Scroll Top

Faktencheck: Tim Walz huet kee Gesetzesentworf zum Schutz vu Pedophillen a Minnesota ënnerschriwwen

Faktencheck: Tim Walz huet kee Gesetzesentworf zum Schutz vu Pedophillen a Minnesota ënnerschriwwen - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Nodeem d’US-Vizepresidentin Kamala Harris den Tim Walz zu hirem Kandidat fir de Poste vum Vizepresident bei engem erfollegräichen Ofschloss vun de Presidentiellen 2024 ernannt hat, sinn a Sozialen Netzwierker falsch Behaaptungen opgedaucht.

Dës geheien dem demokratesche Gouverneur vu Minnesota vir, e Gesetz zum Schutz vu Pedophillen a sengem Bundesstaat ënnerschriwwen ze hunn. Wärend de Legislateur en Hiweis op Pedophilie aus dem Mënscherechtsgesetz vum Bundesstaat erausgeholl huet, bleift sexuelle Mëssbrauch vu Kanner illegal.

“Gouverneur Tim Walz, de Vize vun der Kamala Harris, huet e Gesetzesentworf, fir de Begrëff ‘sexuell Orientéierung’ nei ze definéieren, ënnerschriwwen, deen elo och PEDOPHILIE abegräift”, huet eng Userin de 7. August 2024 op Facebook geschriwwen. Dobäi huet si e Screenshot vun engem Passage aus dem Gesetz gedeelt. Am Engleschen heescht dëst “Minnesota Statutes 2022” (Lëtzebuergesch: Statutte vu Minnesota 2022), wou et ëm d’Definitioun vu sexueller Orientéierung geet. Ënner anerem ass dëse Saz duerchgestrach: “‘Sexuell Orientéierung’ ëmfaasst net déi kierperlech oder sexuell Relatioun vun engem Erwuessenen zu Kanner.”

Och op Telegram ass d’Behaaptung an Ëmlaf. Se gouf och an anere Sprooche wéi Franséisch an Englesch gedeelt. D’Isabel Brown, eng amerikanesch konservativ Aktivistin a Moderatrice vun engem Podcast, huet d’Ausso zum Beispill op Instagram publizéiert. Eng Rei konservativ Noriichtenagencen hunn och iwwer d’Gesetz bericht, nodeem d’Harris de Walz am August 2024 zu hirem Vizekandidat erkläert hat.

RTL © AFP

De Walz, e fréieren Enseignant a Member vum US-Representantenhaus, ass zënter 2019 Gouverneur vum Bundesstaat Minnesota. D’Harris huet de Walz zu hirem Vizekandidat fir d’US-Walen 2024 gemaach, nodeem de President Joe Biden decidéiert hat, seng Kandidatur, erëmgewielt ze ginn, zeréckzezéien. Zënter der Nominéierung fir d’Demokrate gëtt de Walz vu konservativer Säit fir seng liberal Politik als Gouverneur kritiséiert, dozou gehéieren och d’Ënnerstëtzung fir e Gesetz iwwer d’Legaliséierung vum Fräizäitkonsum vu Marihuana an e Gesetz, dat et den Awanderer ouni Pabeieren erméiglecht, e Fürerschäin unzefroen.

De Walz huet awer kee Gesetz ënnerschriwwen, dat Pedophillen a Minnesota rechtleche Schutz gewäert. D’Behaaptung baut op engem zënter laangem bestoenden Narrativ vun Desinformatiounen op, deen d’LGBTQ-Community mat Pedophilie a Verbindung bréngt.

Verweis op d’Gesetz vun 2023

Déi gedeelt Bäiträg bezéie sech op de sougenannten Take Pride Act, deen de Walz 2023 als Deel vun engem méi grousse Gesetz iwwer déi ëffentlech Sécherheet ënnerschriwwen hat. Ënner anerem huet d’Gesetz eng Zeil aus dem Mënscherechtsgesetz vu Minnesota gestrach, déi besot huet, dass Pedophilie net als sexuell Orientéierung ugesi ka ginn.

D’demokratesch Member vum Representantenhaus vu Minnesota Leigh Finke, déi d’Gesetz abruecht hat, sot op enger Podiumsdiskussioun am Joer 2023, dass de Gesetzentworf den Text vum Mënscherechtsgesetz vu Minnesota “moderniséiert” an d’Gesetz un e “méi zäitgeméisst Verständnis” vun der Geschlechtsidentitéit upasst.

Eng Rei Republikaner haten de Virschlag kritiséiert, well si gefaart hunn, dass d’Sträiche vun dëser Zeil iwwer Pedophilie als Garantie fir de Rechtschutz interpretéiert kéint ginn. De republikanesche Member vum Representantenhaus Harry Niska hat en Amendement abruecht, deen dës Zeil bäifüge sollt: “Dësem Kapitel no ass déi kierperlech oder sexuell Relatioun vun engem Erwuessenen zu Kanner keng geschützt Kategorie.” De Gesetzgeeber hat der Ännerung am éischte Moment zougestëmmt, huet se awer spéider erausgeholl. Se gouf net an déi endgülteg Versioun opgeholl, déi de Walz ënnerschriwwen huet.

Aner Noriichtenagencen hu falsch an ierféierend Behaaptungen iwwer den Take Pride Act opgedeckt, wéi en 2023 ageféiert an debattéiert gouf.

Gesetz “verbitt” Pedophilie “eendeiteg”

D’Deputéiert Finke huet erkläert, dass den Take Pride Act “schiedlech” Formuléierungen aus de Gesetzer vu Minnesota erausgeholl hätt – an dass sexuelle Mëssbrauch vu Kanner ëmmer nach illegal wär. “Keen eeschthaften Observateur vum Take Pride Act géif zur Konklusioun kommen, dass Pedophilie a Minnesota eng geschützt Klass ass, a mir sinn net besuergt, dass e Geriicht esou eng absurd Behaaptung op der Grondlag vum Gesetz a Minnesota fanne géif”, huet si an enger E-Mail vum 8. August 2024 geschriwwen.

D’Naomi Cahn, Professesch op der University of Virginia an Expertin fir Familljerecht, huet erkläert, dass d’Behaaptungen, déi am Internet kurséieren, “falsch” wären an dass den Take Pride Act keen Afloss op d’Fäegkeet vun der Regierung hätt, Pedophilie strofrechtlech ze verfollegen. “E gouf entwéckelt, fir d’Sprooch vun de Mënscherechtsgesetzer vum Staat ze aktualiséieren, an een Haaptzweck vum Gesetz bestoung doran, virun Diskriminéierung opgrond vun der Geschlechtsidentitéit ze schützen”, huet si an enger E-Mail vum 8. August geschriwwen.”Et huet kee gräifbaren Effekt, wann d’Formuléierung iwwer Pedophilie erausgeholl gëtt. De Gesetzentworf huet keen Impakt op d’Strofgesetzer a Bezuch op sexuelle Kontakt mat engem Kand.”

D’Jill Hasday, Professesch fir Familljen- an Antidiskriminéierungsrecht op der University of Minnesota, huet zougestëmmt, dass de Staat sexuelle Mëssbrauch vu Kanner “eendeiteg verbitt”. A Minnesota kann en Erwuessenen, deen eng Persoun ënner 18 Joer penetréiert oder sexuelle Kontakt mat engem Kand ënner 14 Joer huet, wéinst engem Verbrieche vum éischte Grad ugeklot ginn, dat mat enger 30 Joer laanger Prisongsstrof, enger Geldstrof vu 40.000 Dollar oder béidem bestrooft ka ginn.

D’AFP huet schonn aner Behaaptungen iwwer d’US-Presidentschaftswalen 2024 widderluecht.

Fazit: A Sozialen Netzwierker huet sech d’Falschbehaaptung verbreet, den demokratesche Kandidat fir d’Amt vum Vizepresident Tim Walz hätt e Gesetz fir de Schutz vu Pedophillen a Minnesota ënnerschriwwen. Wärend de Gesetzgeber en Hiweis op Pedophilie aus dem Mënscherechtsgesetz vum Bundesstaat erausgeholl huet, bleift sexuelle Mëssbrauch vu Kanner illegal.

 

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.