Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Foto vum Taylor Swift an Anti-Trump-Shirt ass gefälscht

Faktencheck: Foto vum Taylor Swift an Anti-Trump-Shirt ass gefälscht - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© RTL-Grafik

E Bild, dat op de sozialen Netzwierker gedeelt gouf – ënnert anerem an Dosende Posts op Facebook, déi Reklamm fir Merchandise-Artikele mam selwechten Design maachen – schéngt d’Taylor Swift an engem Anti-Donald-Trump-T-Shirt ze weisen. D’Foto ass awer gefälscht.

“Du bréngs et op de Punkt, Taylor. Nee. Ni méi Trump. Ech hunn dësen T-Shirt esou gär”, heescht et an engem Facebook-Post vum 15. Januar 2024, an deem d’Bild gedeelt gouf.

Dëse Bäitrag ass ee vun Dosenden, an deem d’Bild vun der Swift zesumme mat Links op eng Websäit gedeelt gëtt, déi T-Shirte mam selwechten Design verkeeft. Op dem T-Shirt steet: “Nope. Net nach eng Kéier.” Den “o” an “Nope” ass mat enger rouder Krawatt an enger Frisur versinn, déi un den eemolege President Trump erënnert.

RTL © AFP

E puer Profiller hunn d’Bild e puermol gedeelt; anerer hu verschidde Biller verbreet, op deenen angeeblech d’Swift oder aner Perséinlechkeeten aus dem ëffentleche Liewen – wéi beispillsweis d’Vizepresidentin Kamala Harris – an der selwechter Kleedung ze gesi sinn.

D’Bild huet sech och op der Plattform X verbreet, wou eng Rei Notzerinnen an Notzer gegleeft hunn, dass et sech ëm eng echt Foto vun der amerikanescher Sängerin a Songwriterin handele géif, déi opgrond vun hirem Afloss reegelméisseg Zil vun Online-Desinformatioun a Konspiratiounstheorien ass.

D’Swift, déi vum amerikaneschen “Time Magazine” zur Persoun vum Joer 2023 deklaréiert gouf, huet esou e groussen Afloss op hir Fans, dass Expertinnen an Experte mengen, eng Ausso vun hir, dass si e Kandidat bei den US-Presidentschaftswalen 2024 ënnerstëtze géif, kéint duerchaus en Ënnerscheed maachen. Den Trump gëllt fir dës Walen als viraussiichtleche Spëtzekandidat vun der Republikanescher Partei.

Am September 2023 hat déi iwwerparteilech Internetsäit vote.org eng spronghaft Hausse vu Visiteurszuele gemellt, nodeems d’Swift eng Instagram-Story gepost hat, an där si hir Fans dozou opgeruff hat, um National Voter Registration Day deelzehuelen. Dësen Dag ass en iwwerparteileche Feierdag zu Éiere vun der Demokratie an den USA, déi op engem Dënschdeg am September stattfënnt.

D’Swift, déi sech normalerweis net zu ëffentlechen Theeme positionéiert, hat sech wärend dem Trump senger Walcampagne 2016 bedeckt gehalen, huet hien awer spéider kritiséiert an de jëtzege President Joe Biden am Joer 2020 ënnerstëtzt. Viru kuerzem huet si sech géint d’Entscheedung vum ieweschte Geriichtshaff ausgeschwat, d’Ofdreiwungsrecht ze kippen, an huet Concertsvisiteuren opgefuerdert, ze recherchéieren, wien LGBTQ-Communautéiten ënnerstëtze géif, a géint Gesetzer stëmme géif, déi fir si “schiedlech” wären.

D’Bild vun der Sängerin, dat am Internet am Ëmlaf ass an op deem si en Anti-Trump-T-Shirt unhuet, ass awer eng digital Fälschung. D’Bild vum Swift hirem Kapp schéngt mat enger Foto iwwereneenzestëmmen, déi de Fotograf Taylor Hill wärend der “Time 100 Gala” den 23. Abrëll 2019 zu New York City geschoss huet – engem järlechen Evenement zu Éiere vun den 100 aflossräichste Mënschen, organiséiert vum amerikaneschen “Time Magazine” (hei archivéiert).

Dem Hill säin Originalportrait, dat d’AFP mat enger ëmgekéierter Billersich fonnt huet, weist d’Swift mat deem selwechte Gesiichtsausdrock, Make-up, Frisur a geblummelegten Hoerreef. Allerdéngs hat si e rosa-gielt Kleed un an hat fir d’Fotoe virun engem rouden Time-Hannergrond poséiert.

Fotoen a Videoe vum Evenement, déi d’AFP fonnt huet, weisen och der Swift hiert Outfit, Make-up, Frisur an Accessoiren.

RTL © AFP

RTL © AFP

D’AFP huet an der Vergaangenheet eng Rei vu Bäiträg opgedeckt, déi fir “Keep America Trumpless”-T-Shirte Reklamm gemaach hunn a fälschlecherweis behaapt hunn, de Ben Affleck an aner Prominenter ze weisen, déi mat dësem politesche Statement poséiere géifen.

D’AFP huet weider Feelinformatiounen iwwer d’Swift iwwerpréift (hei, hei, hei an hei).

Fazit: Am Internet heescht et, d’Taylor Swift hätt en Anti-Trump-Shirt gedroen. D’Foto ass awer eng Montage a baséiert op engem Bild vun 2019.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.