De gewielten US-President Donald Trump huet am Kader vu senger riguréiser Politik, fir d’illegal Awanderung ze bekämpfen, d’Ofschafung vum Gebuertsrecht virgeschloen.
D’Behaaptung, dass seng Kanner mat den Awanderer Ivana a Melania Trump duerch dës proposéiert Ännerung net méi als amerikanesch Staatsbierger gëlle géifen, ass awer falsch. Si goufen alleguer an de Vereenegte Staate gebuer – a souguer wann dat net de Fall gewiescht wier, hätte si duerch hire Papp en Urecht op d’Staatsbiergerschaft.
“Dem Trump säi Plang, d’Gebuertsrecht ofzeschafen, géif bedeiten, dass véier vu senge Kanner net méi US-Bierger wären”, heescht et an engem Bäitrag op der Plattform X vum 8. Dezember 2024, deen iwwer Zéngdausend Reaktiounen ausgeléist huet.
En anere Facebook-Post vum 9. Dezember 2024 freet: “Wann den Trump also d’Gebuertsrecht verbitt, wäert et dann iwwer d’Mamm méiglech sinn?”
Déi selwecht Behaaptung iwwer dem Trump seng Kanner war och nach op anere Plazen op X a Facebook, souwéi op Instagram, Threads, Bluesky, TikTok a Gettr am Ëmlaf.
An engem Interview mat der NBC-Sendung “Meet the Press” vum 8. November sot den Trump, dass hie bei sengem Amtsuntrëtt am Januar versiche géif, d’Gebuertsrecht ofzeschafen. Dëse Status garantéiert all Kand, dat op amerikaneschem Buedem gebuer gëtt, wou d’Verfassung gëllt, automatesch d’Staatsbiergerschaft, onofhängeg vum Status vun den Elteren.
Den Trump schléit net vir, Mënschen, déi schonn d’Staatsbiergerschaft besëtzen, dës ze entzéien, mee hien huet ugedeit, dass seng Regierung Familljemembere vun Net-Staatsbierger ausweise kéint, fir d’Trennung vu Familljen ze vermeiden.
“Ech wëll keng Familljen auserneerappen”, sot hie bei “Meet the Press”. “Den eenzege Wee, d’Familljen net ze trennen, ass, se zesummen ze halen a se all zeréckzeschécken.”
D’Propos vum gewielte President géif sech awer net op de Status vun der Staatsbiergerschaft vu senge Kanner auswierken.
Dem Trump seng Kanner sinn an den USA gebuer
De 14. Zousazartikel an der amerikanescher Verfassung, deen 1868 nom amerikanesche Biergerkrich ratifizéiert gouf, garantéiert jidderengem, deen am Land gebuer gouf, d’Staatsbiergerschaft (hei archivéiert).
“All Persounen, déi an de Vereenegte Staate gebuer oder agebiergert goufen an där hirer Rechtsspriechung ënnerstinn, si Bierger vun de Vereenegte Staaten a vum Staat, an deem si wunnen”, heescht et am Zousazartikel.
Den Ieweschte Geriichtshaff huet decidéiert, dass d’Regierung dem 14. Zousazartikel no kengem d’Staatsbiergerschaft entzéie kann, et sief dann, de Betraffene begeet wärend der Abiergerungsprozedur e Bedruch oder gëtt se fräiwëlleg op (hei archivéiert).
Den Trump war dräimol bestuet an huet fënnef Kanner, déi all an de Vereenegte Staate gebuer goufen a soumat automatesch Usproch op d’amerikanesch Staatsbiergerschaft hunn.
Den Trump gouf 1946 zu Queens, New York, gebuer (hei archivéiert). Mat senger éischter Fra Ivana Trump huet hien dräi Kanner: Donald Trump Jr., Ivanka Trump an Eric Trump, déi alleguer zu New York gebuer goufen.
© AFP
D’Ivana Trump gouf als Biergerin vun der Tschechoslowakei gebuer. Obwuel si Berichter no zäitweis och d’éisträichesch a kanadesch Staatsbiergerschaft hat, krut si all hir dräi Kanner, éier si 1988 amerikanesch Staatsbiergerin gouf (hei archivéiert).
Den Donald Trump krut e véiert Kand, d’Tiffany Trump, am Bundesstaat Florida mat senger zweeter Fra, Marla Maples aus dem Bundesstaat Georgia (hei archivéiert).
Dat jéngst Kand vum gewielte President, Barron Trump, krut de gewielte President am Mäerz 2006 mat senger drëtter Fra Melania Trump an enger Klinick zu New York City. Déi zukünfteg First Lady gouf a Jugoslawien, dem haitege Slowenien, gebuer a krut am Juli 2006, e puer Méint no der Gebuert vun hirem Bouf, d’amerikanesch Staatsbiergerschaft (hei an hei archivéiert).
“Onsënn”
Den Trump hat seng Pläng fir d’Ännere vun de Reegele fir d’Staatsbiergerschaft a senger “Agenda 47” skizzéiert, déi 2023 publizéiert gouf. Hien hat behaapt, d’federal Agencë géifen de 14. Zousazartikel “falsch uwennen”, a sot, hie géif eng Direktiv (Executive Order) ënnerschreiwen, déi virschreift, dass d’Staatsbiergerschaft just u Kanner vergi gëtt, déi an den USA gebuer goufen, wann op d’mannst een Elterendeel Staatsbierger oder permanente Resident ass (hei archivéiert).
D’Lauren DesRosiers, Direktesch vun der Immigration Law Clinic op der Albany Law School (hei archivéiert), sot, dass den Trump warscheinlech d’Verfassung änneren an de 14. Zousazartikel ophiewen oder ofännere misst, fir déi automatesch Staatsbiergerschaft fir gebierteg Amerikaner ofzeschafen. Dat wär e laangwierege Prozess, deen entweeder d’Ratifizéierung duerch eng Verfassungskonventioun oder d’Zoustëmmung vun zwee Drëttel vum Kongress an dräi Véierel vun der Legislativ vun de Bundesstaaten erfuerdert.
“Duerch eng exekutiv Moossnam wär et sécherlech net méiglech, dës Ännerung virzehuelen”, sot d’DesRosiers den 10. Dezember 2024.
Souguer wann et dem Trump géif geléngen, de 14. Zousazartikel ze modeléieren oder ze sträichen, wär keent vu senge Kanner dovu betraff. D’DesRosiers sot, Bäiträg, déi eppes Aneres behaapten, géifen “Onsënn” verbreeden an d’Awanderungs- an d’Staatsbiergerschaftsgesetz (Immigration and Nationality Act), dat festleet, wéi Mënschen, déi net an de Vereenegte Staate gebuer sinn, d’Staatsbiergerschaft kréie kënnen, net berécksiichtegen (hei archivéiert).
“Wann Ären Elterendeel d’Ufuerderunge fir de Wunnsëtz an all aner Ufuerderungen erfëllt, kënnt Dir d’Staatsbiergerschaft och duerch en elengstoenden Elterendeel kréien”, sot si.
D’Jacqueline Stevens, Direktesch vun der Deportation Research Clinic op der Northwestern University (hei archivéiert), huet confirméiert, dass, well den Trump schonn ëmmer US-Bierger war, seng Kanner no de Propose vun der “Agenda 47” onofhängeg vum Status vun hirer Mamm Usproch op d’Staatsbiergerschaft hunn.
“Dës Bestëmmunge si gesetzlech verankert a stinn net an der Verfassung, also kann hie se och net selwer änneren – dofir misst de Kongress d’Gesetzer änneren”, sot si den 11. Dezember.
Den Hiroshi Motomura, Professer op der University of California – Los Angeles School of Law (hei archivéiert), sot, dass Kanner, déi vun engem US-Bierger gebuer goufen, eng zweet Staatsbiergerschaft vun hirem aneren Elterendeel ierwe kënnen. An engem Buch iwwer d’Melania Trump mam Titel “The Art of Her Deal“, dat 2020 erauskomm ass, heescht et, de Barron Trump hätt déi sloweenesch Staatsbiergerschaft vu senger Mamm geierft (hei archivéiert).
D’AFP huet nach aner Behaaptungen iwwer den Donald Trump opgedeckt.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.