Scroll Top

Faktencheck: Kee Verbuet vu Reebou-Fändele bei FIFA Club-Weltmeeschterschaft

Faktencheck: Kee Verbuet vu Reebou-Fändele bei FIFA Club-Weltmeeschterschaft - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

D’FIFA Club-Weltmeeschterschaft 2025 wäert an den USA an 12 Stadie vun der Major League Soccer organiséiert ginn. A Sozialen Netzwierker gëtt fälschlecherweis behaapt, d’amerikanesch Liga hätt LGBTQ-Fändelen an hire Stadie verbueden – eng Behaaptung, déi den Aussoe vun den Organisateure géintiwwer der AFP no “net zoutrëfft”. Den Originalbäitrag gouf och kloer als Satir gekennzeechent.

“MLS verbitt Reebou-Fändele fir de FIFA Club World Cup 2025: ‘Keng woke Prides méi'”, gëtt an engem Facebook-Bäitrag vum 17. November 2024, deen Dausende vun Interaktioune krut, behaapt.

RTL © AFP

Déi selwecht Behaaptung war och op anere Plazen op Facebook, Threads an aneren Internetsäiten – ë.a. op  Spuenesch – am Ëmlaf, awer d’Behaaptung an de Bäiträg gouf net ëmmer als “Satir” gekennzeechent.

D’FIFA hat annoncéiert, dass d’USA vum 15. Juni bis den 13. Juli 2025 Organisateur vun der op 32 Ekippe vergréisserter Club-Weltmeeschterschaft wäerte sinn (hei archivéiert). D’Vereenegt Staate wäerten och d’Weltmeeschterschaft 2026 organiséieren, zesumme mat Mexiko a Kanada.

De Kommunikatiounsdepartement vun der FIFA huet géintiwwer der AFP matgedeelt, dass d’Berichter iwwer e Verbuet vu Reebou-Fändelen “net zoutreffend” wären a vun enger “satirescher Internetsäit verbreet goufen, déi um Enn vun der Story kloer dorop hiweist, dass se net wouer ass”.

Eng Stéchwierdersich weist, dass d’Internetsäit “SpaceXMania” de 15. November en Artikel iwwer dat angeeblecht Verbuet publizéiert hat, deen awer um Enn vun der Säit eng Nott hat: “Dëst ass SATIR, et ass net wouer.” D’Säit selwer kategoriséiert den Artikel also als “Satir”.

RTL © AFP

Bäiträg vu SpaceXMania ginn an de Sozialen Netzwierker dacks ouni den Hiweis, dass et sech dobäi ëm Satir handelt, weiderverbreet.

Kontroversen an der Vergaangenheet

Faarweg Fändelen a Reeboukleedung ware wärend der Futtball-Weltmeeschterschaft 2022 a Katar e grousse Sujet. Eng Rëtsch Verbänn wollten aus Protest géint d’Politik vum Land géintiwwer LGBTQ-Persoune e Brassard mat Reeboufaarwen an der Opschrëft “One Love” undoen, hunn dës Iddi awer op Drock vun der FIFA hi fale gelooss.

Op der Mediesäit vun der FIFA ass keng Ukënnegung ze fannen, dass d’Benotze vu Pride-Fändele bei den nächsten Evenementer ageschränkt wär (hei archivéiert).

D’Matcher vun der Club-Weltmeescherschaft ginn an 12 Stadie vun der MLS ausgedroen. An e puer ass d’Matbrénge vu Fändelen op Matcher ausdrécklech erlaabt, dorënner d’MetLife Stadium zu New Jersey an d’Audi Field zu Washington (hei an hei archivéiert), wärend anerer, dorënner de Rose Bowl zu Los Angeles, all Banner, Schëlter a Fändele verbidden (hei archivéiert).

D’MLS huet viru Kuerzem Fändelen a Banner verbueden, déi sech op den aktuelle Konflikt tëscht Israel a Palästina bezéien, awer kee Verbuet fir Pride-Symboler ausgeschwat.

E Spriecher vun der MLS, där 29 Clibb aus den USA a Kanada ugehéieren, huet Froen zu de Bäiträg un d’FIFA verwisen, mee de Verhalenskodex vun der Liga verbitt ausdrécklech d’Diskriminéierung opgrond vu “Geschlecht”, “Geschlechtsidentitéit” oder “sexueller Orientéierung” an hiren Ariichtungen (hei archivéiert).

D’AFP huet schonn eng Rëtsch Behaaptungen iwwer d’FIFA ënnersicht.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.