Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Dëse Pass beleet net, dass de Barack Obama a Kenia gebuer gouf

Faktencheck: Dëse Pass beleet net, dass de Barack Obama a Kenia gebuer gouf - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

De Malik Obama, den Hallefbrudder vum eemolegen US-President Barack Obama, huet Mëtt Abrëll 2023 Fotoe vum Pass vun hirem gemeinsame Papp op Twitter gepost. Den Dag duerno hu User d’Fotoe mat der Behaaptung gedeelt, dat géif beweisen, dass de Barack Obama aus Kenia an net de Vereenegte Staate stame géif, an dowéinst net zum President hätt kënne gewielt ginn.

Zanter dem 12. Abrëll 2023 gouf d’Foto zegdausend Mol a Bäiträg op Spuenesch an Englesch op Instagram, Facebook an Twitter mat der Behaaptung gedeelt, de Barack Obama wär net an den USA gebuer.

RTL © AFP

 

Eng ëmgekéiert Billersich mat de Fotoen op In-Vid-WeVerify huet erginn, dass d’Behaaptung ursprénglech den 12. April 2023 op Twitter vum Stew Peters, engem amerikanesche rietspopulistesche Radio-Chat-Show-Moderator gepost gouf. De Peters huet scho fréier Falschinformatiounen iwwer de Corona-Impfstoff a Konspiratiounserzielunge verbreet, déi d’AFP widderluecht huet.

D’AFP huet och schonn aner Behaaptunge widderluecht, déi mam Barack Obama a senger angeeblecher kenianescher Ofstamung ze dinn hunn (hei, hei an hei)

Wiem gehéiert de Pass?
Déi selwecht Internetsich huet zum ursprénglechen Twitter-Bäitrag geféiert, an deem déi dräi Fotoe vum Dokument gepost goufen. “Ech hu versicht, den Heuchler [bezunn op de Barack Obama] dozou ze bréngen, dat a seng Bibliothéik opzehuelen, mee hie wollt net”, schreift de Malik Obama a sengem Tweet, deen angeeblech en ugespaant Verhältnis mat sengem Hallefbrudder Barack Obama soll hunn.

Op de Biller ass ze erkennen, dass de Reespass zu Nairobi, Kenia op den Numm “Mr. Barack Hussein Obama” ausgestallt gouf, also op den Numm vum Papp vum eemolege President, deen a Kenia als Wirtschaftswëssenschaftler geschafft huet.

“Et ass de Reespass vu mengem Papp”, huet de Malik Obama géintiwwer der AFP an enger E-Mail vum 13. Abrëll 2023 confirméiert a bäigefüügt, dass hien e versteeë wéilt. Déi liesbar Donnéeë vum Pass bestätegen och, dass de Reespass net dem eemolegen US-President gehéiert kann hunn. D’Dokument gouf den 29. Abrëll 1959 ausgestallt, also zwee Joer virum Obama senger Gebuert de 4. August 1961 zu Honolulu op Hawaii.

Enger Inscriptioun an der Presidentebibliothéik vum Barack Obama no hu sech seng Eltere scheede gelooss, wéi hien zwee Joer al war an hie gouf vu senger Mamm, der Stanley Ann Dunham, a senge Grousseltere vu senger Mamm hirer Säit opgezunn.

Op enger anerer Foto, déi de Malik Obama den 12. Abrëll 2023 op Twitter online gesat huet, ass kloer ze erkennen, dass d’Passbild net säin Hallefbrudder Barack Obama weist, mee eng ganz aner Persoun.

Falsch Behaaptung ass scho laang bekannt

D’Behaaptung, de Pass géif dem Barack Obama gehéieren an hie wär angeeblech net an de Vereenegte Staate gebuer, berout op enger Falschinformatioun, déi 2011 opkoum. Se gouf jorelaang vum eemolege President Donald Trump verbreet, deen d’Behaaptung schliisslech selwer zeréckgeholl a bestridden huet, se propagéiert ze hunn.

D’US-Verfassung schreift vir, dass d’Presidentin oder de President op d’mannst 35 Joer al, Staatsbiergerin oder Staatsbierger vu Gebuert un a säit op d’mannst 14 Joer am Land liewe muss.

Fazit: De Reespass, deen iwwer Twitter an Ëmlaf bruecht gouf, gehéiert net dem eemolegen US-President Barack Obama, mee sengem Papp. E beweist also net, dass den Obama a Kenia gebuer gouf. Dat huet de Malik Obama, säin Hallefbrudder, géintiwwer der AFP confirméiert. De Barack Obama koum 1961 zu Honolulu op Hawaii op d’Welt an ass gebiertegen US-amerikanesche Staatsbierger.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

 

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.