Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Den Joe Biden huet de Kampf géint de Kriibs net fir clôturéiert erkläert

Faktencheck: Den Joe Biden huet de Kampf géint de Kriibs net fir clôturéiert erkläert - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

De Comité vun der Republikanescher Partei (RNC) an den USA an aner Kritiker vum Joe Biden behaapten, den US-President hätt wärend enger Veranstaltung am Juli 2023 gesot, hien hätt “de Kriibs, wéi mir e kennen, op en Enn bruecht”. De Biden huet d’Heelung vun der Krankheet als eent vu villen zukünftege politeschen Ziler genannt.

“BIDEN: Mir hunn de Kriibs op en Enn bruecht, wéi mir e kennen”, steet an engem Bäitrag vum 25. Juli 2023 vum RNC Research op Twitter, wat an “X” ëmbenannt gëtt.

De Bäitrag enthält e kuerze Clip vum Biden, dee wärend enger Veranstaltung am Wäissen Haus de 25. Juli iwwer d’Erweiderung vum Zougang zu mentaler Gesondheet geschwat huet.

RTL

Änlech Behaaptunge waren och op Facebook, Instagram an TikTok am Ëmlaf, verbreet vu konservativen US-Medien, Kommentatore wéi dem Fox-News-Moderator Sean Hannity a Politiker wéi der Kongressdeputéierter Lauren Boebert.

Awer d’Bäiträg rappen dem Biden seng Kommentarer aus dem Kontext – a widderspriechen dem offizielle Protokoll vum Wäissen Haus (hei archivéiert), no deem hie sot: “Mir kënne Kriibs op en Enn bréngen, wéi mir e kennen.”

De stellvertriedende Pressespriecher Andrew Yates sot der AFP an enger E-Mail vum 26. Juli, dass den “offizielle Protokoll korrekt ass”.

Dem Biden seng Wierder sinn net ganz kloer an dem kuerzen Extrait, deen a verschiddene Bäiträg online am Ëmlaf ass. De President tuddelt heiansdo an hat an der Vergaangenheet verbal Verspriecher, wat hien zu engem heefegen Zil vu Bäiträg mécht, déi him virgeheien, verwiert, schléifreg oder Stéchwierder falsch ze deiten.

D’Protokoll an dat gesamt Filmmaterial vun der Veranstaltung am Wäissen Haus (hei archivéiert) weisen awer, dass de Biden, wéi hien dovu geschwat huet, en Heelmëttel fir Kriibs ze fannen, et net fir sech beusprocht huet, mee als eent vu sengen zukünftege politeschen Ziler genannt huet.

“Wësst Dir, an de leschten zwou Rieden zur Lag vun der Unioun hunn ech dat duergeluecht, wat ech d’Eenheetsagenda nennen. Se besteet aus véier grousse Saachen, déi mir gemeinsam als Natioun maache wäerten”, seet de Biden.

“Eng vun deene Saachen, déi ech ëmmer gefrot ginn: Wësst Dir firwat… firwat d’Amerikaner fir eng Zäitchen de Glawen doru verluer hunn, dass si fäeg sinn, fäeg sinn grouss Saachen ze maachen. ‘Wann s du eng Saach wierklech maache kéints, Joe, wat géifs du maachen?’ Ech sot, ‘ech géif Kriibs heelen.’ A si hu mech ugekuckt wéi ‘firwat Kriibs?’ Well kee gleeft, dass mir et kënnen. Dat ass de Grond. A mir kënnen dat. Mir kënne Kriibs, wéi mir e kennen, op en Enn bréngen.”

Als déi aner dräi “grouss Saachen” huet hien d’Ënnerstëtzung vu Veteranen, d’Bekämpfung vun der Opioid-Pandemie an d’Bewältegung vun der mentaler Gesondheetskris genannt.

D’AFP huet aner Bäiträg iwwerpréift, an deenen dem Biden seng Aussoen aus dem Zesummenhang gerappt goufen (hei, hei an hei).

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.