
An den Deeg nom déidleche Fligeraccident vun Air India zu Ahmedabad waren a Sozialen Netzwierker Opnamen aus enger Kabinn am Ëmlaf, déi angeeblech déi lescht Momenter vun der Katastroph gewisen hunn. Deem ass awer net sou.
De Clip gouf Woche virum Ongléck opgeholl a weist e pakistanesche Fluch vun der privater Fluchgesellschaft Fly Jinnah, dee beim Ufléien op den Allama Iqbal International Airport zu Lahore am Mee 2025 a schwéier Turbulenze gerode war.
“Indesche Fligeraccident – Schlësselmoment virun der Kollisioun”, steet an der Iwwerschrëft vun engem Facebook-Post, deen den 13. Juni 2025 verëffentlecht gouf.
© AFP
De Clip weist Passagéier u Bord vun engem Fliger, déi jäizen, wärend de Fliger hefteg duerchgerëselt gëtt.
De selwechte Video gouf iwwer Dausend Mol op Facebook an TikTok a burmeesescher Sprooch gedeelt.
Air India
Den Air-India-Fluch 171, deen eigentlech op London fléie sollt, koum den 12. Juni 2025 kuerz nom Start op en Enn, wéi en an e Gebai fir medezinescht Personal an engem Wunngebitt vun Ahmedabad geknuppt ass. Dobäi koumen op d’mannst 279 Mënschen ëm d’Liewen (hei archivéiert).
Eng Persoun u Bord vum Onglécksfliger huet wéi duerch e Wonner iwwerlieft. Nom Crash mam Wunngebai fir medezinescht Personal, dat an enger no geleeëner Klinick schafft, war just nach den Heckflillek vum Fliger am zweete Stack ze gesinn (hei archivéiert).
D’Sprooch- an Daterekorder vum Fliger (Black Box) goufe gebuergen an d’Ermëttler schaffen un der Klärung vun der Onglécksursaach (hei archivéiert).
© AFP
D’Behaaptung, de Video vun de verängschtege Passagéier wär kuerz virum Ongléck opgeholl ginn, ass awer falsch.
Sandstuerm a Pakistan
Eng ëmgekéiert Billersich no Keyframes am Clip huet d’AFP zu enge Facebook-Post mam selwechte Filmmaterial gefouert, dee Woche virum Accident vun der Air-India-Maschinn de 24. Mee 2025 verëffentlecht gouf (hei archivéiert).
An der Caption vum Video, dee vum Kont mam Numm “Pakistan Republic” eropgeluede gouf, steet: “Fluch vu Karachi op Lahore a schwéierem Sandstuerm gefaangen! Hefteg Turbulenzen an der Loft léise Panik ënner de Passagéier aus – schlëmm Zeene gi gemellt.”
Eng Sich op Google huet weider Artikelen (hei an hei) iwwer den turbulente Fluch erginn, dee vu Fly Jinnah, enger privater pakistanescher Fluchgesellschaft, duerchgefouert gi war. De Fliger war beim Versuch, op dem Allama Iqbal International Airport ze landen, an e Sandstuerm geroden (hei an hei archivéiert).
© AFP
De Meldungen no gouf et eng Woch virdrun en änlechen Tëschefall, wéi en anere Fluch vun der selwechter Fluchgesellschaft beim Ufléien op d’pakistanesch Stad Quetta an e schwéiere Stëbsstuerm gerode war.
Dëse Fliger huet véier Mol ouni Erfolleg versicht, ze landen, éier e schliisslech mat ze wéineg Kerosin gelant ass.
Enger Direktiv no, déi d’AFP den 21. Juni 2025 agesi konnt, hat d’Agence fir zivil Loftfaart zu New Delhi Air India ugewisen, dräi Beamten opgrond vu “Systemfeelere” vun hiren Aufgaben ze entbannen, sot awer net, ob dat mam Accident vum 12. Juni zesummenhoung (hei archivéiert).
Den AFP-Faktencheck huet schonn eng ganz Rei Behaaptungen am Zesummenhang mam Air-India-Ongléck opgedeckt (hei, hei an hei).
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.