Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: D’ägyptesch Pyramide sinn dacks Bestanddeel vu Konspiratiounstheorien

Faktencheck: D'ägyptesch Pyramide sinn dacks Bestanddeel vu Konspiratiounstheorien - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Zënter Joerhonnerte liwweren d’ägyptesch Pyramide Material fir déi verschiddenst Konspiratiounen: Ausserierdescher hätte se wuel gebaut oder se hätten an der Antik als Stroumquell gedéngt.

De Video, deen den 22. Mäerz 2023 op YouTube eropgeluede gouf, hat zënterhier méi wéi 570.000 Opriff. De franséischsproochegen, kongoleesesche Rapper Gîms huet an engem Interview, deen iwwer annerhallef Stonnen dauert, um Kanal “Oui Hustle” eng al Konspiratioun opgegraff. Dës behaapt, dass d’Ägypterinnen an Ägypter an der Antik wéinst de Pyramiden wéi et schéngt Elektricitéit haten.

Dräi Woche méi spéit, den 13. Abrëll 2023, huet de Sänger säin neiste Song “Hernán Cortés” op sengem YouTube-Kanal publizéiert, benannt nom spueneschen Eruewerer aus dem 16. Joerhonnert. D’Coverbild vum Lidd weist Pyramide mat enger Spëtzt aus Gold, donieft e Stroummast, Kabelen a Stroumkëschten.

“An der Zäit vum Kusch-Räich gouf et Elektricitéit. (…) D’Pyramiden, déi een hei gesäit, hunn eng gëlle Spëtzt. Gold ass de beschte Leeder fir Elektresch. Dat waren Antennen, kredjëft! D’Mënschen hate Stroum. Dat verstinn d’Leit net. D’Ägypter – d’Wëssenschaft, déi si haten, dat iwwertrëfft eis Virstellungskraaft, an d’Historiker wëssen dat!”, behaapt de Sänger. Hien huet knapp 3 Millioune Follower op Instagram, op YouTube a Facebook ronn 11 eelef Milliounen.

D’Behaaptung – déi onbegrënnt ass -, Ägypten hätt scho laang virun der Erfindung am 19. Joerhonnert Stroum gehat, ass net nei. Am September 2018 war d’Behaaptung schonn an engem Video mam Titel “Dat wierklecht Geheimnis vun de Pyramide gouf endlech opgedeckt”, dee méi wéi 2,5 Millioune Mol gekuckt gouf, opgedaucht. Hei goung och vun de “Kraaftwierker” rieds.

RTL © AFP

De Video huet guer keng Angabe vun de Quellen, déi dës Behaaptunge stäipe géifen. E kéint awer vun enger Etüd inspiréiert sinn, déi ee Mount virdru vun enger Ekipp ënner der Leedung vu Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler vun der ITMO-Universitéit zu St. Petersburg a Russland publizéiert gouf. Déi kauscher Etüd beschäftegt sech ausschliisslech op theoreeteschem Niveau mat den elektromagnéiteschen Eegenschafte vun der Grousser Pyramid vu Gizeh, behaapt awer zu kengem Moment, dass d’Monument deemools Stroum produzéiert hätt.

Den Ägyptolog Claude Traunecker, emeritéierte Professer op der franséischer Universitéit Stroossbuerg, gouf zu de Behaaptunge vum Sänger Gîms befrot. Hie sot den 23. Abrëll 2023 géintiwwer der AFP, dass dës Äusserungen, déi am Joer 2023 d’Erzielung vun elektresche Pyramiden nees opgegraff hunn, “op kenger wëssenschaftlecher Basis” beroue géifen.

“Mir hunn ausserdeem keen Noweis doriwwer, dass d’Pyramidia [de Pyramidion ass de pyramidefërmege Schlusssteen op der Spëtzt vun der Pyramid, Um. v. d. Red.] aus Gold war. Mir wëssen aus Schrëftstécker, dass d’Spëtzte vun Obelisken aus Gold waren, awer vun de Pyramidia wësse mir dat net”, sot den Traunecker.

D’Guillemette Andreu-Lanoë ass Vizepresidentin vun der franséischer Association de l’Egyptologie. Och si sot der AFP den 13. Abrëll 2023, dass d’Behaaptunge vum Rapper “absolutt onbegrënnt” wären. Et hätt deemools kee Stroum ginn, “net emol no dem anticken Ägypten, net a Griicheland oder am ale Roum, net am Mëttelalter. [De franséischen Ägyptolog Jean-François] Champollion [, dee 1790 gebuer gouf] konnt am Ufank vum 19. Joerhonnert just mat enger Uelegluucht oder enger Käerz liichten.”

Iwwer d’Aart a Weis, wéi d’Ägypterinnen an Ägypter deemools Luucht gemaach hunn, sot d’Vizepresidentin: “Schrëftquelle schwätze vu Liwwerunge vun zwou Wicke pro Dag un d’Aarbechter am Dall vun de Kinneken”. D’Andreu-Lanoë sot weider: “Dës Wicke goufen a Schuele mat Ueleg geluecht. Et huet ee se ugezünt a se si bannent véier Stonnen ofgebrannt, wat [bei zwou Wicken] en Aarbechtsdag vun aacht Stonnen ergëtt.”

Wat d’Presenz vu Gold op der Spëtzt vun de Pyramiden betreffe géif, déi vum Gîms ernimmt ginn, sou géif et “keng archeologesch oder textuell Beweiser doriwwer”. D’Andreu-Lanoë huet erkläert, dass d’Pyramide vu spatz zoulafende Pyramidia gekréint gi wären, vun deenen Archeologen heiansdo Fragmenter fonnt hätten.

De Relief am Tempel Hathor zu Dendera dogéint wär eng Duerstellung “vun der Gebuert vun der Welt. Se ass e puermol un de Mauere vun dësem Tempel an an deem vum Isis, direkt niewendrun, ze gesinn.” D’Entsteeung wär op dës Manéier duergestallt: “Am Ufank daucht e Lotus aus engem flëssegen Element op. Eng Schlaang erschéngt a riicht sech am Häerz vun der Planz op – dat ass déi angeeblech Luucht. Dës Planz ass als Plazenta unzegesinn, déi den zukünftege Gott Harsomtus dréit.” Harsomtus wär de Gott vun den Urspréng, dat universellt Wiesen, dat “fir d’éischt Kéier aus der Lotusblumm entspréngt.”

Bezunn op dem Gîms seng Interpretatioun vun der angeeblecher “Bier” sot de Claude Traunecker: “Dat ass e mythologescht Bild vun der Kreatioun vun der Welt aus enger Planz, et ass einfach en ikonographeschen Zoufall, dass dës oval Form ausgesäit wéi eng Bier.”

RTL © AFP

D’Behaaptung iwwer “Kraaftwierkpyramiden” reit sech an eng laang Lëscht vun Erzielunge ronderëm de Bau an den ursprénglechen Zweck vun dëse Monumenter an. Se goufe virun iwwer 4.500 Joren zu Gizeh, engem Viruert vu Kairo fir dräi Pharaoe gebaut: Cheops, Chephren a Mykerinos.

Dës Faszinatioun wär net zulescht domat ze erklären, dass d’Cheops-Pyramid dat eenzegt nach bestoend Weltwonner wär, huet d’Guillemette Andreu-Lanoë erkläert. D’Wierkung vun dëse Pyramide wär “ergräifend a beandrockend”. Et kéint ee sech bal net virstellen, dass just e puer Gruppe vu Mënschen dës aussergewéinlech Monumenter geschaaft hätten. Dobäi kéim d’Pyramideform, déi heefeg Fantasievirstellungen ausléisen an als Zeeche vun enger Fabelwelt ugesi géif.

Zu den Erzielungen, déi am wäitste verbreet a bekannt sinn, gehéiert déi sougenannt “Alien-Theorie”. Dës Erzielung schreift de Bau vun de Pyramiden enger fortgeschrëttener ausserierdescher Zivilisatioun zou. A Frankräich gouf dës Erzielung virun allem duerch de Film “La Révélation des Pyramides” vum Jacques Grimault aus dem Joer 2010 méi bekannt. Et ass eng haartnäckeg Erzielung: Iwwer zéng Joer méi spéit erklären 20 Prozent vun der amerikanescher Bevëlkerung an néng Prozent vun de Fransousen a Franséisinnen, dass si der Behaaptung zoustëmmen, dass “d’ägyptesch Pyramiden an der Antik vun Ausserierdesche gebaut goufen”. Dat ass d’Resultat vun enger Ëmfro vun Ifop, déi am Abrëll 2023 publizéiert gouf.

Dës Erzielung gouf an der Vergaangenheet schonn e puermol widderluecht. “Et war d’Kraaft vun de Mënschen, déi alleguer dem Rum vum Pharao ënnerworf waren, déi et hinnen erméiglecht huet, dës Steebléck ze beweegen”, huet d’Guillemette Andreu-Lanoë betount. “Deemools gouf et weder Rad nach Päerd als Hëllefsmëttel. Den Afallsräichtum vun de Bauhären, haart Aarbecht an d’Unzuel vun den Aarbechter waren déi bescht Mëttelen, fir dës Wonner ze bauen.”

Si huet bäigefüügt: “Bei aktuellen archeologeschen Aarbechten hunn d’Kolleege Pierre Tallet zu Wadi al-Dscharf a Yannis Gourdon zu Hatnub sensationell Entdeckunge gemaach, déi en Abléck an d’Virgoensweisen, déi genotzt goufen, erlaben.”

Eng weider, och onbegrënnt Virstellung ass déi, dass d’Pyramide wuel fir d’Lagerung vu Käre gebaut gi wären an net als Begriefnisplaz fir Pharaoe gedéngt hätten.

Dës Theorie wär immens al a géing op d’Mëttelalter zeréck, sot de Claude Traunecker. Hien huet ongeféier 15 Joer an Ägypten gelieft an u villen Ausgruewungen an Etüden iwwer dat aalt Ägypten deelgeholl. “Et gëtt souguer e Mosaik zu Venedeg an Italien, dat d’Pyramiden duerstellt. Dorop leet [déi biblesch Figur] de Jousef Kären an d’Pyramiden. Dat war de reliéise Glawen, deen derhannert stoung. Et weess een zimmlech sécher, dass et sech bei de Pyramiden ëm Griewer handelt.”

D’Iddi vu “Späicher fir Käre” wär “op kee Fall” fundéiert, huet d’Andreu-Lanoë betount. “Et huet een dora kinneklech Sarkophagen a Schätz vu Begriefnisser fonnt an an der fënnefter Dynastie sinn d’Wänn vun de Pyramide mat reliéisen Texter bedeckt, déi dem Pharao hëllefe sollten, d’Éiwegkeet ze erreechen.”

RTL © AFP

Den Tristan Mendès France ass Member vun der Organisatioun “Observatoire du conspirationnisme“, déi sech a Frankräich géint Diskriminatioun, Rietsextremismus a Konspiratiounstheorien engagéiert. De Fransous ass Spezialist fir Digitalkulturen an Online-Extremismus. Hie sot den 13. Abrëll 2023 géintiwwer der AFP, dass et schonn ëmmer Fantasië ginn hätt, déi duerch d’Pyramiden erwächt gi wären.

“Et gëtt e Virdrun an en Duerno beim Internet a virun allem bei YouTube”, sot de Mendès France. “YouTube huet dës Narrativen erëm belieft a se zougänglech a verfügbar gemaach. An änlecher Manéier hunn och Streaming-Plattformen dozou bäigedroen, sëllege pseudowëssenschaftlech Serië ronderëm verschidde Geheimnisser eng gewëss Siichtbarkeet ze ginn.” Dozou géifen och d’Pyramiden an Ägypten zielen.

“Dës Erzielunge gehéieren zu deem, wat ech als Ënnerhalungsverschwierung bezeechne géif, eng Form vu ‘Binge-Watching’ vu Konspiratiounserzielungen”, huet de Mendès France weider erkläert. “Dësen Ënnerhalungsaspekt gouf ëmmer als manner geféierlech oder beonrouegend wéi exotesch ugesinn. Virun allem duerch d’Spill vun den Algorithme sinn dës Erzielungen awer och Méiglechkeeten, an e ganze Kanon vu Konspiratiounserzielungen eranzegeroden, déi hirersäits wäitaus méi geféierlech sinn.” D’Algorithme vu sozialen Netzwierker a Videoplattforme bewierken, dass d’Notzerin oder den Notzer automatesch aner, awer änlech Inhalter virgeschloe kritt.

Beim Gîms sengen Äusserunge léich den Haaptproblem an der spezifescher Floskel “Historiker wëssen”, sou den Tristan Mendès France. “Et ass dësen Aspekt vu sengem Narrativ, deen zudéifst verschwierungserzieleresch ass.”

Weider huet den Expert opgeschlësselt: “Wann een den Implicatioune gleeft, déi hannert dëser Iwwerzeegung stinn, géif dat bedeiten, dass dat, wat am Fach Geschicht am Secondaire geléiert gëtt, eng Lige wär. Dat géif bedeiten, dass de Léierplang vum Educatiounsministère d’Wouerecht verschleiere géif. Dass d’Regierung d’Wouerecht verstoppe géif. Déi franséisch, awer och weider Regierungen. Dat géif nees bedeiten, dass et eng Zesummenaarbecht vu sämtleche Regierungen op der Welt géif, fir d’Realitéit dovun, wat geschitt ass, ze verstoppen. Dat géif bedeiten, dass et weltwäit Verschwierung géif.”

De Claude Traunecker deelt dës Besuergnes: “Et stéiert mech immens, dass de Gîms seet, ‘d’Historiker wëssen dat an halen et geheim’. Dat erschéngt mir besuergneserreegend, zemools hie Millioune vu Mënschen als Follower a sozialen Netzwierker huet.”

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.