Scroll Top

Faktencheck: Dëse Video beweist net, dass NASA-Flich an de Weltraum mat Greenscreen gemaach goufen

Faktencheck: Dëse Video beweist net, dass NASA-Flich an de Weltraum mat Greenscreen gemaach goufen - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Vun der fréierer NASA-Astronautin Karen Nyberg existéieren eng Rëtsch Videoen, an deene si op der Internationaler Raumstatioun (ISS) schwieft.

A Social-Media-Bäiträg gëtt fälschlecherweis behaapt, si hätt spéider opgedeckt, dass d’Agence dës Zeene virun engem Greenscreen gefilmt hätt. Den als Beweis gedeelte Clip weist awer eng aner Fra. Dat huet de Besëtzer vum Kont, vun deem e staamt, géintiwwer der AFP confirméiert.

“Déi fréier Astronautin Karen Nyberg weist, wéi d’NASA Flich an de Weltraum virgetäuscht huet”, huet eng Userin den 29. Juni 2025 op Facebook geschriwwen. Och op X war d’Falschbehaaptung am Ëmlaf. Op Telegram gouf d’Ausso anescht duergestallt.

De Video, dee mat gedeelt gouf, weist eng Fra virun enger Kuliss, déi enger Raumstatioun änlech gesäit. Si kuckt no, wéi eng Chipstut vun hir ewechschwieft. Lénks donieft ass dat selwecht Filmmaterial ze gesinn, dat weist, dass et anscheinend virun engem Greenscreen opgeholl gouf. Eng Persoun an engem grénge Kostüm beweegt d’Tut.

Dëse Clip huet immens vill Reaktiounen, well en och op Englesch, Franséisch, Spuenesch an Italieenesch gedeelt gouf.

RTL © AFP

D’Karen Nyberg ass eng fréier NASA-Astronautin, déi am Laf vun hirer Karriär zwee Mol am Weltall war, dorënner en Openthalt vun 166 Deeg op der ISS am Joer 2013.

Bei der Persoun virum Greenscreen handelt et sech awer net ëm d’Nyberg.

Fra am Video heescht Paige Windle

A Kommentaren iwwer en dausendfach ugeklickte Bäitrag op X an englescher Sprooch ware Links zu fréiere Faktenchecke vu USA TodayPolitifact ze fannen. Dora gouf d’Fra am Video, dee schonn am Joer 2022 am Ëmlaf war, als Paige Windle identifizéiert. Am Clip ass eng Persoun nieft der Kamera ze héieren, déi d’Fra mam Numm “Paige” uschwätzt.

D’Windle ass d’Grënnerin vun enger Lifestyle-Management-Entreprise a mam David Weiss bestuet, deen am Internet ënner “Flat Earth Dave” bekannt ass an de Podcast “The Flat Earth Podcast” moderéiert.

Vun der AFP kontaktéiert, huet de Weiss confirméiert, dass d’Windle d’Fra virun der Kamera ass. “Dëse Video stierft ni. En daucht ëmmer nees op”, huet de Weiss an enger E-Mail vum 17. Juni 2025 geschriwwen.

De Video gouf ursprénglech am Juli 2021 um Weiss sengem YouTube-Kanal als Deel vun enger Serie mam Titel “Globebusters” gepost, ouni d’Nyberg ze ernimmen.

“Een huet dëse Clip geholl an d’Persoun doran als Karen Nyberg presentéiert, an de Clip gouf onzieleg Mol gedeelt, an elo geet et nees vu vir lass”, huet de Weiss geschriwwen. Weider huet hie matgedeelt, hien hätt ëmmer nees op déi falsch Benotzung vum Video higewisen an huet den Thumbnail vun engem YouTube-Video mat der AFP gedeelt, deen hien als Äntwert op déi falsch Behaaptungen am Oktober 2024 gepost hat.

RTL © AFP

Den Titel vum YouTube-Video heescht iwwersat “D’Paige ass NET d’Karen Nyberg, déi de Weltraum virtäuscht, mee de Weltraum ASS eng Täuschung”. D’AFP huet eng Hickecht u Faktenchecken iwwer dës Behaaptung publizéiert, woura widderluecht gëtt, dass d’Äerd eng Scheif wär.

Och Hoer an Halskette géifen am All schwiewen

Astronautinnen an Astronauten u Bord vun der ISS erliewen den Zoustand vun enger approchéierter Schweerelosegkeet, wouduerch si selwer a Géigestänn schwiewen. Op der Héicht vun der ISS bedréit d’Schwéierkraaft 90 Prozent vun der Gravitatioun op der Äerduewerfläch. Zu selwechter Zäit feelt et op der ISS u Loftwidderstand, firwat all d’Géigestänn doranner mat der selwechter Vitess falen a soumat schweerelos erschéngen.

D’ISS bleift an der Ëmlafbunn vun der Äerd, well se sech mat enger Vitess beweegt, déi der Äerdkrëmmung entsprécht, soudass se ronderëm de Planéit “fält” an dobäi ongeféier op der selwechter Héicht bleift. D’Moundbunn funktionéiert op änlech Manéier, sou dass de Mound ëmmer mat der selwechter Säit zu der Äerd kuckt.

D’NASA notzt d’ISS ënner anerem, fir ze ënnersichen, wéi sech méi laang Openthalter an der approchéierter Schweerelosegkeet an aner Konditiounen am Weltraum op de mënschleche Kierper auswierken, fir sech op zukünfteg Laangzäitmissiounen am Weltraum virzebereeden.

Op hirer Internetsäit (hei archivéiert) weist d’Nyberg e Video, dee si op der ISS opgeholl huet, an deem si un enger Couette geschafft huet. Anescht wéi am Video, dee virun engem Greenscreen produzéiert gouf, schwiewen der Nyberg hir Hoer an Halsketten opgrond vun der Schweerelosegkeet wärend dem gesamte Clip.

D’AFP huet Kontakt mat der Kommunikatiounsekipp vun der Nyberg opgeholl, fir eng Stellungnam ze kréien, huet awer keng Äntwert kritt.

D’AFP hat scho virdru Falschbehaaptungen iwwer de Weltraum widderluecht: Zum Beispill gouf an engem Video behaapt, de Schongofdrock um Mound géif net bei d’Suel vum Weltraumkostüm vum Neil Armstrong, dem éischte Mann um Mound, passen.

Fazit:  Beim Video vun enger Fra virun engem Greenscreen, deen ëmmer nees am Internet ze gesinn ass, handelt et sech net ëm Opname vun der fréierer NASA-Astronautin Karen Nyberg. De Clip gouf villméi am Joer 2021 vum Moderator vun engem Podcast publizéiert, an deem et ëm d’widderluecht Behaaptung geet, dass d’Äerd eng Scheif wär.

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.