Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Falsch Gerüchter iwwer Hacker-Attack bei Amazon

Faktencheck: Falsch Gerüchter iwwer Hacker-Attack bei Amazon - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Nodeem nei Liwweradressen op de Konte vun enger Rei Amazon-Notzer an de Vereenegte Staaten opgedaucht waren, gouf a Bäiträg op sozialen Netzwierker d’Rumeur lancéiert, d’Notzer wäre gehackt ginn. Dat ass awer falsch.

“Amazon gouf gehackt. Un d’Leit an den USA, iwwerpréift Ären Amazon-Kont. Hacker hu PackUp-Statiounen als Standard-Liwweradresse bäigefüügt”, housch et an engem Instagram-Post vum 1. Dezember 2023.

RTL © AFP

Aner Versioune vun der Rumeur sinn op Facebook, TikTok an X, fréier bekannt als Twitter, zirkuléiert. E puer kruten Dausende vu Likes wärend der chargéierter Chrëschtdagsshoppingzäit.

D’Bäiträg behaapten, dass Hackeren eng oder méi Adressen op Benotzerkonten als alternativ Ofhuelplaz bäigefüügt hunn, fir dass si d’Päck ëmleeden a klaue kënnen.

E puer Bäiträg weise Screenshots vun den neien Adressen, mat Etikette wéi “Amazon Counter at Whole Foods Market,” “Amazon Fresh” an “Amazon Hub Locker.” Dës alternativ Zoustellmethoden, fir déi zum Deel en Zougangscode néideg ass, si fir Clientë geduecht, déi Päck op enger sécherer Plaz ofhuele wëllen, fir en Déifstall ze vermeiden.

RTL © AFP

Amazon huet d’Rumeuren iwwer d’Hackerattack, déi op de sozialen Netzwierker am Ëmlaf ass, widderluecht a sot, d’Adressännerunge wären op en interne Feeler zeréckzeféieren.

“Dat ass keng Fro vun Datesécherheet an eis Systemer si sécher. Amazon Ofhuelstatioune goufen duerch e Feeler bei enger klenger Zuel vu Clientë bäigefüügt a mir schaffen drun, fir de Problem ze behiewen”, huet Amazon Help engem Notzer vun der Plattform X an engem Bäitrag vum 11. Dezember 2023 geäntwert (hei archivéiert).

E Spriecher sot Snopes de 7. Dezember och gesot, dass et “keng Indicen op eng Secherheetslück bei Amazon gëtt an eis Systemer bleiwe sécher”. D’Entreprise géif och dru “schaffen”, de Problem mat de falschen alternative Liwweradressen “ze behiewen”.

D’AFP huet Amazon fir weider Kommentare kontaktéiert.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.