Scroll Top

Faktencheck: Mam Robert Kennedy Jr. senger Ernennung zum Minister komme seng al Theorien nees op

Faktencheck: Mam Robert Kennedy Jr. senger Ernennung zum Minister komme seng al Theorien nees op - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Den Impfkritiker Robert F. Kennedy Jr. gouf den 13. Februar 2025 als neie Gesondheetsminister vun den USA confirméiert. Seng Ernennung duerch den Donald Trump am November hat dozou geféiert, dass seng Behaaptungen, déi d’Effikassitéit vu Vaccinen a Fro stellen, nees opkoumen. A Sozialen Netzwierker ass zënter kuerzer Zäit en alen Zeitungsartikel am Ëmlaf, an deem behaapt gouf, dass de Microsoft-Grënner Bill Gates zur “Entvëlkerung duerch Zwangsimpfungen” opgeruff hätt.

D’Ekipp vum AFP-Faktencheck hat dës Behaaptung awer schonn opgedeckt, wéi si eng éischt Kéier am Joer 2021 opkomm war. D’Zeitung “The Sovereign Independent”, déi an der Vergaangenheet ëmmer nees Falschinformatiounen iwwer Vaccine verëffentlecht hat, huet d’Äusserunge vum Gates aus dem Joer 2010 iwwer de Bevëlkerungswuesstem falsch erëmginn. Ausserdeem hat hien net vun “Depopulatioun” geschwat.

“Gleeft Dir ëmmer nach, dass et sech ëm eng Verschwierungstheorie handelt?”, heescht et an der Iwwerschrëft vun engem Facebook-Post vum 30. Januar 2025. Dëse Bäitrag weist d’Foto vun enger Persoun, déi d’Titelsäit vun der Zeitung “The Sovereign Independent” no uewen hält.

Nieft dem Bild vum Gates steet d’Schlagzeil: “Entvëlkerung duerch Zwangsimpfung: The Zero Carbon Solution!” (Lëtzebuergesch: D’Null-CO2-Léisung).

RTL © AFP

Am Text vum Bäitrag steet: “Dës Fra hält eng Zeitung an der Hand, déi si zënter 2011 versuergt huet. An der Zeitung ass en Artikel vum Bill Gates mam Titel ‘Entvëlkerung duerch Zwangsimpfung’. De Gates gleeft dorun, dass dat déi ‘ëmweltfrëndlechst Léisung’ ass. Keen huet dat deemools gegleeft.”

De Bäitrag gouf méi wéi honnert Mol gedeelt, wärend déi selwecht Behaaptung och op de Plattformen X, Instagram an TikTok ronderëm goung.

Verschwierungstheorien iwwer den Asaz vu Vaccinen, fir d’Weltbevëlkerung ze reduzéieren, sinn net nei, mee se kruten zënter 2020 neie Närbuedem, wéi vill Länner d’Covid-19-Impfung als Konditioun festgesat haten, fir vun engem Land an dat anert reesen ze kënnen.

De Kennedy, deen och als RFK Jr. bekannt ass, hat de Covid-19-Vaccin als den “déidlechsten, dee jee hiergestallt gouf”, bezeechent (hei archivéiert).

Hie gouf och dofir kritiséiert, dass hie Falschbehaaptungen, déi scho widderluecht waren, verbreet huet. Dorënner ware Behaaptungen, dass Vaccine fir Kanner Autismus ausléise kënnen oder HIV keen AIDS verursaache kann. Ausserdeem gouf hie beschëllegt, bei enger Visitt op Samoa am Joer 2019, e puer Méint virum Ausbroch vun der déidlecher Kränkt, Stëmmung géint Vaccine fir Riedele gemaach ze hunn.

Zënter senger Ernennung zum neie Gesondheetsminister vun de Vereenegte Staaten ënner dem President Donald Trump sinn al Behaaptunge vun him iwwer Vaccinen op en Neits am Internet opgedaucht.

D’Behaaptung, de Gates hätt den Asaz vu Vaccinen, fir d’Weltpopulatioun ze reduzéieren, gefuerdert, gehéiert awer net dozou.

Wat de Bill Gates sot

Internetarchive weisen, dass “The Sovereign Independent” den Artikel am Juni 2011 publizéiert hat. Aus dem Titel geet ervir, dass den Artikel vun der Autorin Rachel Windeer geschriwwe gouf – net vum Bill Gates, wéi an de Bäiträg a Sozialen Netzwierker behaapt gëtt.

Eng Stéchwierdersich hunn erginn, dass d’Äusserungen am Artikel, déi dem Gates zougeschriwwe ginn, aus enger Ried sinn, déi hien op enger TED-Konferenz am Februar 2010 gehalen hat (hei archivéiert).

Doran hat de Gates iwwer seng Visioun fir den zukünftegen Energiebedarf vun der Welt geschwat. Seng Ausféierungen iwwer d’Weltbevëlkerung fänke bei Minutt 4:27 am Clip vu senger TED-Ried un.

De Gates hat dovu geschwat, de Wuesstem vun der Weltpopulatioun ëm “10 oder 15 Prozent” ze reduzéieren, fir d’Emissioune vu Kuelestoff erofzedrécken, amplaz déi komplett Bevëlkerung ze reduzéieren.

Eng Transkriptioun vu senger kompletter Ried ass hei ze fannen (hei archivéiert).

De Bill Gates a Vaccinen

Am Joer 2009 hat de Gates den Asaz vu Vaccinen, fir d’Kannerstierflechkeet ze senken, recommandéiert. Hie sot, well verschidden Eltere sech dofir entscheeden, genuch Kanner ze kréien, fir déi héich Kannerstierflechkeet auszegläichen, géing d’Hausse vun der Warscheinlechkeet, datt e Kand bis an d’Erwuessenenalter iwwerlieft, an den Encouragement vun den Elteren, méi kleng Familljen ze grënnen, “e positive Kreeslaf schafen, deen e Land aus der Aarmut féiert” (hei archivéiert).

D’Gates Foundation huet d’Behaaptung vun der “Entvëlkerung” ëmmer nees zeréckgewisen, sou och an engem fréiere Faktencheck, dee vun der AFP publizéiert gouf.

“Immuniséierung ass eng Erfollegsgeschicht am Beräich vun der globaler Gesondheet, rett all Joer Millioune Leit d’Liewen an ass eng vun de beschten Investitiounen an de Gesondheetssystem, déi ee mat Geld kafe kann”, sot d’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) an hirer Äntwert un d’AFP-Faktencheck-Ekipp iwwer d’Neesopdauche vun dëser Behaaptung.

D’Organisatioun huet och op eng Etüd aus dem Joer 2024 aus dem “The Lancet”  verwisen, aus där ervirgeet, dass déi weltwäit Impfbeméiungen an de leschte 50 Joer schätzungsweis 154 Millioune Mënscheliewe gerett hunn – dat entsprécht sechs Mënscheliewe pro Minutt a Joer (hei archivéiert).

Geschicht vu Feelinformatiounen

‘”The Sovereign Independent” huet an der Vergaangenheet ëmmer nees Feelinformatiounen iwwer Vaccine publizéiert.

Internetarchive weisen, dass d’Zeitung den Artikel an hirer Editioun vum Juni 2011 publizéiert hat.

Déi selwecht Editioun enthält Berichter, déi falsch Behaaptungen iwwer Vaccine verbreeden, dorënner d’Behaaptung, dass d’Sécherheet vu Vaccinen duerch d’medezinesch Fuerschung “ni bewise gouf”.

An engem Archiv vum Impressum vun der Zeitung heescht et, dass se “dacks op déi sougenannt ‘Nei Weltuerdnung’ opmierksam mécht.”

Angeeblech Zwangsimpfunge gehéieren zu den Ziler vun der “Neier Weltuerdnung”, déi vu Verschwierungstheoretiker proklaméiert gëtt, wéi d’AFP scho gemellt hat.

D’WHO seet awer, dass d’Impfpolitik vun de Länner decidéiert géif an net obligatoresch wär.

D’Ekipp vum AFP-Faktencheck huet an der Vergaangenheet eng Rëtsch Falschbehaaptunge vum Kennedy opgedeckt (hei an hei).

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.