Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Lëtzebuerger Delegatioun mam “Depeche Mode”-Tour-Fliger op den NATO-Sommet?

Faktencheck: Lëtzebuerger Delegatioun mam "Depeche Mode"-Tour-Fliger op den NATO-Sommet? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© Screenshot Reuters

Den Ament ass den NATO-Sommet an der Haaptstad vu Litauen. D’Lëtzebuerger Delegatioun ass mat engem gecharterte Vol dohi geflunn.

Wéi een um Dënschdegmëtteg de Premier Xavier Bettel, den Ausseminister Jean Asselborn an de Verdeedegungsminister François Bausch am Livestream vu Reuters gesinn huet eraus aus engem Fliger op den Tarmac zu Vilnius klammen, hunn och d’Journaliste sech gefrot, wat ass dat da fir eng Maschinn. Nieft dem Cockpit ass ee rouden Doudekapp, mat ënnendrënner 4 Buschtawen (DM – MM). Séier fënnt een duerch eng einfach Onlinerecherche, dass dëst fir Depeche Mode a Memento Mori steet.

Depeche Mode den Ament op Welt-Tour

No 5 Joer Paus ass déi brittesch Band nees op enger Worldtour. Den Titel vum aktuellen Album ass Memento Mori. Mat enger Maschinn vu Global Reach Aviation ass een uechtert Welt ënnerwee, wéi d’Schwäizer Portal skynews.ch schreift géif et sech ëm eng Bombardier CRJ-200LR OY-CRJ handelen. Zanter Mäerz 2023 wier Depeche Mode mat dësem Fliger ënnerwee an dofir wier och den Autocollant drop. En éischte Concert huet een zu Sacramento ginn, duerno war een ënnert anerem zu New York oder viru kuerzem zu Bordeaux. Bis de 17. Dezember ginn d’Britten 78 Concerten uechtert d’Welt.

RTL © Depeche Mode

Nei Memberen aus Lëtzebuerg an der Band?

Nee, de Xavier Bettel, Jean Asselborn a François Bausch ginn net Member vun der brittescher Band. Ma déi Lëtzebuerger Delegatioun ass vum Findel aus mat dëser Maschinn op Vilnius geflunn. D’Arméi hätt iwwert den EATC (den European Air Transport Command) e Vol gebucht. Ma well esouvill Militärfligeren am Asaz ware fir dëse Sommet, hätt eng Maschinn misse gechartert ginn, esou ass et d’RTL-Ekipp, déi den Ament a Litauen ass, gewuer ginn.

RTL © Screenshot Reuters

Wichtegen NATO-Sommet a Litauen

Den Ament ass den NATO-Sommet a Litauen, den Hannergrond ass ganz eescht. Déi gemeinsam Verdeedegungspolitik vun der Militärallianz soll weider gestäerkt ginn. Um Dësch vun de Staats- a Regierungscheffen zu Vilnius läit och d’Demande vun der Ukrain, fir der NATO bäizetrieden. Lëtzebuerg vertrëtt an dësem Dossier awer weider en determinéierten “Nee”, dat widderhëlt de Premier Xavier Bettel um RTL-Mikro a Litauen.

Hei kann een de ganzen Detail noliesen.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.