Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Taylor Swift an Jeffrey Epstein net zesummen op enger Foto

Faktencheck: Taylor Swift an Jeffrey Epstein net zesummen op enger Foto - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Nodeems e Riichter domat ugefaangen huet, Geriichtsënnerlagen iwwer den Jeffrey Epstein net méi ënner Verschloss ze halen, ass am Internet eng Foto an Ëmlaf bruecht ginn, déi angeeblech de verurteelte Sexualverbriecher mam Popstar Taylor Swift weist.

RTL © AFP

Änlech Bäiträg waren op Plattforme wéi X, fréier Twitter, am Ëmlaf, ënner anerem op Spuenesch.

D’Publik maache vu bis elo geheimen Epstein-Dokumenter den 3. Januar 2024 geschitt am Kader vun engem Diffaméierungsprozess tëscht der Gislaine Maxwell, fréierer Maîtresse vum Jeffrey Epstein, déi am Joer 2022 zu 20 Joer Prisong verurteelt gouf, an d’Plaignante Virginia Giuffre.

Déi éischt Tranche ëmfaasst 40 Dokumenter mat bal 1.000 Säite vun Depositiounen an Erklärungen. D’Public maachen, gouf a konspirativen Internetkreesser mat Spannung erwaart, wou zënter Jore gefälscht Lëschte mat Komplizen d’Ronn maachen, déi den Epstein mat Perséinlechkeete wéi dem President Joe Biden, dem Komiker Jimmy Kimmel, dem Fox-News-Moderator Chris Wallace an aneren a Verbindung brénge wollten.

Awer der Swift hiren Numm daucht an den Akten net op (hei archivéiert) – an d’Foto, déi am Ëmlaf ass, weist si an den Epstein net zesummen.

Eng ëmgekéiert Billersich ergouf, dass déi fréist Versioun vun der Foto am Internet de 16. Dezember 2021 opgedaucht ass, zwee Joer nodeem den Epstein wärend dem Waarden op säi Prozess wéinst Sexhandel duerch Selbstmord gestuerwe war.

D’Fan-Konte vun der Taylor Swift, déi d’Bild gedeelt hunn, hunn de Mann nieft hir als Lipman, CEO a Matgrënner vu “Republic Records”, enger Duechtergesellschaft vun der Universal Music Group, ausgemaach. D’Swift hat hire Vertrag mat der Entreprise am Joer 2018 ënnerschriwwen.

D’Taylor Swift an de Monte Lipman hate virun dësem Datum nach aner Fotoen zesumme gemaach (hei archivéiert).

D’AFP huet weider Feelinformatiounen iwwer Prominenter, déi mam Epstein a Verbindung bruecht ginn, opgedeckt (hei, hei an hei).

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.