Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Dëse Video vu Bauerendemo gouf mat Futtball-Audio ënnerluecht

Faktencheck: Dëse Video vu Bauerendemo gouf mat Futtball-Audio ënnerluecht - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Am Januar 2024 koum et a ganz Däitschland zu gréissere Protester vu Baueren. Zu dësem Sujet hu User am Internet e Video verbreet, an deem eng Mënschenusammlung mat Riff hir Onzefriddenheet auszedrécke schéngt. Den Toun am Video ass allerdéngs de Gesang vu Futtballsupporteren.

RTL © AFP

Tounspuer vu Futtballsupporteren

Allerdéngs passen d’Andréck aus dem Video net zum Toun. Wärend een eng grouss Mënschemass jäizen héiert, sinn am Video gréisstendeels Gefierer an der Ëmgéigend vun der Persoun, déi filmt, ze gesinn. Och eng Pauk, déi am Video ze héieren ass, gesäit een net am Bild.

Op der Plattform X weist e User dorop hin, dass d’Tounspuer nodréiglech bäigefüügt wierkt. Hie verweist ausserdeem op en TikTok-Account, deen de Video de 6. Januar 2024 publizéiert huet. D’AFP konnt keng fréier Uploads vum Video fannen.

Duerch de Bäitrag op TikTok gëtt allerdéngs kloer, dass et sech net ëm den Originaltoun vun der Opnam handelt, mä ëm e sougenannte Sound. TikTok erméiglecht et Userinnen a User, Tounopnamen – zum Beispill aus Lidder oder bekannte Filmzeenen – fir Videoen ze benotzen. Dass de User esou e Sound notzt, ass un der Ablendung vun enger Nout ënner dem Video ze erkennen.

RTL © AFP

An dësem Fall huet den Notzer e Sound mam Numm “Mir hunn d’Nues voll” vu “VfL Bochum FanChants & VfL Fans Fangesänge” genotzt. E Klick op de Sound verréit, dass en an dausende Videoen, oft am Zesummenhang mat Protester géint d’Ampelkoalitioun an Däitschland, benotzt gëtt.

Wéi den Numm et schonn undeit, staamt de Sound awer net vun aktuelle Bauereprotester. D’Tounopnam gouf schonn an Alben op Spotify oder Apple Music publizéiert, datéiert op Jore bis Joerzéngte virun den aktuelle Protester. Beschriwwen ass d’Audio-Datei awer ëmmer als Gesang vu Futtballfans.

D’AFP huet den Proprietär vum Kont, deen de Video op TikTok eropgelueden huet, kontaktéiert. Dësen huet den 9. Januar 2024 geschriwwen, dass de Video vum 5. Januar 2024 am bayreschen Deggendorf stame géif. D’AFP konnt dës Informatioun allerdéngs net selwer verifizéieren. Zu Deggendorf koum et op deem Dag zwar zu engem änleche Protest, och op villen anere Plaze war dëst awer de Fall. An engem Kommentar zu sengem Video huet de Besëtzer vum Kont op TikTok och geschriwwen, dass e vun Deggendorf wär.

D’Lokalzeitung “Sundblick” huet de 7. Januar 2024 op Facebook jiddefalls zeréckgewisen, dass e beim Strelapark zu Stralsund opgeholl gi wär, wéi a munche Bäiträg behaapt gouf. “Dat ass net korrekt”, housch et.

Ausserdeem huet eng Spriecherin vum Bauernverband Mecklenburg-Vorpommern der AFP den 9. Januar 2024 geschriwwen, dass et zu Wolgast, Stralsund oder Ëmgéigend keng Zeene wéi am verbreete Video gouf: “Eiser Kenntnis no gouf et keng Riff bei der Demo vum Bauereverband e Méindeg. ‘Mir hunn d’Nues voll’ war och kee Saz, deen ëffentlech vertrueden oder skandéiert gouf.”

Däitsch Bauereprotester

Den Onmutt vun de Baueren hat sech un de Spuerpläng vun der Bundesregierung entzünt. En Deel vun de Kierzunge gouf nees zeréckgeholl. D’Demonstratiounen hu sech am Laf vun de Protester awer allgemeng géint d’Ampel-Regierung geriicht. Am Zuch vun den Demonstratioune koum et zu Trakterblockade vun Autobunnen a Protester am ganze Land.

Fazit: De Ruff “Mir hunn d’Nues voll”, deen angeeblech bei enger Demo vu Baueren ze héiere war, ass eng nodréiglech ergänzt Tounopnam. De Saz gëtt vu Futtballsupportere geruff, net vun Baueren a Bauerinnen, déi demonstréiert hunn.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.