
D’Presidentewalen a Rumänien sollen de 4. Mee 2025 widderholl ginn.
Dat rumänescht Verfassungsgeriicht huet den éischten Duerchgang wéinst Virwërf vu russescher Amëschung fir ongülteg erkläert. Am Virfeld vun de Bundestagswalen an Däitschland geet d’Gerücht ëm, et wär d’Entscheedung vun der EU gewiescht, d’Walen ze annuléieren, a se kéint dat och an Däitschland maachen. Fakt ass awer: D’EU huet net d’Kompetenz, Walen an engem Memberstaat ze annuléieren.
Am Dezember 2024 hat d’rumänescht Verfassungsgeriicht d’Presidentewale fir ongülteg erkläert – eng Entscheedung, déi an der Populatioun och op Widderstand gestouss war. Den 12. Januar 2025 hunn iwwer Zéngdausend Unhängerinnen an Unhänger fir de rietsradikale Kandidat Călin Georgescu demonstréiert. Si hunn d’Verfassungsgeriicht opgefuerdert, d’Annuléierung opzehiewen.
De Georgescu war am November 2024 als onofhängege Kandidat bei de Presidentewalen a Rumänien ugetrueden an hat iwwerraschend déi meescht Stëmme kritt. D’rumänesch Autoritéiten haten de Georgescu beschëllegt, vun enger illegaler russescher Ënnerstëtzungscampagne op der Plattform TikTok profitéiert ze hunn.
Am Internet war d’Gerücht ëmgaangen, zu Bukarest géifen “100.000 Leit géint d’Entscheedung vun der EU, d’Wal vum Georgescu ze annuléieren”, protestéieren, wéi et an engem Bäitrag op Telegram vum 12. Januar 2025, dee 97.000 Views hat, housch. Och op Facebook, Instagram an X war d’Behaaptung am Ëmlaf. Eng AFP-Ufro bei den X-User blouf bis zur Publikatioun vun dësem Faktencheck ouni Äntwert. De Bäitrag gouf an der Tëschenzäit geläscht.
© AFP
Mee et handelt sech ëm eng Falschbehaaptung. D’AFP huet keng Hiweiser dorop fonnt, dass d’Mënschen explizitt géint eng EU-Entscheedung protestéiert hätten. Ausserdeem huet d’EU keng Kompetenz, national Wale vun engem Memberstaat ze annuléieren, wéi aus fréieren AFP-Recherchen ze enthuelen ass.
Protester a Rumänien hu sech geheeft
D’Stroosse vu Bukarest waren den 12. Januar 2025 mat zéngdausende Leit gefëllt, déi fir de rietsradikale Presidentschaftskandidat Călin Georgescu demonstréiert hunn. D’Participantë sinn duerch de Stadzentrum gezunn an hunn ënner anerem de Récktrëtt vum Klaus Iohannis gefuerdert. Mëttlerweil huet den deemools amtéierende President säin Amt néiergeluecht.
Entgéint de Behaaptungen a Sozialen Netzwierker hu sech d’Demonstrante mat hire Fuerderungen un d’Verfassungsgeriicht geriicht. Och virdrun haten de selwechte Weekend Protester stattfonnt, wéi Medie gemellt haten. D’Geriicht hat Ufank Dezember 2024 den éischten Tour vun de Wale fir ongülteg erkläert an eng Widderhuelung ordonéiert. D’rietsextreem Partei AUR hat zu den Demonstratiounen opgeruff.
Och den 10. Februar 2025 hu Sympathisante vum Georgescu virum Gebai vun der rumänescher Regierung zu Bukarest protestéiert an de Récktrëtt vun der aktueller Regierung ënner dem Marcel Ciolacu gefuerdert.
© AFP
D’Protester waren, kuerz nodeem den deemolege President Iohannis de selwechten Dag säi Récktrëtt annoncéiert hat. Seng Flichte gi bis zum Datum vun de Walen am Mee 2025 vum Senatspresident Ilie Bolojan iwwerholl.
D’EU ka keng Walen annuléieren
D’rumänescht Gesetz (Artikel 52) nennt d’Verfassungsgeriicht als eenzeg Autoritéit, déi Walen “annuléiert, wann d’Ofstëmmung an d’Festleeë vun de Resultater duerch Bedruch zustane koumen”.
D’AFP huet Kontakt mat der Vertriedung vun der EU-Kommissioun a Rumänien opgeholl. Dës huet den 13. Februar 2025 schrëftlecht confirméiert, dass sech d’Kommissioun “a kenger Manéier an national Walen amëscht”. National Autoritéite wäre fir national Walen zoustänneg, huet e Spriecher weider formuléiert, well “schlussendlech” géifen “d’Wale fir d’Leit an de jeeweilege Memberstaate” stattfannen.
Et wär d’Kompetenz an d’Responsabilitéit vun de Memberstaaten, “fräi a fair national Walen” am Aklang mat gëllendem Recht an den néidegen internationale Standarden ze organiséieren a spezifesch Konditioune festzeleeën.
Kommissioun vermutt Verstéiss géint DSA-Gesetz
Iwwer d’Entscheedung vum rumänesche Verfassungsgeriicht, an där d’Annuléierung decidéiert gouf, selwer hat d’Europäesch Kommissioun keng Enquête ugekënnegt.
De 17. Dezember 2024 hat d’Kommissioun eng offiziell Enquête géint TikTok wéinst supposéierte Verstéiss géint d’Gesetz iwwer digital Déngschter (Digital Services Act, DSA) an d’Weeër geleet. Dat war déi drëtt Kéier, dass d’Kommissioun eng Enquête géint TikTok am Kader vum DSA ageleet hat. Dora goung et awer ëm d'”Opdecken, d’Kennzeechnen an d’Läsche vun illegale Contenue souwéi Risikobewäertungsflichte” vun der Plattform, wéi e Spriecher vun der däitscher EU-Kommissiouns-Vertriedung de 24. Januar 2025 an enger E-Mail preziséiert huet, an net ëm d’Ausserkraaftsetze vun de Walresultater.
Den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter (EGMR) huet eng Requête vum rietsradikale rumänesche Presidentschaftskandidat Georgescu géint d’Annuléierung vu senger Victoire am éischte Waltour ofgewisen.
An engem dréngleche Rapport vum 27. Januar 2025 huet d’Venedeg-Kommissioun festgehalen, dass d’Annuléierung net direkt mam Walprozess a Rumänien selwer verbonne war, mee “villméi mat der Virbereedungsphas vun de Walen an dem net transparenten Afloss” op d’Wielerinnen a Wieler. D’Venedeg-Kommissioun ass eng Ariichtung vum Europarot, dee Memberstaate a Verfassungsfroe beréit. D’rumänescht Verfassungsgeriicht hat seng Entscheedung mam Verstouss géint d’Bestëmmunge vum Walgesetz begrënnt, “besonnesch d’Gesetzer iwwer d’Finanzéierung”, wéi am Rapport festgehale gouf.
Wéi d’AFP schonn an engem anere Faktencheck ausgeféiert huet, ass et och an Däitschland méiglech, d’Bundestagswalen unzefechten an duerno ze widderhuelen. Doriwwer entscheet awer de Bundestag an net d’Europäesch Unioun, wéi eng Spriecherin vun der zoustänneger Presidentin vum Walbüro (Bundeswalleiterin) den 19. Januar 2025 op AFP-Ufro confirméiert huet.
Fazit: D’Gerücht, d’Annuléierung vun der Presidentewalen a Rumänien wär eng Entscheedung vun der EU gewiescht, firwat Honnertdausenden zu Bukarest op d’Strooss gaange wieren, ass falsch. D’Presidentewalen a Rumänien goufen am Dezember 2024 vum nationale Verfassungsgeriicht annuléiert. Dogéint riichte sech d’Protester. Ausserdeem huet d’EU keng Entscheedungsgewalt doriwwer.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.