Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Falend Autoe stamen aus engem Film, net vu franséischen Onrouen

Faktencheck: Falend Autoe stamen aus engem Film, net vu franséischen Onrouen - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Nom Doud vun engem Teenager an engem Paräisser Viruert Enn Juni waren a Frankräich Onrouen ausgebrach. An dësem Zesummenhang waren an de sozialen Netzwierker eng Rei Opnamen opgedaucht, déi mat falschem Kontext verbreet gi waren.

An engem Clip fale véier Autoen aus engem Gebai, éier se op dem Buedem opschloen an a Flamen opginn. User beschreiwen d’Zeen sou: “Frankräich: Bizarre Forme vum Opstand, Autoe fléien aus engem Parkhaus!” D’Behaaptung huet sech op  Facebook souwéi an enger Rei Sprooche verbreet, dorënner z.B. Thailännesch oder Tschechesch. E puer vun de Bäiträg deiten un, dass Migranten d’Autoen aus dem Gebai gestouss hätten.

RTL © AFP

Nodeem e Polizist Enn Juni e Jugendleche bei enger Verkéierskontroll erschoss hat, koum et zu wëlle Protester a ganz Frankräich. De Virfall hat Ausschreidungen ausgeléist, déi iwwer eng Rei Nuechte gedauert haten a bei deenen Autoen an ëffentlech Gebaier a Flame gesat a Geschäfter geplëmmt gi waren.

Am Zuch vun den Onrouen a franséische Stied hate sech eng Rei Falschbehaaptunge verbreet. Notzerinnen an Notzer hate beispillsweis e Video vun engem brennende Postbüro op de Philippinne fälschlecherweis als brennend Bibliothéik zu Marseille beschriwwen oder behaapt, dass Demonstranten Zoodéiere fräigelooss hätten. Och en angeebleche Video vun engem Sniper hat kee Bezuch zu den Onrouen. De Video vu falenden Autoen ass och aus dem Kontext gerappt.

Video staamt aus Actionfilm

De Video weist a Wierklechkeet eng Zeen aus “The Fate of the Furious“, dem aachten Deel vun der Actionfilmrei “Fast and Furious” (archivéierte Link hei).

Eng ëmgekéiert Billersich huet de Clip an engem Tweet iwwer d’Dréiaarbechte fir de Film fonnt, deen den 3. Juni 2016 gepost gouf (archivéierte Link hei). “Fast & Furious 8 – Dréiaarbechten zu Cleveland. Stellt iech vir, dir wéisst näischt dovun a géif dat op eemol gesinn”, heescht et am Tweet.

Den Tweet schreift de Video dem Kasey Carbtree zou, enger Fra, déi Berichter no d’Dréiaarbechte gesinn an de Video op YouTube gepost huet. De YouTube-Video vum Crabtree ass opgrond vun “Auteursrechter” vun NBC Universal net méi disponibel.

De Video gouf zu Cleveland am US-Bundesstaat Ohio gedréint. Déi visuell Hiweiser an den Opnamen entspriechen de Google-Maps-Biller vun enger Parkgarage an der Prospect Avenue East am Gateway District vu Cleveland.

RTL © AFP

US-Norichtesendere wéi WKYC und Fox 8 News haten iwwer Stroossespärungen zu Cleveland am Virfeld vun den Dréiaarbechten am Mee a Juni 2016 bericht, dorënner vun der Prospect Avenue an der Huron Road, wou sech d’Parkhaus befënnt.

D’Norichte-Websäit Cleveland.com hat den 10. Juni 2016 matgedeelt, dass de Film eng Zeen enthält, an där “Autoen aus dem Parkhaus Halle falen an explodéieren” (archivéierte Link hei). D’Säit hat och e YouTube-Video verëffentlecht, an deem Autoen aus dem Gebai falen (archivéierte Link hei).

Video hanner de Kulisse vun der Filmproduktioun weist eng Rëtsch Autoen, déi aus dem Parkhaus stierzen (archivéierter Link hei).
.

RTL © AFP

De Film koum 2017 eraus. Dora gesäit een eng Rëtsch Autoen aus dem Parkhaus zu Cleveland falen.

Fazit: E Video vun Autoen, déi aus engem Parkhaus stierzen, huet näischt mat den Onrouen a Frankräich ze dinn. En ass net aktuell a staamt aus der Actionfilmrei “Fast and Furious”. D’Zeen gouf zu Cleveland an den USA opgeholl.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.