Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Video vu Mann, deen anscheinend op Schwéngefleesch urinéiert, ass e Geck

Faktencheck: Video vu Mann, deen anscheinend op Schwéngefleesch urinéiert, ass e Geck - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Am Dezember 2023 huet e Spaass-Video a sozialen Netzwierker fir eng Rei rose Kommentare géint déi muslimesch Communautéit gesuergt.

Den Auteur huet och eng Rei weider Videoe mat Spiichten op anere Plaze gedréint. D’Supermarchéketten huet der AFP ausserdeem matgedeelt, dass se keng Reklamatiounen iwwer däraarteg Virfäll an enger vun hire Filiale kritt hätt.

“Du bass ze radikal. Just well hie kee Schwéngefleesch iesse wëll? Wow! Mir iesse kee Schwéngefleesch”, seet eng Stëmm deels op Hollännesch, deels op Englesch an engem Video mat dem Titel “Wou bleift d’Sécherheet vun Albert Heijn?”, enger bekannter hollännescher Supermarchéschaîne. Am Clip ass e jonke Mann vun hannen ze gesinn, deen angeeblech an engem hollännesche Supermarché op Schwéngefleesch an e Regal urinéiert.

De Video huet sech Mëtt Dezember 2023 op de sozialen Netzwierker verbreet a gouf milliounefach gekuckt nodeems e puer Internetsäiten, déi dacks Falschmeldunge verbreeden, de Video op Facebook (z.B. hei an hei) oder X gedeelt haten. Op Telegram gouf de Clip och verbreet. “Dat kann dach net wouer sinn: Matzen an engem hollännesche Supermarché pisst e Client op d’Schwéngefleesch am Regal, angeeblech aus Protest”, heescht et zum Beispill an engem Artikel vum 18. Dezember 2023 vum éisträichesche Boulevard-Magasin “Exxpress”. Och den éisträichesche Regionalsender “RTV Privatfernsehen” huet de Video mat der falscher Behaaptung gedeelt.

De Video gouf och vum hollännesche Rietspopulist Geert Wilders, dem President vun der antimuslimescher Partei fir d’Fräiheet (PVV), deen d’Walen an Holland den 22. November 2023 gewonnen hat, gedeelt. Seng Partei huet hir Sëtz am Verglach zu der leschter Wal op 37 verduebelt. En éisträichesche Politiker vun der rietspopulistescher FPÖ an och déi däitsch AfD Hannover-Stadt hunn de Video och propagéiert.

Dacks gedeelt gëtt de Clip ausserdeem an anere Sproochen. Vill Notzerinnen an Notzer hunn dobäi d’muslimesch Communautéit ugegraff, zum Beispill op Hollännesch (hei an hei), souwéi och a Bäiträg op Englesch a Franséisch. Och op Schweedesch gouf de Clip gedeelt.

RTL © AFP

A Bezuch op d’Thema Migratioun dauchen op de sozialen Netzwierker generell ëmmer nees Falschaussoen op. All d’Faktenchecken dozou sammelt d’AFP hei.

Och déi aktuell gedeelt Bäiträg si falsch. Den Auteur vum Video huet den 20. Dezember 2023 an enger privater Noriicht un d’AFP op Instagram, souwéi och an engem YouTube-Video, deen de selwechten Dag verëffentlecht gouf, erkläert, dass de Mann an dem Clip net wierklech op dat verpaakt Fleesch urinéiert hätt. Dëst wär Deel vun enger Rei vu Spiichte gewiescht, déi den Auteur gemaach hätt. E Spriecher vun Albert Heijn huet der AFP den 20. Dezember 2023 per E-Mail matgedeelt, dass d’Entreprise zwar vun dem Video gewosst hätt an e gesinn hätt, mee keng Reklamatiounen doriwwer kritt hätt, dass et effektiv an engem vu hirer Butteker geschitt wär.

Video ass gestallt

An dem Video ass d’Geräisch vun enger Flëssegkeet ze héieren. Et ass däitlech méi haart wéi de Rescht vun der Tounspuer. An awer ass keng Flëssegkeet op de Fleeschproduiten ze gesinn – obwuel de Mann am Clip sou mécht, wéi wann hien urinéiere géif.

De Logo, deen an den Opnamen op verschiddene Produiten ze gesinn ass, deit dorop hin, dass de Video an engem Albert Heijn-Supermarché gedréint gouf. Et ass net déi éischt Kéier, dass d’Liewensmëttelkette fir d’Inzenéierung vu Fakenews-Videoe genotzt gouf.

Eng Stéchwierdersich ergouf, dass déi fréist Versioun vum Video, déi d’AFP fanne konnt, de 15. Dezember 2023 vun engem 22-järege User, dee sech Danny Derix nennt, op dem Instagram- an Tiktok-Profil vun dem hollännesche Kont “Buurtwacht” (Nachbarschaftswache) verëffentlecht gouf. D’AFP konnt net erausfannen, ob den Danny Derix de richtegen Numm vum Notzer ass.

Auteur huet Inzenéierung vum Clip confirméiert

A sengen Instagram-Stories huet de User den 19. Dezember 2023 eng kuerz Opnam gepost, an där hien de virale Video kommentéiert huet: “Wësst dir, wéi vill Méi et kascht, d’Motivatioun ze hunn, all Dag ze erwächen an op eng gutt Iddi ze kommen, wéi op Schwéngefleesch ze pissen? Wësst dir, wéi vill Méi et kascht? Ech hunn den häertsten Job vun der Welt”. An engem anere Live-Video war hien zu Zaandam, enger hollännescher Stad nërdlech vun Amsterdam, ze gesinn. Béid Instagram-Stories waren no 24 Stonne verschwonnen – éier se archivéiert konnte ginn.

D’AFP huet op dem Instagram-Account vu “Buurtwacht” eng Rei aner Videoe fonnt, an deenen e Mann ze gesinn ass, deen der Persoun an dem aktuell gedeelte Video änelt an angeeblech op verschidde Plazen urinéiert, zum Beispill an engem Fitnessstudio (hei an hei).

D’AFP huet den User op Instagram kontaktéiert, fir méi iwwer de Video erauszekréien. An enger Instagram-Noriicht vum 20. Dezember 2023 huet hien der AFP confirméiert, dass hien den Auteur vum Video wär: “D’Persoun, déi an dem Video ze gesinn ass, ass mäi Frënd. De Video gouf den 13. Dezember 2023 opgeholl. E gouf an Holland an engem Liewensmëttelbuttek (Albert Heijn XL) an der Stad Zaandam opgeholl. De Video ass eng absolutt Fälschung. Hien huet ni op Fleesch gepisst oder sou eppes, ech hunn e Soundeffekt mat engem Urinéiergeräisch benotzt an iwwer den Originalvideo geluecht. D’Absicht war, der Welt ze weisen, wéi einfach et ass, Fakenews ze produzéieren an als Wourecht ze verbreeden.” Hie sot: “All d’Beweiser ginn op mengem YouTube-Kanal ‘Buurtwacht’ verëffentlecht.”

Den 20. Dezember 2023 um 17.30 Auer huet de User e Video, dee virdrun opgeholl gouf, bei YouTube eropgelueden, deen hien duerno och op sengem Kanal publizéiert huet. An ongeféier 15 Minutten huet hien erkläert, wéi hien d’Serie vu véier Videoen erstallt huet a wéi hien den Toun bäigefüügt huet, andeem hie beispillsweis eng verstoppt Waasserfläsch benotzt oder Waasser op verschidden Objete geschott huet. Hien huet behaapt, hien hätt eng Spiicht spillen a kucke wëllen, wéi sech d’Falschinformatioun verbreede géif.

Op YouTube huet hie weider erkläert: “Mir hunn an dësem Video net emol eng Waasserfläsch benotzt. Et ass fërmlech e Soundeffekt, deen ech op menger Toilette mat mengem iPhone opgeholl an ënner den Originalvideo geluecht hunn, dee mir bei Albert Heijn opgeholl hunn.”

Der Liewensmëttelketten ass keen däraartege Virfall bekannt

D’AFP huet och d’Liewensmëttelketten Albert Heijn kontaktéiert, fir erauszefannen, ob dës de Virfall an enger vun hire Filiale confirméiere kann oder net. D’Angela Stoelinga vum Departement Presse huet der AFP den 20. Dezember 2023 per E-Mail geschriwwen: “Mir hunn de Video gesinn. Mir hunn doropshin intern Nofuerschunge gemaach. Mir hu keng Rapporten iwwer Belästegungen aus eise Butteker kritt.”

De Supermarché huet sech net dozou geäussert, ob d’Fleeschverkeef duerch d’Verbreedung vum Video beanträchtegt goufen.

Fazit: Op de sozialen Netzwierker ass e Video am Ëmlaf, an deem e Mann angeeblech op Schwéngefleesch an engem hollännesche Supermarché urinéiert. De Clip ass awer inzenéiert. Den Auteur vum Video huet géintiwwer der AFP erkläert, dass et sech ëm e Geck gehandelt hätt. Et géif och eng Rei Videoe mat änleche Spiichten op anere Plazen ginn. Och d’Liewensmëttelketten huet confirméiert, dass se keng Reklamatiounen iwwer esou Virfäll an enger vun hire Filiale kritt hätt.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.