Scroll Top

Faktencheck: CIA-Dokument iwwer angeeblech Flucht vum Hitler an Argentinien zënter Jore bekannt

Faktencheck: CIA-Dokument iwwer angeeblech Flucht vum Hitler an Argentinien zënter Jore bekannt - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Et ass e Verschwörungsmythos, deen ëmmer erëmkënnt: den Adolf Hitler wär um Enn vum Zweete Weltkrich an Argentinien geflücht. Am Abrëll 2025 war dës Behaaptung nees am Ëmlaf, zesumme mat engem CIA-Dokument, dat angeeblech kierzlech fräigi gouf.

Dëst Dokument vum amerikanesche Geheimdéngscht ass allerdéngs scho säit Jore bekannt. Historiker hunn d’Informatiounen doran ausserdeem als “Héieresoe” bezeechent.

“Update: D’CIA huet grad a bis elo geheimen Argentinien-Dossiere confirméiert, dass den HITLER DÄITSCHLAND VERLOOSS huet an nom Zweete Weltkrich an Argentinien gaangen ass!!”, housch et beispillsweis an dësem Facebook-Bäitrag vum 2. Abrëll 2025. An dësem Bäitrag gëtt e Screenshot vun engem X-Post vum Kont “US Homeland Security News” mat dem selwechten Text op Englesch souwéi engem Bild vum Adolf Hitler an engem Dokument mat der Iwwerschrëft “Secret” gedeelt. Och wann d’Bezeechnung vum Kont den Uschäi verbreet, en offizielle Kont vum amerikanesche Ministère fir bannenzeg Sécherheet ze sinn, erschéngt de Usernumm “defense_civil25” wéineg seriö. Op der Internetsäit vum Ministère gëtt een ausserdeem op en aneren X-Kont weidergeleet.

Grouss Reechwäit krut d’Behaaptung och doduerch, dass d’däitsch Tennislegend Boris Becker se den 2. Abrëll 2025 op der Plattform X gedeelt huet a Medien doriwwer bericht hunn. Kuerz drop huet de Becker de Bäitrag geläscht. Iwwer säin Affekot huet hie matdeele gelooss, hien hätt sech d’Behaaptung net zu eege maache wëllen. Hien hätt villméi seng Verwonnerung zum Ausdrock brénge wëllen, “well da jo alles falsch wär, wat hie jeemools iwwer den Doud vum Adolf Hitler a sämtleche Filmer geléiert huet”.

Ausserdeem gouf d’Behaaptung op Telegram, an anere Sprooche wéi Spuenesch souwéi vun engem rumänesche Medium verbreet.

RTL © AFP

D’Behaaptung, d’CIA-Dokument, dat an de Bäiträg gedeelt gëtt, wär eréischt kierzlech fräigi ginn, ass awer falsch.

Bäiträg mam Dokument vun der Central Intelligence Agency (CIA), dem amerikanesche Geheimdéngscht, koumen eng éischt Kéier Ufank Abrëll 2025 an däitscher Sprooch a Sozialen Netzwierker op. E puer Deeg virdrun haten ënner anerem argentinesch Medien doriwwer bericht, dass de President Javier Milei vun den USA gebiede gouf, Dossieren iwwer Nationalsozialiste publik ze maachen, déi um Enn vum Zweete Weltkrich oder kuerz no der däitscher Néierlag Richtung Argentinien geflücht waren. Deemno erhoffe sech d’USA Erkenntnisser fir hir Enquête, wéi wäit d’Bank Crédit Suisse Bäihëllef fir den Nationalsozialismus geleescht hat.

Munch vun de Bäiträg stame vun Enn Mäerz 2025. Kuerz virdru waren op Uerder vum amerikanesche President Donald Trump iwwer 1.000 bis elo geheim gehalen Dokumenter iwwer d’Ermuerdung vum fréieren US-President John F. Kennedy verëffentlecht ginn. Scho wärend senger éischter Amtszäit hat den Trump am Joer 2017 e puer Dossieren der Ëffentlechkeet zougänglech gemaach.

Eng Abberzuel vun Nationalsozialiste waren nom Enn vum Zweete Weltkrich an aner Länner geflücht, vill dovu Richtung Südamerika. Dorënner ware beispillsweis den Adolf Eichmann, dee bei der Wannsee-Konferenz fir de Vëlkermord un de Judde Protokoll geféiert hat, oder och de Josef Mengele, deen als Dokter am Konzentratiounslager Auschwitz-Birkenau fir Experimenter un Häftlingen responsabel war.

Dem Mythos no soll och den nationalsozialistesche Reichskanzler Adolf Hitler no Südamerika geflücht sinn. D’CIA-Dokument, dat am Internet als Beweis ugefouert gëtt, handelt vun engem Informant mam Numm Cimelody-3. Hien hätt gemellt, e Frënd vun him hätt am September 1955 vun engem angeeblechen SS-Offizéier mam Numm Philip Citroen héieren, dass den Hitler nach liewe géif. De Citroen hätt a reegelméissegen Ofstänn a Kontakt mam Hitler gestanen. Dës Weidere wär den Hitler am Januar 1955 vu Kolumbien eriwwer an Argentinien geplënnert. Am Bericht ass eng onschaarf Foto dran, déi angeeblech den Hitler an de Citroen weise soll. Der Bildbeschreiwung no hätt sech den Hitler als Adolf Schüttelmayer ausginn.

Schonn 2017 Berichter iwwer CIA-Dokument

Aus dem Dokument selwer geet net ervir, wéini et säi Geheimhaltungssstatus verluer huet. Allerdéngs gouf schonn 2017 iwwer dëst Dokument a säi Contenu bericht, wéi eng Stéchwierdersich ergouf. Och zwee aktuell franséisch Faktenchecken illustréieren, dass d’CIA-Dokument aus dem besote Joer Joer a soumat net eréischt 2025 fräigi gouf. Deemools hat den US-President Trump d’Publikatioun vun engem éischten Deel vun Dossieren iwwer de Mord um John F. Kennedy ordonéiert. Ursprénglech wollt hien all d’Dossiere verëffentlechen, hat op Drock vun de Geheimdéngschter awer e puer weiderhin ënner Verschloss gehalen.

“D’Beweiser, dass den Hitler sech den 30. Abrëll 1945 am Bunker ënnert der Neuen Reichskanzlei erschoss huet, sinn net ze widderleeën”, sot de Richard J. Evans, Geschichtsprofesser op der Cambridge University an England an Auteur vun zuelräiche Bicher iwwer d’Drëtt Räich op AFP-Ufro vum 8. Abrëll 2025. All Berichter, dass den Hitler nom 30. Abrëll 1945 liewend gesi gi wär, “sinn Héieresoen, dat heescht aus zweeter Hand an/oder net confirméiert”.

Den amerikanesche Geheimdéngscht wär dozou verflicht gewiescht, all Bericht nozegoen. Schliisslech wär en an all Fall “ouni Ausnam zur Konklusioun” komm, “dass dës Behaaptunge keng Substanz haten”. Dat confirméiert e weidert verëffentlecht CIA-Dokument vum 4. November 1955. Dora gëtt dem zoustännege CIA-Büro zu Bogotà nogeluecht, “dass dës Ugeleeënheet fale gelooss gëtt”.

Existenz vum Bericht ass kee Beweis

“Just well esou Informatiounen an engem CIA-Bericht stinn, bedeit dat net, dass d’Wourecht vun der Siichtung ‘confirméiert’ oder tatsächlech iergendeppes ‘bewise’ gëtt”, huet och de Steven Woodbridge, Gaaschtdozent op der Kingston University zu London an Expert fir europäesch Geschicht vum 20. Joerhonnert, den 9. Abrëll géintiwwer der AFP erkläert. Och d’Veracitéit vun der Foto zweiwelt hien un: “D’concernéiert Persoun oder den Imitator huet en ze grousse Schnurres a Gesiichtszich, déi net zur Form vum Hitler sengem wierkleche Gesiicht passen.”

De Mythos ronderëm d’CIA-Dokument wär “e gutt Beispill fir déi vill falsch Rumeuren, Konspiratiounstheorien a frauduléis Behaaptungen, déi vun Nazi-Sympathisanten an den onmëttelbare Joren nom Zweete Weltkrich gemaach goufen” an déi bis haut um Liewe gehale géifen.

“Awer et gëtt absolut keng Beweiser dofir, dass den Hitler iwwerlieft huet an ‘entkomm’ ass, fir a Südamerika ze liewen”, sot de Woodbridge. “All ugesinn akadeemesch Historiker an Experte fir d’Drëtt Räich gleewen, dass den Hitler tatsächlech 1945 a sengem Bunker zu Berlin Selbstmord begaangen huet, an all géigendeeleg Behaaptunge si just konspirativen Onsënn.” D’CIA huet op d’Ufro vun der AFP net geäntwert.

Den Hitler goufe Jore méi spéit fir dout erkläert

Den 30. April 1945 begoung de Reichskanzler Hitler zesumme mat senger Fra Eva Braun am Bunker ënnert der Berliner Reichskanzlei Suizid. Een Dag virdrun hate si sech bestuet, wéi beispillsweis den däitsche Sender MDR d’Evenementer nozeechent. Dem Hitler säi Kammerdénger Heinz Linge, säin Adjutant Otto Günsche souwéi säi Sekretär Martin Bormann sollen den Hitler an d’Braun am Gaart vun der Aler Reichskanzlei verbrannt hunn. E puer Deeg duerno hate sowjetesch Zaldoten Iwwerreschter vun de Läiche fonnt.

Virun allem vu sowjetescher Säit koumen awer ëmmer nees Zweiwel um Hitler sengem Doud op, deene westlech Geheimdéngschter nogoungen. Offiziell fir dout erkläert gouf den Hitler eréischt am Joer 1956 duerch d’Amtsgericht Berchtesgarden. Dat louch ënner anerem dorun, dass wichteg Zeie wéi säin Dénger Linge eréischt zu dësem Zäitpunkt verhéiert konnte ginn.

Am Joer 2018 hate franséisch Fuerscher Fragmenter vun der Schierbel a vum Kifer vum Hitler ënnersicht, déi am Gaart vun der Reichskanzlei fonnt gi waren. An hirer Analys koume si zum Resultat, dass “genuch Beweiser fir d’endgülteg Identifizéierung vun den Iwwerreschter vum fréieren Nazi-Führer Adolf Hitler” virléichen.

Dësen historeschen Hiergang souwéi Analysresultater vun den Iwwerreschter vum Kifer huet och den Historiker Evans a senger Äntwert un d’AFP beschriwwen. “Just confirméiert Aenzeieberichter aus éischter Hand géife beweisen, dass den Hitler an Argentinien gesi gouf, an et gëtt keng”, huet den Evans erkläert. “Behaaptungen, dass hien iwwerlieft huet, sollten net eescht geholl ginn.”

Nieft dem CIA-Dokument iwwer d’angeeblech Siichtung vum Hitler a Südamerika gëtt et weider Dokumenter, beispillsweis vun der amerikanescher Sécherheetsautoritéit  FBI, déi am Internet mat der Falschbehaaptung gedeelt goufen, se géife seng Flucht beleeën. Verschidde Medieberichter zitéieren awer Historiker, déi dëse Mythe widderspriechen.

D’AFP huet schonn eng Rëtsch Falschbehauptungen iwwer d’Drëtt Räich an iwwer den Nationalsozialismus widderluecht.

Fazit: E CIA-Dokument iwwer eng Zeienausso iwwer dem Hitler seng angeeblech Flucht an Argentinien nom Enn vum Zweete Weltkrich gouf net eréischt 2025, mee scho Jore virdrun der Ëffentlechkeet zougänglech gemaach. Historiker hu géintiwwer der AFP ausserdeem erkläert, dass d’blouss Existenz vun dësen Hiweiser kee Beleeg fir eng Flucht ass.

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.