Scroll Top

Faktencheck: “Éischt Foto” vum Baschar al-Assad zu Moskau ass gefälscht

Faktencheck: "Éischt Foto" vum Baschar al-Assad zu Moskau ass gefälscht - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Déi plëtzlech Offensiv vun de syresche Rebellen ënnert der Féierung vu radikalen Islamisten huet an der Nuecht vum 7. op den 8. Dezember zum Stuerz vum syresche Regimm an zu der Flucht vum President Baschar al-Assad gefouert. An dësem Zesummenhang hunn Internetnotzer a Sozialen Netzwierker eng Foto gedeelt, op där de syresche President mat senger Fra Asma ze gesinn ass, a behaapt, dëst wär déi “éischt Foto” vum der Koppel al-Assad, déi no der Arrivée zu Moskau entstane wär. A Wierklechkeet handelt et sech awer ëm e Screenshot vun engem Video, deen am Februar 2023 an enger Klinick zu Aleppo opgeholl gi war.

Wärend russesch Norichtenagencen den 8. Dezember behaapt haten, dass sech de Baschar al-Assad mat senger Famill zu Moskau ophale géif, hat sech de Kreml och den Dag duerno geweigert, hir Presenz a Russland ze confirméieren.

“Éischt Foto vum Assad a senger Fra zu Moskau”, “De syresche President Baschar al-Assad ass a Begleedung vu senger Fra a senge Kanner zu Moskau ukomm, wou hien angeeblech politeschen Asyl ugefrot huet”: Dat sinn nëmmen e puer Behaaptunge vun Internet-Notzer op Facebook (1, 2) an op der Plattform X, déi zënter dem 8. Dezember 2024 am Ëmlaf waren. Een Dag nom Stuerz vum syresche President, deen duerch eng iwwerraschend Offensiv vun de Rebellegruppen ënnert der Féierung vu radikalen Islamisten ausgeléist gi war.

RTL

Als angeebleche Beweis fir dës Behaaptung gëtt an de Bäiträg behaapt, dass de syresche President mat senger Fra Asma un der Säit duerch e Korridor ginn. Donieft sinn nach eng Rëtsch aner Persounen ze gesinn, déi sech an déi selwecht Richtung beweegen a si ze begleede schéngen.

E Facebook-Notzer, deen d’Bild gedeelt huet, huet souguer behaapt, dass et um “Moskauer Fluchhafe” gemaach gi wär.

Wärend russesch Norichtenagencen um Owend vum 8. Dezember gemellt haten (archivéierte Link), dass sech de Baschar al-Assad a seng Famill zu Moskau ophale géifen, nodeem si do aus “humanitäre Grënn” Asyl kritt hätten, huet sech de Kreml souguer nach den 9. Dezember geweigert, d’Presenz vum eemolege syresche President a Russland ze confirméieren (archivéierte Link).

Virun allem awer ass et wichteg z’ernimmen, dass d’Foto vum Baschar an der Asma al-Assad, déi zënter dem 8. Dezember a Sozialen Netzwierker kurséiert, net zu Moskau, mee am Februar 2023 am syreschen Aleppo gemaach gouf, wéi d’AFP feststelle konnt. Et handelt sech nämlech ëm e Screenshot aus engem Video.

E Screenshot vun engem Video zu Aleppo vu Februar 2023

Wéi an dem follgende YouTube-Video vum engleschsproochege Medium “Voice of America” (archivéierte Link) ze gesinn ass, goufen dës Biller vun der Koppel al-Assad wärend enger Visitt an der Universitéitsklinick zu Aleppo den 10. Februar 2023 opgeholl, wou hien Affer vum Äerdbiewe vun der Stäerkt 7,8, dat d’Regioun e puer Deeg virdru getraff hat, besicht hat. Dëse Video staamt vun der Ekipp vum fréiere syresche President, wéi et an der Beschreiwung heescht.

Direkt am Ufank vun der Sequenz ass d’Bild, dat haut als dekontextualiséierte Screenshot am Ëmlaf ass, ze gesinn.

RTL

Dës Visitt vum President war och Géigestand vun enger Reuters-Meldung, déi mat enger Foto illustréiert war, déi de Baschar al-Assad an der selwechter schwaarzer Kleedung gewisen huet.

Eng Rëtsch dekontextualiséiert Biller zënter dem Ufank vun der Rebellenoffensiv

Zënter dem Ufank vun der Rebellenoffensiv a Syrien sinn an de Sozialen Netzwierker eng Rëtsch Fotoen a Videoen, déi dacks al sinn oder aus dem Zesummenhang gerappt goufen, am Ëmlaf.

Den 29. November hat eng Internetnotzerin beispillsweis behaapt, dass “tierkesch geféiert” Rebellen “de Prisong vun Aleppo ugegraff” hätten, fir Membere vum Islamesche Staat ze befreien.

RTL

D’Opname weisen, wéi arméiert Männer eng Dier opbriechen, duerno si Prisonéier, déi aus dem Gebai stiermen an op Arabesch “Gott ass grouss” jäizen, ze gesinn. De Video ass awer ierféierend. Zwar hu syresch Rebellen eegenen Aussoen no eng Rei Prisongen ageholl, dorënner déi zu Hama a Sednaya, mee déi besot Biller stamen aus dem Joer 2015.

Eng ëmgekéiert Billersich no dësem Video weist, dass en den 29. November 2015 op YouTube eropgeluede gouf, mam arabeschen Titel: “De Moment vun der Befreiung vun de Gefaangenen am Siège vun der Staatssécherheet zu Idlib”.

Aner Internetnotzer hunn e Video gedeelt, dee si als russesche Loftschlag op Idlib a Syrien duerstellen. A Wierklechkeet weist de Clip awer eng Gasexplosioun op enger Tankstell am Süde vum Jemen am August 2024.

Dës Desinformatioun war scho virun e puer Méint an engem aneren Zesummenhang an Ëmlaf bruecht ginn. Deemools gouf de Video fälschlecherweis als angeeblechen israeelesche Loftschlag op de Libanon duergestallt, wéi d’AFP Enn September an engem Artikel nogewisen hat. Eng ëmgekéiert Billersich unhand vu Screenshots aus dem Video ergouf, dass änlech Biller ab dem 30. August 2024 op der Plattform X gepost goufen.

Enn November 2024 schliisslech huet en Notzer op X e Video gepost a behaapt, e géif “schwéier Loftattacke vu russeschen a syresche Kämpfer” weisen, déi op “Stellungen zu Idlib an Ëmgéigend” geflu géifen, obwuel d’Material a Wierklechkeet vun August 2019 datéiert.

“Schwiereg Zäit” fir Russland steet bevir

De Stuerz vum Baschar al-Assad no der eelefdeeglecher Blëtzoffensiv vun de Rebellen, déi duerch d’radikal-islamistesch Gruppéierung Hayat Tahrir al-Scham (HTS) ugefouert gouf, stellt e Réckschlag fir säin Alliéierte Wladimir Putin duer a wërft Froen iwwer d’Zukunft vun der russescher Presenz an der Regioun op.

Am Joer 2015, also viru bal 10 Joer, hat d’Ënnerstëtzung vu russeschen Zaldoten et der syrescher Arméi erméiglecht, de Krichsverlaf ëmzedréinen an d’Kontroll iwwer e Groussdeel vum Land, dat vun enger protefizéierter dschihadistescher Rebellioun gehale gouf, zeréckzegewannen.

Den 9. Dezember huet de Kremlspriecher Dmitri Peskow matgedeelt, hien hätt näischt “iwwer d’Verbleiwe vum President al-Assad ze soen” an huet behaapt, “et gëtt keng [geplangt] Reunioun [tëscht dem Putin an dem al-Assad] am offizielle Kalenner vum russesche President”.

De Peskow sot nach, dass “déi ganz Welt vun deem, wat a Syrien passéiert ass, iwwerrascht gouf” a Russland “keng Ausnam” wär. Hie géif dohier eng “ganz schwiereg Zäit mat Instabilitéit” a Syrien erwaarden.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.