géint d’Medien, déi vun him “Feinde vum Vollek” genannt ginn, an d’Offensiv gaangen, virun allem géint d’Noriichtesendere CNN an MSNBC. Den Dag drop hat den argentinesche President Javier Milei behaapt, dass de Milliardär an enke Vertraute vum Trump, den Elon Musk, CNN opkaaft hätt. Zënterhier sinn a Sozialen Netzwierker Bäiträg am Ëmlaf, déi dës Behaaptung opgräifen a verbreeden.

Den US-Sender huet géintiwwer AFP awer confirméiert, dass “d’Rumeuren iwwer e Verkaf oder e Wiessel vum Besëtzer” “komplett falsch” wären. Dës Behaaptung staamt a Wierklechkeet vun enger satirescher Internetsäit.

“Elon Musk schléisst 3-Milliarden-Dollar-Deal of, fir CNN ze kafen, a versprécht, d’Medien ze reparéieren, een Netzwierk nom aneren’…”, heescht et an engem Facebook-Bäitrag, deen de 14. Februar 2025 verbreet a bal 50 Mol gedeelt gouf.

Änlech Bäiträg sinn op Facebook (1, 2) an X an och an diverse Sprooche wéi Englesch, Spuenesch, Portugisesch, Swahili a Vietnameesesch am Ëmlaf. E puer vun dëse Bäiträg nennen den Internetsite “DMVPlantNews” als Quell, déi de 15. Februar 2025 en Artikel zu dësem Sujet publizéiert huet.

RTL © AFP

D’Rumeur war och vum argentinesche President Javier Milei an enger Ried virun der argentinescher Chambre de Commerce de 7. November 2024 verbreet ginn: “Haut huet den Elon Musk dës knaschteg ‘Woke’-Bastioun, déi CNN housch, kaf”, hat hien deemools gesot. Eng onbegrënnt Behaaptung, déi vum Sender dementéiert a vun der AFP den 13. November op Portugisesch a Spuenesch (Link hei archivéiert) souwéi vun enger Abberzuel anere Medie weltwäit verifizéiert gi war.

Dës Behaaptung war och Ufank 2025 an och am Februar weiderhin am Ëmlaf, notamment op Franséisch.

Rumeuren iwwer Opkaf goufe vu CNN an de Besëtzer dementéiert

“Un de Rumeuren iwwer de Verkaf oder e Besëtzerwiessel bei CNN ass näischt Woueres drun. All konträr Behaaptunge si komplett falsch”, hat d’Grupp Warner Bros./Discovery, déi zënter 2022 Proprietär vum amerikanesche Sender ass, den 12. November 2024 no den Äusserunge vum argentinesche President géintiwwer der AFP gesot (Link hei archivéiert).

Och d’Emily Kuhn, déi vun der AFP de 25. Februar kontaktéiert gouf a Kommunikatiounscheffin vu CNN Worldwide ass, huet confirméiert, dass dës Rumeure “komplett falsch” an onbegrënnt sinn.

Eng Stéchwierdersich mat de Begrëffer “Elon Musk huet CNN opkaaft” op Englesch (“Elon Musk bought CNN”), bei där d’Resultater, déi bis de 6. November publizéiert gi waren – dem Dag vum Milei senger Deklaratioun -, gefiltert goufen, ergouf keng Informatiounen iwwer den angeebleche Kaf vum US-Sender.

D’Sich huet awer zu engem op Instagram publizéierte Video vum 29. Oktober 2024 geféiert, an deem e Mann op Englesch erkläert, dass “eng satiresch Internetsäit mat der Behaaptung, den Elon Musk wéilt CNN kafen, viral gaangen ass”.

Eng nei Sich mat de selwechte Stéchwierder, dës Kéier mat der Aschränkung op Resultater, déi virum 29. Oktober 2024 publizéiert goufen, huet zu enger Publikatioun op der Plattform X vum Faktencheck-Medium “PolitiFact” vum 25. Oktober vum selwechte Joer geféiert, also véier Deeg virun der Publikatioun vum Instagram-Video. Doran heescht et, dass “eng Geschicht iwwer den Opkaf vu CNN duerch den Elon Musk als Witz ugefaangen huet, sech awer ouni Kontext an de Sozialen Netzwierker verbreet”. Dobäi war och e Link zum Verfizéierungsartikel (Links hei an hei archivéiert).

Dem Artikel no staamt d’Geschicht aus enger satirescher Publikatioun vun der Internetsäit “SpaceXMania“, en Numm, dee sech op dem Elon Musk seng Firma SpaceX bezitt. D’Internetsäit beschreift sech selwer als Fournisseur vun de “frëschste Fakenews” an enger “uerdentlecher Portioun Satir” zu Sujeten, déi mam Elon Musk ze dinn hunn.

Tatsächlech hat SpaceXMania den 18. Oktober 2024 en als “Satir” bezeechenten Artikel mam Titel “Elon Musk wäert Acquisitioun vu CNN préiwen: ‘Ech wäert d’Medie sanéieren, ee Sender nom aneren'” publizéiert. De Saz an der Iwwerschrëft, deen dem südafrikanesche Geschäftsmann – de Musk gouf a Südafrika gebuer an huet seng Kandheet do verbruecht (Um. v. d. Red.) –  zougeschriwwe ginn, ass de selwechten, deen och an de virale Publikatioune benotzt gëtt.

RTL © AFP

Den Text gouf vun der Internetsäit als “Satir” definéiert, an eng Umierkung um Enn vun der Publikatioun widderhëlt: “Dëst ass SATIR, et ass net wouer”.

D’AFP huet virun der Publikatioun vu SpaceXMania vum 18. Oktober 2024 keng aner Texter oder Publikatioune mat der selwechter Behaaptung fonnt.

D’Zuel vun “3 Milliarden Dollar”

D’Publikatiounen, déi vun der AFP ënnersicht goufen, ginn de Saz aus dem op SpaceXMania publizéierten Text erëm, deem no et dem Musk säin Zil wär, “d’Medien ze redresséieren”. D’Internetsäit ernimmt awer d’Zuel vun “3 Milliarden Dollar” a kengem Saz.

Eng Stéchwierdersich op Facebook nom englesche Begrëff “Musk billions buys CNN” (“Musk Milliarde kafe CNN”), déi mat Hëllef vum Tool Meta Content Library duerchgeféiert gouf, huet d’AFP zu engleschsproochege Publikatioune geféiert (1, 2), an deenen dëse Betrag ernimmt gouf. Dës Publikatiounen hunn als Quell en Artikel vun der Internetsäit mam Numm “Toan Canp4h” genannt, deen de 4. November 2024 publizéiert gouf.

Et ass ze erkennen, dass dësen Artikel weder Quellen nach Beleeg fir seng Behaaptung liwwert. D’zoufälleg Typografie deit och dorop hin, dass d’Säit warscheinlech keng verlässlech Quell ass. Wéi de Faktencheck-Medium “PolitiFact” am November 2024 festgestallt hat, huet d’Säit scho Falschinformatioune verbreet (hei archivéiert).

“D’Press redresséieren” : e gemeinsame Wonsch vun Trump a Musk

Schonn a senger éischter Ried no senger Walvictoire hat den amerikanesche President Donald Trump d’Rhetorik vum “Lager vum Feind” benotzt, woumat d’Noriichtesendere CNN an MSNBC gemengt waren (Links hei an hei archivéiert).

Dës Rhetorik hat hien och scho wärend senger éischter Amtszäit vun 2016 bis 2020 benotzt an hat déi traditionell Medie schonn deemools als “Fakenews” bezeechent, woubäi CNN besonnesch dacks zur Zilscheif gouf, grad wéi d’New York Times. Hien hat de Sender souguer als “Fakenews CNN” bezeechent an zum Boykott vum Sender opgeruff.

Journaliste war den Zougang zum Wäissen Haus refuséiert ginn, dorënner och de bekannte CNN-Korrespondent Jim Acosta, deen no engem Rechtssträit schliisslech nees seng Akkreditatioun fir d’Wäisst Haus zeréckkrut. “CNN sollt sech schummen, Iech ze beschäftegen, Dir sidd immens onhéiflech an eng schrecklech Persoun”,hat den Donald Trump dem CNN-Journalist de 7. November 2018 zougeruff.

RTL © AFP

De 25. Februar 2025 hat d’Trump-Regierung ugekënnegt, dass si déi wéineg Journalisten, déi ganz no un de President erukommen dierfen, an Zukunft selwer auswiele géif. Domat brécht si mat engem joerzéngtelaangen etabléierte System, dee vun de Medie selwer iwwer d’White House Correspondents Association (WHCA) verwalt gouf. “Mir sinn et, déi d’Soen hunn”, huet sech den Donald Trump gefreet (Link hei archivéiert).

D’Ukënnegung koum wärend enger Offensiv vum Wäissen Haus géint d’Noriichtenagence Associated Press (AP), déi zum klenge Krees vu Journaliste gehéiert, déi ganz no un de President erukommen duerften, elo awer verbannt gouf.

“Mir si besuergt. Mir si besuergt, säitdeem hien [Donald Trump, Um. v. d. Red.] bei senger éischter Campagne am Joer 2015 eng ophetzend Anti-Medie-Rhetorik benotzt”, sot d’Katherine Jacobsen, déi fir d’USA am Comité de protection des journalistes (CPJ) sëtzt, am Hierscht 2024 géintiwwer der AFP.

An engem Bericht aus dem Joer 2020 hat de CPJ ugeprangert, dass den Donald Trump Diffamatiounskloen instrumentaliséiert, fir d’Journalisten anzeschüchteren, an d’Wäisst Haus versicht, nodeem Informatiounen duerchgesickert sinn, de Quelleschutz vu Journalisten ze violéieren.

RTL © AFP

Am Abrëll 2022 hat den Elon Musk mam Conseil d’administration vun Twitter (elo X) en definitiven Accord fonnt, fir d’Soziaalt Netzwierk, dat deemools mat 44 Milliarden Dollar bewäert gouf, ze kafen. Säin Zil dobäi war vun Ufank u kloer: d’Meenungsfräiheet ze verdeedegen (Link hei archivéiert). “D’fräi Meenungsäusserung ass d’Grondlag vun enger funktionéierender Demokratie, an Twitter ass déi digital ëffentlech Plaz, wou déi fir d’Zukunft vun der Mënschheet liewenswichteg Sujeten diskutéiert ginn”, hat de Chef vun Tesla a SpaceX de 25. Abrëll 2022 op senger neier Plattform erkläert.

Och den Elon Musk ass et gewinnt, d’Press a Journalisten hefteg unzegräifen. Den 20. Februar vun dësem Joer hat hien ënner anerem op X geschriwwen: “Déi traditionell Medie si KENG zouverlässeg Quell”.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.