© AFP
Obwuel se net wëssenschaftlech fundéiert sinn an e potenzielle Risiko biergen, gi Gesondheetstipps an aner Pseudoheelmëttel reegelméisseg a virale Bäiträg a Sozialen Netzwierker gedeelt.
Dozou gehéieren och Videoen, déi op TikTok grouss Opmierksamkeet kréien a behaapten, dass en “natierlecht Rezept” aus Bananneschuelen, Salz an Zitroun, dat een doheem nomaache kéint, d’Zänn op effikass Aart a Weis bleeche géing.
Experten, déi vun der AFP befrot goufen, warnen awer, dass e puer Ingredienten zwar op den éischte Bléck hëllefe kënnen, d’Zänn méi wäiss ze maachen, d’Benotze vun dëser Mëschung awer laangfristeg schiedlech ka sinn.
“Haalt op, Zänndokteren ze bezuelen, fir Zännsteen ewechzehuelen oder Är Zänn ze bleechen” oder “Zänn natierlech bleechen”: Op TikTok heefe sech Videoen, déi verspriechen, verstoppt Techniken, déi fir jiddereen zougänglech sinn, fir e stralend Laachen ze deelen.
Eng Method, déi zënter op d’mannst Enn 2023 reegelméisseg a Videoe gedeelt gëtt an déi iwwerzéngdausend Molgedeelt gouf, proposéiert, eng Mëschung aus Bananneschuelen ze benotzen, fir d’Zänn “op natierlech Aart a Weis ze bleechen, ouni se ze beschiedegen”.
“Dir wäert ni méi Bananneschuelen ewechgeheien, nodeem Dir Iech dësen onvirstellbaren Trick fir d’Zännbleechen ugekuckt hutt”, verséchert beispillsweis dëse Kont, deen eegenen Donnéeën no eng Dose weider Tipps fir d’Bleeche vun Zänn oder och fir ofzehuelen proposéiert.
D’Rezept fir dës Bleechtechnik ass de virale Videoen no immens einfach: Et soll een einfach dat Bannescht vun enger Bananneschuel ofrappen, e bësse Salz, Zitrounejus souwéi eng Messerspëtzt Zännseef dobäimaachen an alles matenee vermëschen.
© AFP
D’Resultat, sou heescht et weider, wär eng Léisung, déi “Flecken op der Zännuewerfläch” duerch d’Wierkung vu Kalium, Magnesium, Mangan a Saier, déi an de verschiddenen Ingredienten enthale sinn, ewechbotzt.
Zwar kéinten d’Resultater “scho bei der éischter Uwendung” siichtbar sinn, mee d’Videoe roden dozou, d’Mëschung “ee- bis zweemol d’Woch” oder souguer “deeglech” op d’Zänn opzedroen.
“Et huet bei mir funktionéiert, merci!”, “Villmools merci fir dëst Rezept” oder nach “Ech kann iech soen, dass et effikass ass”. An de meeschte Kommentare gëtt dës angeeblech Léisung gelueft, och wann et an e puer Kommentaren heescht, dass “et näischt bruecht” huet oder souguer “d’Zänn beschiedegt” huet.
© AFP
Änlech Videoen, deelweis mat de selwechten Illustratiounen, sinn och an englescher a spuenescher Sprooch am Ëmlaf.
Wärenddeem hunn eng Rei Doktere géintiwwer der AFP erkläert, dass dës Method geféierlech wär a just limitéiert Virdeeler bidde géing.
“Méi Schued wéi Notzen”
“Et gëtt kee Virdeel, awer d’Gefor läit an der Saier vum Zitrounejus, déi den Zantschmelz demineraliséiert an eng Erosioun vun den Zänn provozéiere wäert“, sot d’Joy Shackleton, Cheffin vum Departement fir Zännprothetik op der University of Witwatersrand a Südafrika (Link hei archivéiert), den 19. September géintiwwer der AFP.
D’Expertin huet erkläert, dass Zännerosioun zu empfindlechen Zänn a méi dënnem Zantschmelz féiere kann, wat den Zant méi donkel oder giel ausgesi léisst.
“D’Ingredienten, déi uewe erwäänt goufen, kënnen eng ‘Bleech vun den Zänn’ als eng Wierkung hunn, mee et ass wichteg ze verstoen, wéi se funktionéieren a wat fir eng potenziell Nodeeler se hunn”, sot de Zunaid Vally, deen den Departement fir Odontologie op der University of Pretoria leet (Link hei archivéiert), de 27. September géintiwwer der AFP.
Bei der Beschreiwung vum Fonctionnement vun den eenzelen Ingredienten huet de Zunaid Vally verséchert, dass Bananneschuele beispillsweis zwar bei der Eliminatioun vun “uewerflächleche Flecken” hëllefen a fir e “liicht Bleeche” suerge kënnen, dëst awer “minimal a just temporär”wär.
Gläichzäiteg kann d’spuersaamt Benotze vu Salz dem Professer no wuel och iwwerflächlech Flecken ewechmaachen, awer “en iwwerméissegt Benotze kann zum Ofnotze vum Zantschmelz féieren, wann et ze aggressiv oder ze dacks benotzt gëtt, besonnesch wann d’Mëschung a Form vun enger Past benotzt gëtt”.
Wat d’Zitroun betrëfft, sou kann hir Saier zwar “hëllefen, bestëmmt Flecken ze verstoppen, […] eng méi laang Expositioun kann den Zantschmelz entmineraliséieren, wat zu enger méi héijer Empfindlechkeet an engem méi grousse Risiko fir Karies féiert. Dat ka schlussendlech méi Schued wéi Notzen uriichten“, huet de Zunaid Vally festgestallt.
“Ech géing Patienten net roden, dës oder aner [änlech, Um. v. d. Red.] Ingrediente laangfristeg ze benotzen, fir hir Zänn ze bleechen. Amplaz sollte si hir Zänn all sechs Méint professionell rengege loossen a sech vun enger Fachpersoun berode loossen”, huet hien als Fazit gezunn.
© AFP
Bleeche vun Zänn a Frankräich gereegelt
A Frankräich an der EU gëtt et streng Virschrëfte fir d’Bleeche vun Zänn, wat an der Reegel mat Hëllef vun enger cheemescher Verbindung (Waasserstoffperoxid) duerchgeféiert gëtt. Professionell Zänndoktere kënnen de Präis fräi festleeën. Dohier sinn dës de facto immens ënnerschiddlech, awer an der Reegel muss ee mat op d’mannst 300 Euro fir en Ophellen an 1.200 Euro fir e Bleaching rechnen (Link hei archivéiert).
A Frankräich sinn ästhetesch Zännbehandlunge wéi d’Ophelle vun Zänn net an der Grondpauschal vun de Mutuellen enthalen. Dës kënne just vun Zännkrankekeesen iwwerholl ginn, souwäit se vu Fachleit duerchgeféiert ginn, wéi d’AFP an engem fréiere Faktencheck iwwer Arnaquen am Zesummenhang mam Bleeche vun Zänn gemellt hat.
Generell gëllt: “D’Ophelle vun net komplett gesonden Zänn ka problematesch sinn an d’Geweebe vum Zant ugräifen. Et sollt ee sech och bewosst sinn, dass ëmsou méi Ophellungstraitementer duerchgeféiert ginn, ëmsou méi verfierwe sech d’Zänn duerno nees. Et muss een ëmmer méi an ëmmer méi dacks nobleechen”, sot d’Dr. Geneviève Wagner, Zänndoktesch a Vizepresidentin fir juristesch Froen, Presidentin vun der Kommissioun fir Beruffsausübung a Beruffsethik vum Ordre national des dentistes a Frankräich, 2023 géintiwwer der AFP.
“Éier een dorun denkt, d’Eegefaarf vu sengem Zant ze änneren, sollt ee bedenken, d’Verfierwungen op der Uewerfläch mat enger Zännsteenentfernung an enger Politur ewechzemaachen. Dat ass sou, wéi wann een eng Mauer nei usträicht: Et botzt ee se, éier ee se usträicht. Well wann een e Bleaching gemaach huet, ouni d’Verfierwungen op der Uewerfläch ewechzehuelen, oxidéiert [een] dës Uewerflächeverfierwungen an net den Zant”, huet och den Dr. Christophe Lequart, Zänndokter a Spriecher vun der Union française pour la santé bucco-dentaire (UFSBD), zur selwechter Zäit betount.
D’Experten, déi vun der AFP befrot goufen, warne generell virun de Geforen, déi entstinn, wann een op medezinnesch Rotschléi aus Sozialen Netzwierker lauschtert.
“Persounen, déi keng medezinesch Ausbildung hunn, kënne Rotschléi ginn, déi ierféierend oder souguer schiedlech kënne sinn. Dohier ass et wichteg, all medezinesch Informatioune mat zouverlässege Quellen ofzegläichen”, huet de Zunaid Vally gewarnt.
D’AFP iwwerpréift reegelméisseg zuelräich Pseudo-Rotschléi fir d’Gesondheet, déi a Sozialen Netzwierker viral ginn, awer net effikass oder souguer geféierlech sinn, wéi déi angeeblech Heelmëttel géint AIDS, déi riskant selwergemaach Rezepter fir Sonnecrème oder d’Gedrénks, dat als Léisung géint Asthma beschwuer gouf, awer guer keng wëssenschaftlech Grondlag huet.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.