Scroll Top

Faktencheck: Bundesriichter huet Begnodegunge vum Joe Biden net fir ongülteg erkläert

Faktencheck: Bundesriichter huet Begnodegunge vum Joe Biden net fir ongülteg erkläert - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

De leschten Dag vu senger Presidentschaft huet den Joe Biden enk Familljememberen a Géigner vum jëtzege President Donald virsiichtshallwer begnodegt an hinnen e riichterleche Schutz viru “politesch motivéierter Strofverfolgung” ginn.

Online-Posts, an deene behaapt gëtt, e Bundesriichter hätt d’Begnodegungen als “verfassungswiddreg” agestuuft, si falsch a stamen aus engem satiresche Bäitrag.

“BEGNODEGUNGE VUM BIDEN SI GÉINT D’VERFASSUNG! De Riichter Joseph Barron vum 7. Circuit huet entscheet, dass et keng Bestëmmunge gëtt, een ze begnodegen, deen net formell ugeklot gouf, an huet domat de Grondstee fir d’Ophiewe vun de Begnodegunge geluecht”, heescht et an engem Instagram-Post vum 28. Januar 2025.

RTL © AFP

Déi selwecht Behaaptung war och op anere Plazen op Instagram, FacebookThreads, X, TikTok, Tumblr a Gettr am Ëmlaf.

Den Trump huet ëmmer nees “Vergeltung” u politesche Géigner an deejéinege geschwuer, déi strofrechtlech géint hie virgaange sinn oder doru bedeelegt waren.

Stonnen éier den Trump den 20. Januar als President vereedegt gouf, hat de Biden virsiichtshallwer seng dräi Geschwëster souwéi Regierungsbeamte begnodegt, dorënner de pensionéierte Generol Mark Milley, den eemolegen héchste medezinesche Beroder vum Wäissen Haus, den Anthony Fauci, an d’Legislateure Liz Cheney an Adam Schiff, Membere vun enger Kongresskommissioun, déi d’Attack op d’US-Kapitol de 6. Januar 2021 ënnersicht hat.

De Biden sot, dass d’Begnodegungen “net als Unerkennung vun engem individuelle Feelverhale verstane sollte ginn”, well se verhënnere sollten, dass dës Leit zur Zilscheif vun enger béiswëlleger Strofverfollgung gëtt.

Der US-Verfassung no huet de President d’Recht, Persounen ze begnodegen, déi wéinst engem federale Verbrieche verurteelt goufen, et sief dann, et handelt sech ëm en Impeachment (Ofsetze vum President, Um. v. d. Red.). Obwuel een eng Begnodegung duerch de President refuséiere kann, gëtt et just ganz wéineg Ausname vun dëser Befugnis (hei archivéiert).

Dem Responsabele fir Begnodegungen am Justizministère no ass et “héchst ongewéinlech”, dass e President eng Persoun begnodegt, éier se ugeklot oder verurteelt war. Et gëtt awer e puer bemierkenswäert Beispiller, wéi d’Begnodegung vum Richard Nixon duerch de President Gerald Ford am Joer 1974 no dem Watergate-Skandal, nach éier de Parquet den Nixon ugeklot hat (hei archivéiert).

Dem Biden säi méi jonke Brudder James, deen och begnodegt gouf, war wéinst enger Rëtsch fréiere Geschäftsbezéiungen an dem Virworf vun Aflosshuelen an d’Viséier vun der Ëffentlechkeet geroden.

D’Behaaptung, dem Biden seng Begnodegunge géife géint d’Verfassung verstoussen, ass awer falsch.

Et gëtt kee Riichter Barron

An e puer Bäiträg ass de Logo vun der Internetsäit “America’s Last Line of Defense” (ALLOD), engem Netzwierk mat satireschen Noriichtesäiten. Dës Säit verweist dorop, dass “näischt op dëser Säit echt ass”.

De Christopher Blair, Grënner vun ALLOD, huet géintiwwer der AFP erkläert, dass vill Leit seng Bäiträg deelen, well se “an hiert viragehollt Weltbild passen”. D’AFP huet iwwer Dosende vu falsche Behaaptunge bericht, déi op dem Blair seng Säiten zeréckzeverfollege sinn.

Eng Stéchwierdersich weist, dass eng vun de mat ALLOD verbonnene Säiten änlech Geschichten iwwer e Bundesriichter mam Numm Joseph Barron publizéiert huet, deen dem Biden seng Begnodegunge verfassungswiddreg erkläert huet. Ausserdeem hat d’Facebook-Säit vun der Organisatioun déi selwecht Grafik um Dag vum Trump senger Vereedegung gepost.

Et gëtt och kee Riichter mam Numm Barron, deen am 7. Geriichtsbezierk um Appellsgeriicht schafft, nach op engem Bundesgeriicht an de Bundesstaaten Illinois, Indiana oder Wisconsin, fir déi dëst Appellsgeriicht zoustänneg ass (hei an hei archivéiert).

Internetsäiten, déi mat ALLOD a Verbindung stinn, hunn ëmmer nees den Numm “Joseph Barron” a fiktiven Artikele benotzt.

D’AFP huet nach aner Behaaptungen iwwer d’US-Politik opgedeckt.

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.