Scroll Top

Faktencheck: Et gëtt kee Vertrag tëscht 14 Länner an dem WEF, fir d’natierlech Fortplanzung bis 2030 ze verbidden

Faktencheck: Et gëtt kee Vertrag tëscht 14 Länner an dem WEF, fir d'natierlech Fortplanzung bis 2030 ze verbidden - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

De Weltwirtschaftsforum (WEF) huet keng Autoritéit iwwer Regierungen. Enn Mäerz 2025 hunn Notzer a Sozialen Netzwierker awer d’Behaaptung verbreet, dass 14 Länner e Vertrag mam WEF ënnerschriwwen hätten, deen eng natierlech Fortplanzung bis 2030 verbidde soll. Dës falsch Behaaptung staamt vun enger Internetsäit, déi schonn e puer Mol Feelinformatioune verbreet huet.

De WEF huet matgedeelt, d’Ausso wär “komplett falsch a entbiert all Grondlag”. Op der Internetsäit vum Forum si keng Informatiounen iwwer esou e Vertrag ze fannen, deen d’natierlech Fortplanzung verbidde géif.

“14 Natiounen ënnerschreiwe WEF-Vertrag iwwer Verbuet vun natierlecher Fortplanzung”, heescht et an engem Facebook-Bäitrag vum 26. Mäerz 2025. Ausserdeem ass eng Collage ze gesinn, déi de President vum WEF, de Klaus Schwab, souwéi scheinbar Dosende Bruckkëschte weist. Och op Telegram gouf d’Behaaptung villfach gedeelt. A ville Bäiträg gouf op Artikele vun der Internetsäit “The People’s Voice” a “Pravda” zu dësem Sujet verwisen. “Véierzéng Natiounen, déi all dem Weltwirtschaftforum ugehéieren, hu grad e Vertrag ënnerschriwwen, fir ze entscheeden, wie sech bis 2030 fortplanzen däerf – hir Frist fir d’Ëmgestalte vun der Mënschheet”, heescht et an all de Bäiträg.

D’Behaaptung ass och an anere Sprooche wéi Bulgaresch, Franséisch, Rumänesch oder Englesch am Ëmlaf.

RTL © AFP

D’international Organisatioun WEF organiséiert all Joer e Sommet zu Davos an der Schwäiz, bei deem eng Abberzuel u Perséinlechkeeten aus Wirtschaft a Politik zesummekommen. Ausserdeem fërdert de WEF Fuerschung an Zesummenaarbecht vu verschiddenen Acteuren – zum Beispill bei Ëmweltsujeten. D’Organisatioun an hire Grënner Klaus Schwab sinn ëmmer nees Zil vu Verschwörungserzielungen a Falschbehauptungen. Och d’Ausso, dass 14 Natioune mam WEF e Vertrag iwwer e Verbuet vun natierlecher Reproduktioun ënnerschriwwen hätten, ass falsch.

Behaaptunge stame vun enger Internetsäit, déi Falschinformatioune verbreet

Déi gedeelt Bäiträg kopéieren dacks Deeler vum Artikel, deen de 24. Mäerz 2025 op der Internetsäit “The People’s Voice” publizéiert gouf. Heibäi handelt et sech ëm eng Websäit, déi vun der AFP schonn dacks wéinst der Verbreedung vu Falschinformatiounen iwwerpréift gouf. Den Artikel enthält eng Rëtsch Behaaptungen, deenen no de WEF angeeblech kontrolléiere wéilt, wéi Mënsche Kanner kréie a villes méi. Et ginn awer guer keng Informatiounen doriwwer geliwwert, wéini esou e Vertrag ënnerschriwwe gouf oder vu wiem.

Am Artikel ass e Video vun 18 Minutten ze fannen, deen op Rumble eropgeluede gouf an d’Behaaptungen, déi am Text enthale sinn, widderhëlt. Am éischte Standbild ass en angeebleche Screenshot vun engem Bäitrag vum WEF op der Plattform X ze gesinn, an deem et heescht: “Unlicensed pregnancies must become illegal” (op Lëtzebuergesch: “Net geneemegt Schwangerschafte mussen illegal ginn”). Eng Stéchwierdersich op dem X-Profil vum WEF ergouf awer keng Bäiträg, an deenen d’Wuert “pregnancies” (Schwangerschaften) virkënnt.

Ausso ass dem WEF no “komplett falsch”

Op AFP-Ufro huet den Departement Presse vum WEF d’Behaaptung zeréckgewisen a matgedeelt, se wär “komplett falsch an entbier all Grondlag”. De WEF hätt “keng Initiativ, kee Vertrag a keng Positioun iwwer d’Ofschafe vun der natierlecher Fortplanzung oder iwwer d’Ersetze vu mënschlecher Reproduktioun duerch kënschtlech Methode virgeschloen, ënnerstëtzt oder gefërdert”, housch et an enger E-Mail un d’AFP vum 2. Abrëll 2025.

Eng erweidert Stéchwierdersich op der Internetsäit vum WEF ergouf keng Resultater zu engem Vertrag, dee vu 14 Länner ënnerschriwwe gouf an d’natierlech Fortplanzung verbitt. Och a seriöe Medien huet d’AFP keng entspriechend Artikele fonnt.

Obwuel e puer Experten un der Fuerschung fir kënschtlech Uterusse schaffen, fir Prematuréen ze hëllefen, steet dës Fuerschung a kengem Zesummenhang mam WEF, deen an dësem Beräich näischt proposéiert huet. Doriwwer eraus ass de WEF eng onofhängeg, netstaatlech Stëftung. En huet dohier keng rechtlech Zoustännegkeet, fir e Verbuet vun der natierlecher Fortplanzung ze erloossen oder Gesetzer ze schafen.

Kënschtlechen Uterus ass nach Science-Fiction

A Sozialen Netzwierker gëtt behaapt, “d’Waff”, déi de WEF asetze wéilt, fir natierlech Fortplanzung ze verbidden, wär eng “kënschtlech Gebärmutter”, mat där “Bëbeeën a sterille Laboe konstruéiert an a Maschinnen ouni Séil opgezu” kéinte ginn. Souwuel d’Bäiträg wéi och den Artikel vun “The People’s Voice”, op deem se baséieren, weise Biller, déi scheinbar eng Zort Gebärmutter-Farm duerstellen.

Dës Biller stamen awer aus enger konzeptioneller Animatioun, déi vum Berliner Wëssenschaftskommunikator Hashem Al-Ghaili erstallt gouf. Zil war et, Fortschrëtter an der Reproduktiounsmedezin an -technologie opzeweisen – keng reell Ariichtung -, wéi d’AFP am Januar 2023 gemellt hat. Wéi d’AFP am Joer 2023 falsch Behaaptungen iwwer dëse Video widderluecht hat, hate Fachleit erkläert, dass déi komplett Entwécklung vu Bëbeeë baussent dem mënschleche Kierper weiderhi Science-Fiction wär. Déi deemoleg Fuerschung hat sech ausschliisslech op d’Ënnerstëtzung vun extreem fréi gebuerene Puppelcher konzentréiert.

Déi aktuellst Etüd, déi d’AFP zum Sujet kënschtlech Gebärmutter fonnt huet, staamt aus dem November 2024 a gouf vun der Jennifer L. Cohen, Assistenzprofessesch fir Pediatrie op der amerikanescher Duke University, geleet. Se baséiert op engem bestoende Modell vun engem kënschtlechen Uterus an analyséiert, ob duerch där hiren Asaz “Verännerungen an der RNA- a Geenexpressioun” optrieden. Benotzt gouf e Modell mam Numm Extend (Extrauterine Environment for Neonatal Development) un engem Lämmchen. Am Artikel huet d’Jennifer L. Cohen awer erkläert, dass dëse Modell net dofir geduecht wär, eng net liewensfäeg Schwangerschaft liewensfäeg ze maachen, mee immens fréi gebuer Bëbeeën hëllefe soll, mat manner Komplikatiounen ze iwwerliewen.

“Déi meescht Fuerscher ginn am Moment dovun aus, dass den Asaz vun dëser Technologie am fréien éischten Trimester – also dem Zäitraum, an deem déi meescht Ofdreiwunge stattfannen – onméiglech ass”, heescht et an engem Artikel vum Mäerz 2024 an der Zäitschrëft “American Scientists”, dee sech mat kënschtlechen Uterussen a klineschen Etüden um Mënsch befaasst. Zu den Autorinnen zielt d’Louise P. King, Assistenzprofessesch fir Gynekologie a Reproduktiounsbiologie op der Harvard Medical School.

Falsch duergestallt Etüd aus dem Joer 2023

Dem Artikel vun “The People’s Voice” no hätt den Entwécklungsbiolog Katsuhiko Hayashi vun den Universitéiten Osaka a Kyushu a Japan e wëssenschaftlechen Duerchbroch erziilt, deen et erméigleche géif, natierlech Fortplanzung ze ëmgoen. D’Internetsäit berifft sech op eng Etüd aus dem Joer 2023, an där beschriwwe gëtt, wéi aus Hautzelle vun enger männlecher Maus Eezellen hiergestallt goufen. Dës Eezelle goufen du mam Sperma vun engem anere Männche befrucht an an d’Gebärmutter vun enger Leihmutter iwwerdroen. D’Resultat ware siwe Mais mat zwee Pappen. Fachleit hunn awer erkläert, dass et nach e wäite Wee wär, éier dës Technologie beim Mënsch ugewant kéint ginn. Hindernisser wären ënner anerem den niddregen Erfollegstaux, eethesch Bedenken a Froe fir d’praktesch Ëmsetzung.

Wéi eng ganz änlech Behaaptung am Juli 2023 verbreet gouf, sot de Katsuhiko Hayashi géintiwwer der AFP, dass et nach e wäite Wee wär, bis d’Befruchtung vun Eezelle beim Mënsch getest kéint ginn: “Net just mäi Labo, mee vill Laboe weltwäit an och Wëssenschaft an Industrie versichen, mënschlech Eezellen a Spermien hierzestellen. Awer dat ass net einfach. Et wäert laang daueren – ongeféier zéng Joer -, bis Eezellen hiergestallt kënne ginn, déi fir eng Befruchtung getest kënne ginn.” Hien hat géintiwwer der AFP am Juli 2023 ausserdeem erkläert, dass d’Fuerschung u kënschtleche Geschlechtszellen technesch gesinn näischt mat enger kënschtlecher Gebärmutter ze dinn hätt. Gametogenees, also d’Forméiere vu Geschlechtszelle bei der Fortplanzung, an den Uterus si komplett ënnerschiddlech Systemer.

D’AFP huet den Hayashi op en Neits kontaktéiert, fir aktuell Informatiounen iwwer seng Fuerschung ze kréien. “Et gëtt zënter Juli 2023 kee Fortschrëtt an der In-vitro-Gametogenees beim Mënsch a mengem Labo”, huet hien der AFP den 9. Abrëll 2025 an enger E-Mail matgedeelt.

Am Artikel vun “The People’s Voice” gouf ausserdeem behaapt, de WEF hätt d’Etüd aus dem Joer 2023 finanzéiert. Den Hayashi sot den 9. Abrëll 2025 géintiwwer der AFP: “Ech gouf ni vum Weltwirtschaftsforum oder enger verbonnener Organisatioun fir iergendeng vu mengen Aarbechte finanzéiert.” De WEF gëtt och net am Passage “Remerciemente” vun der Etüd vun 2023 ernimmt. Dëser Publikatioun no gouf d’Etüd duerch Fërdermëttel vun der “Japan Society for the Promotion of Science” finanzéiert, där hire Budget zu 99,5 Prozent aus staatleche Subventioune besteet. Weider Stëftungen, déi als Fërderer genannt ginn, sinn zum Beispill d’Takeda Science Foundation an den Open Philanthropy Project.

Fazit: A Sozialen Netzwierker housch et fälschlecherweis, dass 14 Länner e Vertrag mam WEF ënnerschriwwen hätten, deen natierlech Fortplanzung bis 2030 verbidde soll. De WEF huet awer keng däraarteg Befugnisser an huet matgedeelt, d’Behaaptung wär “komplett falsch”. Op der Internetsäit vum Forum fanne sech ausserdeem keng Informatiounen iwwer e Vertrag, deen natierlech Fortplanzung verbidde géif.

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.