Scroll Top

Faktencheck: Bundestagswalen 2025 an Däitschland: Falschmeldunge begleeden de Walkampf

Faktencheck: Bundestagswalen 2025 an Däitschland: Falschmeldunge begleeden de Walkampf - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Am Virfeld vun de Bundestagswalen 2025 verbreede sech Falschinformatioune wéi e Laffeier an de sozialen Netzwierker.

D’AFP huet aus dem Kontext gerappt Videoopnamen, erfonnt Behaaptungen iwwer Politikerinnen a Politiker souwéi manipuléiert Grafiken iwwerpréift. Och Desinformatiounscampagnen aus dem Ausland ware Bestanddeel vum Walkampf.

Wale bidden en idealen Nährbuedem fir Falschinformatiounen – dat weist sech och am Virfeld vun den däitsche Bundestagswalen, déi den 23. Februar 2025 ustinn. D’AFP stellt bei Walen ëmmer nees änlech Musteren am Beräich vun der Desinformatioun fest. Dozou gehéiere falsch Aussoen iwwer de Walprozess, ierféierend Behaaptunge vu Spëtzekandidatinnen a -kandidate souwéi aus dem Kontext gerappt Biller.

An deem Artikel sammelt d’AFP all d’Faktenchecken iwwer d’Bundestagswalen an erkläert déi gängegst Desinformatiounsnarrative ronderëm d’Walen. Den Artikel gëtt reegelméisseg mat neie Faktenchecken aktualiséiert.

Ierféierend Aussoen iwwer angeeblech Pläng, fir Walen ze annuléieren

Dacks ass eng méiglech Aflossnam am Virfeld vun de Bundestagswale Géigestand vun der Diskussioun. A Sozialen Netzwierker gouf fälschlecherweis behaapt, de Bundespresident Frank-Walter Steinmeier hätt an enger Ried Enn Dezember 2024 gedreet, d’virgezunn Neiwalen am Februar 2025 fir ongülteg ze erklären, sollt d’Alternative für Deutschland (AfD) stäerkst Kraaft ginn. De Steinmeier hat a senger Ried awer virun der “Aflossnam vu bausse” gewarnt, besonnesch op der Plattform X. Ausserdeem kann de Bundespresident dem däitsche Grondgesetz no keng Bundestagswalen annuléieren.

Ufank Januar 2025 gouf a Sozialen Netzwierker ausserdeem d’ierféierend Behaaptung verbreet, de fréieren EU-Kommissär Thierry Breton hätt an engem Interview eng méiglech Annuléierung vun de Walen duerch d’EU ugedeit. Tatsächlech hat hien awer iwwer d’Uwendung vum Digital Services Acts am Fall vu Manipulatioun a Sozialen Netzwierker geschwat.

Videoe gi fälschlecherweis als Demonstratioune fir d’AfD ausginn

Online goufen ausserdeem Videoe gedeelt, déi angeeblech eng riseg Demonstratioun fir d’AfD weise sollen. Dobäi handelt et sech awer ëm Opname vu Concerte vu Coldplay, wéi eng AFP-Recherche gewisen huet.

Des Weideren hunn TikTok-Konten Ufank 2025 Opname vu Protester géint de politesche Rietsruck verbreet a fälschlecherweis uginn, dass dës zu Gonschte vun der AfD gewiescht wären. Och den Toun gouf spéider verännert.

Biller a Videoe ginn aus dem Kontext gerappt

Biller a Videoe ginn och viru Walen dacks mat falschen oder ierféierenden Aussoe gedeelt. A Sozialen Netzwierker war deslescht d’Falschmeldung am Ëmlaf, dass “Grénger” en AfD-Kongress am Dezember 2024 gestiermt hätten. D’Videoen, déi mat gedeelt goufen, weisen allerdéngs Trawolt bei enger AfD-Veranstaltung am Dezember 2018. D’AFP huet keng Indicë fonnt, dass et sech bei de stéierende Leit ëm Partisane vun de Grénge gehandelt huet.

RTL © AFP

Eng Foto vun der däitscher Ausseministesch Annalena Baerbock an dem Bundeskanzler Olaf Scholz weist, wéi de Scholz d’Baerbock opfuerdere wëll, sech am Ufank vun der Kabinettssëtzung de 15. Januar 2025 op hir Plaz ze setzen. Behaaptungen, d’Baerbock géif wéinst enger Blockad vun Ukrain-Hëllefen aus dem Sall stiermen, sinn ierféierend. Dat huet och eng Opnam aus engem anere Bléckwénkel confirméiert.

No der Attack zu Aschaffenburg den 22. Januar 2025 hunn d’Theeme bannescht Sécherheet a Migratioun de Walkampf dominéiert. An deem Zesummenhang gouf eng Foto vun enger Grupp Kanner mat enger Polizistin villfach mat der Falschbehaaptung verbreet, Gruppe vu Kanner kéinte just nach ënner Schutz vun der Police Ausflich ënnerhuelen. Mee wéi d’Police vun der Regioun Unterfranken (Bayern, Um. v. d. Red.) confirméiert huet, staamt d’Foto vun enger gewéinlecher Visitt vun enger Spillschoulsklass um lokale Policebüro. En allgemenge Policeschutz fir Kannergruppe gëtt et der Police no an Däitschland net.

Notzer deelen al oder verfälscht Walëmfroen

Ëmfroe ginn dacks aus dem Zesummenhang gerappt a viru Wale mat falsche Behaaptunge gedeelt. Kuerz virun de Landtagswalen a Brandenburg am September 2024 louch d’AfD Ëmfroen no op Plaz eent. E Screenshot vun esou enger Ëmfro gouf am Virfeld vun de Bundestagswale gedeelt a suggeréiert, et géif sech dobäi ëm aktuell Wäerter handelen. Walëmfroe vun Ufank Januar 2025 hu fir d’Parteien awer aner Resultater erginn.

D’AFP huet an der Vergaangenheet ausserdeem e Bäitrag widderluecht, an deem eng angeeblech duerch d’ZDF verfälscht Grafik an der Sendung “Politbarometer” gewise gouf. Dës Grafik huet e verzerrte Balkendiagramm fir d’Bundestagswale gewisen, deen net den deemolege Wäerter aus Ëmfroen entsprach huet. Op der Internetsäit vum Sender goufen d’Prognosen allerdéngs korrekt duergestallt, wéi AFP-Recherchen erginn hunn. Dem ZDF no gouf den Diagramm weder online nach am Fernsee gewisen.

Aflosshuelen aus dem Ausland souwéi Attacken op Politikerinnen a Politiker

Däitsch Geheimdéngschter schloe schonn zënter Méint Alarm wéinst méigleche russesche Versich, sech an d’däitsch Politik anzemëschen. Däitsch Wale ginn dobäi geziilt an d’Viséier geholl. Aus engem Bericht vun den  Institutes for Strategic Dialogue (ISD) aus dem Joer 2025 geet ervir, dass Campagnen direkt op politesch Kandidatinnen a Kandidate gediicht a Contenue gedeelt hunn, déi ukrainesch Flüchtlingen oder d’Hëllef fir d’Ukrain diskreditéieren. Ausserdeem goufe koordinéiert Behaaptunge verbreet, dass d’Sécherheet vun den däitsche Wale a Gefor wär. Besonnesch den CDU-Chef Friedrich Merz wär an d’Viséier geholl ginn, housch et.

Recherchë vun NDR, WDR a “Süddeutscher Zeitung” aus dem Hierscht 2024 no beleeën intern Ënnerlage vun der Moskauer Firma Social Design Agency (SDA), dass russesch Desinformatiounscampagnen an Däitschland direkt aus dem Kreml gesteiert ginn. Eent vun den Ziler wär deemno d’Stäerkung vun der AfD an Ëmfroen.

D’Rechercheplattform “Correctiv” hat Enn Januar 2025 vun der russescher Operatioun mam Spëtznumm “Storm-1516” bericht, mat där een Afloss huele wéilt an déi zënter dräi Méint an de Walkampf virun der Bundestagswal agräift. Se gouf schonn dacks fir Attacken op Politiker a Politikerinne genotzt.

Zentral Walkampftheemen am Fokus

D’Finanzéierung vu weideren Hëllefe fir d’Ukrain an Héicht vun 3 Milliarden Euro gouf zu engem Sträittheema am Walkampf. A Sozialen Netzwierker gouf an dësem Zesummenhang behaapt, Däitschland hätt d’Finanzéierung fir d’Ukrain offiziell agestallt. Mä dat ass eng verkierzt Duerstellung, wéi AFP-Recherchen erausfonnt hunn. Och d’Bundesregierung huet d’Behaaptung dementéiert.

Falschbehaaptungen iwwer Waloflaf heefe sech virum Vott

Och virun de Bundestagswale si Falschbehaaptungen iwwer d’Gültegkeet vu Walen am Ëmlaf, déi d’AFP schonn an der Vergaangenheet iwwerpréift huet. Online gouf zum Beispill fälschlecherweis behaapt, d’däitscht Bundesverfassungsgeriicht hätt all däitsch Wale fir ongülteg erkläert. Déi gedeelt Bäiträg hunn awer en Urteel vum Geriicht aus dem Joer 2012 mëssinterpretéiert. Deemools hat d’Geriicht en Deel vum Walrecht, fir an de Bundestag anzezéien, verworf, d’Walen an Däitschland goufen domat allerdéngs net ongülteg, wéi AFP-Recherchë beleeën.

Virun den EU-Walen am Juni 2024 hat d’AFP och d’Falschbehaaptung widderluecht, aus dem Urteel vum däitsche Bundesverfassungsgeriicht aus dem Joer 2012 géing ervir, dass e Vott strofbar wär. D’AFP hat ausserdeem d’Behaaptung iwwerpréift, ob e Vott wéinst engem Lach oder engem ofgeschniddenen Eck um Walziedel ongülteg wär. Deem war net esou. A Wierklechkeet hëllefen dës nonvisuell Mierkmoler schiele Leit mat enger spezieller Schabloun, fir hiert Kräiz ze maachen. Eng Stëmm bei den EU-Wale gouf also net ongülteg, soubal d’Kräiz iwwer den dofir virgesinne Krees erausgoung – anescht wéi dat a Sozialen Netzwierker behaapt gouf. Och aner Falschbehaaptungen iwwer angeeblech Onreegelméissegkeete bei Walen, angeeblech beluecht duerch d’Bild vun engem anscheinend oppene Schlass vun enger Walurn oder eng Walurn mat opgebrachenem Sigel, konnt d’AFP widderleeën.

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.