© Photo by Takayuki Fuchigami / Yomiuri / The Yomiuri Shimbun via AFP
D’USA sinn haart Walkämpf gewinnt a Fakenews si keen neit Phenomeen méi. Trotzdeem ass et erstaunlech, wéi vill Falschmeldungen an Desinformatiounen de Leit am Virfeld vun den amerikanesche Presidentschaftswalen op den Ecran gespullt ginn. An d’Contenuen hunn et a sech.
D’Supermuecht USA huet zënter Joerhonnerte mat Rumeuren, Ligen an anere Staatsgeheimnisser ze kämpfen… D’USA sinn domat natierlech net eleng, awer et ass sécherlech keen Zoufall, dass de Begrëff “Fakenews” aus der englescher Sprooch kënnt a sou populär ass.
D’weltwäit Benotze vun dësem Begrëff ass zënter 2015 spronghaft geklommen, wéi e gewëssen Donald Trump op der ëffentlecher Bün opgedaucht war. Zënterhier ass d’Wuert an den internationale Wuertschatz an nieft villen anere Sproochen och an déi franséisch iwwergaangen, sou dass sech d’Wuert “Infox” (Desinformatioun) besonnesch an der franséischsproocheger Belsch just schwéier duerchsetze konnt.
D’Desinformatioun huet eng enk Relatioun mam Opkomme vu Sozialen Netzwierker. 2024 huet se besuergneserreegend Proportiounen ugeholl, sou dass se vum Weltwirtschaftsforum als eng vun de gréisste Bedroungen op globalem Niveau bezeechent gëtt.
An der kollektiver Virstellung vun den Europäer sinn éischter “d’Trumpiste” Konsumente vu Fakenews, awer rezent Entwécklunge weisen, dass sech och radikal “lénk” Randgruppe vu Konspiratiounstheorien ernieren. Radikaler, déi och bereet sinn, offensichtlech Onwourechten ze verbreeden, fir dem Donald Trump de Wee fir en zweet Mandat am Wäissen Haus ze verspären. Hei eng Entschlësselung.
Desinformatioun, déi duerch d’Opkomme vu KI erliichtert gëtt
Virun allem an den USA gouf d’Polariséierung vun der Gesellschaft duerch dës “Fakenews” méi grouss, wärend parallel dozou duerch d’Falschmeldungen, déi vu Republikaner an Demokraten an Ëmlaf bruecht goufen, en ëmmer méi grousse Gruef tëscht béide Parteien entstanen ass.
E Phenomeen, dee sech also selwer niert an an de leschte Wochen no u Bedeitung gewonnen huet. Virun allem zënter de grousse politeschen Evenementer, déi d’Land an der Lescht heemgesicht hunn: d’Attentat op den Donald Trump, de Passage vum Biden un d’Harris fir d’Presidentschaftskanidatur a virun allem déi ëmmer méi no kommend Presidentielle vum 5. November.
Zu de bemierkenswäertsten Elementer vun dëse polariséierenden Erzielunge gehéiert och d’Opkomme vun der Kënschtlecher Intelligenz (KI), déi d’Produktioun vu Falschmeldungen an d’Desinformatioun ronderëm dës Evenementer vereinfacht.
Och liesenswäert:KI oder keng KI? Kënnt Dir an dësem interaktive Quiz d’Biller, déi vu Kënschtlecher Intelligenz generéiert goufen, erkennen?
Et gëtt evidenterweis Biller, déi ee bannent e puer Klicks mat Softwarë wéi MidJourney hierstelle kann, an et gëtt d’Deepfakes, also trafiquéiert Videoen, déi et erméiglechen, “sou zimmlech alles fir jiddereen” op realistesch Manéier duerzestellen. Et gëtt awer och d’Opkomme vun Internetsäiten, déi automatesch vu Robotere generéiert ginn.
Mordversuch um Donald Trump: Konspiratiounstheorië vu QAnon
© AFP
Et ass den 13. Juli 2024. De republikanesche Presidentschaftskandidat vun de Vereenegte Staaten hält eng Walkampfried zu Butler am US-Bundesstaat Pennsylvania of. Et ass 18.11 Auer, wéi Schëss falen. Den Donald Trump ënnerbrécht seng Ried, hält sech dat rietst Ouer an duckt sech schützend hanner säi Riednerpult.
De fréiere President ass just ëm Zentimeter engem Mordversuch entgaangen. E puer Sekonne méi spéit steet den Donald Trump nees op. Ronderëm hie si seng Bodyguarden, hien huet Bluttspueren am Gesiicht a streckt seng Fauscht voller Äifer an den Himmel.
Schonn e puer Minutten no der Schéisserei sinn d’Sozial Netzwierker mat Konspiratiounstheorien iwwerschwemmt.
Op der Säit vum Donald Trump senge Supportere wëllen e puer eng Konspiratioun géint de fréiere President erkennen, deen zu dësem Zäitpunkt an den Ëmfroen am Renne fir eng weider Amtszäit vir läit. Fir d’Unhänger vu QAnon, dëser rietsextreemer Konspiratiounsorganisatioun, déi un d’Existenz vun engem Kannerhändlerréng fir sexuell Zwecker gleeft, deen angeeblech vum “Deep State” (also dem interne Krees vum Staat) gedeckt gëtt, ass d’Erklärung kloer: Den Attentäter hätt eng “Gehierwäsch duerch d’CIA” kritt.
Och liesenwäert:Wat ass QAnon, dës rietsextreem Konspiratiounsorganisatioun, déi ëmmer méi u Bedeitung gewënnt?
Aner QAnon-Unhänger sinn der Meenung, dass BlackRock, de gréisste Gestionnaire vu Verméigen op der Welt, hanner dem Attentat stécht. Hirer Meenung no kéint BlackRock den Thomas Matthew Crooks zu der Dot gedrängt hunn. Tatsächlech daucht den Attentäter an enger Reklammspot op, deen 2022 vun der Entreprise diffuséiert gouf. De Lien ass séier gemaach.
Dass en Evenement vun esou enger politescher a medialer Bedeitung an dësem Deel vun der amerikanescher Gesellschaft zu wëllen Theorië féiert, ass am Joer 2024 awer näischt Aussergewéinleches.
Villméi ass d’Opkomme vu “liberale” Konspiratiounstheorien zu dësem Zäitpunkt ongewéinlech. Dat heescht, se stinn den demokratesche Kreesser an den USA méi no.
BlueAnon, lénk Konspiratiounstheoretiker
Eng bizarre Mëschung aus lénke Kommentatoren an anonymmen Notzer vu Sozialen Netzwierker war nämlech der Meenung, dass et sech beim Mordversuch um Donald Trump ëm en “Inside Job“, eng “Aarbecht vu bannen”, gehandelt hu muss. Dës Bäiträg hunn op de Plattformen X an TikTok vill Opriff kritt. Fir dës Notzer handelt et sech ëm eng “Inzenéierung“. E puer vun hinnen argumentéieren, dass “d’Blutt um Ouer vum fréiere President Donald Trump aus enger Packung mat falschem Blutt staamt”.
En anert Argument fir dës Thees ass eng Foto, op där eng Sécherheetsagentin wärend der Schéisserei laacht. Dëst Bild, dat an den Netzwierker ënnerwee ass, gouf awer mat Hëllef vun enger Software beaarbecht.
Wat wär den Zweck vun esou engem virgetäuschten Attentat? D’Leit vum “Project 2025” oder vun der “Jeffrey-Epstein-Lëscht” oflenken, déi zënter enger Rei Jore vu Konspiratiounssäite geniert ginn. “Project 2025” ass den ultrakonservative Fuerplang vun de Republikaner, an den Jeffrey Epstein ass e verstuerwenen amerikanesche Finanzmann, deem sexuell Verbriechen, virun allem u Mineuren, virgeworf goufen.
De Begrëff “BlueAnon” gouf 2021 vun éischter konservativen Notzer op Sozialen Netzwierker an d’Liewe geruff, fir de Geck mat der iwwerdimensionéierter Berichterstattung iwwer d’Enquête vun der russescher Amëschung an d’Presidentschaftswalen 2016 ze maachen, a war bis dohin éischter am Hannergrond aktiv. D’Iddie vu BlueAnon goufen zënterhier vu ville Supportere vum Joe Biden suivéiert.
BlueAnon interpretéiert en Deel vum QAnon-Universum nei
An dësen Netzwierker, déi dem demokratesche President no stinn, hat den Hashtag#TrumpPedoFiles grousse Succès.
Honnertdausende vun Bäiträg goufe mat dësem Hashtag gepost. Déi meescht dovu behaapten, dass d’Medie sech weigeren, iwwer Revelatiounen an nei verëffentlechen Dokumenter ze berichten, déi den Donald Trump mam Netzwierk vum Finanzmann a Sexualverbriecher Jeffrey Epstein a Verbindung bréngen. Dëse soll och en Handel fir mannerjäreg Meedercher bedriwwen hunn. An den neie Bäiträg gëtt de Virworf vun der Pedophilie, deen normalerweis géint Demokrate benotzt gëtt, notamment wärend dem “Pizzagate” 2016, ëmgedréint benotzt.
Dës Kéier ass et tatsächlech den Donald Trump, op dee mam Fanger gewise gëtt. Et goufen Archivopname vum Milliardär a Begleedung vum Jeffrey Epstein a jonke Frae gewisen. E puer vun de Protagonisten hu sechs amplaz fënnef Fangeren. En typesche Feeler, dee vu munche Programmer fir d’kënschtlech Hierstellung vu Fotoe gemaach gëtt.
BlueAnon eegent sech den Universum an d’Manéier vu QAnon un, dréint de Spiiss awer ëm. Do muss ee sech d’Fro stellen: Hellegt den Zweck d’Mëttel?
Eng Foto, déi vun enger KI erstallt gouf, vum Donald Trump an dem Jeffrey Eppstein / © Screenshot vun X
Kampf géint den “Deep State”, deen “d’Kandidatur vum President Biden verhënneren” an den “Trump de 5. November nees un d’Muecht brénge” wëll
D’Washington Post huet geschriwwen: “Obwuel d’Fuerderunge vu BlueAnon op kengem Fall de bizaren Argumenter vu QAnon änelen – déi falsch Behaaptungen iwwer e Satanskult […] an der liberaler Elitt beinhalten”, si si “en Echo vun der QAnon-Theorie, dass eng geheim Organisatioun vum interne Staat (Deep State op Englesch) doru schafft, den Trump zum Falen ze bréngen”.
An der Welt vu BlueAnon schaffen donkel Mächten – dozou gehéieren och déi grouss Medien – dorun, d’Kandidatur vum President Biden ze verhënneren an den Trump de 5. November nees un d’Muecht ze bréngen”.
De Karl Folk, en onofhängege Fuerscher, dee sech mat Autoritarismus a Radikaliséierung an den USA befaasst, gouf vun der selwechter Washington Post befrot an huet gemengt, dass dëse “konspirative Geeschteszoustand a liberale Kreesser an de leschten aacht Méint méi staark ginn ass.”
De Frédérick Gagnon, Direkter vum Observatoire fir d’Vereenegt Staaten a vum Observatoire des multidimensional Konflikter souwéi Professer am Fachberäich Politikwëssenschaften op der Université du Québec zu Montreal (UQAM), huet fir Radio Canada d’Konspiratiounstheorie vu BlueAnon iwwer den Attentatsversuch op den Donald Trump ënnersicht.
“Mat dëser Geschicht brénge lénksgeriicht Mënschen, déi fir de Biden stëmmen, Iddien op den Dësch, déi deenen änelen, déi den Trump a seng Unhänger zënter Joren géint déi traditionell Medie virbréngen. D’Iddi, dass d’Medien eis beléien oder ‘korrupt’ sinn, dass se keng objektiv Aarbecht leeschten a Fakenews verbreeden, wann een dem Trump säi Wuertlaut opgräife wëll”, huet hien ugemierkt.
De Professer stellt och d’Intentioune vu BlueAnon a Fro: “Ech froe mech, ob dës Leit dovun iwwerzeegt sinn, dass dës Theorië wouer sinn, oder ob si se an dem Wësse verbreeden, dass se net wouer sinn, an zwar express, well den Zweck d’Mëttel hellegt an am Moment all Schachzuch erlaabt ass, fir de Medien an dem Trump ze schueden.”
Dem Biden säi Réckzuch: Doud, Coup d’État an eng gefälscht Ënnerschrëft
An der selwechter Richtung wéi BlueAnon hunn zum Beispill och Notzer, déi den Joe Biden anscheinend ënnerstëtzt hunn, a Sozialen Netzwierker fälschlecherweis behaapt, de President wär virun der Debatt tëscht him an dem Donald Trump Enn Juni heemlech ënner Droge gesat ginn.
Wéi de Biden seng schlecht Leeschtung op den Jetlag an eng schlëmm Erkältung zeréckgeféiert hat, war dat den Ufank vum Enn vu senger Kandidatur fir eng zweet Amtszäit. E puer Deeg duerno, den 21. Juli, huet sech den Joe Biden aus eegene Stécker aus der Course ëm d’Presidentschaftskandidatur zeréckgezunn, well hien als ze al ugesi gouf, nees eng Kéier Covid-19-positiv war, an den Ëmfroen hanne louch a vun den Demokraten dozou gedrängt gouf.
Och iwwer dëst wichtegt Evenement an der US-Politik gouf a gëtt Konspiratiounstheorien. E puer aflossräich Perséinlechkeete vun der Droite a vun der extreemer Droite sinn der Meenung, dass de President einfach gestuerwen ass. Anerer mengen, dass et sech ëm e Putsch vum Milliardär George Soros handelt, deen e bekannt Zil vu Konspiratiounstheorien ass.
Anerer, dorënner de Milliardär an Hedgefonds-Chef Bill Ackman, zweiwelen de Bréif vum President un, an deem hie seng Decisioun bekannt gouf, a vermudden, dass d’Ënnerschrëft ënnen op der Säit net seng eegen ass.
Eng Foto, déi an de soziale Medien publizéiert gouf, déi virgëtt, datt den Joe Biden säi Récktrëtt als Kandidat fir d’Demokraten fir d’Presidentiellen 2024 net selwer ënnerschriwwen huet. / © Screenshot vun X
E puer Deeg méi spéit huet de President dësen onbegrënnten Theorien de Wand aus de Seegele geholl. Hien huet säi Récktrëtt domat begrënnt, dass hien “d’Demokratie retten” a “méi jonke Stëmme” Plaz maache wéilt.
No der Ukënnegung vu sengem Réckzuch huet hie seng Vizepresidentin Kamala Harris als Presidentschaftskandidatin virgeschloen. Domat war en neit prominent Zil fir Desinformatiounen op d’Bün getrueden.
Falschmeldunge riichte sech elo géint d’Kamala Harris
Scho kuerz duerno ass eng nei Well un Desinformatioun iwwer déi 59 Joer al fréier demokratesch Senatorin eragebrach.
Dorënner sinn eng Rëtsch Behaaptungen, déi versécheren, dass d’Kamala Harris opgrond vun hirer Hierkonft net fir d’Amt vum President vun de Vereenegte Staaten a Fro kënnt. Wéi de Barack Obama virun hir ass och d’Kamala Harris Géigestand vun enger Falschinformatioun, déi ëmmer erëmkommen an déi scho bei hirer Nominéierung als Running Mate vum Joe Biden am Joer 2020 verbreet gouf: Si wär “eng Pabeierbiergerin” (eng agebiergert US-Biergerin, Um. v. d. Red.).
Deemools hat sech den Donald Trump offiziell zu dëser Falschmeldung bekannt an och ugedeit, “dass si d’gesetzlech Viraussetzungen net erfëllt”. Souwuel 2020 wéi och 2024 ass dës Informatioun falsch, wéi an dësem Artikel vun AFP Factuel erkläert gëtt.
E puer Deeg méi spéit war de fréiere republikanesche President vun afroamerikanesche Journalisten op Chicago invitéiert ginn. Wärend engem intensiven Austausch mat enger ABC-Journalistin huet den Trump behaapt, d’Kamala Harris wär aus waltaktesche Grënn “schwaarz ginn”.
Dobäi huet d’Vizepresidentin duerch hire Papp afro-jamaikanesch Wuerzelen an huet sech zënter hirer Jugend als schwaarz Fra identifizéiert.
Wärend d’Kamala Harris vum Donald Trump an de Republikaner politesch an d’Viséier geholl gëtt, steet si och am Fokus vun aneren aflossräiche Perséinlechkeeten.
1,2 Milliarden Opriff fir ierféierend Bäiträg vum Elon Musk iwwer d’Campagne
Dat gëllt besonnesch fir de Chef vun der Plattform X, den Elon Musk. Wärend de Milliardär seng finanziell Ënnerstëtzung fir den Donald Trump duerch e PAC (Political Action Committee), dee sech aus anere Perséinlechkeeten aus dem Technologiesecteur zesummesetzt, an d’Vitrinn stellt, geet seng Ënnerstëtzung fir de republikanesche Kandidat nach méi wäit.
Zënter Januar 2024 huet de Center for Countering Digital Hate (CCDH) 50 ierféierend Bäiträg mat Bezuch op d’Wale gezielt, déi zënter Januar vum Elon Musk verëffentlecht oder gedeelt goufen. Dës Verëffentlechunge goufe vun Desinformatiounsexperten als falsch oder ierféierend identifizéiert.
An awer hunn dës Informatiounen, déi an der Reegel d’Iddie vu republikanesche Kandidaten ënnerstëtzen, an dësem Joer méi wéi 1,2 Milliarden Opriff op senger Plattform X kritt, sou d’CCDH, déi vun NBC zitéiert gouf.
Och liesenwäert: Faky, de Faktencheck vun RTBF
Den Elon Musk, behaapt op X, wou hien 193 Millioune Follower huet an dat hien 2022 ënner dem Numm Twitter fir 44 Milliarden Dollar kaaft hat, beispillsweis, dass d’Demokraten d’illegal Awanderung fërdere géifen, fir “Wieler ze importéieren”.
De Milliardär huet Enn Juli och e Video gedeelt, an deem d’Stëmm vun der Kamala Harris mat Hëllef vu Kënschtlecher Intelligenz nogemaach gouf, fir si ze diskreditéieren. Nodeem de Video e puer Millioune Mol gekuckt gouf, huet hien de Video, dee géint d’Reegele vu senger eegener Plattform fir d’Notzung vu KI verstouss huet, nodréiglech als “satiresch” markéiert.
Ausserdeem goufen an de Bäiträg vum Elon Musk net déi üblech “Community-Notizen” ugewisen, déi et Notzer erlaben, zweiwelhaft oder falsch Bäiträg unzeginn. En Outil, dat vun X selwer ageféiert gouf, fir “Desinformatioun ze bekämpfen”.
Automatiséiert Desinformatiounssäite mat KI besetzen en Terrain, dee vun der lokaler Press vernoléissegt gëtt
Vu Kënschtlecher Intelligenz schwätzt een ëmmer, wann et ëm d’Firma Newsguard geet, déi reegelméisseg Rapporten iwwer de Stand vun der Desinformatioun an den USA erstellt.
Den 12. Juni huet si e Bericht verëffentlecht, dee vun der AFP gedeelt gouf. Doranner heescht et, dass et an den USA mëttlerweil méi gefälscht wéi echt Internetsäite mat lokalen Noriichte gëtt.
Hir Observatioune weisen, dass sech honnerte vun Internetsäiten als lokal Medien ausginn, dacks mat Hëllef vu parteieschen Artikelen, déi mat Hëllef vu Kënschtlecher Intelligenz erstallt ginn. Dës gefälscht Internetsäite sinn an de leschte Méint opgedaucht, sou de Rapport, deen deemools 1265 esou Internetsäiten identifizéiert hat. “Bal d’Hallschent vun dëse parteiesche Säiten ziilt op Schlësselstaaten (Swing States, Um. v. d. Red.) of, déi d’Presidentschaftswalen zu Gonschte vum Joe Biden oder Donald Trump entscheede kéinten”, hat den Online-Medium Axios gemellt(zu dësem Zäitpunkt war den Joe Biden nach Kandidat, Um. v. d. Red.).
Wärend d’Zuel vun de reelle Lokalzeitungsartikele weider zeréckgeet, besetzen dës Fake-Plattforme mat Hëllef vu KI-Tools dësen Terrain.
E staarken a geféierleche Cocktail fir d’Demokratie
D’Successioun vu wichtege politeschen Evenementer a Kombinatioun mat der Demokratiséierung vun der Kënschtlecher Intelligenz an der Muecht vu Sozialen Netzwierker, déi heiansdo oppe parteiesch si wéi “Truth Social”, dat vum Donald Trump selwer gegrënnt gouf, schaaft e Klima, dat besonnesch gënschteg fir d’Opkomme vu Konspiratiounstheorien ass.
Dës Theorien, déi dacks wäit hiergeholl sinn, ginn heiansdo bannent e puer Stonne widderluecht. An awer infiltréiere se en Deel vun der amerikanescher Gesellschaft, dee sech gréisstendeels iwwer Online-Noriichtesäiten a Sozial Netzwierker informéiert.
Wat d’Desinformatioun betrëfft, déi éischter politesch a buedemstänneg agesat gëtt, sou erniert se sech och opportunistesch vun dësem polariséierte Klima. D’Course ëm d’Wäisst Haus ass nach net eriwwer. Ouni Zweiwel wäert et nach weider Konspiratioune ginn. Och d’Medien an Organisatiounen, déi sech mat Factchecking beschäftegen, wäerte sécherlech nach e bëssen eppes ze di kréien.
No de Wale wäert eng vun den Erausfuerderung doranner bestoen, d’Gewiicht vun dësem explosive Cocktail op d’amerikanesch Demokratie ze bewäerten. D’Äntwert op dës Fro kënnt nom 5. November.
Dëst ass e Faktencheck vun RTBF (hei d’Originalversioun), dee vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat gouf.