Scroll Top

Faktencheck: KI-generéiert Bild gëtt als “vun däitsche Fëscher entdeckte liewege Megalodon” verkaf

Faktencheck: KI-generéiert Bild gëtt als "vun däitsche Fëscher entdeckte liewege Megalodon" verkaf - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© RTL-Grafik

E vun enger kënschtlecher Intelligenz (KI) hiergestallt Bild vun engem Hai gouf a Sozialen Netzwierker als authentescht Bild vun engem längst ausgestuerwene Megalodon-Hai ausginn. Dëse “liewege Megalodon” gouf angeeblech vun “däitsche Fëscher am fréien 20. Joerhonnert entdeckt”. A Wierklechkeet gouf d’Bild ursprénglech vun engem Account gedeelt, deen ugëtt, KI ze benotzen, fir Biller vu Fantasie-Wiesen hierzestellen.

Dem brittesche Naturmusée no deiten déi neist Erkenntnisser dorop hin, dass de Megalodon – de gréissten Hai, dee jee gelieft huet – virun 3,6 Millioune Joer ausgestuerwen ass.

“De Megalodon lieft nach ëmmer!”, stoung an engem malaysesch-sproochege Facebook-Post vum 26. November 2024.

“Um Ufank vum 20. Joerhonnert hunn däitsch Fëscher u Bord vum Schëff Seastorm eng aussergewéinlech Entdeckung an der Nordséi gemaach: e liewege Megalodon, e Wiesen, vun deem ee gemengt hat, et wär viru Millioune vu Joren ausgestuerwen. Wéi e grousse Schiet ronderëm hiert Bot ze gesi war, stoungen d’Fëscher virun enger gewalteger Erausfuerderung”.

D’Schwaarz-Wäiss-Foto weist e Grupp vu Leit, déi sech ronderëm e Schëff versammelt hunn, op deem e risegen Hai un engem Fläschenzuch hänkt.

RTL © AFP

Dem britteschen Natural History Museum no hu Megalodonen, déi gréisst jeemools existéierend Haien, virun iwwer dräi Millioune Joer an de Weltmierer gelieft a konnte bis zu dräimol sou laang ginn, wéi en erwuessene Wäissen Hai (archivéierte Link).

Feelinformatiounen, déi behaapten, dass Megalodon-Haien haut nach liewe géifen, hu sech am Internet verbreet, besonnesch no dem bekannten “Dokumentarfilm” vum Discovery Channel, deen 2013 diffuséiert gouf an an deem erfonnt Geschichten iwwer Sichtungen an Attacken erzielt ginn (archivéierte Link).

Dat selwecht Bild gouf a Facebook-Bäiträg op der ganzer Welt gedeelt, ënner anerem vu Konten an Indonesien, Ägypten an de Vereenegte Staaten, souwéi op Instagram.

E puer Facebook-Notzer hu Kommentaren hannerlooss, an deene si dorop hiweisen, dass si dat Bild fir echt gehalen hunn an dass et nach ëmmer Megalodone gëtt.

“Dat ass (just) e Puppelchen. Seng Eltere sinn nach um Liewen a wäerten d’Mënschen enges Daags ugräifen”, huet e Facebook-Notzer kommentéiert. “Dat ass net onméiglech”, huet en anere geschriwwen.

Den Angabe vum Naturhistoresche Musée ass de Risen-Hai awer um Enn vum Pliozän, virun ongeféier 2,6 Millioune Joer, ausgestuerwen. Et ass awer net genee bekannt, wéini de leschte Megalodon gestuerwen ass, awer déi neist Erkenntnisser deiten dorop hin, dass dat virun op d’mannst 3,6 Millioune Joer war.

Ëmgekéiert Biller- a Stéchwierdersichen ergoufen ausserdeem, dass d’Bild, dat an Ëmlaf ass, ursprénglech vun engem Kont gepost gouf, dee KI-generéiert Contenuen deelt.

KI-generéiert Contenuen

D’Bild gouf de 24. Januar 2024 vun engem Kont mam Numm “thefantasycreatures” op Instagram gedeelt, zesumme mat der selwechter fiktiver Geschicht iwwer däitsch Fëscher, déi den Hai gefaangen hätten, an den Hashtags “artificial intelligence”, “stable diffusion”, “Dall-E3” and “Midjourney” (archivéiert Links hei an hei).

Bei Dall-E a Midjourney handelt et sech ëm Software fir kënschtlech Intelligenz, déi unhand vu Sprooch-Uweisunge Biller hierstelle kann.

An der Biografie vum Kont heescht et, dass e mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz Biller vu Fantasie-Wiesen “entwërft”.

Ënnen ass e Screenshot-Verglach vum Bild am falsche Bäitrag (lénks) an dem ursprénglechen Instagram-Post (riets) ze gesinn:

RTL © AFP

Doriwwer eraus hunn d’Biller vum “liewege Megalodon” eng Rëtsch visuell Ongereimtheeten opgewisen, wéi zum Beispill verzerrt Gesiichter, d’Feele vu Pupillen an den Ae vun engem Mann an e Kierper ouni Kapp, wat dorop hindeit, dass dëst Bild vun enger kënschtlecher Intelligenz hiergestallt gouf, wéi am Screenshot ënnen ervirgehuewe gëtt:

RTL © AFP

Dem AFP-Leetfuedem fir d’Erkenne vu KI-generéierte Biller no, si visuell Ongereimtheeten eent vun de wichtegsten Unzeechen dofir, dass e Bild beaarbecht ass.

D’AFP huet an der Vergaangenheet scho KI-generéiert Biller vun Déieren iwwerpréift, déi als echt Fotoe gedeelt gi waren, dorënner e Risenoktopus an e giganteschen Axolotl.

Dësen AFP-Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.