Scroll Top

Faktencheck: Huet eng Luxair-Maschinn um Flughafen op Kreta gebrannt?

Faktencheck: Huet eng Luxair-Maschinn um Flughafen op Kreta gebrannt? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© Screenshot vun Tiktok

Op engem Video, deen an de soziale Medien am Ëmlaf ass, gëtt behaapt, dass eng Luxair-Maschinn op Kreta gebrannt huet. Dat ass awer falsch.

Op dësem Video gesäit een, dass aus engem Fluchhafen eraus gefilmt gëtt. Op der Piste sti Fligeren an et gesäit een eng wäiss Dampwollek. Am Titel steet eng Luxair 737 géif op Kreta brennen. Um Video ass net ze erkennen, dass et e Luxair-Fliger ass, ma d’Luxair confirméiert, dass e Fliger vun hinnen an dem Kontext betraff war, et hätt awer net gebrannt an d’Maschinn selwer wier och net concernéiert gewiescht.

@isaac_aviation_lover #aviation #planes #disaster #crete#plane #luxair #737 ♬ original sound – Isaac_aviation

De Video weist e Fait, deen de 4. August 2024 zu Heraklion op Kreta geschitt ass. Heibäi koum et zu engem technesche Problem bei engem Stroumaggregat vum Flughafen. De Generator huet de Fliger vun der Luxair bei der Tëschelandung mat Stroum versuergt. Dësen huet du wéinst engem technesche Problem ugefaange vill Damp ze entwéckelen, deen dunn an d’Richtung vum Fliger gezunn ass. “De Fliger war zu kengem Zäitpunkt vun dësem Virfall betraff, mee den Damp huet de Pilot an d’Besatzung dozou beweegt de Boarding ze ënnerbriechen an d’Passagéier aus dem Fliger aus Sécherheetsgrënn erausklammen ze loossen“, esou Explikatioune vun der Fluggesellschaft Luxair.

D’Passagéier goufen duerno rëm bei den Terminal bruecht, wärend d’Besatzung dofir gesuergt huet, den Damp aus dem Fliger ze kréien. Nodeems d’Situatioun ënner Kontroll war, huet ee mam Boarding virugemaach an de Fliger konnt mat e bësse Verspéidung starten.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.