Scroll Top

Faktencheck: Desinformatioun ziilt op Studenteprotester a Serbien of

Faktencheck: Desinformatioun ziilt op Studenteprotester a Serbien of - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Op d’Masseprotester a Serbien, déi vu Studenten ugefouert ginn, hunn d’regierungsfrëndlech Medien a Sozial Netzwierker mat enger Well vun Desinformatioun geäntwert. Fachleit no ass dat e Versuch, d’Anti-Korruptiouns-Beweegung ze ënnergruewen.

D’Astierze vun engem Daach vun enger frësch renovéierter Gare am November 2024 huet am ganze Land eng Protestwell ausgeléist. Bei dësem Ongléck an der zweetgréisster serbescher Stad Novi Sad koume 16 Mënschen ëm d’Liewen. Vill Leit maache staatlech Korruptioun an net genuch Sécherheetsvirkéierunge fir d’Ongléck verantwortlech. Dohier hunn d’Protester den Drock op d’nationalistesch Regierung vum President Aleksandar Vučić erhéicht.

Héichrangeg Regierungsvertrieder.innen a regierungsfrëndlech Norichtenagencen – déi de gréissten Deel an der serbescher Medielandschaft ausmaachen – stellen d’Studenten an déijéineg, déi si ënnerstëtzen, zënter Méint als “auslännesch Agenten” a gewalttäteg Onroustëfter duer, déi e “Coup d’État” plange géifen. Si beschëllegen dës Leit och, vun der Oppositioun finanzéiert ze ginn.

An der Boulevardzeitung “Kurir” gouf geschriwwen, dass d’Studenten “Belgrad terroriséiere” géifen, wärend an der Boulevardzeitung “Informer” an op hirem Tëleessender behaapt gouf, dass si vun der amerikanescher Entwécklungsagence USAID an dem Milliardär George Soros bezuelt géife ginn. De Leschtgenannten ass reegelméisseg d’Zil vu rietspopulistesche Konspiratiounstheorien.

Op engem weidere regierungsfrëndleche Sender Pink TV gouf d’Protestbeweegung als Opstand bezeechent, dee vun der albanescher Majoritéit an der Bevëlkerung vum Kosovo ënnerstëtzt géif. D’fréier südserbesch Provënz hat sech 2008 vu Serbien als onofhängeg erkläert.

Desinformatioun Expertin no fir Diskreditéierung genotzt

D’Medienexpertin a Professesch op der Universitéit Belgrad, d’Snježana Milivojević, huet géintiwwer der AFP erkläert, dass esou Narrativer dorop ofzile géifen, d’Protester als Versuch vun enger “Faarwerevolutioun” duerzestellen. Dat ass eng Uspillung op d’prowestlech Revolten, déi an de leschte Joerzéngten an de postsowjetesche Staate ofgelaf sinn.

Medie souwéi Regierungsvertrieder verbreeden och reegelméisseg Falschmeldungen iwwer d’Demonstranten, “fir si ze diskreditéieren”, huet si bäigefüügt. E Beispill aus der jéngster Vergaangenheet wär e Film vu Studente vun der Konscht-Universitéit an der zentral geleeëner Stad Kragujevac: Dës haten en Dokudrama iwwer d’Attacke mat Autoen, déi bei e puer Protester an d’Leit gerannt waren, gedréint, woubäi vill Leit schwéier blesséiert gi waren. A Medie wéi “Informer” an TV Prva gouf mat dem Filmmaterial da fälschlecherweis behaapt, dass d’Attacke vun de Studenten ausgaange wären – si goufen also vun den Affer zu den Täter.

De Bogdan Vučić, Student op der Belgrader Fakultéit fir Politikwëssenschaft, sot géintiwwer der AFP, dass d’regierungsfrëndlech Berichterstattung iwwer d’Protester “zur Feindseelegkeet géintiwwer de Studéierende bäidréit a si zu Staatsfeinde mécht – dobäi sinn d’Studenten d’Kanner an d’Zukunft vun dësem Land”.

D’Professesch Ana Milojević aus dem Fachberäich Journalismus vun der Fakultéit fir Politikwëssenschaft op der Universitéit Belgrad sot, d’Feelinformatiounen zilen dorop of, “d’Protester ze delegitimiséieren”.

Bei engem weidere Virfall am Mäerz 2025 gouf e Polizist an Zivil bei enger Studenteblockad vum Haaptsëtz vum staatlechen Tëleessender RTS zu Belgrad blesséiert. A regierungsfrëndleche Medie gouf de Studente virgeheit, de Polizist attackéiert ze hunn. Dës Behaaptung huet de President Vučić op sengem Instagram-Kont zesumme mam Bild vum blesséierte Mann widderholl. Mee Videoopnamen, déi a Sozialen Netzwierker den Tour maachen, hu gewisen, dass hie vun engem Aarbechtskolleeg geschloe gouf.

RTL © AFP

De Vučić huet spéider zouginn, dass de Beamte “vläicht e puer Schléi vu sengem Kolleeg agestach huet”, huet awer drop bestanen, dass och eng Rëtsch Schléi vun de Studenten an anere Persoune koumen, déi sech an der Géigend vum RTS-Gebai versammelt haten.

Fotoe vun ale Protestaktiounen

D’regierungsfrëndlech Medien a Serbien verbreeden zënter Jore “Propaganda” an hir “Taktik gouf nach verschäerft, wéi d’Protester ugefaangen hunn”, sou d’Milivojević. “D’Zil ass, d’Protester ze kriminaliséieren a se als gewalttäteg an ineffektiv duerzestellen.”

D’Studenteprotestergehéieren zu de gréissten an der jéngster serbescher Geschicht. D’Demonstratiounen hu reegelméisseg zéngdausend Leit ugezunn. Mä a regierungsfrëndleche Medie goufen al Fotoen oder Filmmaterial benotzt, déi Mënschegruppe weisen, wéi se sech opléisen. Domat soll d’Zuel vun de Participante vun den aktuelle Protester méi kleng erschéngen. “Medieberichter no versammele sech bei vum Regimm ënnerstëtzte Veranstaltunge méi Mënschen op méi klenge Plaze wéi bei Protester op de gréisste Plazen, an d’Zuel vun de Studente gëtt permanent erofgespillt”, sou d’Milivojević.

Falschmeldungen iwwer Demonstratiounsrecht

Wéi sech och Schüler vum Cycle supérieur de Blockaden ugeschloss hunn, huet de President Vučić behaapt, dass Mannerjäreger kee Recht op Versammlungsfräiheet hätten. A regierungsnoe Medie goufe seng Wierder séier opgegraff a Schlagzeile produzéiert, déi a Sozialen Netzwierker wäit verbreet goufen an ausgedréckt hunn, dass Studenten d’Recht op Demonstratioun hätten, Mannerjäreger awer net. Geméis der Staatsverfassung an de Konventioune vun de Vereenten Natiounen ass et awer all Mënsch a Serbien erlaabt, ze demonstréieren – onofhängeg vu sengem Alter.

Och d’Demonstrante selwer sinn net virdru sécher, op Falschinformatiounen eranzefalen. E villfach gedeelte Video sollt angeeblech “d’Verhaftung vun ‘RTS’-Mataarbechter, déi d’Wourecht iwwer d’Protester opdecke wëllen”, weisen. Tatsächlech war et awer e Video vun enger Verhaftung vu Membere vun enger klenger politescher Beweegung am Joer 2022, déi d’RTS-Gebai gestiermt haten.

Fir Falschmeldungen an hirer Meenung no virageholl Berichterstattung ze bekämpfen, notze protestéierend Studente reegelméisseg Sozial Netzwierker, fir angeeblech Desinformatiounen opzedecken, déi vu regierungsfrëndleche Medie verbreet ginn. Si hunn och a ganz Serbien Informatiounsstänn ënner dem Motto “Schwätz mat engem Student” installéiert, fir mat de Mënschen iwwer Feelinformatiounen ze schwätzen. Ausserdeem hu Studenten eng Grupp an der Messaging-Applikatioun Viber mat iwwer 47.000 Membere gegrënnt, fir Froe vun der Ëffentlechkeet ze beäntweren. Si hunn och virun de Büroe vu RTS an “Informer” demonstréiert.

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.