Scroll Top

Faktencheck: Kamala Harris huet kee KI-Bild mat 15.000 Spectateure gedeelt

Faktencheck: Kamala Harris huet kee KI-Bild mat 15.000 Spectateure gedeelt - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Desinformatiounen, déi op KI-generéierten Inhalter berouen, prägen den amerikanesche Walkampf.

Aktuell gëtt der Kamala Harris virgehäit, selwer esou e Bild an Ëmlaf bruecht ze hunn, fir dass et esou wierkt, wéi wa méi Supporteren op hirer Manifestatioun a Michigan gewiescht wären. Zu de Verbreeder vun dëser Desinformatioun gehéiert och den Donald Trump. Opname vun der Manifestatioun, ë.a. vun AFP-Journalisten, widderleeën dës Behaaptung awer. Experten an Digitaler Forensik hunn erkläert, d’Bild géif keng Unzeeche vu KI-Manipulatioun opweisen.

“Mat Fälschungen zum Erfolleg – dem Kamala seng Campagne-Ekipp beschäisst d’Wieler” huet eng Facebook-Notzerin den 12. August 2024 geschriwwen. “Fir de Wieler an den USA ze suggeréieren, dass hir Kandidatin Kamala Harris immens vill Ënnerstëtzer hätt, gëtt scho gär emol déif an d’KI-Trickkëscht gegraff.”

Zum Beiträg gehéiert eng Foto vun enger grousser Mënschemass virun engem Fliger an eng, déi eng hallef eidel Hal weist. Dat soll däitlech maachen: D’Mënschemass bei der Manifestatioun vun der demokratescher Presidentschaftskandidatin Kamala Harris um Fluchhafen zu Detroit war a Wierklechkeet guer net esou grouss, well zu den anere Manifestatioune koumen och net esou vill Leit.

RTL © AFP

Dass der Kamala Harris hir Campagne-Ekipp eng Foto um Fluchhafe mat kënschtlecher Intelligenz (KI) erstallt an a Sozialen Netzwierker gedeelt hätt, huet och hire Kontrahent Donald Trump a sengem Netzwierk “Truth Social” behaapt.

“Huet iergendee bemierkt, dass d’Kamala um Fluchhafe GEFUDDELT huet?”, huet den Trump den 11. August 2024 geschriwwen. “Et war kee beim Fliger”, si hätt dat Bild mat KI erstallt an “eng immens ‘Usammlung’ vu sougenannte Follower gewisen, AWER DÉI HUNN NET EXISTÉIERT!”, huet de republikanesche Presidentschaftskandidat weider an engem éischte vu sengen zuelräiche Bäitrag dozou gemengt.

“E Maintenanceaarbechter vum Fluchhafen, deen dat gefälscht Bild vun der Mënschemass gesinn huet, huet eng Plainte géint si gemaach, well et war keen do, dat confirméiert d’Reflektéierung vun der spigelnder Uewerfläch vum Fliger vun der Vizepresidentin. Si ass eng LIGENESCH!”

RTL © AFP

Den Trump huet an engem weidere Post gemengt: “Et war keen do!”

D’Uschëllegung kënnt zu engem Zäitpunkt, wou sech d’Kaarten an der Course ëm d’Wäisst Haus duerch de Réckzuch vum Joe Biden an d’Ernennung vum Kamala Harris zur Presidentschaftskandidatin nei gemëscht hunn.

D’Behaaptung iwwer der Harris hir Manifestatioun de 7. August 2024 war fir d’éischt a Kreesser, déi vu rietsen Ideologien a Konspiratiounserzielunge gepräägt sinn, am Ëmlaf, éier se den Donald Trump erreecht huet. Hien huet e Bäitrag op der Plattform X vum konservativen US-Kommentator Chuck Callesto gedeelt. Vun him koum d’Behaaptung vun engem Fake, well d’Spigelung an engem Fliger de Beweis fir d’Fälschung vun der Foto wär.

Séier Fortschrëtter bei der kënschtlecher Intelligenz hunn dozou geféiert, dass d’Verbreedung vu gefälschte Biller an aneren Desinformatiounen am Internet an engem Joer mat ville wichtege Wale weltwäit zougeholl huet.

D’Behaaptung, d’Harris hätt d’Foto vun der Mënschemass zu Detroit gefälscht, ass awer falsch. Dausende Supporteren hunn d’Manifestatioun um Fluchhafen zu Detroit verfollegt. Dorënner war och en AFP-Videojournalist, deen Opname vun Ënnerstëtzer gemaach huet, déi am Hangar an op der Landepist waren, fir d’Harris an hire Vizekandidat Tim Walz ze gesinn.

RTL © AFP

RTL © AFP

Live-Opnamen a Fotoen aus verschiddene Bléckwénkelen, déi vun enger Rëtsch anere Medien a Participantë verëffentlecht goufen, weisen och d’Gréisst vum Publikum, vun deem den Trump behaapt huet, et hätt net existéiert.

RTL © AFP

E puer Demokraten hunn hir eegen Opname vum Event gedeelt an hu sech iwwer dem Trump seng Bäiträg lëschteg gemaach. “Ech fille mech geéiert, dass deejéinegen, deen d’KI-Bild vu 15.000 begeeschterten Demokrate gemaach huet, déi d’ @kamalaharris an den @tim_walz zu Detroit wëllkomm heeschen, sou frëndlech war, mech um Riednerpult matanzebezéien”, huet d’Lavora Barnes, Presidentin vun der Demokratescher Partei a Michigan, op X geschriwwen.

D’AFP huet dem Trump seng Campagne-Ekipp ëm eng Stellungnam gebieden, krut awer bis zur Publikatioun vun dësem Artikel keng Äntwert.

Keen Hiweis op KI

Dat angeeblecht mat KI hiergestallt Bild schéngt op den éischte Bléck vun der Harris hirem Campagne-Chef verëffentlecht ginn ze sinn. Hien hat op der Plattform X geschriwwen, et vun engem anere Mataarbechter kritt ze hunn. Der Harris hir Campagne-Ekipp huet net op eng Ufro vun der AFP reagéiert.

Se huet awer eng Versioun vun der Originalfoto vum Mataarbechter un d’BBC geschéckt a géintiwwer dem brittesche Sender erkläert, et wär “op kee Fall duerch KI geännert ginn” (hei archivéiert). D’Original schéngt méi donkel wéi d’Variant, déi vum Trump gedeelt gouf, wou d’Beliichtung méi hell ass.

“Dat ass eng echt Foto vun enger Mënschemass vu 15.000 Leit fir d’Campagne Harris-Walz a Michigan”, huet d’Ekipp op engem vun hire Kaneel op X geschriwwen (hei archivéiert).

D’AFP konnt net iwwerpréiwen, ob d’Bild net méi hell gemaach gouf, fir de Schiet auszegläichen, deen den Hangar op d’Spectateure gehäit. Experten hu géintiwwer der AFP erkläert, d’Beaarbechtung hätt déi onnatierlech Beliichtung ervirgeruff, wat fälschlecherweis als en Unzeeche fir KI gehale kéint ginn.

Den Hany Farid, Expert fir Digital Forensik op der University of California-Berkeley, huet den 12. August 2024 an enger Direktnoricht un d’AFP erkläert, dass hie vermudde géif, dass “déi eenzeg Upassung eng einfach Hellegkeets-/Kontrastännerung a vläicht eng Schäerfung war”.

Dem Farid no hätten zwee Tools, déi fir d’Identifizéierung vu KI-Spueren entwéckelt goufen, keng Beweiser fir den Asaz vu kënschtlecher Intelligenz geliwwert (hei archivéiert).

Och de Matthew Stamm vun der Drexel University huet d’Foto fir d’AFP analyséiert an an enger E-Mail vum 12. August 2024 erkläert, dass seng spezialiséiert Software “keng Hiweiser fonnt huet, dass d’Bild mat enger kënschtlecher Intelligenz hiergestallt gouf”.

E puer vun de Spectateure schéngen och op aneren Opname vun der Manifestatioun drop ze sinn (hei archivéiert).

RTL © AFP

RTL © AFP

Reflektéierung um Fliger

Experten hunn erkläert, dass d’Mënschemass net direkt op der Säitefläch vum Fliger reflektéiert géif, léich u senger Distanz zu de Persounen an dem Wénkel vum Rumpf – net dorun, dass keen do war, wéi den Trump behaapt huet.“Bei enger konvexer Uewerfläch wéi dem Fliger sinn d’Objete baussent a bannent der Uewerfläch am beschten ze gesinn an dominéieren d’Reflektéierung”, huet de Farid erkläert. “Objeten, déi méi wäit ewech an zentréiert sinn, gi kompriméiert a si manner gutt ze gesinn.”

Videoen a Fotoe vun der Manifestatioun weisen, dass d’Leit duerch Zénk vum Fliger getrennt waren.

“D’Mënschemass schéngt en erhieflechen Ofstand zum Fliger ze hunn”, huet de Stamm erkläert. “Duerch d’Kombinatioun aus dem Wénkel vun der Opnam an der Tatsaach, dass de Rumpf vum Fliger gekrëmmt ass, weist d’Reflektéierung op dem Rumpf an dem Motor de Buedem onmëttelbar virum Fliger.”

De Farid huet ausserdeem ugemierkt, dass de Fliger net parallel zur Lëns ze stoe schéngt.

“Vu dass d’Kamera sou wäit ewech ass, féiert schonn eng kleng Dréiung vun der reflektéierender Uewerfläch dozou, dass sech dat, wat reflektéiert gëtt, erhieflech beweegt”, huet hien erkläert.

E Gebai, dat an der Spigelung ze gesinn ass, befënnt sech beispillsweis nieft dem Hangar vum Fluchhafen, ënnert deem d’Leit versammelt war.

RTL © AFP

RTL © AFP

D’AFP huet nach weider Desinformatiounen iwwer d’US-Wale widderluecht.

Fazit: Eng Foto vun enger Mënschemass bei der Manifestatioun vun der Presidentschaftskandidatin vun den Demokraten an hirem Vizekandidat, Kamala Harris an Tim Walz, ass echt. Weider Opname vun der Manifestatioun souwéi Experte fir Digital Forensik hunn d’Uschëllegunge vum Donald Trump widderluecht, d’Bild wär vun der Harris hirer Campagne-Ekipp mat KI hiergestallt ginn.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.