Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Joe Biden net wärend Meeting am Wäissen Haus ageschlof

Faktencheck: Joe Biden net wärend Meeting am Wäissen Haus ageschlof - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

E Video vum Joe Biden suergt fir hefteg Uschëllegungen am Internet. Et gëtt behaapt, den US-President wär wärend engem Treffe mam israeelesche President ageschlof. Deem ass awer net esou.

“NEWS ALERT: DEN JOE BIDEN HUET VIRUN E PUER MINUTTEN AN ENGEM WICHTEGE MEETING AM WÄISSEN HAUS GESCHLOF”, heescht et an engem Tweet vum 18. Juli 2023.

RTL © AFP

Änlech Behaaptungen hu sech an Online-Artikelen an an anere sozialen Netzwierker wéi TikTok, Facebook an Instagram verbreet.

Den 18. Juli 2023 hat de Biden den israeelesche President Isaac Herzog am Wäissen Haus op Besuch, zu engem Zäitpunkt, wou tëscht béide Länner ëmmer méi Spannungen opkommen. D’Pläng vun Israel, säi Justizsystem ze reforméieren a jiddesch Siidlungen an de besate palestinensesche Gebidder auszebauen, hu bei enger Rei Demokraten am US-amerikanesche Kongress Kritik ausgeléist.

Obwuel dem Biden säi Kapp am Clip, deen an de sozialen Netzwierker gedeelt gouf a gëtt, erofkuckt a seng Ae méiglecherweis zou sinn, ass d’Behaaptung, hie wär ageschlof, falsch.

De komplette Video vum Austausch op C-SPAN (hei archivéiert) weist, dass de Clip gekierzt gouf, dee beleet, dass de Biden en Dokument op seng Bee leet a wärend dem Gespréich Bezuch op dat Dokument hëlt.

An de Momenter, déi no dem geschniddene Clip kommen, kuckt de Biden nees vu sengen Notten erop a schwätzt weider mam israeelesche President Herzog.

De Reportage vun der Entrevue vu CBS op YouTube weist dësen Oflaf och, wéi hei ënnen ze gesinn ass:

Eng Rëtsch vu Fotografen, dorënner vun der AFP, déi bei der Entrevue dobäi waren, hu Biller geschoss, déi däitlech weisen, dass de Biden dat Dokument op sengem Schouss leien hat.

Doriwwer eraus weist dat offiziellt Protokoll vun der Entrevue (hei archivéiert) keng Lücken oder Hiweiser dorop, dass de Biden wärend dem ëffentlechen Deel vum Besuch zu iergendengem Zäitpunkt ageschlof ass.

D’AFP huet sech un d’Wäisst Haus adresséiert, fir eng Stellungnam ze kréien, krut awer keng Äntwert.

Änlech beaarbecht oder modifizéiert Clips, an deenen de Biden schléift, verwiert ass oder eppes Falsches liest, riichte sech säit Jore géint de President vun der Demokratescher Partei, dacks verstäerkt vu Géigner, déi argumentéieren, hie wär mat 80 Joer ze al fir déi Aarbecht, an dacks versichen, hien als “schléifreg” ze bezeechnen.

D’AFP huet hei nach weider Feelinformatiounen iwwer d’US-Politik zesummegefaasst.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.