Scroll Top

Faktencheck: Video vum Futtballtrainer Pep Guardiola gëtt als Protest géint Israel feelinterpretéiert

Faktencheck: Video vum Futtballtrainer Pep Guardiola gëtt als Protest géint Israel feelinterpretéiert - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

De bekannten Trainer vu Manchester City, de Pep Guardiola, geet an engem Stadion laanscht e Mann. Dass hien him net d’Hand reecht, wäerte Bäiträg a Sozialen Netzwierker als Gest vu Protest géint de Mann mat angeeblech israeelesche Wuerzelen.

 Mat Symbolik am Kader vum Konflikt am Noen Osten huet d’Zeen awer näischt ze dinn. Bei dësem Mann handelt et sech net ëm en israeelesche Fonctionnaire, mee ëm e fréieren englesche Futtballmanager.

An engem Video gesäit ee wéi de Pep Guardiola am Londoner Wembley-Stadion op der Tribün laanscht e Mann geet, ouni hie méi genee ze betruechten. Anere Männer gëtt hie par konter d’Hand. Am Internet gi Bäiträg op Instagram an Telegram verbreet, wou d’Gesiicht vum Mann agekreest a mat engem israeelesche Fändel markéiert ass. D’Bäiträg interpretéieren d’Zeen als politesche Gest géint de Krich vum Land géint d’Hamas. “Respekt fir de Guardiola fir säin Zeeche vu Veruechtung duerch Netbetruechten”, heescht et an de Bäiträg. D’Behaaptung huet sech och op Englesch, Franséisch, Spuenesch, Griichesch an Indoneesesch verbreet.

RTL © AFP

D’Bäiträg koumen no der iwwerraschender 1:2-Néierlag vu Manchester City géint de Lokalrival Manchester United an der englescher Coupefinall de 25. Mee 2024 op. De Video staamt awer net vun der FA-Cup-Finall an huet och näischt mat dem Krich tëscht Israel an der Hamas ze dinn.

Eng ëmgekéiert Biller– a Stéchwierdersich ergouf, dass de Video no engem Futtballmatch de 6. August 2023 opgeholl gouf (hei archivéiert). Dem Guardiola seng Ekipp hat deemools géint Arsenal gespillt an hat am Eelefmeterschéissen de Community Shield verluer.

Artikel und Notzer vu Sozialen Netzwierker hunn de Mann, deen de Guardiola ze ignoréiere schéngt, als Alan Smith identifizéiert, en eemolege Manager vum englesche Veräi Crystal Palace.

A verschiddenen Äntwerten op d’Fro vun engem X-User no deem Virfall hat de Smith deemools geschriwwen, hei wär “net sécher”, ob de Guardiola him absichtlech aus dem Wee gaange wär, awer et wär keng Beleidegung gewiescht (hei an hei archivéiert). “Denks du, hien huet gemengt, ech wär fir Arsenal??” huet de Smith de 7. August 2023 gegeckst.

An engem anere Bäitrag huet de Smith ugedeit, dass de Guardiola hie mam englesche Futtballverband a Verbindung bruecht hu kéint an “net glécklech iwwer d’Nospillzäit an déi nei Reegele” war.

Fotoe vum Smith maachen däitlech, dass hien de Mann ass, deen am Video gewise gëtt.

RTL © AFP

Wéi de Clip 2024 a Sozialen Netzwierker falsch duergestallt gouf, huet de Smith mat laachenden Emojis op eng Rei Bäiträg vu Crystal-Palace-Fans reagéiert. An engem Bäitrag huet hie geschriwwen, et wär “d’lescht Saison” geschitt, an an engem aneren huet hien iwwer seng Verwiesslung gegeckst (hei, hei an hei archivéiert).

De Smith war och bei der FA-Cup-Finall de 25. Mee 2024 am Stadion. Nom Match huet de Guardiola him d’Hand ginn, wéi Opname beweisen.

D’AFP huet Manchester City ëm e Kommentar gebieden, awer keng Äntwert kritt.

De Guardiola ass just ee vu ville Prominenten, déi Zilscheif vun Desinformatioun iwwer de Krich tëscht Israel an der Hamas gi sinn. Sou huet d’AFP schonn d’Behaaptung opgedeckt, e Video géif de Schauspiller Robert De Niro bei der Konfrontatioun mat pro-palästinenseschen Demonstrante weisen, wärend hien a Wierklechkeet bei Prouwe fir eng Zeen um Filmset war. D’AFP huet nach aner Desinformatiounen iwwer den No-Ost-Konflikt iwwerpréift.

Fazit: Den Trainer vu Manchester City, de Pep Guardiola, ignoréiert an engem online verbreete Video keen israeeleschen Offiziellen. Am Internet hunn Notzer de Video vum Guardiola, dee laanscht e Mann geet, als Protestsymbol gewäert. Bei dësem Mann handelt et sech allerdéngs net ëm e Vertrieder vun Israel, mee ëm den Alan Smith, den eemolege Futtballmanager vum englesche Veräi Crystal Palace.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.